Neizäit

Den Ufank vun der europäescher Neizäit ass jee no Historiker ënnerschiddlech. Sou gëtt entweder de Fall vu Konstantinopel am Joer 1453 genannt, oder awer och d'Entdeckung vun Amerika vum Christoph Kolumbus am Joer 1492. Bei verschiddenen - a virun allem däitschen - Historiker zielt als Ufanksjoer 1517: dem Luther seng Reformatioun.

Weider verbonnen Zäsure sinn d'Erfindung vum Buchdrock mat bewegleche Letteren aus Bläi ("Stempelen", wou ënnen - a Spigelschrëft - jeweils ee Buschtaf war), souwéi den Humanismus an d'Renaissance.

Déi Epoch geet op en Enn mam Ufank vun der Franséischer Revolutioun am Joer 1789.

De Begrëff Neizäit, oder éischter Temps modernes bei eise franséischen Noperen, gouf vun de Leit vun der Zäit selwer an d'Welt gesat, als Géigesaz zum angeblech "däischtere" Mëttelalter vun deem sech déi nei, modern an humanistesch markéiert Bierger distanzéiere wollten.

History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Literatur zum Thema

  • Aretin, Karl Otmar von, Das Reich: Friedensgarantie u. europ. Gleichgewicht 1648–1806, Stuttgart 1986
  • Blickle, Peter: Die Reformation im Reich, Stuttgart 1982
  • Duchardt, Heinz: Das Zeitalter des Absolutismus, 3. überarb. Aufl., München 1998,
  • Dülmen, Richard van: Die Entdeckung des Individuums, Frankfurt am Main 1997
  • Dülmen, Richard van: Die Gesellschaft der Aufklärer, Frankfurt am Main 1996
  • Dülmen, Richard van: Gesellschaft der Frühen Neuzeit, Wien 1993
  • Emich, Birgit, Territoriale Integration in der Frühen Neuzeit. Ferrara und der Kirchenstaat, Köln/Weimar/Wien: Böhlau 2005, 1178 S. (= Habilitation Freiburg 2002)
  • Emich, Birgit, Geschichte der Frühen Neuzeit studieren, Konstanz 2006
  • Lutz, Heinrich, Reformation und Gegenreformation, durchgesehen und ergänzt von Alfred Kohler, 4. Aufl., München 1997
  • Mieck, Ilja: Europäische Geschichte der frühen Neuzeit: eine Einführung, 5., verb. Aufl., Stuttgart [u.a.] 1994
  • Oldenbourg Geschichte Lehrbuch: Frühe Neuzeit, hrsg. von Anette Völker-Rasor, mit einer Einleitung von Winfried Schulze, München 2000
  • Press, Volker: Kriege und Krisen, Deutschland 1600–1715, München 1991
  • Reinhard Wolfgang: Die Unterwerfung der Welt: Globalgeschichte der europäischen Expansion 1415-2015, München 2018
  • Schilling, Heinz: Die neue Zeit: vom Christenheitseuropa zum Europa der Staaten, 1250 bis 1750, Berlin 1999
  • Schilling, Heinz: Siedler Deutsche Geschichte [Abt. 1]: Das Reich und die Deutschen Teil [5]: Aufbruch und Krise: Deutschland 1517–1648, Berlin 1988
La Rendición de Granada - Pradilla Portal Neizäit – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Neizäit.
Cloche-d'Or

D'Cloche d'Or ass e Lieu-dit am Stater Quartier Gaasperech.

Enzyklopedie

Enzyklopedie (algriichesch ἐγκύκλιος παιδεία = "enkyklios paideia", enkýklios = kreesfërmeg a paideía = Léier, Bildung) beschreift ursprénglech (zirka -5. Joerhonnert) eng universal Bildung am Sënn vun engem "studium generale".

Eréischt am Zäitalter vun de Lumières ass an der Neizäit duerch d'Aarbechte vun de franséischen Enzyklopedisten Denis Diderot a Jean d'Alembert de Begrëff vun enger "scientia generalis" (Allgemengwëssen, Allgemengwëssenschaft) entstanen. Vun elo u bezeechent de Begrëff Enzyklopedie souwuel sou eng Wëssenschaft wéi hiert Resultat, d'Duerstellung vum komplette Wëssen (oder op d'mannst de Versuch vu sou enger kompletter Duerstellung) .

Wéi déi franséisch Enzyklopedisten dunn hiert gesammelt Wëssen a Form vun alphabeteschen Noschlowierker zougänglech gemaach hunn, gouf de Begrëff Enzyklopedie séier zur Bezeechnung vun engem enzyklopedesche Lexikon.

Am Géigesaz zu den Enzyklopedien erhiewe weder Dictionnairen, nach Lexikonen a Fachlexikonen den Usproch, vollstänneg Wierker ze sinn. Enzyklopedië baséieren op engem Wësse vun Autoritéiten an hirem Fachberäich an op valide Quellen a ka mat Beispiller an Illustratioune komplettéiert ginn.

Geschicht

D'Geschicht ass de Studium, d'Relatioun an d'Interpretatioun vun der Vergaangenheet. Den Numm huet als Urspronk dem Herodot seng Enquêten, Historiai op Griichesch awer et ass den Thukydides, dee fir d'éischt "wëssenschaftlech" Methoden an der Historiographie benotzt huet.

"Geschicht" bezeechent all d'Perioden, déi eis iwwer schrëftlech Spure bekannt sinn, déi Periode, fir déi mir keng schrëftlech Quellen hunn, sinn d'Virgeschicht oder d'Protogeschicht.

Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun

D'Hellegt Réimescht Räich, méi spéit Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun war déi offiziell Bezeechnung fir dat Räich, wat sech 962, mat der Regence vum Otto I., aus dem karolengeschen Ostfrankeräich erausgebilt a bis 1806 bestanen huet.

D'Formel Imperium Romanum (Réimescht Räich) huet schonn zum Keesertitel vum Karel de Groussen gehéiert. Eréischt zurzäit vum Keeser Friedrich I., 1157, ass den Zousaz Sacrum ("Helleg") am Keesertitel opgedaucht.

Zanter dem Keeser Karel IV. ass den Ausdrock Sacrum Imperium Romanum ("Hellegt Réimescht Räich") (1254 fir d'éischt beluecht) opgetrueden. 1438 begéint ee fir d'éischt den Zousaz Nationis Germanicae ("vun Däitscher Natioun"). 1486 gouf dësen Titel fir d'éischt an engem Gesetz gebraucht.

Op Drock vum Napoleon Bonaparte huet de Keeser Franz II. de 6. August 1806 d'Räichskroun niddergeluecht a gläichzäiteg dat aalt Räich opgeléist.

Keel

Keel, fir d'Awunner "Käl", ass eng Uertschaft vu Lëtzebuerg am Kanton Esch an Haaptuert vun der Gemeng Keel.

Konscht

D'Konscht ass eng mënschlech Aktivitéit oder d'Produkt dovun, déi Kreativitéit viraussetzt, a sech un d'Sënner, Emotiounen, Intuitiounen an den Intellekt riicht, ouni awer duerch eng eendeiteg Funktioun festgeluecht ze sinn. Konscht ass e mënschlecht Kulturprodukt. Konscht ass dat wat vun engem Grupp Leit dofir gehale gëtt, eng universell acceptéiert Definitioun dovunner gëtt et net.

Lëtzebuerg (Stad)

Lëtzebuerg, am Volleksmond dacks just d'Stad genannt, ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an d'Haaptstad vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. Si ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen a mat 119.215 Awunner (1 Januar 2019) déi Gemeng mat der héchster Bevëlkerung am Land. Den 23. Oktober 2012 hat si d'100.000 Awunner iwwerschratt a gouf domat zu enger Groussstad.

D'Stad Lëtzebuerg läit um Zesummefloss vun der Uelzecht an der Péitruss. Hir Geschicht geet bis an d'Réimerzäit zréck, a si gouf wéinst hirer Festung, déi zanter dem Ufank vun der Neizäit bis 1867 bestoung an ëmmer méi ausgebaut gi war, "Gibraltar vum Norden" genannt.

Lëtzebuerg ass nieft Bréissel a Stroossbuerg Verwaltungssëtz vun der Europäescher Unioun. Donieft ass d'Stad eng vun de gréisste Finanzplazen an Europa.

Molerei

D'Molerei zielt nieft der Architektur, der Skulptur, der Graphik an der Zeechnung zu de klassesche Gattunge vun der Bildender Konscht. Molerei ass d'Opdroe vu Faarf mat engem Pinsel, enger Spachtel oder anerem Geschir op enger Fläch.

Mëttelalter

D'Mëttelalter ass eng Epoch an der europäescher Geschicht tëscht der Antiquitéit an der Neizäit. Dës Epoch féiert chrëschtlech, antik a keltesch, germanesch a slawesch Entwécklungen zesummen. Den Ufank vum Mëttelalter gëtt meeschtens op d'Joer 476 festgeluecht, an deem d'West-Réimescht Räich ënnergaangen ass. D'Enn vum Mëttelalter geet op d'Joer 1492 zréck, an deem de Kontinent Amerika vum Christoph Kolumbus entdeckt gouf.

Den Numm selwer koum eréischt am Ufank vun der Neizäit op, wéi am Kader vun der Renaissance d'Ierfschaft vun der griichesch-réimescher Antikitéit nei entdeckt, respektiv a ville Beräicher zum Modell gemaach gouf. Déi ronn dausend Joer "an der Mëtt", deemno tëscht der eigentlecher Antikitéit an der "Neigebuert" vun der Antikitéit, gouf als "Mëttelalter" bezeechent, ähnlech wéi d'Mier tëscht den dräi Kontinente vun der Aler Welt als "Mëttelmier" bezeechent gëtt.

Nantes

Nantes [nɑ̃t] (bretonesch: Naoned, latäin: Portus Namnetus) ass eng Groussstad am Weste vu Frankräich, d'Prefecture vum Departement Loire-Atlantique an en Deel vun der Regioun Pays de la Loire.

Olympesch Summerspiller 1924

D'Olympesch Summerspilller vu 1924 oder och Spiller vun der VIII. Olympiad waren zu Paräis.

Paräis huet domat fir déi zweet Kéier d'Olympesch Spiller vun der Neizäit organiséiert.

Polen

Polen (pol.: Polska) ass e Staat an Europa an huet gemeinsam Grenze mat Litauen, Russland, Wäissrussland, Ukrain, Slowakei, Tschechesch Republik an Däitschland. Polen ass zanter 1999 NATO-Member an ass den 1. Mee 2004 der Europäescher Unioun bäigetrueden.

Pseudonym

E Pseudonym (Griichesch ψευδώνυμο, pseudónimo - wuertwiertlech de Falschnumm vu ψεύδος, pséudos - "d'Ligen" an όνομα, ónoma - "den Numm") ass en erfonnten Numm, dee besonnesch vu Kënschtler a Schrëftsteller benotzt gëtt, fir hir richteg Identitéit ze verstoppen.

Et gëtt verschidde Grënn, firwat ee sech e Pseudonym zouleet: D'Angscht viru Verfolgung oder Skandaler spillt genee sou eng Roll wéi de Wonsch no Individualitéit an Originalitéit.

Sou kann een en Allerweltsnumm méi "intressant" klénge loossen, (Gustav Meyer --> Gustav Meyrink) oder awer e komplizéierten oder een ze laangen Numm verkierzen (Nikolaus Günther Nakszynski --> Klaus Kinski). Et gëtt der, déi zäit hires Liewes ënner hirem Pseudonym schaffen, anerer änneren hiren Numm just fir eng bestëmmt Schafensperiod oder fir besonnesch Wierker (déi z. B. "aus der Rei" fale vun deem, wat se soss geschaf hunn), z. B. Agatha Christie --> Mary Westmacott; Stephen King --> Richard Bachman).

Vill Pseudonyme si fräi erfonnt. Heiansdo gëtt awer aus de Buschtawe vum Numm en Anagramm gemaach (z. B. François Rabelais --> Alcofrybas Nasier oder Christian Anton Mayer --> Carl Amery). Och Ananyme si méiglech, bei deenen de richtegen Numm hannevir gelies erëmgi gëtt (z. B. Kurt W. Marek alias C. W. Ceram).

Munnechmol verstoppe sech Fraen hanner Männernimm, dat nennt ee Pseudoandronym (z. B. Karen Blixen --> Isak Dinesen) oder ëmgedréit Männer hanner engem Fraennumm, engem Pseudogynym (z. B. Prosper Mérimée --> Clara Gazul).

Da gëtt et och Traduktionymen: d'Iwwersetzung vum richtegen Numm an eng aner Sprooch (z. B. Ton Koopman --> Antoine Marchand oder Frank Wilhelm --> François Guillaume). Am Mëttelalter an an der fréier Neizäit war gebräichlech, Nimm ze latiniséieren (Müller --> Molitor, Fischer --> Pescator) well an de Geléiertekreesser d'Latäin d'international Kommunikatiounssprooch war.

Bei engem Aristonym, gëtt ee sech en Adelstitel, bei engem Hagionym', den Numm vun engem Hellegen (z. B. Halldor Kiljan Laxness). En Allonym, baséiert um Numm vun enger bekannter Perséinlechkeet (z. B. beim Pablo Neruda, dee sech nom Jan Neruda genannt huet, oder dem Lucien König, deen ënner dem Numm "Siggy vu Lëtzebuerg" geschriwwen huet), an e Geonym um Numm vun enger Uertschaft(z. B.: Stendhal).

Eng besonnesch Form sinn d'Sammelpseudonymen: an deem Fall sinn et méi Persounen, déi hanner engem erfonntenen Numm stinn. Dëst ass z. B. bei Verlagen, déi Trivialliteratur a Form vun Heftercher erausginn, de Fall.

Eng aner Form vun alternativen Nimm sinn d'Spëtznimm an d'Benotzernimm, wéi s'am Internet gebräichlech sinn, ë. a. och op der Wikipedia.

Tréier

Tréier (de: Trier; fr: Trèves) ass eng däitsch Stad a Rheinland-Pfalz a gëllt mat senger méi wéi zweedausendjäreger Geschicht als déi eelst Stad vun Däitschland. Haut ass Tréier mat sengen ëm déi 100.000 Awunner, Bëschofssëtz an Universitéitsstad. Bis zur Opléisung vun de Regierungsbezierker a Rheinland-Pfalz am Joer 2000 war Tréier d'Bezierkshaaptstad vum Regierungsbezierk Tréier.

Vilnius

Vilnius ass d'Haaptstad an déi gréisst Stad vu Litauen.

Zäitalter vun de Lumières

Mat Zäitalter vun de Lumières oder och Zäitalter vun der Opklärung bezeechent een eng Epoch an der geeschteger Entwécklung vun der westlecher Gesellschaft am 17. an 18. Joerhonnert, déi besonnesch duerch d'Bestriewe geprägt ass d'Denkweis duerch d'Vernonft vun ale Virstellungen, Virurteeler an Ideologien ze befreien.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.