Synagog

Eng Synagog (vum gr. συνάγω synago; [sech] versammelen) ass e reliéist Gebai, an deem sech déi Leit, déi sech zur jiddescher Relioun bekennen, versammele fir ze bieden a reliéis Schrëften ze studéieren. Op Hebräesch heescht eng Synagog „Beth knesset“ (בית כנסת Versammlungshaus), och mol Beth Tefila (Gebietshaus) an op jiddesch och „Schul“.

Synagog Esch-001
D'Synagog zu Esch-Uelzecht

Synagogen zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg stinn haut zwou Synagogen, déi aktiv benotzt ginn, eng an der Stad Lëtzebuerg an eng zu Esch.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: D'Synagogen zu Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

Um Spaweck

Commons: Synagogues – Biller, Videoen oder Audiodateien
13. September

Den 13. September ass den 256. Dag (257. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.

1894

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1894.

1938

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1938.

1941

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1941.

1943

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1943.

1953

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1953.

Esch-Uelzecht

D'Stad Esch-Uelzecht ass eng vun den 102 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Et gëtt keng aner Uertschaften an der Gemeng. Mat 35.382 Awunner (1 Januar 2019) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.

Laang en einfacht Bauerendierfchen, am Dall vun der Uelzecht, huet Esch mat der Entdeckung vun der Minett (ëm 1870), an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht. D'Strukturkris an deem Secteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn.

Déi doduerch entstanen Industriebrooche sinn zum Deel am Gaang, nei bebaut ze ginn. Sou ginn a goufen zanter 2005 op Belval nei administrativ, kulturell an edukativ Gebaier, mä och Wunnengen, Büroen a Geschäfter gebaut. An den 2020er Jore soll den Terrain vun der fréierer Schëfflenger Schmelz nei strukturéiert a bebaut ginn, an um fréiere Site vu Terres-Rouges soll virun allem Wunnraum geschafe ginn.

Den 10. November 2017 gouf Esch vum Europäesche Conseil, op Recommendatioun vum zoustännege Comité, zesumme mam litauesche Kaunas, zur

Europäescher Kulturhaaptstad 2022 ausgewielt. Och déi 10 Gemenge vum Gemengesyndikat ProSud an déi vum Pays-Haut Val d'Alzette, déisäit der Grenz, solle matmaachen.

Juddentum

Als Juddentum bezeechent een d'Kultur, d'Geschicht, d'Relioun an d'Traditioune vum Vollek Israel. Dacks versteet een allerdéngs ënner deem Begrëff och nëmmen déi jiddesch Relioun.

D'Juddentum gëtt als éischt an eelst Weltrelioun verstan, och wa just ronn 13,4 Millioune Mënsche Judde sinn. Dës Zuel ass am Verglach zu anere Weltreliounen, wéi dem Chrëschtentum (zirka 2,3 Milliarden) an dem Islam (zirka 1,4 Milliarden) relativ kleng. D'Juddentum ass och déi éischt monotheistesch Relioun op der Welt a gëllt als Inspiratiounsquell vum Chrëschtentum an dem Islam. D'Relioun baséiert op de schrëftlechen Iwwerliwwerunge vun der Tora.

Der Tora no fänkt déi jiddesch Geschicht mam Bond un, dee Gott mam Abraham schléisst. Sou gëtt den Abraham als de Grënner vum Monotheismus verstanen. D'Tora bestëmmt dann och de jiddesche Liewensoflaf: Den 8. Dag no der Gebuert vun engem Jong, gëtt hie beschnidden. D'Meedercher dogéint kréie just hiren Numm an der Synagog. Jonge feieren op hirem 13. Gebuertsdag Bar Mitzwa a gehéiere vun deem Moment un zu dem Minjan, déi zéng Männer, déi fir e Gottesdéngscht erfuerdert sinn. D'Meedercher feiere mat 12 Joer Bat Mitzwa. Vun deem Ament un ginn se zu vollwäertege Membere vun der jiddescher Communautéit a verflichte sech, déi 613 Geboter (Mitzwot) anzehalen. Eng jiddesch Hochzäit besteet haaptsächlech aus der Ketubba, engem schrëftlechen Bestietnesvertrag, an enger Feier duerno. Beim Doud këmmert en Chewra Kadischa sech ëm d'Begriefnis. D'Trauerzäit besteet bei de Judden aus dräi Etappen: déi éischt siwen Deeg (Schiwa genannt) sinn der intensiver Trauer reservéiert, déi éischt drësseg Deeg ginn Schlochim (drësseg op Hebräesch) genannt a schliisslech d'Trauerjoer (11 Méint), no deem eréischt de Grafstee (Mazewa) um Kierfecht geluecht gëtt.

Schonn um Enn vun der Antiquitéit war d'Juddentum wäit iwwer de réimesche Raum eraus verbreet. Et war bis a China, Indien an Afrika bekannt.

Am haitege reliéise Juddentum begéine mer dräi grousse Stréimungen: dat orthodoxt Juddentum, dat konservatiivt an dat liberaalt Juddentum.

Juddentum zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg liewen ongeféier 1200 Judden. D'Juddentum spillt eng wichteg Roll an der Geschicht vu Lëtzebuerg. Nieft der Réimesch-Kathoulescher Kierch, dem Protestantismus, der Orthodoxer Kierch an dem Islam ass d'Juddentum déi fënneftgréisst Relioun. Lëtzebuerg ass dat eenzegt europäescht Land, an deem haut méi Judde liewe wéi virun 1933.

Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg

Dës Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg ass en Deel vun de Referenztabellen.

Lëscht vun de Groussrabbiner vu Lëtzebuerg

Dëst ass d'Lëscht vun de Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, vun 1843 bis haut.

1843-1866: Samuel Hirsch

1867-1871: Michel Sopher

1871-1903: Isaac Blumenstein

1904-1928: Samuel Fuchs

1929-1941: Robert SerebrenikDe 26. Mee 1941 flücht de Groussrabbiner. Deselwechte Mount gouf déi Stater Synagog vun de Nazi-Besatzung zougemaach a geschwënn duerno zerstéiert.

1946-1948: Joseph Kratzenstein

1950-1958: Charles Lehrmann

1958-1990: Emmanuel Bulz

1990-2011: Joseph Sayagh

zanter 2011: Alain Nacache

Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Ettelbréck

An dëser Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Ettelbréck sinn all national Monumenter opgezielt, déi an der lëtzebuergescher Gemeng Ettelbréck ze fanne sinn (Stand: 10. Oktober 2019).

Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Munneref

An dëser Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Munneref sinn all national Monumenter opgezielt, déi an der lëtzebuergescher Gemeng Munneref ze fanne sinn (Stand: 10. Oktober 2019).

Munneref

Munneref ass eng Uertschaft am Kanton Réimech an Haaptuert vun der Gemeng Munneref.

Mémorial de la déportation juive Esch-Uelzecht

D'Mémorial de la déportation juive zu Esch-Uelzecht ass eng Erënnerungsplaz un déi Escher Judden, déi an der Zäit vum Zweete Weltkrich a Konzentratiounslageren deportéiert goufen, vu wou, ausser 3, kee vun hinne méi erëmkomm ass.

Et ass op der Place de la Synagogue ugeluecht, där Plaz, wou tëscht 1898 an 1941, wou se op Uerder vum Besatzer zerstéiert gouf, d'Escher Synagog stoung.

Haaptstéck vum Memorial sinn dräi Sailen, déi tëscht 0,3 an 1,3 m héich an uewendrop beschriwwe sinn. Déi mëttels weist eng Foto vun der aler Synagog. Dodrënner steet:

En érigeant ce monument, inauguré le 10 mai 2005, la population de la Ville d'Esch se souvient avec une émotion profonde des victimes juives innocentes, massacrées sauvagement par un implacable ennemi. 125 déportés, 3 survivants.Op de Saile lénks a riets dovu stinn d'Nimm vun deene Leit, déi ermuert goufen.

Synagog Esch-Uelzecht

D'Synagog vun Esch Uelzecht gouf tëscht 1953 an 1954 vum Escher Entreprener N. Moia no Pläng vum Lëtzebuerger Architekt Christian Scholl gebaut. De Grondstee gouf den 30. Abrëll 1953 geluecht; de 17. Oktober 1954 gouf se ageweit. D'faarweg Fënstere si vum Atelier Linster vu Munneref.

Si steet an der Kanalstrooss, um Eck mat der Dicksstrooss, e puer honnert Meter vun där Plaz ewech, wou déi éischt Escher Synagog stoung.

Synagog Munneref

Déi fréier Synagog vu Munneref steet op der Nr. 25 am Millewee (rue du moulin) zu Munneref.

Synagog Stad Lëtzebuerg

Déi Grouss Synagog an der Stad Lëtzebuerg ass eng Synagog, déi 1953 ageweit gouf.

Ënneschtgaass (Stad Lëtzebuerg)

D'Ënneschtgaass (rue Notre-Dame) an der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss, déi parallel mam Boulevard Roosevelt vum Boulevard Royal bis bei de Gruef (rue du Fossé) verleeft.

Si war zu der Zäit vun der Festung déi südlechst Ost-West-Verbindung an der Stad. An hirem ëstlechen Deel stinn, um Eck mat der Clairefontaine-Plaz, de Refuge Sankt Maximin (haut Sëtz vum Ausseministère), do donieft den Agank vun der fréier Jesuitekierch (an haiteger Kathedral Notre-Dame), dann de fréiere Jesuitekolléisch (haut Nationalbibliothéik). Vis-à-vis stoung Ufanks de Refuge vum Klouschter Märjendall, dee spéiderhin an de Sëtz vun der Interbank, dunn noeneen an e Pensionat, Altersheem a Veräinshaus ëmgebaut gouf. Vun 2014 un ass do de Centre Guillaume II dran.

Um westlechen Enn sinn als markant Gebaier de fréiere Biergercasino (haut Casino Luxembourg) an déi zweet Stater Synagog (1943 vun den Nazien ofgerappt) z'ernimmen.

Ufanks war d'Strooss nom Jesuitekolléisch benannt. Nodeem déi Schoul zougemaach gouf, gouf och d'Strooss ëmbenannt a Rue Marie-Thérèse. Ënner der franséischer Revolutiounsherrschaft housch se Rue de l'École centrale. 1807 krut se den Numm Rue de la Mairie, bis se 1821 erëm Rue Marie-Thérèse genannt gouf. Zanter dem 1. Juni 1854 huet se hiren haitegen Numm Rue Notre-Dame,, a gouf iwwersat och Liebfrauenstrasse genannt. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet just den Numm Liebfrauenstrasse dierfe benotzt ginn..

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.