Westen

Westen ass eng vun de véier Haapthimmelsrichtungen. Den Adjektiv dozou ass westlech. Dës Richtung weist parallel zum Equator, géint d'Dréiung vun der Äerd, also a Richtung Sonnenënnergank. Dobär gëtt a ville Sproochen Ënnergank mat Weste gläichgesat (kuckt och Okzident an Owesland).

Am Algriichesche steet Dysis, Gëttin vum Sonnenënnergank, och eng réimesch Hore, fir de Westen, well hir Aufgab ënner anerem doran bestoung, eng westlech Diir ze bewaachen.

A China steet den Äerdzwäig vum Hunn (酉 yǒu) an d'Trigramm Supp (兌 duí) symbolesch fir d'Himmelsrichtung Westen.

An der nordescher Mythologie droen déi véier Zwergen Norðri, Suðri, Austri a Vestri de Schiedel Ymir, aus deem d'Asen d'Himmelsverwëllef opriichten, Vestri ass den Zwerg vum Westen.

Compass Rose English West
Eng Wandrous

Am iwwerdroene Sënn

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Westlech Welt 


Geeschteschgeschichtlech hat sech fir Europa de Begrëff vum Owesland erausgeformt, an den Owend als Plaz vum Sonnenënnergank d'Himmelsrichtung "Westen" markéiert, am Géigesaz zum Mueresland am Osten, wou d'Sonn opgeet. Zanter den Zäite vum klassesche Griicheland grenzt sech de "Westen" (Europa) kulturell vum "Osten", dem Orient (Asien), of.

Am ethnesch, historeschen an techneschgeschichtleche Sënn bezeechent "Westen" dat ganzt Europa, dat indogermanesch Ufankswuerzelen hat, vu griichesch-réimescher Kultur a chrëschtlecher Religioun geformtt gouf, an eng kollektiv Geschicht virweise kann.

No 1938 koum de Sproochgebrauch vum "demokratesche Westen" resp. de Westmuechte als Géigesaz zu de net-demokratesche Staaten Mëttel- an Osteuropa op.

Am politesch-kulturelle Sënn versteet een ënner dem Westen haaptsächlech Westeuropa an Nordamerika, déi vu Renaissance, Reformatioun, an Opklärung, souwéi verschidden Emanzipatiounsbewegungen a Revolutiounen am stäerksten beaflosst goufen. Haut gläichen sech d'ostmëtteleuropäesch Staaten politesch a wirtschaftlech ëmmer méi Westeuropa un, beispillsweis duerch de Bäitrëtt zu der Europäescher Unioun.

Kuckt och

Literatur

  • Baritz, Loren: The Idea of the West, in: American Historical Review 66 (1961), S. 618-640.
  • Bonnett, Alastair: The Idea of the West: Culture, Politics and History, Basingstoke/New York 2004.
  • Carrier, James G. (ed.): Occidentalism: Images of the West, Oxford 1995.
  • Doering-Manteuffel, Anselm: Wie westlich sind die Deutschen? Amerikanisierung und Westernisierung im 20. Jahrhundert, Göttingen 1999.
  • GoGwilt, Christopher: The Invention of the West: Joseph Conrad and the Double-Mapping of Europe and Empire, Stanford 1995.
  • Jackson, Patrick Thaddeus: Civilizing the Enemy: German Reconstruction and the Invention of the West, Ann Arbor 2006.
  • Patterson, Thomas C.: Inventing Western Civilization, New York 1997.
  • Winkler, Heinrich August: Was heißt westliche Wertegemeinschaft?, in: Winkler, Heinrich August: Auf ewig in Hitlers Schatten? Anmerkungen zur deutschen Geschichte, München 2007, S. 180-201.
  • Winkler, Heinrich August: Geschichte des Westens, Bd. 1: Von den Anfängen in der Antike bis zum 20. Jahrhundert, München 2009.
Argentinien

D'Republik Argentinien (sp.: República Argentina) ass e Staat am Süde vu Südamerika.

Argentinien grenzt am Norden u Bolivien a Paraguay, am Osten un Uruguay a Brasilien an am Westen un Chile. Am Südoste mécht den Atlanteschen Ozean eng natierlech Grenz. Argentinien ass vun der Fläch hier, no Brasilien, den zweetgréisste Staat um südamerikanesche Kontinent.

D'Haaptstad an anengems gréisst Stad ass Buenos Aires.

Bevëlkerung

Ënner dem Begrëff Bevëlkerung versteet een:

d'Besiidlung vun engem méi oder wéineger ofgegrenzten Territoire duerch Mënschen oder Déieren(Beispill: Duerch d'Bevëlkerung vum nord-amerikanesche Westen si vill Lëtzebuerger ausgewandert),d'Totalitéit vun de Mënschen oder den Déieren, déi en ofgegrenzten Territoire (Uertschaft, Land, Bësch, Floss asw.) als Liewensraum ausgewielt hunn(Beispill: 2013 huet d'Lëtzebuerger Bevëlkerung zu 44,5% aus Auslänner bestanen)

Brasilien

Brasilien (República Federativa do Brasil) ass en onofhängege Staat a Südamerika. D'Haaptstad ass Brasilia. Déi gréisst Stad ass São Paulo.

D'Land grenzt am Norden u Kolumbien, Venezuela, Guyana, Suriname an u Franséisch-Guayana, am Süden un Argentinien, Paraguay an Uruguay, am Osten un den Atlantik an am Westen u Bolivien a Peru. Brasilien huet ze soen eng Grenz mat all de Länner vu Südamerika bis op Chile an Ecuador.

D'Republik huet eng Fläch vun 8 514 877 km² an ass flächen- a bevëlkerungsméisseg dat fënneftgréisst Land op der Welt.

Bulgarien

D'Republik Bulgarien (bulgaresch: Република България) ass e Staat am Südoste vun Europa. Bulgarien grenzt am Norden u Rumänien, am Osten un d'Schwaarzt Mier, am Süden un d'Tierkei a Griicheland an am Westen u Serbien a Mazedonien.

Bulgarien ass 2004 der NATO bäigetrueden an ass zanter dem 1. Januar 2007 Member vun der Europäescher Unioun.

Georgien

Georgien (georgesch: Sakártwelo) ass eng Republik an Osteuropa. D'Republik grenzt am Westen un d'Schwaarzt Mier, am Norden u Russland an am Süden un Aserbaidschan, Armenien an d'Tierkei.

Dat haitegt Land ass 1991 aus der fréierer Georgescher Sozialistescher Sowjetrepublik ervirgaangen.

Déi meescht Leit wunnen op der Schwaarzmierküst an an der Ëmgéigend vun der Haaptstad, Tiflis.

Griicheland

Griicheland läit am Südoste vun Europa. U Griicheland grenzt Bulgarien, Nordmazedonien, Albanien an d'Tierkei. Donieft läit Griicheland tëscht dräi Mierer, dem Ionesche Mier an dem Mëttelmier am Westen an der Egäis am Osten. Griicheland gëtt vu villen als Wéi vun der westlecher Zivilisatioun ugesinn an huet eng laang a räich Geschicht opweises.

D'Hellenesch Republik (gr.: Elliniki Dimokratia) gëtt vun de Griiche selwer Hellas genannt. Den Numm Griicheland, respektiv Grèce/Greece kënnt vum laténgesche Graecia, wat ursprénglech eng Regioun an Nordgriicheland war.

Italien

Italien, offiziell Italienesch Republik (ital.: Repubblica Italiana) ass e Staat a Südeuropa. Et grenzt am Norden un d'Schwäiz an un Éisträich a Slowenien, am Westen un d'Tyrrhenescht an un d'Ligurescht Mier, am Osten un d'Adria an am Nordwesten u Frankräich. Nieft dem italienesche Festland gehéieren och d'Mëttelmierinselen Elba, Sardinien, Sizilien an eng Rëtsch méi kleng Insele wéi d'Toskanesch Inselen, Ischia, Capri an d'Liparesch Inselen zu der Republik. San Marino an d'Vatikanstad si politesch onofhängeg Enklaven um Territoire vum italienesche Festland.

Italien ass e Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun, a vun der NATO a gehéiert zur Grupp vun de G7-Länner.

Japan

Japan, op Japanesch 日本 nihon oder nippon „Urspronk/Wuerzel vun der Sonn”, ass en ostasiateschen Inselstaat, deen op 6852 Insele verdeelt am Pazifeschen Ozean läit. Zum Westen hi fënnt een Nord- a Südkorea, zum Norden hi Russland an zum Südwesten hi China an Taiwan.

Japan ass als G7-Land eng vun de féierenden Industrienatioune vun der Welt.

Kanada

Kanada (engl./frans. Canada) ass e Staat an Nordamerika. D'Land grenzt am Norden un d'Nordpolarmier, am Osten un den Atlanteschen Ozean, am Süden un d'Vereenegt Staate vun Amerika an am Westen un de Pazifik an den US-amerikanesche Staat Alaska. D'Land ass mat enger Fläch vu ronn 9 984 670 km2 den zweetgréisste Staat iwwerhaapt.

Kanada ass Member vum G8-Grupp.

Kanton Dikrech

De Kanton Dikrech ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Norde vum Land.

E grenzt am Norden un d'Kantone Klierf a Veianen, am Osten un Däitschland an un de Kanton Iechternach, am Süden un de Kanton Miersch an am Westen un d'Kantone Réiden a Wolz.

Déi 12 Gemengen aus dem Kanton sinn:

Ärenzdall

Bettenduerf

Buerschent

Dikrech

Feelen

Ettelbréck

Ierpeldeng

Mäerzeg

Reisduerf

Schieren

Kanton Klierf

De Kanton Klierf ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Norde vum Land.

E grenzt am Norden a Westen un d'Belsch, am Osten un Däitschland an am Süden un d'Kantone Wolz, Dikrech a Veianen.

Déi 5 Gemengen aus dem Kanton sinn:

Ëlwen

Parc Housen

Klierf

Wäisswampech

Wëntger

Kanton Lëtzebuerg

De Kanton Lëtzebuerg ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Süde vu Lëtzebuerg.

E grenzt am Norden un d'Kantone Miersch a Gréiwemaacher, am Osten un de Kanton Réimech, am Süden un de Kanton Esch-Uelzecht an am Westen un de Kanton Kapellen.

De Kadaster huet déi zwéi fréier franséisch Kantonen a senger territorialer Andeelung bäibehalen, an zwar de Kanton Lëtzebuerg-Stad an de Kanton Lëtzebuerg-Land.Déi 11 Gemengen aus dem Kanton sinn:

Bartreng

Hesper

Konter

Lëtzebuerg

Nidderaanwen

Sandweiler

Schëtter

Steesel

Stroossen

Walfer

Weiler zum Tuerm

Kanton Wolz

De Kanton Wolz ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Nordweste vum Land.

E grenzt am Norden un de Kanton Klierf, am Südosten un de Kanton Dikrech, am Süden un de Kanton Réiden an am Westen d'Belsch.

Déi 7 Gemengen am Kanton sinn:

Bauschelt

Esch-Sauer

Géisdref

Kiischpelt

Stauséigemeng

Wanseler

Wolz

Litauen

Litauen (litauesch: Lietuva) ass eng Republik an Nordosteuropa, an de südlechste baltesche Staat. Am Norde grenzt d'Land u Lettland, am Osten a Süden u Wäissrussland, am Südwesten u Polen an am Westen un de russeschen Oblast Kaliningrad. Zum Westen hin huet Litauen Zougank zum Baltesche Mier.

D'Haaptstad an och gréisst Stad ass Vilnius.

Zanter 2004 ass Litauen Member vun der Europäescher Unioun a vun der NATO.

Rumänien

Rumänien (rumänesch: România) ass eng Republik am südëstlechen Europa, am Nordoste vun der Balkanhallefinsel. Rumänien grenzt am Norden un d'Ukrain, am Osten u Moldawien, am Südosten un d'Schwaarzt Mier, am Süden u Bulgarien, am Südwesten u Serbien an am Westen un Ungarn. D'Donau mécht am Süden eng natierlech Grenz mat Bulgarien a Serbien.

D'Haaptstad an anengems och déi gréisst Stad vum Land ass Bukarest. Sibiu, an Transsylvanien, ass 2007 zesumme mat der Groussregioun Lëtzebuerg Kulturhaaptstad vun Europa.

Rumänien ass den 29. Mäerz 2004 der NATO bäigetrueden an ass zanter dem 1. Januar 2007 Member vun der Europäescher Unioun.

Schwäiz

D'Schwäiz (däitsch: Schweizerische Eidgenossenschaft, fr.: Confédération suisse, it.: Confederazione Svizzera, rätoroman.: Confederaziun svizra, lat. Confoederatio Helvetica) ass e Staat a Mëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden un Däitschland, am Osten u Liechtenstein an Éisträich, am Süden un Italien an am Westen u Frankräich.

D'Schwäiz ass zanter dem Wiener Kongress vun 1815 baussepolitesch neutral a mat der Zäit Sëtz vun enge sëllechen internationalen Organisatioune ginn. D'Alperepublik selwer ass Member vun der EFTA, dem Europarot, der Welthandelsorganisatioun (GATT) an zanter 2002 och vun de Vereenten Natiounen.

Bern ass de Schwäizer Regierungssëtz an de facto d'Haaptstad. Déi gréisst Stad ass Zürich.

Slowakei

D'Slowakei (slowakesch: Slovensko) ass eng Republik a Mëtteleuropa. D'Slowakei grenzt am Westen un d'Tschechesch Republik an Éisträich, am Norden u Polen, am Osten un d'Ukrain an am Süden un Ungarn.

D'Slowakesch Republik gouf a Konsequenz vun der sametter Revolutioun den 1. Januar 1993 onofhängeg. Dovirdru waren d'Slowakei an Tschechien zwou Deelrepublike vum gemeinsame Virgängerstaat Tschechoslowakei.

D'Slowakesch Republik ass zanter 2004 Member an der NATO an der EU.

Gréisst Stad an anengems d'Haaptstad ass Bratislava.

Tschechesch Republik

D'Tschechesch Republik (tschechesch: Česká republika) oder Tschechien (Česko) ass e Land a Mëtteleuropa. Et grenzt am Norden u Polen, am Osten un d'Slowakei, Éisträich am Süden, an Däitschland am Westen.

1918, nodeem d'éisträischech-ungaresch Duebelmonarchie nom Éischte Weltkrich an d'Gette gaange war, gouf d'Tschechoslowakei, de Virgängerstaat vum haitegen Tschechien an der Slowakei gegrënnt. Vun Nazidäitschland besat an opgeléist gouf d'Tschechoslowakei 1945 frësch opgeriicht a war vun 1948 un e kommunistesch regéierte Staat. D'Federatioun huet d'Tschechesch Sozialistesch Republik an d'Slowakesch Sozialistesch Republik um Pabeier gläichgestallt, gouf an der Praxis awer staark vun den Tscheschen dominéiert. Enn 1989, no de sametter Revolutioun huet d'Kommunistesch Partei der Oppositioun musse Plaz maachen. Den 1. Januar 1993 sinn Tschechien an d'Slowakei offiziell vun enee getrennt hirer eegener Wee an d'Onofhängegkeet gaangen.

D'Tschechesch Republik ass zanter 1999 Member vun der NATO a vun 2004 un an der Europäescher Unioun.

Haaptstad a gréisst Stad am Land ass Prag.

Ungarn

Ungarn (ungaresch: Magyarország) ass eng Republik am Südoste vu Mëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden un d'Slowakei, am Nordosten un d'Ukrain, am Osten u Rumänien an am Süden u Serbien, Kroatien a Slowenien. Am Westen ass Éisträich de Noper. Ungarn ass Member vun der OECD, der NATO an der Europäescher Unioun.

D'Haaptstad an anengems och déi gréisst Stad vum Land ass Budapest.

Vereenegt Staate vun Amerika

D'Vereenegt Staate vun Amerika (engl.: United States of America, kuerz: USA) sinn eng Bundesrepublik am nërdlechen Deel vum amerikanesche Kontinent. Am Norde grenze si u Kanada an och iwwer de Bundesstaat Alaska u Russland. Tëscht Alaska a Russland läit nëmmen déi 100 km breet Beringstrooss. Am Süden ass Mexiko den Noper. Am Oste grenze se un den Atlantik an am Westen un de Pazifik.

D'Vereenegt Staate vun Amerika si 1776 entstanen, wéi déi britesch Kolonien an Amerika onofhängeg gi sinn. Duerch déi intensiv Industrialisatioun, déi duerch eng massiv Immigratioun ënnerstëtzt gouf, ass den Afloss vun Amerika staark gewuess. Um Enn vum 20. Joerhonnert, an no der Iwwerwannung vum totalitäre Faschismus (Zweete Weltkrich) an dem Kommunismus (am Kale Krich) si si als eenzeg Weltmuecht, déi sech op alle Plangen (wëssenschaftlech, kommerziell, politesch, militäresch), duerchzesetze weess, iwwereg bliwwen.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.