Tanach

Tanach ass déi hellegst Schrëft am Juddentum. Se besteet aus dräi Haaptdeeler: Tora, Nevi’m a Ketuvim. Den Tanach gouf ëm 10. Joerhonnert viru Christus an 22 oder 24 Bicher agedeelt a kanoniséiert.

Den Tanach gëtt am jiddesche Gottesdéngscht am Schabbat an der Synagog reegelméisseg fir Virliesunge gebraucht.

Den Tanach ass entstanen duerch eng Sammlung vu reliéisen a jiddesche Schrëften. 250 viru Christus war se endlech fäerdeggestallt a gouf op Griichesch iwwersat. Ëm d'Joer 400 gouf se a 5 Bicher Moses agedeelt. Ëm d'Joer 90 huet de Flavius Josephus den Tanach an 22 Bicher agedeelt, well d'hebräescht Alphabet och 22 Buschtawen huet. Am Joer 100 gouf d'Andeelung endlech festgeluecht.

Den Tanach erzielt d'Geschicht vun der Schëpfung a vum Vollek Israel iwwer en Zäitraum vun engen 1300 Joer.

Entire Tanakh scroll set
Abraham

Den Abraham (hebr. אַבְרָהָם - Avrāhām: „Papp vun de villen (Vëlker)“, am Islam ar. إبرَاهِيم - Ibrāhīm), ass eng Haaptfigur aus dem Alen Testament an dem Tanach. Hie gëllt als Patriarch vum Vollek vun Israel.

Däiwel

Den Däiwel (aus dem Griicheschen "Διάβολος", Diabolos, iwwersat een deen duerchernee bréngt; Latäin diabolus) verkierpert an der jiddescher, chrëschtlecher an an der islamescher Relioun dat Béist.

Hie gëtt och Satan genannt. Am Buddhismus huet de Mara an den Devadatta d'Plaz vum Däiwel. Dacks gëtt hien als eng Mëschung vun Déier a Mënsch duergestallt.

Genesis

Genesis ([ ˈgɛnezɪs ], algriich. γένεσις: Schëpfung, Entstehung, Gebuert) ass den Numm vun ë. a.:

dem 1. Buch vum jiddeschen Tanach an der chrëschtlecher Bibel;

dem René Genesis (* 1918), engem däitsche Schauspiller;

Genesis (Sond), enger US-amerikanescher Raumsond;

Genesis (Satellit), enger US-amerikanescher Serie vu Satellite fir eng privat Raumstatioun;

Genesis (Band), enger britescher Rockband, sou wéi den Titel vun engem Album vun hinnen.

JHWH

JHWH (hebräesch ‏יהוה‎; engl. och YHWH) ass den Numm vum jiddesche Gott am Tanach.

Mirjam

D'Mirjam oder Miriam ass an der Bibel eng Prophéitin a Schwëster vum Aaron a vum Moses.

Moses

De Moses (Hebräesch: מֹשֶׁה, Mōšæ; Griichesch: Μωυσῆς a Μωσῆς, Mō(y)sēs; Arabesch: مُوسَى, "Mūsā") oder Mose ass d'Zentralfigur vum Pentateuch.

Et ass de wichtegste Prophéit am Juddentum an e wichtege Prophéit am Chrëschtentum, am Islam an an anere Glawensrichtungen.

Tora

D'Tora ass de Grondstee vum jiddesche Glawen, deen an de fënnef Bicher vum Moses geschriwwe steet. Si gëtt och nach Pentateuch genannt. De Begrëff "Tora" kënnt aus dem Hebräeschen an heescht sou vill wéi eng Léier, eng Ënnerweisung an d'Gesetz fir déi Gleeweg. D'Tora ass den éischten Deel aus der Tanach, der hebräescher Bibel.

De Pentateuch ass aus eelere Quellen. Dozou kënnt nach eng Paschtouerschrëft, déi zirka 550 viru Christus verfaasst ginn ass. No jiddescher Traditiounen enthält de Pentateuch déi schrëftlech Tora, 613 Geboter a Verbueter (Mizwot). Déi stinn an engem Erzielzesummenhank mat verschiddenen Ereegnesser. An der Tora geet Rieds vun der Schëpfung an der Urzäit vum Abraham, Isaak a Jakob, dem Auszuch aus Egypten, vum Bundesbeschloss um Bierg Sinai mat der Verëffentlechung vun de Gesetzer bis hin zu der Wanderung duerch d'Wüst.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.