Par

Eng Par (och nach Por genannt, wat awer nach eng aner Bedeitung huet) ass a verschiddene Kierchen de pastorale Wierkungsberäich vun engem Geeschtlechen.

D'Wuert kënnt aus dem Mëttelhéichdäitschen pfarre an dem Alhéichdäitschen pfarra, ass etymologesch awer net gekläert.

A verschiddene Länner ass eng Par eng administrativ Andeelung, déi meeschtens direkt vun der kierchlecher Andeelung ofgeleet ass. An deem Fall schwätzt ee vun enger Ziviler Par.

An enger Par gëtt et ëmmer eng Parkierch, déi an där Uertschaft steet, déi der Par den Numm ginn huet. Ausser der Parkierch gëtt et an engem Deel vun de Paren och nach eng oder méi Filialkierchen oder Kapellen.

Territorial Paren zu Lëtzebuerg bis Mee 2017

Nieft den 274 territoriale Pare gouf et och déi Europäesch Par mat Sëtz an der Kapuzinergaass, déi net geographesch ofgegrenzt war [1]. All Par aus der Äerzdiözes Lëtzebuerg huet zu engem Dekanat, zu enger Pastoralregioun an zu engem Parverband gehéiert.

Meeschtens louch eng Par um Territoire vun enger Gemeng. Et gouf awer e puer Ausnamen:

Territorial Paren zu Lëtzebuerg vum Mee 2017 un

De 6. Mee 2017 goufen all déi 274 al Paren opgeléist an duerch 33 méi grouss Paren ersat. D'Opdeelung a Pastoralregiounen a Parverbänn gouf komplett opginn. D'Andeelung an Dekanater ass liicht verännert viru bestoe bliwwen.[2]

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Europäesch Par op cathol.lu
  2. Les 33 nouvelles paroisses de l'Archidiocèse Charge pastorale et administration dans les paroisses
1789

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1789.

Dekanat Norden

Den Dekanat Norden ass eng vun de sechs ieweschten administrative Strukture vum Äerzbistum Lëtzebuerg, déi de 17. Abrëll 2017 mat engem Dekret vum Ärzbëschof Jean-Claude Hollerich festgehale goufen.Zum Dekanat gehéiere folgend Paren:

Par Clierf Saint-Benoît

Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François

Par Öewersauer Saint-Pirmin

Par Parc Our Saint-Nicolas

Par Wëntger Sainte-Famille

Par Wooltz Saints-Pierre-et-PaulMat demselwechten Dekret kruten d'Dechen aus de fréieren Dekanater den Titel Curé-doyen honoraire an de Paschtouer Martin Molitor gouf fir fënnef Joer als Dechen am Dekanat Norden ernannt.

Dekanat Zentrum

Den Dekanat Zentrum ass eng vun de sechs ieweschten administrative Strukture vum Äerzbistum Lëtzebuerg, déi de 17. Abrëll 2017 mat engem Dekret vum Ärzbëschof Jean-Claude Hollerich festgehale goufen.Zum Dekanat gehéiere folgend Paren:

Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord

Par Dikrich Le Bon Pasteur

Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul

Par Mëllerdall Saint-Michel

Par Miersch Saint-François

Par Rammerech Saint-Valentin

Par Atertdall Sainte-ClaireMat demselwechten Dekret kruten d'Dechen aus de fréieren Dekanater den Titel Curé-doyen honoraire an de Paschtouer Félix Steichen gouf fir fënnef Joer als Dechen am Dekanat Zentrum ernannt.

Déifferdeng

Déifferdeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Déifferdeng, tëscht den Uertschaften Nidderkuer an Uewerkuer.

Frank Wilhelm

De Frank Wilhelm, gebuer den 11. September 1947 zu Iechternach ass e lëtzebuergeschen Enseignant, Auteur, Literaturkritiker a Literaturwëssenschaftler.

Franséisch

Franséisch, oder d'franséisch Sprooch gehéiert zu der romanescher Grupp vun den indogermanesche Sproochen. Si gëtt an 52 Länner vun zirka 300 Millioune Mënsche (115 Milliounen als Mammesprooch a ronn 185 Milliounen als Zweetsprooch) geschwat (Stand: 2016).

D'Entwécklung vun der franséischer Sprooch huet déi Eegenaart, datt si vun intellektuelle Gruppen oder vun Institutiounen (wéi d'Académie française) optiméiert gouf. Als Héichsprooch ass et deemno eng akademesch Sprooch. Dat verhënnert awer net, datt et am Alldag eng extrem lieweg a phantasiräich Sprooch ass a bleift. Net zu Onrecht gëtt d'Franséisch och "Sprooch vum Molière" (oder vum Voltaire) genannt.

Inklinatioun (Astronomie)

D'Inklinatioun oder Bunnschréiegt vun engem Himmelskierper ass an der Himmelsmechanik de Wénkel tëscht sengem Orbitalplang an engem Referenzplang.

D'Bunnschréiegt ass eent vun de sechs Bunnelementer vun de klassesche Bunnbestëmmungen a gëtt bal ëmmer mat i (fir „Inklinatioun“) bezeechnet. Zesumme mat dem Argument vum Knuet definéiert si d'Positioun vum Orbitalplang am Raum.

Als Bezuch gëtt am Sonnesystem meeschtens de Plang vun der Äerdbunn (Ekliptik) gewielt, von deem d'Ëmlafbunne vun de grousse Planéiten an de Mounden nëmmen ëm e puer Grad ofwäichen.Fir (kënschtlech) Äerdsatellite wielt een als Referenz d'Satellitebunnelementer de mëtteleren Equatorplang vun der Äerd, geneesou wéi fir d'Bunnbewegung vun Duebelstären. Si gëtt bei de leschte meescht als Positiounswénkel vun der grousser Bunnachs – relativ zum equatoriale Koordinatesystem (RA, δ) – uginn.D'Inklinatioune vun de Mounde vun den anere Planéiten am Sonnesystem ginn op den Equatorniveau vum Planéit bezunn, deen ëmkreest gëtt.D'Schréiegt vun enger Exoplanéitebunn gëtt géintiwwer der direkter Siichtlinn (woubäi Inklinatioun=0° heesche géif, datt mir d'System direkt vun uewe kucken, de Bunnpol also op d'Plaz vum Observateur weist, an d'Inklinatioun=90° heesche géif, datt mir de Bunneplang direkt op d'Kant gesinn.)Am Fall vu Keplerbunnen (nëmmen zwéi Kierper am Vakuum) ass se konstant an den Orbitalplang bleift a senger Ausriichtung ënner de Fixstäre stabil. Bei gravitative Stéierungen duerch drëtt Kierper kritt d'Argument vum Knuet kleng, deelweis periodesch Ännerungen. Dofir gëtt d'Bunnelement als eng Rei vun oskuléierenden Termen par Rapport zu enger Epoch uginn, also als zu engem bestëmmten Zäitpunkt gëlteg Näherungsléisung.

Kapell

Eng Kapell (lat: cappa, "Mantel", am Diminutiv capella) ass e klengt Kierchegebai, wat entweder fir sech steet, oder an e méi grousst Gebai, wéi zum Beispill eng Kierch oder Kathedral, awer och a profan Gebaier wéi eng Buerg oder e Spidol agebaut ass. Eng vun de bekanntste Kappelle vun der Welt ass d'Sixtinesch Kapell zu Roum, mam immense Plafong vum Michelangelo.

Déi fréi chrëschtlech Gebaier goufe meeschtens nach net als Kapell bezeechent, si ware manner Gebaier, mä éischter verschidde spezifesch Raim an engem Gebai. Déi éischt Kapellen - och wa se deemools nach net sou genannt goufen - déi separat vu Kierchen identifizéiert goufen, waren d'Monumenter fir d'Märtyrer.

D'Terminologie koum spéider duerch eng Reliquie vum Hellege Martin vun Tours. Hien hat engem Heeschemann d'Hallschent vu sengem Mantel ginn, déi aner Hallschent huet hie selwer ugedo (eng. cape; lat. cappa, capella). Dëse Mantel koum an de Besëtz vun de fränkesche Kinneken, a si hunn d'Reliquie matgeholl, wa si an d'Schluecht gezu sinn. D'Zelt, wou si de Mantel higeluecht haten, a wou si d'Mass gehalen hunn, gouf capella genannt. D'Paschtéier, déi hei d'Mass gehalen hunn, goufe cappellani genannt.

Vun dëse Wierder kommen eis Terme "Kapell" a "Kaploun".

An der englescher Geschicht goufen dacks déi Kierchen, déi net zu der Church of England gezielt hunn - also gréisstendeels protestantesch Kierchen - Kapelle genannt.

Well Kapelle meeschtens net grouss sinn, ginn och meeschtens keng reegelméisseg Gottesdéngschter fir eng ganz Par do gehalen, mä d'Gebai gëtt éischter fir Privatandachte benotzt. Meeschtens gehéieren d'Kapellen der Par och net. Dacks goufen d'Kapelle vu Privatleit gebaut, fir engem bestëmmten Hellege fir e Wonsch, deen an Erfëllung gaangen ass, merci ze soen.

Kapelle gëtt et wéi scho gesot, och dacks a gréisseren anere Gebaier. An enger Kierch sinn dëst kleng Raim, wou spezifesch Gottesdéngschter fir e klenge Public gehale ginn, wéi zum Beispill an enger Dafkapell oder enger Sakramentskapell. Eng Usammlung vu Kapellen un der Apsis vu mëttelalterleche Kierchen nennt ee Kapellekranz. Sinn d'Kapellen am Längsschëff ugebaut, heesche si Säitekapellen. An der Kierch ass et och déi Plaz, déi d'Krypta ersetze kann, wou Verstuerwener bäigesat ginn. Räich Familljen hate fréier sou Kapellen an de Kierchen an hunn dem Klerus héich Zommen dofir bezuelt.

An de Buergen a Schlässer goufen och dacks Kapellen ageriicht. Ausserdeem fënnt ee Kapellen op Kierfechter oder laanscht d'Stroossen (besonnesch laanscht bekannte Pilgerweeër).

Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren a Kierchefabrécken

Dës Lëscht vun den neie Lëtzebuerger Paren am Äerzbistum Lëtzebuerg, déi de 7. Mee 2017 ageriicht goufen, mat hire Kierchefabrécken, déi op Grond vum d'Gesetz vum 13. Februar 2018 ënner dem Kierchefong nei organiséiert goufen, ass en Deel vun de Referenztabellen.

Lëtzebuerg (Land)

Lëtzebuerg, offiziell d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, ass e Land an Europa, dat tëscht Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet eng Fläch vun 2.586 km² an hat den 1. Januar 2018 dem Statec no 602.005 Awunner. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.

Nikloskierfecht

Den Nikloskierfecht, offiziell de Cimetière Notre-Dame (Liebfrauenfriedhof), läit am Lampertsbierger Quartier an der Stad Lëtzebuerg.

Den Numm "Nikloskierfecht" kënnt dohier, well 1779 nom Ofrappe vun der Nikloskierch am Stadzentrum an dem Verleeë vum Sëtz vun der Niklos-Par an déi fréier Jesuitekierch (haut: d'Kathedral) de Kierfecht vun der Par baussent d'Stadmaueren op de Glacis verluecht gouf. Den neie Kierfecht koum op en Terrain bei der Neipuertskapell (Kapelle U.L.F., Chapelle Notre-Dame). Sou erkläert sech den offiziellen Numm vum Kierfecht (cimetière Notre-Dame) an och déi hautdesdaags net méi geleefeg däitsch Bezeechnung "Liebfrauen-Friedhof".

Den neien "Nikloskierfecht" war am Fong nëmmen eng Extensioun vun engem Kierfecht dee schonn zanter 1691 bei der Kapell existéiert huet (Muttergotteskirchhof) a wou déi zum Doud Veruertelt, déi keng Verbriecher waren (z. B. Deserteuren), begruewe goufen. Zwéi Gäert si bei den "ale" Kierfecht dobäikomm, deen een huet zu der Kapell gehéiert, deen anere war eng Proprietéit vum Helleg-Geescht-Klouschter.

Pastoralregioun Norden

D'Pastoralregioun Norden gouf de 6. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum ofgeschaaft.

Se huet aus 8 Parverbänn bestanen:

Parverband EWe mat de Paren

Beeler

Ëlwen

Holler

Huldang

Kierchen

Wäisswampech

Wilwerdang

Parverband Housen-Houschent mat de Paren

Ënnereesbech

Houschent

Housen

Konstem

Méchela

Mierschent

Rouderssen

Schlënnermanescht

Wuelessen an de Filialen:

Buckels (Par Munzen)

Näidsen (Par Munzen)

Parverband Kiischpelt mat de Paren

Eeschweller

Kautebaach

Knapphouschent

Mäerkels

Pënsch

Parverband Klierf mat de Paren

Hengescht

Hëpperdang

Klierf

Léiler

Maarnech

Munzen (ouni d'Filiale Buckels an Näidsen)

Wäicherdang

Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin mat de Paren

Bauschelt

Béiwen

Dénkert-Meecher

Dol

Ënsber

Esch-Sauer

Eschduerf

Géisdref

Harel

Heischent

Iischpelt

Kauneref (ouni d'Filial Bitscht)

Toodler

Sir an de Filialen:

Bitscht (Par Kauneref)

Néngsen (Par Uerschdref)

Parverband Veianen mat de Paren

Baastenduerf

Branebuerg

Furen

Stolzebuerg

Veianen

Parverband Wëntger mat de Paren

Aasselbur

Béigen

Boxer

Bruechtebaach

Déierbech

Diänjen

Helzen

Lëllgen

Nidderwampech

Tratten

Uewerwampech

Parverband Wooltz mat de Paren

Bärel

Donkels

Näertrech

Nidderwolz

Wolz Notre-Dame (Uewerwolz)

Pastoralregioun Osten

D'Pastoralregioun Osten gouf de 6. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum ofgeschaaft.

Se huet aus 11 Parverbänn bestanen:

Parverband Ënnersauer mat de Paren

Bur

Hierber

Méischdref

Mompech

Rouspert

Steenem

UeswellerParverband Iechternach mat der Par

IechternachParverband Konsdref mat de Paren

Bäerdref

Bech

Beefort

Hemstel

KonsdrefParverband Maacher mat de Paren

Bäerbuerg

Biwer

Gréiwemaacher

Lelleg

Manternach

Wecker an der Filial

Bruch (Par Eeschler) an der Uertschaft

Weidig (Par Eeschler)Parverband Mäertert mat de Paren

Mäertert

WaasserbëllegParverband Munneref mat de Paren

Altwis

Biermereng

Elleng

Elveng an der Filial

Éimereng

Munneref an der Filial

Mondorff (F)Parverband Réimech, Duelem mat de Paren

Bus

Duelem mat de Filialen

Fëlschdref a

Welfreng

Greiweldeng

Kanech

Lenneng

Réimech

Stadbriedemes

Trënteng

WaldbriedemesParverband Schengen-Wellesteen mat de Paren

Bech-Maacher

Remerschen-Wëntreng

Schengen

Schwéidsbeng

WellesteenParverband Weiler zum Tur mat de Paren

Siren

Weiler zum TuermParverband Widdebierg mat de Paren

Betzder

Fluessweller

Menster

Ouljen

Rued-SirParverband Wormer mat de Paren

Éinen

Gouschteng

Meechtem

Nidderdonwen

Wuermeldeng

Pastoralregioun Süden

D'Pastoralregioun Süden gouf de 6. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum ofgeschaaft.

Se huet aus 13 Parverbänn bestanen:

Parverband Beetebuerg-Huncheréng mat de Paren

Beetebuerg (ouni d'Filial Léiweng)

HëncherengParverband Déifferdeng mat de Paren

Déifferdeng

Déifferdeng-Fuussbann

Nidderkuer

Uewerkuer

ZowaaschParverband Diddeleng mat der Par

DiddelengParverband Esch mat de Paren

Esch Sacré-Coeur

Esch Saint-Henri

Esch Saint-Joseph

Esch-Lalleng an

der italienescher an der portugisescher Missioun vun Esch-UelzechtParverband Fréiseng mat de Paren

Fréiseng

Helleng

UespeltParverband Käldall mat de Paren

Keel

Rëmeleng

TéitengParverband Äischdall mat de Paren

Äischen

Hoen

Habscht

Käerch

Stengefort an der Uertschaft

Grass (Par Koler)Parverband Nidderkäerjeng mat de Paren

Féngeg

Garnech

Kënzeg

Koler (ouni d'Uertschaft Grass)

Nidderkäerjeng

UewerkäerjengParverband Péiteng mat de Paren

Péiteng

Rodange

RollengParverband Réiserbann mat de Paren

Béiweng

Réiser an der Filial

Léiweng (Par Beetebuerg)Parverband Schëffleng-Monnerech mat de Paren

Monnerech

Schëffleng

Steebrécken (ouni d'Uertschaft Wickreng)Parverband Suessem mat de Paren

Belval-Metzerlach

Bieles

Éilereng

Suessem

ZolwerParverband Vun der Mess mat de Paren

Betten op der Mess

Dippech

Éileng

Lampech

Recken op der Mess

Schuller an der Uertschaft

Wickreng (Par Steebrécken)

Pastoralregioun Zentrum

D'Pastoralregioun Zentrum gouf de 6. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum ofgeschaaft.

Se huet aus 8 Parverbänn bestanen:

Parverband Biekerech-Useldeng mat de Paren

Biekerech

Ielwen

Iewerleng

Uewerpallen

Useldeng an der Filial

Näerden (Par Nidderpallen)Parverband Dikrech mat de Paren

Bettenduerf

Buerschent

Dikrech

Ierpeldeng/Sauer

Gilsdref

Méischtref

Reisduerf

WelschentParverband Ettelbréck mat de Paren

Ettelbréck

Kolmer-Bierg

Schieren

Uewerfeelen

Uewermäerzeg (ouni d'Filial Méchelbuch)Parverband Fiels mat de Paren

Chrëschtnech

Eppelduerf

Fiels

Hiefenech

Kruuchten

Miedernach

Noumer

Steeën

WaldbëllegParverband Groussbus, Osper mat de Paren

Bëschrued

Bieberech

Ell

Groussbus

Kolpech

Nidderpallen (ouni d'Filial Näerden)

Nojem

Osper

Randschelt

Réiden

Rued

Viichten

Wal an der Filial

Méchelbuch (Par Uewermäerzeg)Parverband Miersch mat de Paren

Blaaschent (ouni d'Filial Eesebur)

Fëschbech

Lëntgen

Luerenzweiler

Meesebuerg

Miersch

MiesdrefParverband Rammerech mat de Paren

Bungeref

Foulscht

Holz

Pärel

Rammerech

Uerschdref (ouni d'Filial Néngsen)

WolwenParverband Sankt Willibrord Helpert mat de Paren

Béiwen-Atert

Bëschdref

Biissen

Bruch

Gräisch

Sëll

Simmer

Tënten an de Filialen

Mariendallerhaff (Par Keespelt)

Rued (Par Nouspelt)

Schwäiz

D'Schwäiz (däitsch: Schweizerische Eidgenossenschaft, fr.: Confédération suisse, it.: Confederazione Svizzera, rätoroman.: Confederaziun svizra, lat. Confoederatio Helvetica) ass e Staat a Mëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden un Däitschland, am Osten u Liechtenstein an Éisträich, am Süden un Italien an am Westen u Frankräich.

D'Schwäiz ass zanter dem Wiener Kongress vun 1815 baussepolitesch neutral a mat der Zäit Sëtz vun enge sëllechen internationalen Organisatioune ginn. D'Alperepublik selwer ass Member vun der EFTA, dem Europarot, der Welthandelsorganisatioun (GATT) an zanter 2002 och vun de Vereenten Natiounen.

Bern ass de Schwäizer Regierungssëtz an de facto d'Haaptstad. Déi gréisst Stad ass Zürich.

Schäfferot

De Schäfferot ass an de lëtzebuergesche Gemengen d'Regierung um lokale Plang. Normalerweis besteet de Schäfferot aus dem Buergermeeschter an zwéi Schäffen, déi alleguer Member vum Gemengerot musse sinn. Grouss Gemenge kënnen awer och méi Schäffen hunn. De Buergermeeschter gëtt vum Groussherzog genannt, d'Schäffen aus de Stied vum Groussherzog, an déi aus deenen anere Gemenge vum Inneminister, ëmmer op Virschlag vun der Majoritéit vun de Conseilleren.

Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buergermeeschter

Nieft de kommunale Chargen handelt de Schäfferot a bestëmmte Fäll och als Organ vum Staat. Hien ass zoustänneg fir d'Ausféierung vun de Gesetzer a Reglementer op lokalem Plang.

De Schäfferot préparéiert d'Sëtzunge vum Gemengerot a suergt fir d'Publizéieren an Ausféieren vun den Decisiounen. Hie geréiert déi kommunal Aarbechten a iwwerwaacht d'Servicer vun der Gemeng.

Nom Artikel 107, Abschnitt (4) vun der Lëtzebuerger Konstitutioun gëtt d'Gemeng ënner der Autoritéit vum Schäfferot administréiert, deem seng Memberen ënner de Conseilleren (de Membere vum Gemengerot) erausgesicht musse ginn: "La commune est administrée sous l’autorité du collège des bourgmestre et échevins, dont les membres doivent être choisis parmi les conseillers communaux.". Wat d'Bedengungen un d'Nationalitéit vun de Memebere vum Schäfferot ugeet, steet do: "Les conditions de nationalité que doivent remplir les membres du collège des bourgmestre et échevins sont déterminées par une loi votée dans les conditions de l'article 114 al. 5 de la Constitution."

Dës Bedéngunge sinn am Gemengegesetz ze fannen. Am Artikel 59 steet: "Le bourgmestre est nommé par le Grand-Duc parmi les membres luxembourgeois du conseil communal..." an am Artkel 39: "Les échevins sont nommés, à savoir, ceux des villes par le Grand-Duc, et ceux des autres communes par le ministre de l'Intérieur, les uns et les autres à choisir parmi les membres luxembourgeois du conseil communal...". Fir Member vum Schäfferot ze ginn, als Buergermeeschter oder Schäffen, muss een also d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.

Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng (Lëtzebuerg)

Territoire de Belfort

Den Territoire de Belfort (90) ass e franséischt Departement, an der Regioun Bourgogne-Franche-Comté.

Ëmlafzäit

D'Ëmlafzäit och Sideresch Period genannt, ass an der Astronomie déi Zäit, an där en Himmelskierper op senger Ëmlafbunn eng vollstänneg Ëmdréiung vun 360° ëm e Bezuchspunkt mécht.

Dobäi ass ze beuechten, datt et verschidde Bezuchspunkte ka ginn. Sou kann z. B. d'Ëmlafzäit vum Äerdmound mat oder ouni Arechnung vun de gläichzäitege Bewegunge vun der Äerd ëm d'Sonn ugesi ginn.

Wann een dëst méi einfach mécht, kënnt een op déi folgend Formel: 360-a²+-m/n wann k<0 ass.

Normalerweis gëtt een d'Ëmlafzäit par rapport zu engem wa méiglech statesche Bezuchssystem un;

Entweder déngt dofir de Stärenhimmel, sou eng Ëmlafzäit gëtt sideresch Period (relativ zu de Stären) genannt.

Oder d'Ëmlafzäit gëtt am Orbitalplang gemooss, dat ass d'anomalistesch Period, d'Bunnperiod, wéi se sech aus dem drëtte Keplergesetz ergëtt. Si gëtt bei de Planéite vum Sonnesystem uginn.De Bezuch kann awer och déi (visuell) Sonnepositioun sinn (Synodesch Period), d'Kniet vun eenzele Planéitebunnen (drakonitesch Period), de Schwéierpunkt vum ganze Sonnesystem oder vun zwéi vu senge Kierper (baryzentresch Period) oder de „Rescht vum Universum“ sinn (kuckt Inertialsystem).

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.