Wëssenschaft

D'Wëssenschaft besteet aus Fuerschung a Léier. Wëssenschaftlech Fuerschung ass d'methodesch Sich no neien Erkenntnesser. D'Resultater ginn a wëssenschaftlechen Aarbechte systematesch duergestallt a verëffentlecht, soudatt se prinzipiell vu jiddwerengem novollzunn an iwwerpréift kënne ginn. D'Léier ass déi organiséiert a systematesch Iwwerliwwerung vun de Grondlage vum wëssenschaftleche Fuerschen an d'Vermëttlung vun engem Iwwerbléck iwwer den aktuelle Fuerschungsstand.

Wëssenschaftsbetrib

Wëssenschaft gëtt traditionell op Universitéite geléiert a praktizéiert. Awer och Akademien, privat finanzéiert Fuerschungsinstituter, Berodungsfirmen an d'Wirtschaft finanzéieren d'Aarbecht vu ville Wëssenschaftler. A ville Länner gëtt et staatlech Hëllefen.

Nieft de wëssenschaftleche Verëffentlechungen geschitt den Austausch mat anere Fuerscher duerch Fachkonferenzen a bei Kongresser vun internationalen Daachverbänn. Och Aluedungen zu Seminaren, Institutsbesich, Aarbechtsgruppen oder Gaaschtprofessure spillen eng Roll. Vu grousser Bedeitung sinn och Auslandsopenthalter an international Fuerschungsprojeten.

Fir déi interdisziplinär Fuerschung gouf an de leschte Joerzéngten eng Rei vun Instituter opgebaut, an deenen industriell an universitär Fuerschung zesummeschaffen. Vill Entreprisen hunn eege Fuerschungsarichtungen, an deene Grondlagefuerschung bedriwwe gëtt.

Bedeitung

D'Resultater vun der Fuerschung sinn eng Grondlag vun der Technik an domat indirekt vu Bedeitung fir dat modernt gesellschaftlecht Liewen.

Wëssenschaftlech Wäerter

Grondwäert vun der Wëssenschaft ass d'Striewen no der Wourecht. E wichtegt Prinzip, fir dat ze realiséieren, ass déi kritesch Haltung géintiwwer eegenen a frieme Resultater an Thesen. E weidert Prinzip ass déi méiglechst gréisst Neutralitéit vum Fuerscher. D'Fuerschung soll méiglechst net duerch aner Interessie wéi d'Wouregkeetssich geleet ginn. Entwéckelt d'Wëssenschaft Theorien, déi net intersubjektiv nopréifbar sinn, gëtt si eng Pseudowëssenschaft. Léisst si sech zum Spillball vu politeschen oder finanziellen Interessie maachen, schwätzt ee vun Junk Science.

Wëssenschaftsfuerschung

D'Wëssenschaftsfuerschung versicht am Géigesaz zu der Wëssenschaftstheorie d'wëssenschaftlech Praxis mat empiresche Methoden z'ënnersichen an ze beschreiwen. Dobäi kommen ënner anerem Methoden vun der Wëssenschaftssoziologie an der Scientometrie zum Asaz. D'Resultater vun der Wëssenschaftsfuerschung hunn am Kader vun der Evaluatioun och Afloss op wëssenschaftspolitesch Entscheedungen.

Wëssenschaftsberäicher

Et existéiere verschidden Systematiken zu der Andeelung vun de Wëssenschaften, z. B. Dewey Decimal Classification. Fréier Autoren hu geschwat vun engem Bam vun der Wëssenschaft souwéi d'Ënnerdeelung an Eenzelwëssenschaften an Universalwëssenschaft. Eng bekannt graff Andeelung ënnerscheet d'Naturwëssenschaften, d'Humanwëssenschaften an d'Strukturwëssenschaften.

Donieft gëtt et beräichsiwwergräifend Disziplinnen, déi eng Mëschung vu verschiddene Fachgebidder sinn, z. B.: d'Wirtschaftsinformatik, déi nieft engem Kär eegen Inhalter, ënner anerem och Deeler aus Informatik, Mathematik, Wirtschaftswëssenschaften a Kommunikatiounswëssenschaften huet.

Um Spaweck

Commons: Wëssenschaft – Biller, Videoen oder Audiodateien
1970

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1970.

D'Joer 1970 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

1972

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1972.

D'Joer 1972 huet op engem Samschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.

1982

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1982.

D'Joer 1982 huet op engem Freideg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

1983

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1983.

D'Joer 1983 huet op engem Samschdeg ugefaangen.

1988

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1988.

D'Joer 1988 huet op engem Freideg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.

1990

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1990.

D'Joer 1990 huet op engem Méindeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

1992

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1992.

D'Joer 1992 huet op engem Mëttwoch ugefaangen. Et war e Schaltjoer.

1994

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1994.

D'Joer 1994 huet op engem Samschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

1996

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1996.

D'Joer 1996 huet op engem Méindeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.

1997

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1997.

D'Joer 1997 huet op engem Mëttwoch ugefaangen.

1998

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1998.

D'Joer 1998 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

1999

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1999.

D'Joer 1999 huet op engem Freideg ugefaangen.

2000

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2000.

D'Joer 2000 huet op engem Samschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.

2001

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2001.

D'Joer 2001 huet op engem Méindeg ugefaangen.

2002

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2002.

D'Joer 2002 huet op engem Dënschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

2003

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2003.

D'Joer 2003 huet op engem Mëttwoch ugefaangen.

American Academy of Arts and Sciences

D'American Academy of Arts and Sciences gouf am Joer 1780 während dem Onofhängegkeetskrich zu Cambridge (Massachusetts) ë. a. vum John Adams, James Bowdoin an John Hancock gegrënnt, fir eng geeschteg Elite, aus kultivéierte Membere vun der Regierung a wirtschaftleche Gréissten am Interessi vun der Weiderentwécklung vun der jonker Republik, zesummenzeféieren.

D'Gesellschaft vergëtt zanter 1839 u Wëssenschaftler, déi an Amerika schaffen, de Rumford-Präis fir Leeschtungen um Gebitt vun der Thermodynamik a vun der Optik.

„...to cultivate every art and science which may tend to advance the interest, honour, dignity, and happiness of a free, independent, and virtuous people.“ (aus der Charta).

Haut huet d'Akademie zwou Funktiounen:

d'Persoune vu grousser Genialitéit aus Wëssenschaft, Ausbildung, Wirtschaft a Konscht auszewielen an

e villschichtege Programm vu Projeten a Studien zum Notze vun der Mënschheet duerchzeféieren.Déi jéngst Projete vun der Akademie konzentréiere sech op de Bedarf u Bildung a Fuerschung an op d'Gesondheet vun de verschiddene Mënschegruppen an de Vereenegte Staaten.

Enzyklopedie

Enzyklopedie (algriichesch ἐγκύκλιος παιδεία = "enkyklios paideia", enkýklios = kreesfërmeg a paideía = Léier, Bildung) beschreift ursprénglech (zirka -5. Joerhonnert) eng universal Bildung am Sënn vun engem "studium generale".

Eréischt am Zäitalter vun de Lumières ass an der Neizäit duerch d'Aarbechte vun de franséischen Enzyklopedisten Denis Diderot a Jean d'Alembert de Begrëff vun enger "scientia generalis" (Allgemengwëssen, Allgemengwëssenschaft) entstanen. Vun elo u bezeechent de Begrëff Enzyklopedie souwuel sou eng Wëssenschaft wéi hiert Resultat, d'Duerstellung vum komplette Wëssen (oder op d'mannst de Versuch vu sou enger kompletter Duerstellung) .

Wéi déi franséisch Enzyklopedisten dunn hiert gesammelt Wëssen a Form vun alphabeteschen Noschlowierker zougänglech gemaach hunn, gouf de Begrëff Enzyklopedie séier zur Bezeechnung vun engem enzyklopedesche Lexikon.

Am Géigesaz zu den Enzyklopedien erhiewe weder Dictionnairen, nach Lexikonen a Fachlexikonen den Usproch, vollstänneg Wierker ze sinn. Enzyklopedië baséieren op engem Wësse vun Autoritéiten an hirem Fachberäich an op valide Quellen a ka mat Beispiller an Illustratioune komplettéiert ginn.

Mathematik

Mathematik (v. altgr.: μαθηματικη, vu mathema – Wëssenschaft, léieren) ass aus dem Ënnersiche vu Figuren an dem Rechne mat Zuelen entstanen. Hautdesdaags versteet een d'Mathematik ganz allgemeng als eng Wëssenschaft, déi selwer geschafen abstrakt Strukturen op hir Eegenschaften a Musteren ënnersicht.

Wallounesch Regioun

Déi Wallounesch Regioun (fr.: Région wallonne; de.: Wallonische Region; wa.: Redjon Walone), ofgekierzt dacks Wallounien (fr.: Wallonie; de.: Wallonien; wa.: Walonreye) ass eng vun den dräi administrative Regiounen an der Belsch. Si erstreckt sech iwwer 55% vum Territoire, an an der Regioun lieft een Drëttel vun den Awunner vun der Belsch.

Wëssenschaft
Naturwëssenschaft
Humanwëssenschaft
Ingenieurswëssenschaft

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.