Ouschteren

Ouschteren (aus dem Laténgeschen "pascha"; dem Hebräeschen "pessach") ass am Chrëschtentum dat wichtegst Fest am Joreslaf. Op Ouschtere gëtt un d'Operstéiung vu Jesus Christus erënnert. Well et e Fest ass, dat kee festen Datum huet, gëtt et traditionell um éischte Sonndeg nom éischte Vollmound am Fréijoer gefeiert. Den Datum gëtt zanter dem 6. Joerhonnert mat Hëllef vun engem Moundzyklus berechent, dee 1582 (fir d'Kathoulesch Kierch) am Kader vun der Gregorianescher Kalennerreform erneiert gouf, soudatt schonn laang am viraus den Ouschterdatum bekannt ass.

Bal all chrëschtlech Feierdeeg, déi kee festen Datum hunn, gi vun dem Ouschtersonndeg aus berechent. Sou feieren d'Chrëschten zum Beispill 39 Deeg no Ouschtersonndeg Christi Himmelfaart, 49 respektiv 50 Deeg duerno Péngschten a 60 Deeg no Ouschtersonndeg feiere verschidde Katholiken Erläichendag. Ouschtere läit also ëmmer tëscht dem 22. Mäerz an dem 25. Abrëll. Zënter dem Konzil vun Nizäa am Joer 325 no Christus gëtt dëst Fest all Joer gefeiert.

ReligionSymbol.svg Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Liturgescht Joer
Albrecht Altdorfer 029
D'Operstoe vu Jesus Christus vum Albrecht Altdorfer

Hierkonft

Nieft Chrëschtdag ass d'Ouschterfest ee vun deene bedeitendste Feierdeeg a ville Länner vun der Welt. Ouschtere feieren d'Chrëschten d'Operstéiung Jesu vu sengem Doud um Kräiz, sou wéi dëst Evenement am Neien Testament beschriwwe gëtt. Urchrëchtlechem Glawe no ass dëst um 3. Dag no sengem Stierwe geschitt, woubäi den Dag vu sengem Muerd als "Doudesdag" gëllt. Eng Schilderung vun der Operstéiung gëtt et net, allerdéngs gëtt et awer Berichter an Erscheinunge vun dem Operstanenen, säin eidelt Graf an d'Verkënnegung vun engem Engel.

Den Numm "Ouschteren" kënnt wahrscheinlech aus dem ale Germaneschen an huet eppes mat der Himmelsrichtung "Osten" ze dinn. D'Sonn déi am Osten opgeet gëllt am Chrëschtentum als Symbol vun der Operstéiung respektiv d'Zréckkomme vu Jesus Christus. De Gros vun den Ouschtertraditioune kommen aus heednesche Kulturen an hu e kelteschen oder e germaneschen Ursprong. De sougenannten "Ouschterhues" gëtt zum Schluss vum 17. Joerhonnert, am Joer 1682, fir d'éischt Kéier ernimmt. Et ass net ganz kloer, wat genee den Zesummenhank vum Ouschterhues mat Ouschteren ass, mä am Laf vun der Zäit hu sech den Ouschterhues a seng Ouschtereeër zum Symbol vun Ouschteren entwéckelt.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Ouschteren – Biller, Videoen oder Audiodateien
Advent

Advent (och nach Adventszäit, vu lat. adventus – Ukommen) heescht déi Zäitspan, déi vum 4. Sonndeg virum 25. Dezember (also Chrëschtdag) bis zum Sonnenënnergank de 24. Dezember geet. D'Längt vum Advent ass also variabel, jee nodeem op wéi e Wochendag Chrëschtdag fält, mä en huet ëmmer 4 Sonndeger (déi sougenannt Adventssonndeger). E stellt am Chrëschtentum den Ufank vum Kierchejoer duer a gëllt als eng Virbereedungszäit op Chrëschtdag. Et gëtt sech also op d'Feiere vun der Gebuert vum Jesus virbereet awer och op säin eschatologescht Kommen um Enn vun der Zäit.

Allerséilen

Allerséilen ass am Kierchejoer vun der kathoulescher Kierch deen Dag, un deem un déi Verstuerwe geduecht gëtt, déi der kierchlecher Doktrin no nach am Feegfeier sinn.

Dat Fest gëtt den 2. November gefeiert an d'Traditioun geet op dat 10. Joerhonnert zréck.

Chrëschtdag

Chrëschtdag feieren d'Chrëschten d'Gebuert vum Jesus vun Nazaret, an dem si de Jong Gottes gesinn. Et ass no Ouschteren dat wichtegst Fest vum Chrëschtentum.

Et läit haut an deene meeschte westleche Staaten all Joer um 25. Dezember, mä d'Chrëschtfeiere selwer fänke schonn den Dag virdrun op Hellegowend un. An den orthodoxe Kierchen, déi liturgesch um julianesche Kalenner festhalen, fält Chrëschtdag op de 7. Januar (wat de 25. Dezember am julianesche Kalenner ass).

Fest Bestanddeeler vu Chrëschtdag sinn zanter dem 13. respektiv 16. Joerhonnert eng Krëppchen an e Chrëschtbeemchen. Op Hellegowend bréngt d'Chrëschtkëndchen de Kanner Cadeauen. Doduerch huet sech d'chrëschtlecht Fest hautdesdaags dacks zu engem éischter weltleche Konsumfest entwéckelt, wat virun allem de Commerce freet.

Faaschtenzäit

Faaschtenzäit bezeechent a verschiddene Reliounen eng Period während där besonnesch reliéis Virschrëfte gëllen am Bezuch op Iessen, Drénken, Gebiet, sozialt Engagement, sexuell Aktivitéiten... Sou ass z. B. de Ramadan eng Faaschtenzäit am Islam. Am Juddentum gëtt et méi Faaschtendeeg, dee bedeitendsten ass wuel awer Jom Kippur, den Dag vun der Versöhnung, den héchste Feierdag am jiddesche Kalenner.

Am Lëtzebuerger Sproochgebrauch bezitt sech Faaschtenzäit awer meeschtens op déi chrëschtlech Faaschteperiod vu 40 Deeg virun Ouschteren (éischterlech Bousszäit).

Feierdag

E Feierdag ass en Dag vun engem zivillen oder reliéise Fest oder op deem un en Evenement erënnert gëtt.

Et ass gemenkerhand en Dag op deem net geschafft gëtt. All Kulturen a Vëlker feiere reegelméisseg bestëmmt Evenementer vu gesellschaftlecher oder reliéiser Bedeitung. Déi Deeg sinn dacks duerch d'Gesetzer vun den eenzele Länner festgeluecht. Et schwätzt een da vu gesetzleche Feierdeeg.

Gregorianesche Kalenner

De Gregorianesche Kalenner, benannt no dem Poopst Gregor XIII., ass hautdesdaags deen am wäitste verbreete Kalenner.

Holland

Holland ass den europäeschen Deel vum Kinnekräich vun den Nidderlanden, dat nieft Holland nach aus den dräi Iwwerséigebidder Curaçao, Sint Maarten an Aruba besteet. D'Iwwerséigebidder Bonaire, Saba a Sint Eustatius gehéieren zu Holland. An der Ëmgangssprooch ass mat Holland dacks - och hei - dat ganzt Kinnekräich gemengt.

Holland ass eng parlamentaresch Demokratie ënner engem konstitutionelle Monarch, am Nordweste vun Europa. Et ass am Norden a Weste vum Nordmier begrenzt, am Süde vun der Belsch an am Oste vun Däitschland. Et ass ee vun den am dichtste besidelte Staate vun der Welt.

Karfreideg

De Karfreideg ass de Freideg virun Ouschteren. E gëtt deemno nom Gréngen Donneschdeg a virum Karsamschdeg gefeiert. Obwuel Karfreideg zu Lëtzebuerg kee gesetzleche Feierdag ass, hunn d'Banken decidéiert doraus e jour férié bancaire ze maachen a bleiwen deen Dag zou.

Den Numm bedeit Trauerfreideg an ass zréckzeféieren op dat alhéidäitscht chara luctus, dat alsächsescht cara an dat gotescht kara"(cf. dat englescht "to care").

De Karfreideg ass, mat Ouschteren, ee vun de wichtegste chrëschtleche Feierdeeg. Hei gëtt un d'Kräizegung vum Jesus an un d'Erwaarde vu senger Operstéiung erënnert. Dem Neien Testament no, huet hien der Uklo, Juddekinnek ze sinn, net widdersprach, an ass dofir gekräizegt ginn. Dem chrëschtleche Glawen no huet de Jesus fräiwëlleg gelidden: als "Gotteskniecht" huet hie fräiwëlleg d'Sënnen an d'Schold vun alle Mënschen op sech geholl. Eréischt duerch säin Doud um Kräiz ginn all d'Mënsche vun hirer Schold sou wéi vun hire Sënne befreit, an en éiwegt Liewen nom Doud gëtt hinnen erméiglecht.

An der Kathoulescher Kierch ass Karfreideg de strengste Faaschtendag an der 40 Deeg laanger Faaschtenzäit. Op dësem Dag däerf op kee Fall Fleesch giess ginn. Besonnesch streng Chrëschten iesse vum Karfreideg bis moies um Ouschtersonndeg iwwerhaapt näischt.

Um Karfreideg gëtt et och haut nach verschidde Bräich: sou iessen d'Chrëschten op dësem Dag zum Beispill Fësch, well dësen ee vun deenen eelste Symboler ass, mat dem sech d'Chrëschten z'erkenne ginn.Op Karfreideg gëtt am Allgemengem kee Fleesch giess, et gëtt also op "d'Déiere vum Himmel a vun der Äerd" verzicht.

Karsamschdeg

Karsamschdeg ass de Schluss vun der Faaschtenzäit. Op verschiddene Plaze gëtt en och Ouschtersamschdeg genannt, well ee sech op deem Dag op dat tatsächlecht Fest Ouschteren virbereet. Mat der Ouschternuecht fänkt d'Ouschterzäit un, déi 7 Woche bis Péngschten dauert. An där Zäit brenne während all Mass d'Ouschterkäerzen.

Baussent der Kierch huet de Karsamschdeg keng grouss Bedeitung. An der Kierch steet en awer fir den Iwwergank tëscht der Däischtert an der Lut. Um Karsamschdeg gëtt un d'Rou geduecht an op d'Operstéiung gewaart.

Generell ginn a kathoulesche Géigenden op Karsamschdeg keng Sakramenter gefeiert. Um Karsamschdeg ginn d'Dafwaasser an d'Ouschterkäerz geweit. D'Dafwaasser gëtt fir déi klassesch Daf un Ouschtersonndeg benotzt an d'Käerz symboliséiert d'Operstéiung vu Jesus als Liicht vun der Welt.

Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg

D'Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg an der Stad Lëtzebuerg ass eng réimesch-kathoulesch Kierch am goteschen an neigotesche Stil aus dem 17. an 20. Joerhonnert.

Si ass d'Kierch vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg a gehéiert zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg.

D'Kathedral steet an der Uewerstad tëscht der Ënneschtgaass (rue Notre-Dame) an dem boulevard F.D.Roosevelt, der N50, an huet zwéin Agäng, en alen Agank (1621) an der Ënneschtgaass an e méi neien (1938) um Parvis laanscht de Boulevard Roosevelt.

Mat hiren dräi spatzen Tierm markéiert se d'Stadbild.

D'Kierch gouf tëscht 1613 a 1621 vun de Jesuiten nieft hirer Schoul, dem Kolléisch, gebaut. Vu 1935 bis 1938 gouf si op déi haiteg Gréisst ausgebaut.

Den Numm Notre-Dame krut d'Kierch 1844, an deem Joer, wou och d'Maîtrise gegrënnt gouf. Zur Kathedral gouf si 1870, wéi Lëtzebuerg zu enger eegener Diözes gouf.

Zanter 1794, dem Joer wou eng Statu vun der Tréischterin am Leed aus der deemoleger Kapell um Glacis heihi bruecht gouf, ass d'Kierch vum 3. bis de 5. Sonndeg no Ouschteren d'Pilgerplaz vun der Muttergottesoktav.

An der Krypta vun der Kathedral sinn eng Kapell mat de Griewer vun de Bëschofe vu Lëtzebuerg an e Raum mat de Griewer an den Urne vun der groussherzoglecher Famill. An der Entrée vun der Krypta steet de Sarkophage vum Jang dem Blannen.

Zanter 1778 ass d'Gebai am Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg. De Mobilier gehéiert dem Bistum Lëtzebuerg.

Kierchejoer

D'Kierchejoer (oder Joreskrees, och nach liturgesche Kalenner) beschreift den Oflaf vun den Zäiten a Fester an de Kierche par Rapport zum zivile Kalenner.

An der kathoulescher Kierch fänkt d'Joer den 1. Advent un an hält Samschdes nom Christus-Kinnek-Sonndeg op. D'Opstelle vum Kierchejoer ass relativ komplizéiert well engersäits no de Woche (Sonndeger) gekuckt gëtt (z. B. fir d'Adventszäit) anerersäits awer och no de Kalennerdeeg (z. B. Chrëschtdag selwer). Dës Tabell resuméiert d'Kierchejoer ouni Uspréch op Vollstännegkeet. D'Haisercher si mat der liturgescher Faarf vum Dag ënnerluecht.

Muttergottesoktav

D'Muttergottesoktav zu Lëtzebuerg, och nach einfach Oktav (vun "octo" = aacht, an der kathoulescher Liturgie eng Zelebratioun vun aacht Deeg) genannt, ass an der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg eng Period vun zwou Wochen, an där d'Maria als Tréischterin am Leed besonnesch veréiert gëtt.

1679 gouf decidéiert d'Muttergottesoktav, déi bis dunn am Oktober war, vum véierte bis de fënnefte Sonndeg no Ouschteren ofzehalen. Déi Period gouf zweemol verlängert, an zwar 1898 wéi s'eng hallef Woch no vir verluecht gouf an dunn nach eng Kéier 1921, wéi se nach eng hallef Woch no vir geréckelt gouf. Zanterhier fänkt se den drëtte Sonnden no Ouschteren un an huet als Duebeloktav véierzéng Deeg, gëtt awer nach ëmmer am Volleksmond Oktav genannt.

Se huet de fënnefte Sonnden no Ouschtere mat enger feierlecher Schlussprëssessioun hiren Ofschloss. All Paren aus dem Land, vill Schoulen an och Gruppen iwwer d'Grenzen eraus pilgeren an där Zäit an d'Kathedral vun der Stad Lëtzebuerg, fir bei der Muttergottes ze bieden.

Osten

Den Osten ass déi Himmelrichtung no där d'Äerd dréit. Et ass eng vun de véier Haapthimmelsrichtungen (Nord, Ost, Süd, West) a gëtt kulturhistoresch mam Sonnenopgank verbonnen.

Den Opgankspunkt vun der Sonn wäicht jee no Joreszäit däitlech vun der Ostrichtung of: Um Equator bis zu 23°, a Mëtteleuropa bis zu 45° -- e kann also tëscht Nordost a Südost leien.

Ouschteree

En Ouschteree ass en haartgekacht a gefierft oder bemoolt Ee, dat op Ouschtere verschenkt gëtt. An de leschte Jore gi se ëmmer méi duerch Schockelaseeër ofgeléist. Dem Brauch no ass et den Ouschterhues, deen d'Ouschtereeër bréngt.

Ouschterméindeg

Den Ouschterméindeg gehéiert mam Stiefesdag an dem Péngschtméindeg zu der Kategorie vun den zweete Feierdeeg am Chrëschtentum. A ville Länner ass et e gesetzleche Feierdag, dorënner an der ganzer EU ausser a Portugal an a verschiddene spuenesche Regiounen.

Et ass den Dag no Ouschteren an domat huet e kee fixen Datum, e fält awer ëmmer tëscht dem 23. Mäerz an dem 26. Abrëll. An den éischte chrëschtleche Joerhonnerte gouf Ouschteren eng ganz Woch laang nom Ouschtersonndeg gefeiert, mee op deene meeschte Plaze gouf et duerno op een Dag reduzéiert.

Päischten

Päischten oder Péngschten (vu gr. πεντηκοστή (ἡμέρα) - "de 50. (Dag)") ass e wichtegt Fest am Chrëschtentum, dat 50 Deeg no Ouschteren, dohier den Numm, gefeiert gëtt. Et gëtt op deem Dag drun erënnert datt, no der Apostelgeschicht (Apg 2), 50 Deeg no der Operstéiung vum Jesus seng Jünger versammelt waren, a si du vum Hellege Geescht erfëllt goufen. Dat soll hinnen de Mutt ginn hu fir d'Evangelium an d'Welt ze droen.

De Päischtméindeg gëtt a verschiddene Länner als zweete Feierdag an Dag vun der fréierer Päischtoktav bäibehalen, zielt awer formell net méi fir d'Ouschterzäit.

Schoulvakanz

D'Schoulvakanz (oder einfach Vakanz) ass e periodeschen Zäitraum vun op d'mannst enger Woch, an där d'Schüler fräi hunn an net an d'Schoul musse goen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et:

d'Summervakanz (och "Grouss Vakanz" genannt) vu Mëtt Juli bis Mëtt September

d'Allerhellgevakanz (1 Woch, déi 1. am November)

d'Chrëschtvakanz (2 Wochen, Enn Dezember, uganks Januar)

d'Fuesvakanz (1 Woch, variabel, hänkt vun Ouschteren of, gewéinlech am Februar)

d'Ouschtervakanz (2 Wochen, variabel, hänkt vun Ouschteren of, gewéinlech am Abrëll)

d'Päischtvakanz (1 Woch, variabel, hänkt vun Ouschteren of, gewéinlech am Juni)

Sonndeg

De Sonndeg ass de siwenten Dag vun der Woch, no jiddesch-chrëschtlecher Siicht den éischten.

Den Numm vun dësem Dag ass eng Iwwersetzung vum laténgeschen dies solis – Dag vun der Sonn, wéi dësen Dag am réimesche Kalenner geheescht huet.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Rëtsch Nimm fir d'Sonndeger an der Faaschtenzäit, tëscht der Fuesent an Ouschteren: Buergsonndeg, Bounesonndeg, Krounesonndeg, Bretzelsonndeg oder Haleffaaschtesonndeg, Ellesonndeg a Pällemsonndeg.

Äschermëttwoch

Äschermëttwoch ass de Mëttwoch no Fuessonndeg, et ass den Ufank vun der Faaschtenzäit, déi 46 Deeg méi spéit mat Ouschtersonndeg ophält (well op de Sonndeger an der Faaschtenzäit net gefaascht gëtt an et där 6 sinn, ergëtt dat eng Faaschtenzäit vu 40 Deeg). Ausserdeem ass et eng Virbereedung op d'Operstéiung vum Jesus. Et ass och den Ufank vun der ëffentlecher Bouss.

Déi 40 Deeg vun der Faaschtenzäit ginn op déi 40 Deeg Faaschtenzäit a Gebietszäit vum Jesus no senger Daf am Jordan zréck. Déi Zuel 40 kënnt méi wéi eemol an der Bibel vir. Sou zum Beispill de Moses dee 40 Deeg um Bierg Sinai verbréngt an de Prophet Elia, dee 40 Deeg duerch d'Wüst wandert.

Op Äschermëttwoch gëtt an der kathoulescher Kierch dat sougenannt Äschekräiz ausgedeelt, dobäi gëtt de Gleewegen Äschen op de Kapp gestreet bzw. hinne mat Äschen e Kräiz op d'Stir gezeechent - als Zeeche vun Ëmkéier a Bouss. Äsche sinn a ville Kulturen en Zeeche vu Rengegung (cf. d'Produktioun vu Seef mat Äschen) a Bouss, sou och an der Bibel. Bei dësem Ritual huet d'Konzept vun der Metanoia (gr μετάνοια - Sënnesemkéier) eng zentral Bedeitung, well de Mënsch sech senger Vergänglechkeet a senger Ofhängegkeet vu Gott soll nei bewosst ginn, dëst als Virbereedung op Ouschteren.

Streng geholl, däerften d'Katholiken an där Zäit kee Fleesch a näischt Séisses iessen. Am Mëttelalter duerften d'Leit während där Zäit och keng Mëllechprodukter iessen, d'Sonndeger ausgeschloss well déi net zu de 40 Faaschtendeeg gehéieren. Hautdesdaags gi meeschtens nëmmen nach den Äschermëttwoch an de Karfreideg, als sougenannt Faaschtendeeg bezeechent, wou d'Katholiken op Fleesch verzichten an nëmmen 1 Moolzecht den Dag zou sech huelen.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.