Provënz Pontevedra


Pontevedra ass eng vu véier Provënzen an der spuenescher autonomer Gemeinschaft Galicien. D'Haaptstad ass Pontevedra.

D'Provënz Pontevedra läit am Nordweste vu Spuenien a grenzt am Norden un d'Provënz A Coruña, am Osten un d'Provënzen Lugo an Ourense, am Süden u Portugal an am Westen un den Atlantik.

Pontevedra ass an 62 Gemengen an an 10 Comarcas agedeelt. D'Comarcas sinn:

  • Comarca do Baixo Miño
  • Comarca de Caldas
  • Comarca do Condado
  • Comarca do Deza
  • Comarca do Morrazo
  • Comarca da Paradanta
  • Comarca de Pontevedra
  • Comarca do Salnés
  • Comarca de Tabeirós-Terra de Montes
  • Comarca de Vigo

Gréisser Stied, nieft der Haaptstad, si Vigo, Vilagarcía de Arousa a Redondela. Vigo, ass mat iwwer 294.000 Awunner déi meescht bevëlkerte Stad vun der Provënz an souguer vu ganz Galicien.

Pontevedra
Ouni Wopen Fändel
Basisdaten
Land Flag of Spain.svg Spuenien
Autonom
Gemeinschaft :
Galicien
Haaptstad : Pontevedra
Fläch : 4.495 km²
Awunner : 947.639 Aw.  (INE 2007)
Lag
Lag vun der Provënz Pontevedra
Lag vun der Provënz Pontevedra
Autonom Gemeinschaften - Provënzen

Um Spaweck

Commons: Province of Pontevedra – Biller, Videoen oder Audiodateien
Mariano Rajoy

De Mariano Rajoy Brey, gebuer de 27. Mäerz 1955 zu Santiago de Compostela, ass e spuenesche Politiker (Partido Popular; PP). Hie war vum 21. Dezember 2011 bis den 1. Juni 2018 Premierminister a Spuenien.

De Rajoy ass Jurist an huet no sengem Studium beim spuenesche Kadaster geschafft. 1981 gouf e Member vun det Alianza Popular, aus där méi spéit d'PP gouf. Datselwecht Joer gouf en an dat galizescht Regionalparlament gewielt. 1983 gouf e Gemengerot zu der Pontevedra an 1986 President vum Parlament vun der Provënz Pontevedra.

Zanter 1989 ass hien Deputéierten am spuenesche Parlament. Wéi d'PP 1996 d'Wale gewonnen huet, gouf hien, ënner dem Premierminister José María Aznar Bildungsminister, an 2001 Inneminister.

2004 huet den Aznar ugekënnegt, net méi Kandidat fir d'Amt vum Regierungspresident ze sinn, an de Rajoy huet doropshin seng Kandidatur deklaréiert. Um Enn hunn awer d'Sozialisten (PSOE) d'Wale gewonnen, an de Rajoy gouf Chef vun der Oppositioun am spuenesche Parlament. Am Oktober 2004 gouf hien och zum President vun der PP gewielt.

Bei de Parlamentswalen 2004 an 2008 war seng Partei, d'PP, där vum José Luís Zapatero ënnerleeën. Bei de virgezunnene Parlamentswale vum 20. November 2011 war de Rajoy op en Neits Spëtzekandidat vu senger Partei, déi dobäi 187 vun den am Ganzen 350 Sëtz krut. Ee Mount drop gouf hien als Premierminister vereedegt.

Den 1. Juni 2018 huet hien no engem Mësstrauensvote am Parlament, dat en op eng Stëmm verluer hat, missen zrécktrieden.

Rías Baixas (DO)

Rías Baixas ass eng Wäibauregioun a Galicien a Spuenien. Et ass vun den 51 Wäibaugebidder a Spuenien dat rezents dat eng Denominación de origen huet.

Déi aner Appellatiounen aus Galicien Ribeiro, a Valdeorras, ware praktesch onbekannt bis se am Trend vum Rías Baixas, am internationalen Handel maternimmt goufen.

D'Haaptriefzort ass den Albariño, eng Rief déi e wäisse Wäi gëtt, a sou eng gutt Qualitéit huet datt se an der ganzer Provënz Pontevedra ugebaut gëtt.

D'DO Rías Baixas deelt sech an dräi Zonen op:

Valle del Salnés am Weste laanscht d'Küst an der Géigend vu Cambados.

El Rosal op der Grenz mat Portugal

Contado del Tea.D'Biedem sinn haaptsächlech Granitformatiounen an de Klima ass ënner dem Afloss vum Atlantik. D'Wantere si kal, an den Nidderschlag héich.

Bis op e puer Ausname sinn d'Rías Baixas-Wäiner déi bescht wäiss Wäiner a Spuenien.

Déi bekanntst Produzente sinn:

Granxa Fillaboa

Bodegas Morgadío-Agromiño

Bogedas Salnesur

Bodegas de Vilariño-Cambados

Bodegas Marqués de Vizhoja

Santiago Ruiz

Terras Gauda SA

Vigo

Vigo ass eng Stad am Nordweste vu Spuenien. Si läit an der autonomer Regioun Galicien an an der Provënz Pontevedra.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.