Spuenesch

D'Spuenesch (sp.: español, castellano) ass eng iberesch-romanesch Sprooch, mat laténgeschem, germaneschem an arabeschem Afloss.

Fir 500 Millioune Leit an 22 Länner op der Welt ass Spuenesch déi Offiziell Sprooch. Donieft gëtt Spuenesch nach a ville Länner als zweet Sprooch geschwat. D'Zuel vun de Leit, déi Spuenesch schwätze, läit bei zirka 600 Millounen. Domat ass Spuenesch déi véiert heefegst geschwate Sprooch op der Welt, dat no Chinesesch, Hindi an Englesch.

An der ISO 639-1 gëtt d'Ofkierzung es benotzt an an der ISO 639-2 spa.

Spuenesch
(español, castellano)
Gëtt geschwat an: Spuenien, Mexiko, Kolumbien, Argentinien, Nicaragua, Chile, USA, Venezuela, Costa Rica, Kuba, Peru an a 34 aner Länner
Regioun: Europa, Nordamerika, Südamerika
Gëtt geschwat vun: 500 Milliounen (Mammesprooch)
Klassement: 2
Klassifikatioun no Famill: Indogermanesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Spuenien, Mexiko, Kolumbien, Argentinien, Nicaragua, Chile, Venezuela, Costa Rica, Kuba, Peru an an 13 anere Länner
Reglementéiert vun: Real Academia Española an Asociación de Academias de la Lengua Española
Sproochcoden
ISO 639-1 es
ISO 639-2 spa (B) / (T)
ISO 639-3 {{{iso3}}}
SIL SPN

Spuenesch oder Kastellanesch

Am Prinzip ass Spuenesch a Kastellanesch déiselwecht Sprooch. Et gëtt awer en Ënnerscheed gemaach am Gebrauch vun deenen zwee Wierder. Am Internationale gëtt d'Wuert Spuenesch gebraucht, woubäi a Spuenien selwer d'Wuert Kastellanesch geholl gëtt. All déi aner Dialekter a Spuenien falen nämlech och ënner de Begrëff Spuenesch.

Geographesch Verbreedung

Länner mat villen Hispaneschen Awunner
Alphabetesch Uerdnung Awunner déi Spuenesch als Mammesprooch hunn
  1. Andorra (40,000)
  2. Argentinien (41,248,000)
  3. Aruba (105,000)
  4. Australien (150,000)
  5. Éisträich (1,970)
  6. Belize (130,000)
  7. Bolivien (7,010,000)
  8. Bonaire (5,700)
  9. Brasilien (19,700,000)
  10. Kanada (272,000)
  11. Chile (15,795,000)
  12. China (250,000)
  13. Kolumbien (45,600,000)
  14. Costa Rica (4,220,000)
  15. Kuba (11,285,000)
  16. Curaçao (112,450)
  17. Dominikanesch Republik (8,850,000)
  18. Ecuador (10,946,000)
  19. El Salvador (6,859,000)
  20. Equatorialguinea (447,000)
  21. Finnland (17,200)
  22. Frankräich (2,100,000)
  23. Däitschland (410,000)
  24. Guatemala (8,163,000)
  25. Guyana (198,000)
  26. Haiti (1,650,000)
  27. Honduras (7,267,000)
  28. Israel (160,000)
  29. Italien (455,000)
  30. Japan (500,000)
  31. Kuwait (1,700)
  32. Libanon (2,300)
  33. Mexiko (106,255,000)
  34. Marokko (960,706)
  35. Holland (17,600)
  36. Neiséiland (26,100)
  37. Nicaragua (5,503,000)
  38. Panama (3,108,000)
  39. Paraguay (4,737,000)
  40. Peru (26,152,265)
  41. Philippinnen (2,900,000)
  42. Portugal (1,750,000)
  43. Puerto Rico (4,017,000)
  44. Rumänien (7,000)
  45. Russland (1,200,000)
  46. Spuenien (44,400,000 )
  47. Südkorea (90,000)
  48. Schweden (39,700)
  49. Schwäiz (172,000)
  50. Trinidad an Tobago (32,200)
  51. Tierkei (29,500)
  52. Vereenegt Staate vun Amerika (41,000,000)
  53. Vereenegt Kinnekräich (900,000)
  54. Uruguay (3,442,000)
  55. Amerikanesch Joffereninselen (3,980)
  56. Venezuela (26,021,000)
  57. Westsahara (341,000)
  1. Mexiko (106,255,000)
  2. Kolumbien (45,600,000)
  3. Spuenien (44,400,000)
  4. Argentinien (41,248,000)
  5. Vereenegt Staate vun Amerika (41,000,000)
  6. Peru (26,152,265)
  7. Venezuela (26,021,000)
  8. Brasilien (19,700,000)
  9. Chile (15,795,000)
  10. Kuba (11,285,000)
  11. Ecuador (10,946,000)
  12. Dominikanesch Republik (8,850,000)
  13. Guatemala (8,163,000)
  14. Honduras (7,267,000)
  15. Bolivien (7,010,000)
  16. El Salvador (6,859,000)
  17. Nicaragua (5,503,000)
  18. Paraguay (4,737,000)
  19. Costa Rica (4,220,000)
  20. Puerto Rico (4,017,000)
  21. Uruguay (3,442,000)
  22. Panama (3,108,000)
  23. Philippinnen (2,900,000)
  24. Frankräich (2,100,000)
  25. Portugal (1,750,000)
  26. Haiti (1,650,000)
  27. Russland (1,200,000)
  28. Marokko (960,706)
  29. Vereenegt Kinnekräich (900,000)
  30. Japan (500,000)
  31. Italien (455,000)
  32. Equatorialguinea (447,000)
  33. Däitschland (410,000)
  34. Westsahara (341,000)
  35. Kanada (272,000)
  36. China (250,000)
  37. Guyana (198,000)
  38. Schwäiz (172,000)
  39. Israel (160,000)
  40. Australien (150,000)
  41. Belize (130,000)
  42. Curaçao (112,450)
  43. Aruba (105,000)
  44. Südkorea (90,000)
  45. Andorra (40,000)
  46. Schweden (39,700)
  47. Trinidad an Tobago (32,200)
  48. Tierkei (29,500)
  49. Neiséiland (26,100)
  50. Holland (17,600)
  51. Finnland (17,200)
  52. Rumänien (7,000)
  53. Bonaire (5,700)
  54. Amerikanesch Joffereninselen (3,980)
  55. Libanon (2,300)
  56. Éisträich (1,970)
  57. Kuwait (1,700)

Spuenesch Dialekter

  • Andalusesch
  • Churro
  • Kanaresch
  • Murcianesch (panocho)
  • Extremaduresch
  • Amerikanescht Spuenesch
    • Amazonesch
    • Andino
    • Karibesch
      • Kubanesch
      • Dominikanesch
      • Puertorikanesch
      • Panamesch
      • Venezuelesch
        • Maracucho
    • Mëttelamerikanescht Spuenesch
    • Chilenesch
    • Kolumbesch (palenquero)
    • Ecuatorianesch
    • Mexikanesch
    • Peruanesch
    • Rioplatensesch
  • Guinea Ecuatorial Spuenescht
  • Filipinesch (chabacano)

Klassifikatioun

  • Indogermanesch (indoeuropäesch)
    • Italesch
      • Romanesch
        • Italesch-occidentalesch
          • Iberoromanesch
            • Ibero-occidentalesch
              • Spuenesch

Schreifweis an Aussprooch

Kuckt heizou och den Haaptartikel Spuenesch Schreifweis an Aussprooch.

D'Spuenesch Sprooch benotzt dat laténgescht Alphabet mat verschidden Diacriten (ñ) an Digrammen (ch, ll). Den Accent aigu gëtt virun allem geholl fir e bestëmmten Deel vum Wuert ervirzehiewen an ze betounen, meeschtens ass dat bei de Vokaler de Fall.

Wéinst der Schreifweis ass d'Aussprooch vun engem spuenesche Wuert ganz genee definiéiert, an och ëmgedréit kann een duerch d'Héiere vun engem Wuert genee wëssen, wéi et geschriwwe gëtt. D'Vokaler ginn och ëmmer gläich laang ausgeschwat. Si sinn op an halleflaang a mussen däitlech ausgeschwat ginn.

Am Spueneschen gi Sätz mat Froen oder Feststellungen mat 2 Froezeechen oder 2 Ausrufezeechen geschriwwen. Den éischte steet ëmgedréit virum Saz, den aneren den normale Wee hanner dem Saz.

Spuenescht Alphabet

D'Spuenescht Alphabet besteet aus 29 Buschtawen (26 vum romaneschen Alphabet an den ñ).

A, B, C, CH, D, E, F, G, H, I, J, K, L, LL, M, N, Ñ, O, P, Q, R, S, T, U, V, W, X, Y, Z

Grammaire

Kuckt heizou och den Haaptartikel Spuenesch Grammaire.

Orthographie

Kuckt heizou och den Haaptartikel Spuenesch Orthographie.

Um Spaweck

Commons: Spanish pronunciation – Biller, Videoen oder Audiodateien
Alejandro Valverde

Den Alejandro Valverde Belmonte, gebuer de 25. Abrëll 1980 zu Las Lumbreras de Monteagudo, an der Provënz Murcia, ass e spuenesche professionelle Vëlossportler. Hie fiert fir d'Equipe Caisse d'Épargne.

Autonom Gemeinschaft Madrid

D'Autonom Gemeinschaft Madrid (sp: Comunidad de Madrid) ass eng Regioun a Spuenien, déi aus der Provënz Madrid besteet, ronderëm d'Haaptstad Madrid.

Autonom Gemeinschafte vu Spuenien

Déi autonom Gemeinschafte vu Spuenien (comunidades autónomas (es)) sinn d'Regioune vu Spuenien déi an der spuenescher Konstitutioun vun 1978 bestëmmte Kompetenzen bei der Gesetzgebung an där hirer Ausféierung hunn. Déi variéieren awer vu Gemeinschaft zu Gemeinschaft.

Spuenien besteet aus 17 autonome Gemeinschaften an zwou autonome Stied:

Andalusien (sp.: Andalucía)

Aragonien (sp.: Aragón, kat.: Aragó)

Asturien (sp.: Asturias, ast.: Asturies )

Balearesch Inselen (sp.: Islas Baleares, kat.: Illes Balears)

Baskeland (sp.:País Vasco, bask.: Euskadi)

Extremadura

Galicien (sp.: Galicia, gal.: Galiza)

Kanaresch Inselen (sp.: Islas Canarias)

Kantabrien (sp.: Cantabria)

Kastilien-La Mancha (sp.:Castilla-La Mancha)

Kastilien-León (sp.: Castilla y León)

Katalounien (sp.: Cataluña, kat.: Catalunya)

La Rioja

Madrid (sp.: Comunidad de Madrid)

Murcia (sp.: Región de Murcia)

Navarra (bask.: Nafarroa)

Valencia (sp.: Comunidad Valenciana, val.: Comunitat Valenciana)Déi zwou autonom Stied sinn:

Ceuta

Melilla

Bolivien

Bolivien, op Spuenesch República de Bolivia, ass e Staat a Südamerika.

Däitsch

Däitsch (op Héichdäitsch: Deutsch / deutsche Sprache) ass eng indogermanesch, méi genee, eng westgermanesch Sprooch.

Ecuador

D'Republik Ecuador, op Spuenesch República del Ecuador, ass e Staat am Nordweste vu Südamerika tëscht Kolumbien a Peru. Am Weste stéisst Ecuador un de Pazifik

D'Haaptstad Quito läit an den Anden op enger Héicht vun 2.800 Meter, ongeféier 30 km südlech vum Equator.

Wéi den Numm et seet läit Ecuador um Equator, dee gréissten Deel vum Land läit awer südlech dovun.

D'Galápagos-Inselen déi zu Ecuador gehéieren, leien eng ronn 1.000 Kilometer virun der Küst.

Englesch

Englesch ass eng Sprooch déi aus dem Germanesche kënnt. Si gehéiert zu de West-Germanesche Sproochen.

Englesch ass déi haut am meeschte verbreet Sprooch op der Welt.

Equatorialguinea

Equatorialguinea, op Spuenesch: República de Guinea Ecuatorial, ass e Staat an Zentralafrika. Zum Territoire gehéieren och d'Insele Bioko an Annobón am Golf vu Guinea. D'Haaptstad Malabo läit op Bioko.

Franséisch

Franséisch, oder d'franséisch Sprooch gehéiert zu der romanescher Grupp vun den indogermanesche Sproochen. Si gëtt an 52 Länner vun zirka 300 Millioune Mënsche (115 Milliounen als Mammesprooch a ronn 185 Milliounen als Zweetsprooch) geschwat (Stand: 2016).

D'Entwécklung vun der franséischer Sprooch huet déi Eegenaart, datt si vun intellektuelle Gruppen oder vun Institutiounen (wéi d'Académie française) optiméiert gouf. Als Héichsprooch ass et deemno eng akademesch Sprooch. Dat verhënnert awer net, datt et am Alldag eng extrem lieweg a phantasiräich Sprooch ass a bleift. Net zu Onrecht gëtt d'Franséisch och "Sprooch vum Molière" (oder vum Voltaire) genannt.

Italienesch

Italienesch, oder d'italienesch Sprooch (ital.: Lingua italiana, Italiano), gehéiert zu der romanescher Grupp vun den indogermanesche Sproochen. Ënner de romanesche Sproochen steet Italienesch dem Latäin am noosten.

Italienesch gëtt vu ronn 70 Millioune Mënschen als Mammesprooch oder zweet Mammesprooch geschwat, déi meescht dovu liewen an Italien.

Jesús Franco

De Jesús Franco gebuer als Jesús Franco Manera den 12. Mee 1930 zu Madrid a gestuerwen den 2. Abrëll 2013 zu Málaga war e spuenesche Filmregisseur, Filmproduzent, Kameramann an Dréibuchauteur.

De Jesús Franco huet eng 200 Filmer als Regisseur gedréint haaptsächlech Kriminalfilmer a Grujelfilmer awer och erotesch a Pornofilmer.

Hien huet seng Filmer ënner verschiddene Nimm gedréint wéi Jess Franco, Clifford Brown, Lennie Hayden, J.P. Johnson, Jesus Franco Manera,Jess Frank, Jess Franco, James Lee Johnson, Lulú Laverne, Frank Hollmann a Frank Manera.

Kolumbien

Kolumbien, op Spuenesch República de Colombia, ass e Staat a Südamerika. D'Haaptstad ass Bogotá.

Mexiko

Mexiko, offiziell Estados Unidos Mexicanos (spuenesch fir Vereenegt Mexikanesch Staaten), ass eng federal Republik an Nordamerika. Nopeschlänner sinn am Norden d'Vereenegt Staate vun Amerika, am Süde Belize a Guatemala. Am Weste mécht de Pazifik, am Osten den Atlantik mam Golf vu Mexiko an dem Karibesche Mier d'Grenz.

D'Haaptstad vu Mexiko ass Mexiko-Stad (Ciudad de México).

Panama

Panama, op Spuenesch República de Panamá, ass e Staat a Mëttelamerika.

Portugisesch

Portugisesch, op Portugisesch "Português", ass eng Sprooch aus dem romaneschen Deel vun der indogermanescher Sproochfamill.

Spuenesch Nidderlanden

D'Spuenesch Nidderlanden waren Territoiren déi dem Kinnek vu Spuenien tëscht 1549 a 1713 gehéiert hunn.

Et waren déi Gebidder déi haut zum Nord-Pas-de-Calais, Lëtzebuerg, Holland an der Belsch gehéieren, mat Ausnam vun de Fürstentümer Léck, Malmedy-Stavelot a Bouillon.

1581 hu sech déi siwen nërdlech Provënzen, grosso modo dat haitegt Holland, selbstänneg gemaach. Rescht blouwen déi Südlech Nidderlanden, déi 1713, als Resultat vum Spueneschen Ierffollegkrich, un d'éisträichesch Linn vun den Habsburger goungen a vun do un Éisträichesch Nidderlande genannt goufen.

Spuenien

Spuenien (sp.: España) ass e Staat an Europa op der iberescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid.

Venezuela

Venezuela, op Spuenesch República Bolivariana de Venezuela, ass e Staat am Norde vu Südamerika. D'Haaptstad ass Caracas.

Amtssprooche vun der EU

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.