Wikimedia

D'Wikimedia Foundation Inc. ass d'Organisatioun déi sech ëm Wikipedia, Wiktionary, Wikiquote, Wikibooks, In Memoriam 9/11 an Nupedia këmmert. Wikimedia ass eng Association sans but lucratif déi ënner d'Gesetz vum Bundesstaat Florida, USA fält. D'offiziell Existenz vun der Fondatioun gouf den 20. Juni 2003 vum Jimbo Wales bekannt ginn, de Cofondateur vu Wikipedia.

Wikimedia Foundation logo - vertical
Wikimedia Logo

Ziler vun der Fondatioun

D'Fondatioun huet als Zil fir d'Gebuert an de Wuesstum vu Projeten z'ënnerstëtzen, déi fräit Wëssen nom WikiWiki Prinzip vermëttelen. Ausser der aktueller Enzyklopedie Wikipedia existéiert och een Dictionnaire- an Thesaurus-Projet (Wiktionary), eng Enzyklopedie mat Zitater (Wikiquote), an eng Lëscht vu Bicher déi sech haaptsächlech u Studente riicht (Wikibooks), haaptsächlech mat Wierker aus dem Domaine public.

D'Fondatioun geréiert och en Ensembel vun Artikelen a Gedenken un den 11. September. Schlussendlech geréiert d'Fondatioun och den Nupedia-Projet (wat keng Wiki ass, mä wou de Contenu trotzdeem fräi ass). Am Moment ass dëse Projet allerdéngs e bessen op Äis geluecht.

D'Mataarbechter vu Wikipedia a vun deenen anere Projeten hoffen, datt duerch eng Fondatioun sans but lucratif an duerch noutwännesch Donen de Projet um Liewe ka gehale ginn.

Beim Bekanntgi vun der Grënnung vun der Fondatioun huet den Jimbo Wales och all Copyright, all Domain Numm un d'Fondatioun iwwerschriwwen. D'informatesch Infrastruktur gouf och vum Jimbo zur Verfügung gestallt.

De Conseil d'Administratioun

Am Januar 2004 huet den Jimbo Wales den Tim Shell an de Michael Davis als Membere vum Conseil d'Administration nominéiert. Am Juni gouf et Wale fir zwéi weider Memberen. Et goufen d'Angela Beesley an d'Florence Devouard gewielt, als Representanten vun alle Mataarbechter un de Wikimedia Projeten.

Et gouf schonn eng jett Diskussiounen iwwer d'Responsabilitéite vum Conseil d'Administration a si hunn e Cahier de charges opgestallt. Gouvernance Methoden no engem egalitäre Prinzip ginn envisagéiert.

Wikimedia Lëtzebuerg

Wikimedia Lëtzebuerg ass eng Associatioun, déi de 26. November 2016 gegrënnt gouf an den 1. Februar als Association sans but lucratif am Handelsregëster ënner der Referenz F11166 ageschriwwe gouf[1].

Den Zweck vun der Associatioun ass:

  • d'Schafen, d'Verdeelen an de Gebrauch vu fräien edukative Contenuen ze promovéieren
  • dat fräit Verdeele vu Wëssen ze promovéieren
  • d'Projeten an d'Communautéite vun deenen ënnerstëtzen, déi bei Wikimedia bäidroen, z.B. Wikipedia, Wiktionnaire oder Wikimedia
  • mat der Wikimedia Foundation matschaffen an och am Reseau vun den Chapter vun Evenementer, Programmer a gemeinsamen Aktiounen
  • Projete mat de selwechten Ziler a Wäerter ënnerstëtzen
  • op d'Problematik vun der intellektueller Proprietéit sensibiliséieren, a besonnesch déijéineg, déi mat den Auteursrechter zesummenhänken an eng Gesetzgebung verdeedegen déi déi intellektueller Proprietéit an Aklang mat de Wäerter an Ziler vun der Associatioun stellt.

D'Grënnungsmembere sinn d'Benotzer †Astro-Jupp, Cayambe, GilPe, Les Meloures, MMFE, Robby, Soued031, Sultan Edijingo an Zinneke.

Um Spaweck

Commons: Wikimedia Foundation – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Publication F11166
10. September

Den 10. September ass den 253. Dag (254. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.

Adolf Erik Nordenskiöld

Den Adolf Erik Nordenskiöld, och nach bekannt als A. E. Nordenskioeld, gebuer den 18. November 1832 zu Helsinki a Finnland, a gestuerwen den 12. August 1901 op Dalbyö am Södermanland) war e Polarfuerscher vu finnlandschwedescher Ofstamung, deen a Schweden geschafft huet.

Hien huet fënnef Fuerschungsreesen op Spitzbergen ënnerholl (1858, 1861, 1864, 1868, 1872/1873), eng Expeditioun a West-Grönland (1870) an zwou Reesen duerch d'Karamier bis zum Jenissej (1875 an 1876).

Vun 1878 bis 1880 ass e mat der "Vega" als Éischten déi sougennannten Nordost-Passage gefuer, also laanscht d'ganz Nordküst vun Europa bis an Asien. 1883 huet en eng weider Expeditioun ënnerholl fir vun der Westküst vu Grönland aus d'Bannenäis z'erfuerschen.

D'Nordenskiöld-Sammlung vu karthographeschem a geographeschem Material an der Universitéitsbibliothéik zu Helsinki gehéiert zum UNESCO-Gediechtnes vun der Welt.

Afeselfie

D'Afeselfië sinn eng Serie vu fotografesche Selbstportraiten (Selfie) déi 2011 vun engem weibleche Schwaarze Makak gemaach goufen, deen dem Déierefotograf David Slater säi Fotosapparat stibitzt hat.

Wéi dës Biller op Wikimedia Commons, der Online-Mediathéik vun der Wikimedia Foundation ënner fräier Lizenz publizéiert goufen, huet dat eng Polemik provozéiert, bei där et drëm goung, ob op deene Biller Auteursrechter wieren, a wa jo, wien déi hätt. De Fotograf David Slater huet d'Auteursrechter fir sech reklaméiert, well et säi Fotosapparat war, mat deem den Af sech geknipst hat. Hien huet uginn, datt him duerch déi Verëffentlechung en Akommesausfall op de Biller entstane wier. Dëst gouf awer vu verschiddenen Organisatiounen a Spezialiste vum Auteursrecht a Fro gestallt, mam Argument, datt d'Auteursrecht deem zoustéing, deen d'Bild gemaach hätt, an et sech an deem heite Fall ëm en Déier handele géif, dat keng juristesch Persoun ass, an deemno och keng Rechter drop kéint hunn. D'Bild wier deemno am Domaine public.Am Dezember 2014 huet de United States Copyright Office festgehalen, datt Wierker, déi net vu Mënsche geschaf sinn, net dem Auteursrecht ënnerleie géifen. Den 22. September 2015 huet d'Déiereschutzorganisatioun PETA eng Plainte an den USA viru Geriicht gemaach, fir datt den Af sollt d'Copyright kréien. Dës gouf awer de 6. Januar 2016 an éischter Instanz ofgewisen. An zweeter Instanz sinn am September 2017 PETA an de Slater sech eens ginn, datt de Slater ee Véierels vu Revenu, déi hien um Bild kréich, enger Déiereschutzorganisatioun zoukomme loosse géif, déi sech ëm déi Afen an Indonesie këmmert.

Bomis

Bomis ass eng Internetfirma déi 1996 gegrënnt gouf. Si gouf ni mat Risiko-Kapital finanzéiert.

Ufanks hu si Reklamme verkaaft op engem grousse Portal, Bomis.com, an ausserdeem hu si erotesch Biller online verkaaft.

Fir den Nupedia-Projet ze starten, huet sech Bomis mam Larry Sanger zesummegedoen, deen dunn d'Iddi fir Wikipedia hat. Bomis huet him déi noutwenneg Infrastruktur zur Verfügung gestallt: Bandbreet, Späicherplaz an den Domän.

Bomis bleift Proprietär vun diversen Deeler vu Wikipedia, déi net Open source sinn, also net aus dem Domaine public stamen. Zu dësen zielt zum Beispill den Numm vum Domän.

Allerdéngs sollten dës Deeler der Wikimedia-Fondatioun zoukommen.

Den Jimbo Wales ass den Haaptaktionär vu Bomis. Seng Partner sinn den Tim Shell an een inaktiven Investisseur. De Larry Sanger huet just mat Nupedia a Wikipedia ze dinn.

E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus

E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus (an haiteger Schreifweis: "E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus") ass e Bichelche mat Gedichter vum Antoine Meyer (1801-1857), dat 1829 erauskoum. Et ass dat éischt Buch op Lëtzebuergesch, an och dat eelst Stéck lëtzebueregeschsproocheg Literatur.

Ethiopien

Ethiopien (op Amharesch: ኢትዮጵያ) ass e Staat am Oste vun Afrika.

Florence Nibart-Devouard

D'Florence Nibart-Devouard, gebuer den 10. September 1968 zu Versailles a Frankräich, war vun 2006 bis 2008 Presidentin vun der Wikimedia Stëftung. Si war d'Nofolgerin vum Jimmy Wales.

Si schafft ewell als fräiberufflech Beroderin.

Jimmy Wales

Den Jimmy Donal "Jimbo" Wales, gebuer de 7. August 1966 zu Huntsville, Alabama, ass en US-amerikanesche Geschäftsmann a Wiki-Pionéier.

No sengem Studium op der Universitéit vun Auburn an der Universitéit vun Alabama gouf de Wales Derivaten-Trader op der Bourse vu Chicago, wou en souvill Sue gescheffelt huet datt e fir de Rescht vu sengem Liewen ausgesuergt huet.

1996 huet e säi Beruff un den Nol gehaangen an e Sichportal mam Numm Bomis gegrënnt, iwwer dat en ë. a. erotesch a pornographesch Biller verkaaft huet. De Wales ass hautdesdaags zwar net méi Direkter vu Bomis, mä ëmmer nach den Haaptaktionär an och en Employé vun där Firma.

Am Mäerz 2000 huet en den oppenen Enzyklopedie-Projet Nupedia gegrënnt an de Larry Sanger als Chefredakter agestallt. D'Nupedia ass awer dee kooperative Modell fir Artikelen ze schreiwen nach vill ze restriktiv ugaangen, soudatt dat Ganzt kee grousse Succès gouf an d'Internetsäit schlussendlech zougemaach gouf.

Sou koum et dann datt de 15. Januar 2001 de Wales, de Sanger an nach e puer anerer zesummen en neien Ulaf geholl hu fir eng fräi wiki-baséiert Enzyklopedie online ze bréngen: d'Wikipedia. Den 20. Juni 2003 huet de Wales dee ganze Projet der frësch gegrënnter Fondatioun Wikimedia ënnerstallt, an där hirem Direktiounskomitee de Wales selwer mat nach zwéin anere Bomis-Mataarbechter d'Majoritéit huet, géint zwéi vun der Wikipedia-Communautéit fräi gewielte Komiteesmemberen.

2004 huet de Wales dunn déi profitorientéiert Firma Wikia an d'Liewe geruff, déi de Webhosting-Déngscht Wikicities bedreift.

Fir d'Wikimedia z'ënnerstëtze reest de Wales dacks duerch d'Welt fir Konferenzen ze halen an op Wiki-Evenementer dobäi ze sinn (z. B. "Wikimeets" a "Wikimania"). Dacks gëtt en och als Gaaschtriedner engagéiert. Sou ass hien den 20. Juni 2013 vun 10:30 bis 11:15 als Riedner op der 'ICT Spring Europe 2013' an der Luxexpo um Kierchbierg.

Mexiko

Mexiko, offiziell Estados Unidos Mexicanos (spuenesch fir Vereenegt Mexikanesch Staaten), ass eng federal Republik an Nordamerika. Nopeschlänner sinn am Norden d'Vereenegt Staate vun Amerika, am Süde Belize a Guatemala. Am Weste mécht de Pazifik, am Osten den Atlantik mam Golf vu Mexiko an dem Karibesche Mier d'Grenz.

D'Haaptstad vu Mexiko ass Mexiko-Stad (Ciudad de México).

Pafendall

De Pafendall ass e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, an der Ënnerstad, am Uelzechtdall, tëscht de Quartieren Eech am Norden a Clausen am Süden. Ëstlech dervunn läit de Kierchbierg a westlech de Stadgronn, d'Uewerstad an de Lampertsbierg. De Quartier Pafendall besteet aus dem Pafendall selwer an aus dem Sichenhaff am Norden.

Op béide Säite vun der Uelzecht sti jee eng gutt erhale Paart vun der Vaubans-Festung: d'Eecherpaart (Porte d'Eich) an d'Sichepaart (Porte des Bons-Malades), um lénkse respektiv um rietsen Uwänner vum Floss. Béid Paarte sinn duerch de Béinche matenee verbonnen. Aner Repère sinn d'Rout Bréck, den neie Panorama-Lift, den Arrêt Pafendall-Kierchbierg mam Funiculaire, de Siège vum Sang a Klang an den Oekozenter.

São Tomé a Príncipe

São Tomé a Príncipe, offiziell Demokratesch Republik São Tomé a Príncipe (op Portugisesch: República democrática de São Tomé e Príncipe), ass en Inselstaat am Golf vu Guinea an Zentralafrika. Den Archipel läit ongeféier 200 km virun der Afrikanescher Küst westlech virun Equatorialguinea a Gabun.

Wikipedia

Wikipedia ass eng fräi multilingual Enzyklopedie, déi vu Fräiwëllege geschriwwe gëtt an um Wikikonzept baséiert. Enn 2015 gouf et 37.655.345 Artikelen an 289 Sproochen.

Déi lëtzebuergesch Versioun gouf den 21. Juli 2004 gegrënnt an huet momentan 57.302 Artikelen. Et fënnt een s'ënner http://lb.wikipedia.org.

Wikipedia op Däitsch

D'Wikipedia op Däitsch (oder och: Däitsch Wikipedia) ass d'Versioun op Däitsch vun der Online-Enzyklopedie Wikipedia. Mat iwwer 1.800.000 Artikelen (Stand November 2015) ass si no der englescher an der schwedescher déi drëttgréisst Wikipedia-Editioun (awer déi schwedesch besteet gréisstensdeels aus vum Computerprogramm Lsjbot erstallten Artikelen).

Wikipedia op Lëtzebuergesch

D'Wikipedia op Lëtzebuergesch (oder och: Lëtzebuergesch Wikipedia) ass d'Versioun a Lëtzebuerger Sprooch vun der Online-Enzyklopedie Wikipedia. Si gouf am Juli 2004 kreéiert.

Ablécklech gëtt et genee 57.311 Artikelen op dëser Wikipedia-Versioun.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.