Renaissance

D'Renaissance (Fr.: [ʀənɛˈsɑ̃s], Wiedergebuert) bezeechent déi kulturell Wiedergebuert vun der klassescher griichescher a réimescher Antiquitéit mat sengen Aflëss op Gesellschaft, Wëssenschaft a Konscht. Dacks gëtt de Begrëff just als Bezeechnung vun enger konschtgeschichtlecher Epoque benotzt.

Art template.png Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Um Spaweck

Commons: Renaissance – Biller, Videoen oder Audiodateien
12. Mäerz

Den 12. Mäerz ass den 71. Dag (72. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.

18. Abrëll

Den 18. Abrëll ass den 108. Dag (109. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.

5. Mäerz

De 5. Mäerz ass de 64. Dag (65. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.

6. Abrëll

De 6. Abrëll ass de 96. Dag (97. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.

Antiquitéit

De Begrëff Antiquitéit (vum laténgeschen antiquus) bezeechent eng Epoch vum Altertum am Mëttelmierraum. Si geet vun zirka 1200 v. Chr. (oder 800 v. Chr., jee no Fuerschungsrichtung) bis ongeféier 600 n. Chr. an ënnerscheet sech vun de viregen Epochen a vun deenen déi duerno kommen duerch gemeinsam an duerchgängeg kulturell Traditiounen. Zanter dem 1. Joerhonnert n. Chr. huet sech ausserdeem am Mëttelmierraum am Kader vum Réimesche Räich eng politesch a kulturell Eenheet forméiert.

Barock

De Barock bezeechent eng Epoch an der Konschtgeschicht vun ongeféier 1600 bis 1770.

Belsch

D'Belsch, offiziell d'Kinnekräich Belsch, ass e Land a Westeuropa. Et läit laanscht d'Nordséi a grenzt un Holland, Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich.

Kierch

Eng Kierch ass e sakraalt Gebai dat fir e Gotteskult gebraucht gëtt, an datt ënner der Konditioun datt et fir all déi Gleeweg vun deem Kult op ass. Éier e Gottesdéngscht an enger Kierch ka gehale ginn, muss se konsekréiert, oder wéinstens geseent sinn.

Leonardo da Vinci

De Leonardo da Vinci (* 15. Abrëll 1452 zu Anchiano bei Vinci; † 2. Mee 1519 um Schlass Clos Lucé, Amboise a Frankräich) war en italienesche Moler, Sculpteur, Architekt, Museker, Mecanicien, Erfinder, Ingenieur an Naturphilosoph. Domat gëtt hien als dee gréissten Universalgenie vun der Renaissance ugesinn.

Bekannt ass de Leonardo hautdesdaags virun allem wéinst senge Meeschterwierker an der Molerei, wéi z. B. Dat Lescht Nuechtiessen oder d'Mona Lisa. Mä och als Virdenker vun dacks eréischt méi spéit wierklech agesaten Technologien (z. B. Fallschierm, Helikopter) gëtt en ëmmer nach bewonnert.

Molerei

D'Molerei zielt nieft der Architektur, der Skulptur, der Graphik an der Zeechnung zu de klassesche Gattunge vun der Bildender Konscht. Molerei ass d'Opdroe vu Faarf mat engem Pinsel, enger Spachtel oder anerem Geschir op enger Fläch.

Mëttelalter

D'Mëttelalter ass eng Epoch an der europäescher Geschicht tëscht der Antiquitéit an der Neizäit. Dës Epoch féiert chrëschtlech, antik a keltesch, germanesch a slawesch Entwécklungen zesummen. Den Ufank vum Mëttelalter gëtt meeschtens op d'Joer 476 festgeluecht, an deem d'West-Réimescht Räich ënnergaangen ass. D'Enn vum Mëttelalter geet op d'Joer 1492 zréck, an deem de Kontinent Amerika vum Christoph Kolumbus entdeckt gouf.

Den Numm selwer koum eréischt am Ufank vun der Neizäit op, wéi am Kader vun der Renaissance d'Ierfschaft vun der griichesch-réimescher Antikitéit nei entdeckt, respektiv a ville Beräicher zum Modell gemaach gouf. Déi ronn dausend Joer "an der Mëtt", deemno tëscht der eigentlecher Antikitéit an der "Neigebuert" vun der Antikitéit, gouf als "Mëttelalter" bezeechent, ähnlech wéi d'Mier tëscht den dräi Kontinente vun der Aler Welt als "Mëttelmier" bezeechent gëtt.

Philosophie

An der Philosophie, vum Griichesche φιλοσοφια philosophia, wiertlech „Léift fir d'Wäisheet“, gëtt versicht, d'Welt an déi mënschlech Existenz ze deiten an ze verstoen.

Pieter Bruegel den Eeleren

De Pieter Brueg(h)el den Eeleren, gebuer ëm 1525/1530 bei Breda oder Bree, a gestuerwen de 5. September 1569 zu Bréissel, och de Drol genannt, war e Moler vun der hollänescher Renaissance.

Hien ass fir seng Duerstellunge vum baierleche Liewen a Flandern vum 16. Joerhonnert bekannt.

Protestantismus

De Protestantismus ass eng chrëschtlech Konfessioun déi am Europa vun der Renaissance am Kader vun der Reformatioun ënner dem Afloss vu Martin Luther a Jean Calvin entstanen ass. De Begrëff geet op d'Speyerer Protestatioun während dem Reichstag zu Speyer 1529 zréck. Si hu géint d'Ophiewe vum Abschied vu Speyer (1526) protestéiert, mat deem de Länner, déi sech der Reformatioun ugeschloss haten, Rechtssécherheet zougesot gi war, an hu sech dobäi op d'Glawensfräiheet vum Eenzele beruff.

An enger Partie Kricher war de Protestantismus méi oder manner en Haaptgrond, dozou gehéieren d'Reliounskricher a Frankräich oder den Drëssegjärege Krich, dee ganz Europa a speziell Däitschland erfaasst hat. Eréischt mam Ausgburger Reliounsfridden (1555) an dem Westfälesche Fridden (1648) gouf de Protestantismus unerkannt.

Allgemeng ginn déi Konfessiounsrichtungen protestantesch genannt, déi sech vun der kathoulescher Kierch distanzéiere wollten, an dobäi, zum Beispill, d'Autoritéit vum Poopst net unerkannt hunn. An deem Sënn zielt och d'Anglikanesch Kierch zum Protestantismus, genee sou wéi d'Fräikierchen, d'Mennoniten an d'Baptisten.

Republik

Eng Republik (lat. res publica) ass eng Staatsform, bei där d'Muecht prinzipiell an den Hänn vun der Allgemengheet läit, am Géigesaz zu der Monarchie an zu der Oligarchie, wou d'Muecht an den Hänn vun engem, oder enger klenger Grupp vu Leit ass.

D'Wuert kënnt vun den laténgesche Wierder res a publica. D'Wuert res kann ee mat Saach iwwersetzen an den Adjektiv publica mat publik, ëffentlech. Eng res publica ass also am éischte Sënn eng ëffentlech Saach.

Eng Republik' ass eng Staatsform, wou de Staatschef kee Monarch ass. D'laténgescht Wuert res publica suggeréiert datt de Staat vun der Bevëlkerung kontrolléiert gëtt. Eng Republik ass awer domat net ëmmer eng Demokratie. E Gouvernement mat republikanescher Staatsform kann och nëmmen eng limitéiert Demokratie beinhalten, wou d'Rechter nëmmen enger bestëmmter Grupp vu Leit virbehale sinn. An deem Fall kann eng Republik och diktatorial oder totalitär sinn. D'Konzept ass ausserdeem wäitleefeg genuch, datt och representativ Demokratie eng Republik ka sinn.

Rue Leonardo-da-Vinci

D'Rue Leonardo da Vinci ass eng Strooss zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg déi zum Deel nach am Bau ass (Mäerz 2017). Se verleeft vum Stengege Wee (Boulevard Friedrich-Wilhelm-Raiffeisen) a Richtung Süden, dréint dann no Süd-Osten a kënnt dann um Boulevard de Kockelscheuer eraus.

D'Strooss huet den Numm vum Leonardo da Vinci (1452-1519), dem “Universalgenie ” vun der Renaissance.

Ruin

Eng Ruin aus dem laténgesche ruere - ëmfalen", ass e Bauwierk, dat zerfall ass, respektiv dat, wat dovu rescht ass. Grond vum Zerfall kann d'Zerstéierung duerch Naturkatastrophen oder mënschlecht Awierken - z. B. an engem Krich - sinn; eng Ruin kann awer och no an no doduerch entstoen, datt e Bauwierk net méi ënnerhale gëtt a sou duerch Wiederaflëss an Erosioun lues a lues zerfällt.

Fréier goufe Ruinen dacks als Steebroch geholl, fir d'Steng an neie Gebaier ze 'verbauen'. An der Renaissance goufen d'Ruinen aus der Antiquitéit als "interessant" entdeckt, an am 18.-19. Joerhonnert, besonnesch an der Romantik, déi aus dem Mëttelalter.

Haut sti Ruine vu bemierkenswäerte Gebaier dacks ënner Denkmalschutz. Si mussen an deem Fall an hirem Zoustand konsolidéiert ginn, fir net nach méi ze verfalen.

Zentralafrikanesch Republik

Déi Zentralafrikanesch Republik, op Sango Ködörösêse tî Bêafrîka an op Franséisch République centrafricaine, ass e Staat an Zentralafrika.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.