9. Juli

Den 9. Juli ass den 190. Dag vum Joer (191. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.

Auguste Collart

Auguste Collart (1782-1870)

Camille Aschman

De Camille Aschman, gebuer den 20. Juli 1857 zu Bus, gestuerwen den 23. Februar 1921 zu Bréissel, war e lëtzebuergeschen Apdikter, Chemiker a Fotograf.

Chamber

Chamber ass déi lëtzebuergesch Bezeechnung fir d'Chambre des députés, dat lëtzebuergescht Parlament. D'Gebai vun der Chamber steet um Krautmaart, nieft dem groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg.

D'Vulleparlament am Gréngewald

D'Vulleparlament am Gréngewald (Original Schreifweis: D'Fulleparlamènt am Gréngewald) ass e politesch-satirescht Gedicht op Lëtzebuergesch vum Dicks (Edmond de la Fontaine, 1823-1891). Et gouf de 5. November 1848 anonym am Volksfreund publizéiert, enger Zeitung déi vun der Regierung de la Fontaine ënnerstëtzt gouf.

Der Volksfreund (1848)

Der Volksfreund war eng Zeitung zu Lëtzebuerg, déi de 7. Abrëll 1848 fir d'éischt erauskoum. Seng Devise war Liberté, légalité, ordre public, deen ufanks zweemol, dunn dräimol d'Woch erauskoum.

Edmond de la Fontaine

De Lucien-Irvin-Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, gebuer de 24. Juli 1823 op N° 498 um Marché aux Grains dem haitege Knuedler an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 24. Juni 1891 zu Veianen, war Jurist an Auteur vu lëtzebuergesche Kaméidistécker, Gedichter a Lidder, an och verschiddene Fuerschungsaarbechten.

Equinoxe

Ënner Equinoxe oder Dag-an-Nuechtgläich versteet een déi béid Konstellatiounen an deenen d'Sonn all Joer während hirer visueller Bewegung laanscht der Ekliptik iwwer den Himmelsequator geet.

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine

De Gaspard-Théodore-Ignace (genannt: Théodore) de la Fontaine, gebuer de 6. Januar 1787 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 11. Februar 1871, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

George Orwell

Den George Orwell, gebuer de 25. Juni 1903 zu Motihari, Bihar, Britesch-Indien als Eric Arthur Blair a gestuerwen den 21. Januar 1950 zu London, war e britesche Schrëftsteller, Essayist a Journalist. Mat Animal Farm: A Fairy Story an Nineteen Eighty-Four, an deenen e sech mam Totalitarismus auserneegesat huet, gouf den Orwell weltbekannt.

Homer

Den Homer, (grc: Ὅμηρος) war en algriicheschen Dichter an den eelste griicheschen Dichter, deem seng Wierker bekannt sinn. Hie soll am 8. Joerhonnert v. Chr. gelieft hunn. Den Homer soll blann gewiescht sinn, an e soll als Sänger duerch d'Land gereest sinn.

Lëtzebuergesch

D'Lëtzebuergesch gëtt an der däitscher Dialektologie als ee westgermaneschen, mëtteldäitschen Dialekt aklasséiert, deen zum Muselfränkesche gehéiert. An der Linguistik gëtt et och alt zu de sougenannten "Ausbausproochen", bzw. "Kultursproochen", gezielt.

Mosaik vu Viichten

De Mosaik vu Viichten ass e Mosaik aus der Réimerzäit vun 10,36 × 5,92 m, deen am Fréijoer 1994 zu Viichten bei Bauaarbechte fonnt gouf.

Mus (Mythologie)

An der griichescher Mythologie waren d'Musen (gr. Μουσαι) déi néng Gëttinne vun der Konscht an der Wëssenschaft.

Pyramid vum Kukulcán

D'Pyramid vum Kukulcán (Kukulcán ass d'Maya-Wuert fir Quetzalcoatl) ass eng Tempelpyramid, déi an der Ruinestad Chichén Itzá am Norde vun der Hallefinsel Yucatán a Mexiko steet. Op Spuenesch gëtt se dacks El Castillo ("d'Buerg", "d'Festung") genannt.

Regierung de la Fontaine

D'Regierung de la Fontaine war vum 1. August 1848 bis den 2. Dezember 1848 zu Lëtzebuerg um Rudder.

Télécran

Den Télécran. Das Luxemburger Magazin ass eng lëtzebuergescher Zäitschrëft, déi den 21. Januar 1978 fir d'éischt erauskoum. Et ass en Televisiouns- a Fräizäitmagazine, deen am Ufank vun den Editions Plus erausgi gouf. Dohanner stounge fréier Mataarbechter vun der Revue; d'Sankt-Paulus-Dréckerei, déi e gdréckt huet, hat ee Fënneftel vum Kapital.

Vendelin Jurion

De Vendelin Jurion gebuer de 4. Juni 1806 zu Béibreg, a gestuerwen den 10. Februar 1892, war e Lëtzebuerger Jurist a Politiker.

An enger anerer Sprooch liesen