Order of the British Empire

De Most Excellent Order of the British Empire dacks ofgekierzt als Order of the British Empire (OBE), ass de jéngsten an deen am dackste verdeelte Ritteruerden am briteschen an an anere Commonwealth-Éierungssystemer.

E gouf de 4. Juni 1917 vum britesche Kinnek George V. agefouert[1] a besteet aus fënnef Klasse fir zivil a militäresch Distinctiounen. Bei den zwou ieweschten dervu kritt de Mann den Titel Knight an d'Fra den Titel Dame.

Barrettë vum Order of the British Empire
Zivil Arméi
1917–1935
UK OBE 1917 civil BAR
UK OBE 1917 military BAR
Zanter 1936
Order of the British Empire (Civil) Ribbon
Order of the British Empire (Military) Ribbon

Um Spaweck

Referenzen

  1. www.royal.gov.uk
Catherine Zeta-Jones

D'Catherine Zeta-Jones, CBE, gebuer de 25. September 1969 zu Swansea a Wales, ass eng walisesch Schauspillerin.

Claire Bloom

D'Claire Bloom, CBE, gebuer als Patricia Claire Blume de 15. Februar 1931 zu London ass eng englesch Schauspillerin.

D'Claire Bloom huet am Joer 1948 an hiren éischte Film The Blind Goddess matgespillt, nodeem si scho vun 1946 un am Theater opgetrueden ass.

Vu 1959 bis 1969 war d'Claire Bloom mam Schauspiller Rod Steiger bestuet.

Daphne du Maurier

D'Dame Daphne du Maurier, DBE, gebuer den 13. Mee 1907 zu London a gestuerwen den 19. Abrëll 1989 zu Par am Cornwall, war eng britesch Schrëftstellerin. Se gouf bekannt duerch hire Roman Rebecca an deem seng Verfilmung duerch den Alfred Hitchcock. Den Hitchcock huet ausserdeem hire Roman Jamaica Inn an hir Kuerzgeschicht The Birds verfilmt.

Deborah Kerr

D'Deborah Jane Kerr-Trimmer,(CBE), gebuer den 30. September 1921 zu Helensburgh, Schottland, a gestuerwen de 16. Oktober 2007 an der Grofschaft Suffolk, war eng schottesch Schauspillerin.

Guy Green

De Guy Green, gebuer de 15. November 1913 am Somerset an England a gestuerwen de 15. September 2005 zu Los Angeles, war en englesche Kameramann, Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Jenny Agutter

D'Jenny Agutter, OBE, gebuer als Jennifer Ann Agutter den 20. Dezember 1952 zu Taunton, Somerset ass eng englesch Schauspillerin.

Joan Sutherland

D'Joan Alston Sutherland, DBE, gebuer de 7. November 1926 zu Sydney an New South Wales, a gestuerwen den 10. Oktober 2010 zu Montreux-Les-Avants an der Schwäiz, war eng australesch Sopranistin.

Jocelyn Bell Burnell

D'Dame Susan Jocelyn Bell Burnell, gebuer de 15. Juli 1943 zu Belfast, Nordirland als Susan Jocelyn Bell ass eng britesch Radioastronomin.

D'Jocelyn Bell hat op der Universitéit Glasgow studéiert an huet no hirem Diplom 1965 bei den Antony Hewish op Cambridge gewiesselt. Bei der Auswäertung vun den Date vun den 1967 fäerdeggestallte Radioteleskoparrays sinn hir e puer Signaler opgefall, déi si kosmesche Kierper zougedeelt huet, et war d'Entdeckung vum éischte Pulsar PSR B1919+21.

No hirer Hochzäit mat engem Regierungsbeamten 1968, am Joer vun hirer Promotioun, wiesselt si an de Mullard Laboratoire fir Weltraumwëssenschaft op Southampton, fir an der Géigend vun hirem Mann ze sinn. Si huet zanter 1991 d'Professur fir Physik op der Open University an England.

D'Bell Burnell gouf 1974 net beim Nobelpräis fir Physik, deen un den Anthony Hewish goung ausgezeechent, wat an der wëssenschaftlecher Ëffentlechkeet zu heftege Kontroverse gefouert huet. Am Géigesaz war si ee Joer virdrun (1973) nach zesumme mam Hewish mat der Michelson-Medail vum Franklin-Institut zu Philadelphia ausgezeechent ginn. Zanter 2003 ass si Member vun der Royal Society, an am Juni 2007 gouf si duerch d'Kinnigin Elizabeth II. als Dame Commander of the Order of the British Empire ausgezeechent an ass domat an de perséinlechen Adelsstand erhuewe ginn.

John Barry

Den John Barry OBE, gebuer den 3. November 1933 zu York, England, fir richteg John Barry Prendergast, a gestuerwen den 30. Januar 2011 zu Glen Cove, war en englesche Filmkomponist an Arrangeur.

Hie war virun allem fir d'Soundtracke vun der James-Bondserie bekannt, ë. a. vu Goldfinger, Diamonds Are Forever, Moonraker, The Man with the Golden Gun, A View to a Kill an The Living Daylights.

Hie krut fënnefmol en Oscar, zweemol fir Born Free (1966) awer och fir d'Musek am The Lion in Winter (1968), Out of Africa (1985) an Dances with Wolves (1990).

A senger 40 Joer laanger Carrière huet hien eng 100 Theme geschriwwen, dorënner d'Musek fir de Film Midnight Cowboy oder de Generique vun der Televisiounsserie The Persuaders! (Amicalement Vôtre).

Den John Barry war 4-mol bestuet, ë. a. 1965 mat der Jane Birkin, mat där hien d'Kate Barry kritt huet, eng Fotografin.

Als lescht war en, zanter 33 Joer, mat senger Fra Laurie bestuet.

John Boorman

Den John Boorman, gebuer den 18. Januar 1933 zu Shepperton an England, ass en englesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.

De Boorman gouf mam Thriller Point Blank (1967) mam Lee Marvin an der Angie Dickinson international bekannt. Duerno huet hien mat Hell in the Pacific e Krichsfilm mat nëmmen zwéi Personnagen, engem US-amerikaneschen an engem japaneschen Zaldot gedréint.

Aner bedeitend Filmer vun him als Regisseur sinn den Abenteuerfilm Deliverance (1972), de Science-Fiction-Film Zardoz (1973) an den dramatesche Fantasyfilm Excalibur (1981).

Julie Andrews

D'Dame Julie Andrews, DBE, gebuer als Julia Elizabeth Wells den 1. Oktober 1935 zu Walton-on-Thames am Surrey ass eng englesch Schauspillerin, Sopranistin an Autorin. Si schreift Kanner- a Jugendbicher.

International bekannt gouf si 1964 duerch hir Roll am Filmmusical Mary Poppins. Kuerz duerno, 1965, hat si hire gréissten Erfolleg mam Film The Sound of Music vum Robert Wise.

Nicolas Roeg

Den Nicolas Jack Roeg, (CBE), gebuer de 15. August 1928 zu London a gestuerwen den 23. November 2018, war en englesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Kameramann.

Peter Sellers

De Peter Sellers, gebuer als Richard Henry Sellers den 8. September 1925 zu Southsea am Hampshire an England a gestuerwen de 24. Juli 1980 zu London war en englesche Schauspiller.

Bekannt Filmer mam Sellers sinn The Ladykillers (1955) vum Alexander Mackendrick, The Mouse That Roared (1959) vum Jack Arnold, The Pink Panther (1963) vum Blake Edwards an Dr. Strangelove or: How I Learned to Stop Worrying and Love the Bomb (1964) vum Stanley Kubrick, an deem e gläich dräi Rollen hat.

Richard Griffiths

De Richard Griffiths, gebuer als Richard Thomas Griffiths den 31. Juli 1947 am Yorkshire an England, a gestuerwen den 28. Mäerz 2013 an de West Middlands an England, war e englesche Schauspiller.

Rick Parfitt

De Richard John Parfitt OBE, gebuer den 12. Oktober 1948 zu Woking, Surrey, England a gestuerwen de 24. Dezember 2016 zu Marbella, a Spuenien, war e britesche Museker.

Hie war Sänger, Gittarist a Komponist vun der Rockgrupp Status Quo.

Shirley Bassey

D'Dame Shirley Bassey, gebuer den 8. Januar 1937 an der Tiger Bay bei Cardiff a Wales, ass eng britesch Popsängerin.

Der Shirley Bassey hire Papp war en nigerianesche Matrous an hir Mamm stammt aus Yorkshire. Mat 16 Joer ass d'Shirley schonn duerch ganz Groussbritannien sange gaangen. 1956 koum déi éischt Plack eraus: Burn My Candle.

De groussen Duerchbroch koum 1964 mam Titellidd vum James Bond-Film Goldfinger.

Den 31. Dezember 1999 krut d'Shirley Bassey vun der englescher Kinnigin Elisabeth II. den Titel Dame Commander of the Order of the British Empire.

Susan Hampshire

D'Susan Hampshire, OBE, gebuer den 12. Mee 1937 zu London ass eng englesch Schauspillerin.

Vun 1967 bis 1974 war si mam franséische Filmregisseur Pierre Granier-Deferre bestuet.

Sylvia Syms

D'Sylvia Syms, gebuer de 6. Januar 1934 zu Woolwich (Staddeel vu London), ass eng englesch Schauspillerin.

Si war an iwwer 120 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.

Victor Abens

De Victor ("Vic") Abens, gebuer de 16. Oktober 1912 zu Veianen, a gestuerwen de 14. Januar 1993 zu Léck, war e lëtzebuergesche Politiker an Industriellen.

No der Primärschoul a kuerzem Studium am Lycée classique de Diekirch huet hie bis zum Ufank vum Zweete Weltkrich an der Etüd vum Dikrecher Affekot a Buergermeeschter Alphonse Greisch geschafft.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.