Staat

Als Staat bezeechent een eng Form an där sech eng Gesellschaft oder e Land kënnen organiséieren.

World borders geo hsi
D'Staaten op der Welt.

Elementer vun engem Staat

Et gëtt véier klassesch Elementer déi eng Entitéit brauch fir kënnen e Staat ze ginn. Déi goufe fir d'éischt 1933 an der Konventioun vu Montevideo fixéiert a baséieren a groussen Deeler op den Theorië vum däitsche Volleksrechtler Georg Jellinek.

Bevëlkerung

E Staat brauch eng Bevëlkerung. Et gëtt keng genee Gréissenuerdnung wéi vill Mënschen eng Bevëlkerung muss hunn. Et gëtt haut vu Bevëlkerungen alles tëscht 900 fir de Vatikanstad an 1,3 Milliarde fir d'Volleksrepublik China.

Territoire

E Staat brauch en eenegermoosse stabillen Territoire. Och do gëtt et keng Gréissenuerdnung; de Vatikanstad huet mat 0,44 km² de klengsten Territoire, Russland ass mat 17.098.242 km² dee gréisste Staat op der Welt.

Staatsgewalt

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Staatsgewalt

E Staat brauch eng Regierung déi iwwer d'Bevëlkerung déi um Territoire wunnt eng effektiv Staatsgewalt ausübt.

Datt d'Regierung eng effektiv Staatsgewalt iwwer d'Bevëlkerung an den Territoire huet, ass keen absolutte Prinzip. Et ka sinn, datt eng Regierung e Staat vertrëtt obwuel se keng effektiv Staatsgewalt huet. Beispill: E Staat gëtt vun engem aneren besat an d'Regierung geet an d'Exil. Obwuel keng effektiv Staatsgewalt do ass, gëtt d'Regierung als offizielle Representant vun hirem Staat ugesinn.

Oft kontestéiert ass dëse Punkt am Bezuch op Somalia. Aus vëlkerrechtlecher Siicht ass dat afrikanescht Land kee Staat, well et keng Regierung huet.

Fäegkeet géintiwwer anere Staaten

E Staat muss kënne mat anere Staaten op enger vëlkerrechtlecher Basis a Kontakt trieden. Dee Critère ass wichteg fir d'Entitéite vun engem Staat mat federaler Organisatioun auszeschléissen.

Beispill: Obwuel et eng Bevëlkerung, en Territoire an eng Regierung huet, ass et net virstellbar datt d'Saarland als Staat um internationale Parquet agéiert.

Type vu Staaten

  • Demokratie (Herrschaft vum Vollek)
  • Monarchie (Herrschaft vun engem Eenzelen)
  • Diktatur
  • Aristokratie (Herrschaft vun der Elite)
  • Oligarchie (Herrschaft vun enger klenger Grupp)

Staaten am Internationalen Droit

Et gëtt zwou grouss Theorien, vu wou un eng Organisatioun aus vëlkerrechtlecher Siicht e Staat ass.

  • Deklarativ Theorie: Laut där Theorie ass all Organisatioun déi déi véier Elementer vun engem Staat virweise kann, e Staat. D'Konventioun vu Montevideo schwätzt an hirem drëtten Artikel vun där Theorie. Si ass haut déi Wäitverbreetsten.
  • Konstitutiv Theorie: Déi Theorie, déi bis an d'20. Joerhonnert eran, vill gebraucht gouf, seet datt e Staat eréischt duerch d'Unerkennung duerch aner Staaten zu engem eegestännege Staat gëtt. Sou waren nom Wiener Kongress nëmmen 39 onofhängeg Staaten an Europa akzeptéiert. Haut gëtt déi Theorie net méi gebraucht. D'Praxis vun der Unerkennung vun neie Staaten huet nëmme méi symbolesche Charakter.

Kompetenzen a Rechter vun engem Staat

E Staat huet eng Rei vu Kompetenzen déi nëmme Staaten hunn:

  • Kompetenz fir Traitéen ze schléissen. Och wa verschidden international Organisatiounen déi Kompetenz och hunn, ass se bei deenen ëmmer op eng Matière limitéiert. Nëmme Staate kënne mat jiddwerengem an iwwer alles Traitéë schléissen.
  • Kompetenz fir alles wat bannenzeg Affäre sinn. E Staat huet d'Recht, datt sech keen anere Staat a seng bannenzeg Affären amëscht.
  • Fräiheet sech internationalem Recht ënnerzeuerdnen. E Staat kann nëmmen un eng international Norm gebonne sinn, wann e sech dozou bereet erkläert huet. Dat ass virun allem wichteg, wann et ëm international Jurisdiktioune geet.
  • Recht op Gläichberechtegung. Am internationalen Droit si Staate gläichgestallt, egal wéi grouss oder wichteg, respektiv kleng oder onwichteg se sinn.
  • Staate profitéiere vun der Lotus Presomptioun. Dat ass de Prinzip no deem e Staat maache ka wat e wëll, et sief et gëtt eng international Reegel déi him eppes verbitt.

Literatur

  • A. Cassese, International Law, Oxford, 2005.
Argentinien

D'Republik Argentinien (sp.: República Argentina) ass e Staat am Süde vu Südamerika.

Argentinien grenzt am Norden u Bolivien a Paraguay, am Osten un Uruguay a Brasilien an am Westen un Chile. Am Südoste mécht den Atlanteschen Ozean eng natierlech Grenz. Argentinien ass vun der Fläch hier, no Brasilien, den zweetgréisste Staat um südamerikanesche Kontinent.

D'Haaptstad an anengems gréisst Stad ass Buenos Aires.

Chemin repris

E Chemin repris zu Lëtzebuerg ass e fréiere Vicinalwee dee vum Staat iwwerholl gouf, an domat an d'Kompetenz vun der Bauverwaltung koum, soudatt den Ënnerhalt an d'Signalisatioun zu Laaschte vum Staatsportmonni sinn.

Um Enn vum 19. Joerhonnert hat de Staat sou 1.535 km Vicinalweeër iwwerholl, am Verglach zu den deemolege 707 km Staatsstroossen. Mam Gesetz vum 22. Dezember 1995 gouf dëse Reseau op 2.022 km ausgebaut, dogéint stounge 798 km Nationalstroossen.E Chemin repris kann och eng fréier Nationalstrooss gewiescht sinn, déi reklasséiert gouf.

Fir d'Bezeechnung vun den CR-Stroosse ginn dräistelleg Zuele benotzt, déi bei 101 ufänken a bis maximal 379 ginn, woubäi d'Nummeréierung awer net ganz duerchgängeg ass. Zousätzlech zu den Zuele kann nach e Buschtaf ugehaange gi bei meeschtens méi klenge Stroossen, déi awer dacks mat där Strooss a Relatioun sinn, déi d'Stammnummer huet. Déi Zuele stinn och op ville Stroossen- an Uertschaftsschëlter.

Däitschland

D'Bundesrepublik Däitschland (oder einfach Däitschland) ass e Staat a Mëtteleuropa an huet gemeinsam Grenze mat Dänemark, Polen, der Tschechescher Republik, Éisträich, der Schwäiz, Frankräich, Lëtzebuerg, der Belsch an Holland. Am Norde sinn d'Nordmier an d'Baltescht Mier natierlech Grenzen. Däitschland ass eent vun de gréisste Länner a Westeuropa.

Estland

Estland, offiziell d'Republik Estland (estesch: Eesti Vabariik) ass e Staat am nordëstlechen Europa. Direkt Nopeschlänner sinn am Oste Russland an am Süde Lettland. Estland läit um Baltesche Mier an d'Bannemier mécht dann och zum Norden a Westen hin d'Grenz. Nieft dem Festland gehéieren nach eng 1500 Inselen zu der Republik. Saaremaa an Hiiumaa, déi zwou gréisst dovun, spären den direkte Wee vum Baltesche Mier an d'Rigaer Bucht.

Haaptstad an anengems och gréisst Stad am Land ass Tallinn (fréier Reval genannt). Tallinn läit, vum Mier getrennt, knappss 85 km südlech vun der finnescher Haaptstad Helsinki ewech. Estland a Finnland si sech net nëmme geographesch no, mä hunn och sproochlech a kulturell vill Enges.

Estland war kuerz Zäit, tëscht den zwéi Weltkricher, vun 1918 bis 1940 onofhängeg, mä gouf dunn 1940, grad wéi Lettland a Litauen - déi zwéin aner baltesch Staaten - vun der Sowjetunioun annektéiert an zu enger Sozialistescher Sowjetrepublik (SSR) Estland gemaach. Zanter dem August 1991 ass d'Land nees en onofhängege Staat

Den 2. Abrëll 2004 ass Estland Member an der NATO ginn, an nëmme kuerz drop den 1. Mee an d'Europäesch Unioun opgeholl ginn. 2010 gouf et Member vun der OECD.

Irland

Irland (Iresch: Éire), och bekannt als Republik Irland (Poblacht na hÉireann), ass en europäesche Staat. E läit op der Insel Irland, am Atlantik, westlech vu Groussbritannien.

Italien

Italien, offiziell Italienesch Republik (ital.: Repubblica Italiana) ass e Staat a Südeuropa. Et grenzt am Norden un d'Schwäiz an un Éisträich a Slowenien, am Westen un d'Tyrrhenescht an un d'Ligurescht Mier, am Osten un d'Adria an am Nordwesten u Frankräich. Nieft dem italienesche Festland gehéieren och d'Mëttelmierinselen Elba, Sardinien, Sizilien an eng Rëtsch méi kleng Insele wéi d'Toskanesch Inselen, Ischia, Capri an d'Liparesch Inselen zu der Republik. San Marino an d'Vatikanstad si politesch onofhängeg Enklaven um Territoire vum italienesche Festland.

Italien ass e Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun, a vun der NATO a gehéiert zur Grupp vun de G7-Länner.

Kalifornien

Kalifornien ass e Bundesstaat op der Westküst vun den USA. Et ass dee Staat mat der gréisster Populatioun an den USA a mat enger Ekonomie déi déi sechst op der Welt wier, wa Kalifornien onofhängeg wier.

Kanada

Kanada (engl./frans. Canada) ass e Staat an Nordamerika. D'Land grenzt am Norden un d'Nordpolarmier, am Osten un den Atlanteschen Ozean, am Süden un d'Vereenegt Staate vun Amerika an am Westen un de Pazifik an den US-amerikanesche Staat Alaska. D'Land ass mat enger Fläch vu ronn 9 984 670 km2 den zweetgréisste Staat iwwerhaapt.

Kanada ass Member vum G8-Grupp.

Kolumbien

Kolumbien, op Spuenesch República de Colombia, ass e Staat a Südamerika. D'Haaptstad ass Bogotá.

Lëscht vun de Staate vun der Welt

D'Lëscht vun de Staate vun der Welt ass eng Lëscht an där all 193 Staate vun der Welt opgelëscht sinn.

Dës Lëscht vun de Staate vun der Welt ass en Deel vun de Referenztabellen.

E Land, deem säin Numm kursiv geschriwwen ass, gëtt net oder net universell unerkannt.

Politik

Politik kënnt vum griichesche polis, de Stadstaat (Stad + Ëmgéigend). Allgemeng mengt ee mat Politik d'Organisatioun an d'Verdeelung vun der Muecht an engem Staat. Donieft bestëmmt d'Politik awer och d'Bezéiunge vu gesellschaftleche Gruppen, Entreprisen an aneren Organisatiounen.

Republik Korea

D'Republik Korea (op Koreanesch: Daehan Minguk), och Südkorea genannt, ass e Staat an Ostasien.

Russland

Russland (op Russesch: Россия) oder Russesch Federatioun (russ. Российская Федерация) ass eng Federatiounsrepublik an Europa an Asien.

Et ass de flächeméisseg gréisste Staat vun der Äerd. Säin Territoire ëmfaasst grouss Deeler vun Osteuropa a vun Nordasien. Den alen ostslaweschen Numm fir d'Gebitt vun der haiteger Ukrain, Wäissrussland an dee vu Slawe bewunnten Deel vum europäesche Russland war Rus (cf. Kiewer Rus), deen dovun ofgeleete mëttelalterleche laténgeschen Numm war Ruthenia, a latiniséierter slawescher Versioun Russia (zanter dem fréien 18. Joerhonnert Rossija).

Wiertlech iwwersat bedeit Rossijskaja Federazija‚ "Russlännesch Federatioun" (vu Rossija‚ "Russland"). D'Staatsbezeechnung ass ganz bewosst net Russkaja Federazija, fir och déi net-russesch Ethnien anzebezéien. Wa vum russesche Vollek oder der russeschsproocheger Kultur Rieds ass, dat seet een dofir am Russesche russkij (m)/russkaja (f)/russkoje (n) ("russesch"). Mä wann de Staat Russland gemengt ass, gebraucht een d'Adjektiv rossijskij (m)/rossijskaja (f)/rossijskoje (n).

Schwäiz

D'Schwäiz (däitsch: Schweizerische Eidgenossenschaft, fr.: Confédération suisse, it.: Confederazione Svizzera, rätoroman.: Confederaziun svizra, lat. Confoederatio Helvetica) ass e Staat a Mëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden un Däitschland, am Osten u Liechtenstein an Éisträich, am Süden un Italien an am Westen u Frankräich.

D'Schwäiz ass zanter dem Wiener Kongress vun 1815 baussepolitesch neutral a mat der Zäit Sëtz vun enge sëllechen internationalen Organisatioune ginn. D'Alperepublik selwer ass Member vun der EFTA, dem Europarot, der Welthandelsorganisatioun (GATT) an zanter 2002 och vun de Vereenten Natiounen.

Bern ass de Schwäizer Regierungssëtz an de facto d'Haaptstad. Déi gréisst Stad ass Zürich.

Sowjetunioun

D'Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepubliken (kuerz UdSSR oder Sowjetunioun, bzw. op Russesch Союз Советских Социалистических Республик, kuerz СССР) war e Staat an Osteuropa, an an Nordasien, dee vum 30. Dezember 1922 bis zum 8. Dezember 1991 bestanen huet.

D'Sowjetunioun huet aus 15 verschiddenen, theoretesch gläichberechtegte Republike bestanen. An der Praxis war awer d'Russesch Federatioun, déi 1990 78% vun der ganzer Fläch duergestallt huet, staark predominant. Déi Federatioun war während der Oktoberrevolutioun vum 7. November 1917 aus dem Kär vum Zareräich ervirgaangen, a sollt no der Opléisung vun der Sowjetunioun 1991 den haitege Staat Russland bilden.

D'Sowjetunion war de geographesch gréisste Staat an der Geschicht vun der Mënschheet.

Déi 15 eenzel Republike waren:

Armenien

Aserbaidschan

Wäissrussland

Estland

Georgien

Kasachstan

Kirgisistan

Lettland

Litauen

Moldawien

Russland

Tadjikistan

Turkmenistan

Ukrain

Usbekistan

Spuenien

Spuenien (sp.: España) ass e Staat an Europa op der iberescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid.

Südafrika

Südafrika ass e Staat a Form vun enger Republik am Süde vun Afrika. D'Haaptstad ass gespléckt. De Sëtz vun der Regierung ass zu Pretoria, dee vum Parlament zu Kapstad an d'iewescht Geriicht ass zu Bloemfontein etabléiert.

Vereenegt Kinnekräich

D'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland (englesch: United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland), op Lëtzebuergesch dacks mat Groussbritannien ofgekierzt, ass e souveräne Staat op den am Nordweste vun Europa geleeëne briteschen Inselen. Dozou gehéieren d'Insel Groussbritannien, den nordëstleche Wupp vun der irescher Insel an eng sëlleche méi kleng Inselen. Den haitege Staat ass eng politesch Unioun tëscht de véier Deelstaaten England, Wales, Schottland (allen dräi op der Insel Groussbritannien) an Nordirland (Insel Irland). D'Grenz tëscht Nordirland an der Republik Irland ass déi eenzeg Staatsgrenz iwwer Land. Natierlech Grenze maachen den Atlanteschen Ozean, d'Irescht Mier, d'Nordmier an den Äermelkanal (Manche). D'Insel Groussbritannien ass mam Tunnel ënner der Manche mat Frankräich verbonn.

D'Vereenegt Kinnekräich ass eng parlamentaresch Demokratie a konstitutionell Monarchie. De Regierungssëtz ass zu London, der Haaptstad vum Land. Staatschefin ass d'Kinnigin Elizabeth II. D'Kroundependancen (crown dependency) Isle of Man an d'Kanalinselen Jersey a Guernsey si formell am direkte Besëtz vun der britescher Kroun, gehéieren awer net zum Staat. D'Vereenegt Kinnekräich huet d'Souveränitéit iwwer 14 Iwwerséigebidder, déi meescht dovu si fréier Krounkolonien déi aus ënnerschiddlechen Ursaachen ni onofhängeg gi sinn. Aner Lännereien an Deeler vum fréiere briteschen Imperium sinn haut onofhängeg Staaten oder goufe wéi fir d'lescht 1997 Hong Kong (zanterhier nees chinesesch), un aner Staaten ofginn. Den historeschen Afloss deen d'britesch Expansiounspolitik op grouss Deeler vun der Welt hat, huet sech an der Kultur a Sprooch vu Länner wéi Kanada, Australien, Neiséiland, Indien, Pakistan, Südafrika, de Vereenegte Staate vun Amerika an aneren, global manner aflossräichen onofhängege Staaten niddergeschloen.

D'Vereenegt Kinekräich ass bis haut iwwer d'Monarchie a Personalunioun mat 15 souveräne Staaten. Dës sougenannt Commonwealth Realms ("Kinnekräicher vum Commonwealth") si Länner an deenen d'britesch Monarchin Kinnigin an offiziell Staatschefin bliwwen ass. Do donieft huet d'Kinnekräich mam Commonwealth of Nations eng international Institutioun geschaf fir de politesche Kontakt mat -an der Majoritéit- Nofolgerstaate vu fréieren Territoiren aus imperialer Zäit ze halen.

D'Vereenegt Kinnekräich huet ronn 60,6 Milliounen Awunner an ass eent vun de gréisste Memberlänner vun der Europäescher Unioun (EU). D'Brite sinn zanter 1973 an der Unioun. Den 23. Juni 2016 hu si sech an engem Referendum fir en Austrëtt aus der EU ausgeschwat (de sougenannte Brexit). Den 29. Mäerz 2017 huet d'Premierministesch Theresa May deenen anere Staats- a Regierungscheffen formell dësen Austrëttswonsch matgedeelt. Nom Artikel 50 vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun mussen ewell bannent zwee Joer d'Modalitéite vun deem Austrëtt, souwéi déi vun der zukünfteger Relatioun zoueneen, ausgehandelt ginn.

D'Kinnekräich ass e G8-Staat a Grënnnungsmember vun der NATO an de Vereenten Natiounen. Als Atommuecht huet et e permanente Sëtz am Sécherheetsrot.

Volleksrepublik China

D'Volleksrepublik China ass e Land an Asien, wat dofir bekannt ass, datt et am Moment déi gréisst Awunnerzuel vun der Welt huet. D'Haaptstaadt, Peking (Beijing), läit no bei der Ostküst vu China. Déi ëstlech Regioune vum Land gëllen als "special economic zones", wou d'Maartwirtschaft erlaabt a gefërdert ass. Ee ganz groussen Deel vum Land funktionéiert awer nach nom ale System: Eng Aart kommunistesch Diktatur wou (bal) alles dem Staat gehéiert.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.