Monarchie

D'Monarchie (iwwer dat franséischt Wuert monarchie aus dem griichesche Wuert μοναρχία, monarchía, „Muecht vun engem Eenzelen“) ass eng Staats- a Regierungsform, bei där eng Eenzelpersoun (Monarch bzw. Monarchin) d'Herrschaft ausübt. De Monarch gëtt entweder duerch Ierffolleg (Ierfmonarchie) oder duerch Wal (Kinnekswal, Walmonarchie) op Liewenszäit bestëmmt. De Muechtusproch vum Monarch stäipt sech op eng iwwernatierlech Bestëmmung. Dës kann am Wëlle vu Gott leien. Och d'Veréierung vum Monarch als eegestänneg Gottheet ass méiglech.

Wa sech de Muechtusproch vum Herrscher op eng weltlech Berechtegung stäipt, handelt et sech ëm eng Republik (Géigebegrëff).

En Unhänger vun der Monarchie gëtt Monarchist, e Géigner Monarchomach genannt, d'Staatstheorie bzw. Ideologie nennt ee Monarchismus.

Forms of government
Regierungsforme vun der Welt

Republikanesch Staatsform

██ Presidentielle Regierungssystem

██ Presidentielle Regierungssystem mat Exekutivbefugnis déi un d'Parlament gebonnen ass

██ Semipresidentielle Regierungssystem

██ Parlamentaresche Regierungssystem

Monarchesch Staatsform

██ Parlamentaresch Monarchie

██ Konstitutionell Monarchie

██ Absolut Monarchie

aner Staatsform

██ Staaten mat Eeparteiesystem

██ Militärdiktatur

Stand: 2011

Geschichtlech Entwécklung

D'Art vu Monarchie, déi sech duerch de Bezug op Gott/eng Gottheet legitiméiert, ka bis an d'aalt Egypten zréckgefouert ginn, wou de Pharao als Gott veréiert gouf. Ähnleches gëllt fir de keeserleche System am Keeserräich China, wat den Herrscher ënner anerem als Jong vum Himmel bezeechent, a senger Herrschaft e Mandat vum Himmel gesinn huet, an him doduerch absolut Muecht ginn huet.

Heiansdo kënnt et och zu enger Duebelmonarchie. Kuckt dofir Dyarchie. Zu der Geschicht kuckt och Kinnek.

Wal- an Ierfmonarchie

D'Walmonarchie (mat dacks ageschränktem Kandidaten- a Wielerkrees) schéngt historesch méi al wéi d'Ierfmonarchie ze sinn, well si d'Gefor vun engem Biergerkrich bei der Ierffolleg erfollegräich méi kleng gemaach huet. Bis zu hirem Enn waren d'Kinnekräich Polen an d'Hellegt Réimescht Räich eng Walmonarchie. Elo sinn et nach Malaysia an d'Vereenegt Arabesch Emiraten.

Bis zu der Christianiséierung vun Europa ass hei meeschtens eng Form vun der Walmonarchie ze fannen. Germanesch souwéi keltesch Stämm hunn hir Häuptlingen, déi zwar an der Reegel aus de mächtegen an aflossräiche Familljeclanen kommen, awer keng automatesch Ierffolleg kennen. Beim Doud vun engem Häuptling gouf einfach en neien duerch verschidde Ritualer (Thing, Schëlderhiewung) gewielt oder proklaméiert. Och wann een Uféierer d'Kinneksheel verlooss hat, gouf en einfach duerch en neien ersat. An der sächsescher Uerdnung gouf souguer nëmme fir d'Zäit vun engem Krich oder engem Feldzuch en Herzog gewielt, deen nom Enn vum Krich nees zu engem einfache Fräie ginn ass. Eng aner Herrschaft gouf vun de fréiere Baueren net unerkannt.

Dës virfeudalistesch Uerdnung, déi deelweis duerchaus demokratesch Zich hat, huet hiert Enn mat der Christianiséierung fonnt. Wéi am Réimesche Räich de Keeser Konstantin de Grousse mam Toleranzedikt vu Mailand am Joer 313 d'Chrëschtentum den den anere Relioune gläichgestallt huet, an da selwer spéider zum Chrëschtentum konvertéiert huet, huet eng Allianz tëscht der Kierch an der staatlecher Autoritéit ugefaangen. D'Kierch huet d'absolut Herrschaft legitiméiert an d'Ierfolleg mat der Ideologie vun der Herrschaft de droit divin. Am Géigenzuch huet sech d'Kierch selwer doduerch eng privilegéiert Plaz a Participatioun un der Muecht geséchert, déi si an de meeschte Länner bis zu der Zäit vun der Franséischer Revolutioun behale konnt.

Europa gëtt am Mëttelalter gréisstendeels vun Ierfmonarchië beherrscht: de Monarch steet do un der Spëtzt vu méi oder manner homogenen Herrschaftsgebidder, déi als Lehen u seng Gefollegsleit vergi goufen. Dëse Feudalsystem stellt d'Grondlag fir d'Administratioun an d'Militärwiesen an de beherrschte Gebidder, huet awer ënner dem Usproch vun de Lehnsleit gelidden, selwer iwwer d'Ierffolleg vun hire Gebidder ze decidéieren. Domat huet den europäesche Monarch faktesch ëmmer weider u Muecht verluer, zugonschte vum feudalen Adel.

Forme vun der Monarchie

Wéi de moderne Staat entstanen ass, hu sech am Europa vun der Neizäit dräi Forme vun der Monarchie erausgebild:

Absolut Monarchie

LouisXIV
Paradebeispill vum Absolutismus: De Louis XIV. vu Frankräich

An dëser Form huet de Monarch den Usproch op déi eleng Staatsgewalt; den Adel verléiert seng Positioun am Feudalsystem am Tosch géint d'Privilegien am Staats- a Militärwiesen. De Monarch ass legibus absolutus (lat. vun de Gesetzer lassgeléist), wat bedeit, datt hien de Gesetzer, déi hie selwer opsetzt, net ënnersteet. Dat bekanntst Beispill fir den Usproch op eng absolut Herrschaft vum Monarch ass de Sonnekinnek Louis XIV., och wann et scho virun him ähnlech Tendenze ginn huet. Den absolutte Muechtusproch ass awer op Dauer net géint den Adel an d'Biergertum duerchzesetzen; do, wou d'Monarchie iwwerlieft huet, huet si Elementer vun der Republik oder Demokratie ugeholl.

Konstitutionell Monarchie

An enger konstitutioneller Monarchie ass d'Muecht vum Monarch net méi absolut, mä vun enger Konstitutioun gereegelt. D'Regierung gëtt awer weiderhi vum Monarch an net vun enger Volleksvertriedung bestëmmt. E Beispill heifir ass dat Däitscht Keeserräich vun 1871 bis 1918. D'Fürstentum Liechtenstein dogéint ass eng konstitutionell Ierfmonarchie op demokratesch-parlamentarescher Grondlag, wou d'Regierung vum Parlament (Landtag) bestëmmt a just vum Fürst ernannt gëtt. Kuckt och den Haaptartikel Konstitutionell Monarchie

Parlamentaresch Monarchie

D'parlamentaresch Monarchie ass eng Ënnerform vun der konstitutioneller Monarchie, wou de Monarch mat wéinegen Ausname keen Undeel un de Staatsgeschäfter méi huet. Dës gi vum Parlament an der Regierung ausgefouert. De Monarch huet gréisstendeels just representativ Aufgaben. An Europa ass dës Staatsform an der Belsch, Dänemark, Lëtzebuerg, Norwegen, Holland, Schweden a Spuenien vertrueden, baussent Europa zum Beispill Japan.

D'Monarchieformen haut

Monarchies of the world
Monarchien op der Welt

Mam Stand 2006 gëtt et

1 Keeserräich:

34 Kinnekräicher:

1 Groussherzogtum:

1 Herzogtum:

3 Fürstentümer:

1 Herrschaftsstaat:

2 Sultanater:

9 Scheichtümer (Emiraten):

1 Häuptlingsstaat:

  • Samoa (traditionellen Titel: O le Ao o le Malo)

1 souverän territorial Basis vum Hellege Stull:

Um Spaweck

Kinnekshaiser

Monarchisten

1791

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1791.

Absolutismus

Mam Begrëff Absolutismus (Absolut Monarchie) bezeechent een eng fréineizäitlech Herrschaftsform, déi - no traditioneller Opfaassung - vun der Regierung vun engem Herrscher, deen aus eegener Muechtvollkommenheet ouni politesch Matwierkung vun de Generalstänn gehandelt huet, bestëmmt war.

Am Artikel "Absolutisme" aus dem Dictionnaire de philosophie politique (1996) liese mer:

"le détenteur d'une puissance attachée à sa personne, concentrant en ses mains tous les pouvoirs, gouverne sans aucun contrôle."Ausserdeem gëtt de Begrëff Absolutismus oder absolut Monarchie fir d'Epoch vun der europäescher Geschicht benotzt, déi vun dëser Regierungsform markéiert war - vun de Reliounskricher am 16. a 17. Joerhonnert an de Revolutioune vum spéiden 18. Joerhonnert.

Säin Héichpunkt huet den Absolutismus a Frankräich am 17. Joerhonnert ënner dem Louis XIV. erreecht. Et gouf awer scho virdrun, ënner de Kinneke François I. (1515-1547) an Henri II. (1547-1559) Tendenze fir d'Staatsgeschäfter ze zentraliséieren, an an hiren Hänn ze konzentréieren, mä duerch d'Reliounskricher goufen dës Iddien net weiderentwéckelt. Eréischt mam Henri IV. konnten d'franséisch Monarche wierklech ufänken, d'absolutistesch Iddien auszebauen, an ze verwierklechen. E wichtege Facteur war de Richelieu, deen d'Muecht vum Kinnek (deemools de Louis XIII.) weider ausgebaut huet, an den Adel ënnerwerfe konnt. Nodeem et während der Fronde zu engem leschten Opstand géint déi kinneklech Politik komm war, konnt de Louis XIV. vu Frankräich d'absolut Monarchie a Frankräich definitiv etabléieren, a war domat och e Virbild fir aner europäesch Kinnekshaiser.

Den Charles I. vun England hat manner Geschéck bewisen, woubäi een och muss am Kapp behalen, datt England eng gréisser parlamentaresch Traditioun opweises hat, wéi Frankräich. Seng Versich iwwer d'britesch Inselen als absolutistesche Kinnek ze regéieren hunn zu sengem Doud an der Englescher Revolutioun gefouert.

Aner europäesch Monarchen, déi an absolutistescher Manéier iwwer hir Lännereie regéiert hu waren de Carlos III. vu Spuenien an de Friedrich II. vu Preisen. Beim Friedrich II. muss een allerdéngs nuancéieren, datt hie keng absolut Monarchie am klassesche Sënn opgebaut huet, mä als opgekläerten Despot an d'Geschicht agaangen ass. De Friedrich II. huet sech als éischten Dénger vum Staat gesinn.

Antigua a Barbuda

Antigua a Barbuda ass en Inselstaat an den Antillen. Seng Haaptstad ass St. John's.

De Staat besteet aus den zwou Haaptinselen Antigua a Barbuda, an e puer méi klengen Inselen.

Antigua a Barbuda ass Member vum Commonwealth a vun de Vereenten Natiounen

Belsch

D'Belsch, offiziell d'Kinnekräich Belsch, ass e Land a Westeuropa. Et läit laanscht d'Nordséi a grenzt un Holland, Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich.

Franséisch Revolutioun

D'Franséisch Revolutioun beschreift eng Period a Frankräich vu 1789 (Stuerm op d'Bastille) bis 1799 (Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire) an där d'Monarchie ofgeschaf an eng Republik installéiert ginn ass. An der franséischer Historiographie ass d'Revolutioun d'Trennungslinn tëscht Neizäit (« époque moderne ») an Zäitgeschicht (« époque contemporaine ») an ass domat eng vun de wichtegsten Zäsure vun der europäescher Geschichtsschreiwung.

Fir d'éischt Kéier an der europäescher Geschicht, zanter der Antiquitéit, gouf de Prinzip selwer vun engem monarchistesche Regime iwwerworf. Bei der englescher Revolutioun (Cromwell) war et eleng ëm d'Persoun vum Kinnek gaangen, an net ëm de Regime u sech. De groussen Impakt vun der Franséischer Revolutioun kënnt och duerch d'Kricher déi e groussen Deel vun Europa betraff hunn, der Grënnung vu Schwëster-Republiken. Duerch d'Revolutioun goufen och vill Iddie vun de Lumières a ganz Europa verbreet.

D'Franséisch Revolutioun markéiert d'Enn vum Ancien Régime an engem Land, wat bis dohi fir seng absolutistesch Kinneke berühmt war (virun allem de Louis XIV.).

Nach haut ass d'Franséisch Revolutioun en Thema wat ënner Historiker ëmstridden ass, net zulescht wéinst de Grausamkeete vun der Terreur an dem Wee dee si ageschloen huet.

D'Franséisch Revolutioun huet och zu déiwen Divisiounen tëscht den Unhänger vun de revolutionären Iddien an de Verdeedeger vun der aler Uerdnung gefouert, den Antiklerikalen an der Kathoulescher Kierch.

Haaptstad

Eng Haaptstad ass de Sëtz vun der Vertriedung vun der Souveränitéit vun engem Staat (Demokratie: Parlament, Monarchie: Residenz).

Normalerweis sinn Haaptstad a Regierungssëtz identesch, mä et gëtt awer och Ausnamen, wéi z. B.: Holland, wou d'Haaptstad Amsterdam, de Regierungssëtz awer Den Haag ass.

Ganz dacks ass d'Haaptstad och déi gréisst Stad an dee wichtegsten Ekonomies-, Verkéiers-, Industrie-, a Kulturzentrum vun engem Staat.

Natierlech gëtt et och hei Ausnamen, wéi z. B. an der Tierkei: Haaptstad ass Ankara, gréisst Stad ass awer Istanbul; a Marokko: Haaptstad Rabat, gréisst Stad ass awer Casablanca, asw....

Südafrika huet ze soen dräi "Haaptstied", woubäi keng déi gréisst Stad ass: D'Parlament ass zu Kapstad, de Verwaltungs- a Regierungszentrum ass zu Pretoria (Tshwane), Gerichtshäff sinn zu Bloemfontein a gréisst Stad ass Johannesburg.

Verschidde Länner hunn eng Planghaaptstad, wéi z. B. Brasilien: Brasília, Australien: Canberra, Nigeria: Abuja an neierdéngs och Myanmar mat Pyinmana.

Folgend Staaten hu keng Haaptstad: Monaco, Nauru an de Vatikanstad.

Jordanien

Jordanien (op Arabesch: الأردن), offiziell d'Haschimitescht Kinnekräich Jordanien (ar.: المملكة الأردنية الهاشمية), ass en arabescht Kinnekräich a Westasien, um ëstlecher Ufer vum Jordan-Floss an nërdlech vun der arabescher Hallefinsel. Jordanien grenzt u Saudi-Arabien am Osten an am Süden, un den Irak am Nordosten, u Syrien am Norden, un Israel, Palestina an d'Doudegt Mier am Westen, an un d'Rout Mier a sengem extreme Südwesten. Jordanien läit strategesch op der Kräizung tëscht Asien, Afrika an Europa. D'Haaptstad Amman ass déi gréisst Stad am Land a gläichzäiteg säi wirtschaftlechen, politeschen a kulturellen Zentrum.

D'Gebitt, dat haut Jordanien ass, gëtt schonn zënter der Alsteenzäit bewunnt. Dräi stabil Kinnekräicher hu sech géint Enn vun der Bronzezäit forméiert: Ammon, Moab an Edom. Spéider Herrscher waren d'Nabateanescht Kinnekräich, d'Réimescht Räich, an d'Osmanescht Räich. No der grousser arabescher Revolt géint d'Osmanen 1916, während dem éischte Weltkrich, ass d'Osmanescht Räich tëscht Groussbritannien a Frankräich gedeelt ginn. 1921 ass d'Emirat vun Transjordanien vum deemolegen Emir Abdullah I. ausgeruff an zum britesche Protektorat ginn. 1946 dunn ass Jordanien offiziell en onofhängege Staat mam Numm Haschemitescht Kinnekräich Transjordanien ginn. Während dem Arabesch-Israelesche Krich 1948 huet Jordanien d'Westbank eruewert, déi et 1967 nees verluer huet, an den Numm vum Land ass 1949 an Haschemitescht Kinnekräich Jordanien geännert. Jordanien ass e Grënnungsmember vun der Arabescher Liga an der Organisatioun vun der islamescher Kooperatioun, an ee vun den zwéin arabesche Staaten, déi e Friddensvertrag mat Israel ënnerschriwwen hunn. D'Land ass eng konstitutionell Monarchie, awer de Kinnek hält bedeitend exekutiv a legislativ Pouvoiren.

Jordanien ass e relativ klengt, semi-arid a bal komplett landëmschlossent Land mat enger Bevëlkerung vun 9,5 Milliounen Awunner. De sunniteschen Islam ass déi verbreetste Relioun am Land a gëtt vun 92% vun der Bevëlkerung praktizéiert. Si koexistéiert mat enger indigener chrëschtlecher Minoritéit. Jordanien gëllt als dat sécherst Land am Nohen Osten, an huet laangzäitegen Terrorismus an Instabilitéit konnte vermeiden. D'Land huet zënter 1948 Flüchtlingen aus bal allen Nopeschlänner empfaangen, dorënner geschaten 2,1 Millioune Palestinenser, 1,4 Millioune Syrier an dausenden irakesche Chrëschten, déi virum Islamesche Staat geflücht sinn.

Jordanien gëllt als Land mat engem héijen Human Development Index an enger Wirtschaft mat ieweschtem mëttleren Akommes ("upper middle income economy"). D'jordanesch Wirtschaft, eng vun de klengste an der Regioun, ass wéinst der gudder Ausbildung vun der Aarbechtskraaft fir auslännesch Investisseuren attraktiv. D'Land ass eng bedeitend Touristendestinatioun an zitt och wéinst engem gutt entwéckelte Gesondheetszentrum Patienten aus dem Ausland un. Trotzdem stellen de Mangel un natierleche Ressourcen, déi grouss Unzuel u Flüchtlingen an déi regional Onsécherheet Problemer fir de Wirtschaftswuesstem duer.

Kanada

Kanada (engl./frans. Canada) ass e Staat an Nordamerika. D'Land grenzt am Norden un d'Nordpolarmier, am Osten un den Atlanteschen Ozean, am Süden un d'Vereenegt Staate vun Amerika an am Westen un de Pazifik an den US-amerikanesche Staat Alaska. D'Land ass mat enger Fläch vu ronn 9 984 670 km2 den zweetgréisste Staat iwwerhaapt.

Kanada ass Member vum G8-Grupp.

Konstitutionell Monarchie

Eng konstitutionell Monarchie ass eng Regierungsform, déi e Monarch, gewielt oder duerch Ierfschaft als Staatschef unerkannt huet, mä wou d'Muecht vum Monarch duerch eng Konstitutioun limitéiert ass.

Déi modern konstitutionell Monarchië si meeschtens parlamentaresch Monarchie mat engem System vun der Gewaltentrennung, wou de Monarch de symbolesche Chef vun der Exekutiv ass. An der Praxis iwwerhëlt e Premier Minister, dee vum Parlament ënnerstëtzt gëtt, déi Roll.

De Monarch, deen onofhängeg vu politesche Parteien ass, huet virun allem eng symbolesch Roll, als Garant vun der Konstitutioun an der Demokratie, dem nationalen Zesummenhalt, der Integritéit vum Territoire, mä och als Symbol vun der historescher Kontinuitéit vum Staat, Representant a Garant vu sengen Intressen am Ausland. De Monarch kann och e Recht op Rotschléi a Warnungen zu der Politik vum Gouvernement hunn, an en Arbitter am Fall vun enger politescher Kris sinn. Aus dësem Grond spillt de Monarch eng neutral Roll, a kënnt och als Mediateur zum Asaz . De parlamentaresche Monarch regéiert, mä gouvernéiert net, oder fir et mam Adolphe Thiers senge Wierder ze soen:

Le roi n'administre pas, ne gouverne pas, il règne.De Monarch duerch Ierfschaft kann e Kinnek oder eng Kinnigin sinn, wéi et an de meeschten europäesche Monarchien de Fall ass, mä och e Groussherzog, wéi zu Lëtzebuerg, oder e Prënz, wéi zu Monaco oder Liechtenstein, oder och e Keeser, wéi a Japan.

D'Konzept vun enger konstitutioneller Monarchie kënnt aus den absolutte Monarchië vum Enn vum Mëttelalter, wéi de Monarch a säi Gouvernement d'Autoritéit haten. Duerch d'Entwécklung vun der Bedeelegung vun der Bevëlkerung an den Demokratien ass d'Muecht op Versammlungen a Parlamenter iwwergaangen, fir méi demokratesch Systemer an d'Liewen ze ruffen.

An enger konstitutioneller Monarchie geet de Poste vum Staatschef an der kinneklecher Famill weider. De Staatschef ass an der Theorie responsabel fir d'Exekutive, wat och Ausdréck a Formele wéi « Le gouvernement de Sa Majesté » erkläert.

Verschidde Konstitutioune schléissen allerdéngs eng Participatioun um Gouvernement aus. Dëst ass de Fall a Schweden an a Japan.

Légion d'honneur

D'franséisch Éierelegioun, fr.: Ordre national de la Légion d'honneur, ass eng Associatioun vu verdéngschtvolle Militärpersounen oder Zivilisten, déi den 19. Mee 1802 vum Generol an Éischte Konsul Napoleon Bonaparte, nom Virbild vun der ofgeschafter Monarchie (vgl. den Ordre de Saint-Michel, den Ordre du Saint-Esprit, den Ordre de Saint-Louis...) gegrënnt gouf. Den Ordre de la Légion d'honneur ass zanterhier den héchsten a bekanntsten Uerde vu Frankräich a gouf nom Doud vum Napoleon bäibehalen. Haut ass de President vun der Republik Groussmeeschter vum Uerden (Grand maître); hie kritt, deen Dag wou e seng Funktionen offiziell iwwerhëllt, de Collier du Grand-Maître - deemno eng Halsketten - iwwerreecht.

Am Uerde sinn ongeféier zwee Drëttel Militärpersounen an een Drëttel Zivilpersounen Member.

Déi éischt Verdeelung vun dëser Auszeechnung war de 15. Juli 1804. Deen eelste Mënsch, deen d'Éierelegioun krut, war de Marcellin Babaud, en Zaldot aus dem Éischte Weltkrich. Hie gouf de 27. Juli 1994 am Alter vun 106 Joer Ritter vun der Legioun.

Zu Paräis gëtt et, direkt nieft dem Musée d'Orsay, de Musée de la Légion d'honneur. D'Légion d'honneur ënnerhält och eng schoulesch Institutioun mat engem Internat fir déi mannerjähreg Meedercher vu militäresche Memberen, déi am Asaz fir Frankräich gefall sinn.

Neiséiland

Neiséiland (eng.: New Zealand / mi.: Aotearoa) ass en Inselstaat am südleche Pazifik. Et besteet aus der Nord-, der Südinsel an nach ville méi klengen Inselen.

Republik

Eng Republik (lat. res publica) ass eng Staatsform, bei där d'Muecht prinzipiell an den Hänn vun der Allgemengheet läit, am Géigesaz zu der Monarchie an zu der Oligarchie, wou d'Muecht an den Hänn vun engem, oder enger klenger Grupp vu Leit ass.

D'Wuert kënnt vun den laténgesche Wierder res a publica. D'Wuert res kann ee mat Saach iwwersetzen an den Adjektiv publica mat publik, ëffentlech. Eng res publica ass also am éischte Sënn eng ëffentlech Saach.

Eng Republik' ass eng Staatsform, wou de Staatschef kee Monarch ass. D'laténgescht Wuert res publica suggeréiert datt de Staat vun der Bevëlkerung kontrolléiert gëtt. Eng Republik ass awer domat net ëmmer eng Demokratie. E Gouvernement mat republikanescher Staatsform kann och nëmmen eng limitéiert Demokratie beinhalten, wou d'Rechter nëmmen enger bestëmmter Grupp vu Leit virbehale sinn. An deem Fall kann eng Republik och diktatorial oder totalitär sinn. D'Konzept ass ausserdeem wäitleefeg genuch, datt och representativ Demokratie eng Republik ka sinn.

Saudi-Arabien

D'Kinnekräich Saudi-Arabien (arabesch: المملكة العربية السعودية) ass eng absolut Monarchie am Noen Osten. Saudi-Arabien läit op der arabescher Hallefinsel a grenzt un den Irak, Jordanien, Kuwait, Oman, Katar, Bahrain, d'Vereenegt Arabesch Emiraten, de Jemen, d'Rout Mier an de Persesche Golf. Bekannt ass d'Land fir seng restriktiv Gesetzer, säi wirtschaftleche Wuelstand, de Räichtum vum Staat an déi enorm Buedemschätz. Militäresch zielt d'Land zu de modernsten a stäerksten an der Regioun, obwuel d'Arméi eigentlech relativ kleng ass. Freideg ass e komplette Roudag a Samschdes ass deelweis Roudag. Déi islamesch Zäitrechnung gëtt ugewennt. (Moundkalenner)

Schweden

D'Kinnekräich Schweden (schwed.: Konungariket Sverige) ass eng konstitutionell Monarchie an Nordeuropa. D'Land grenzt am Westen un Norwegen an am Nordosten u Finnland. Zu Schweden gehéieren och d'Insele Gotland an Öland.

Iwwer d'Öresund-Bréck, am Südweste vum Land, ass d'skandinavesch Hallefinsel mat Dänemark verbonnen. D'Haaptstad vu Schweden ass Stockholm.

Spuenien

Spuenien (sp.: España) ass e Staat an Europa op der iberescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid.

Swasiland

D'Swasiland, oder Eswatini, op Siswati Umbuso weSwatini an op Englesch: Kingdom of Eswatini, ass e Staat a Südostafrika. E grenzt u Südafrika an un de Mosambik. Déi zwou gréisst Stied si Manzini a Mbabane.

Vereenegt Kinnekräich

D'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland (englesch: United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland), op Lëtzebuergesch dacks mat Groussbritannien ofgekierzt, ass e souveräne Staat op den am Nordweste vun Europa geleeëne briteschen Inselen. Dozou gehéieren d'Insel Groussbritannien, den nordëstleche Wupp vun der irescher Insel an eng sëlleche méi kleng Inselen. Den haitege Staat ass eng politesch Unioun tëscht de véier Deelstaaten England, Wales, Schottland (allen dräi op der Insel Groussbritannien) an Nordirland (Insel Irland). D'Grenz tëscht Nordirland an der Republik Irland ass déi eenzeg Staatsgrenz iwwer Land. Natierlech Grenze maachen den Atlanteschen Ozean, d'Irescht Mier, d'Nordmier an den Äermelkanal (Manche). D'Insel Groussbritannien ass mam Tunnel ënner der Manche mat Frankräich verbonn.

D'Vereenegt Kinnekräich ass eng parlamentaresch Demokratie a konstitutionell Monarchie. De Regierungssëtz ass zu London, der Haaptstad vum Land. Staatschefin ass d'Kinnigin Elizabeth II. D'Kroundependancen (crown dependency) Isle of Man an d'Kanalinselen Jersey a Guernsey si formell am direkte Besëtz vun der britescher Kroun, gehéieren awer net zum Staat. D'Vereenegt Kinnekräich huet d'Souveränitéit iwwer 14 Iwwerséigebidder, déi meescht dovu si fréier Krounkolonien déi aus ënnerschiddlechen Ursaachen ni onofhängeg gi sinn. Aner Lännereien an Deeler vum fréiere briteschen Imperium sinn haut onofhängeg Staaten oder goufe wéi fir d'lescht 1997 Hong Kong (zanterhier nees chinesesch), un aner Staaten ofginn. Den historeschen Afloss deen d'britesch Expansiounspolitik op grouss Deeler vun der Welt hat, huet sech an der Kultur a Sprooch vu Länner wéi Kanada, Australien, Neiséiland, Indien, Pakistan, Südafrika, de Vereenegte Staate vun Amerika an aneren, global manner aflossräichen onofhängege Staaten niddergeschloen.

D'Vereenegt Kinekräich ass bis haut iwwer d'Monarchie a Personalunioun mat 15 souveräne Staaten. Dës sougenannt Commonwealth Realms ("Kinnekräicher vum Commonwealth") si Länner an deenen d'britesch Monarchin Kinnigin an offiziell Staatschefin bliwwen ass. Do donieft huet d'Kinnekräich mam Commonwealth of Nations eng international Institutioun geschaf fir de politesche Kontakt mat -an der Majoritéit- Nofolgerstaate vu fréieren Territoiren aus imperialer Zäit ze halen.

D'Vereenegt Kinnekräich huet ronn 60,6 Milliounen Awunner an ass eent vun de gréisste Memberlänner vun der Europäescher Unioun (EU). D'Brite sinn zanter 1973 an der Unioun. Den 23. Juni 2016 hu si sech an engem Referendum fir en Austrëtt aus der EU ausgeschwat (de sougenannte Brexit). Den 29. Mäerz 2017 huet d'Premierministesch Theresa May deenen anere Staats- a Regierungscheffen formell dësen Austrëttswonsch matgedeelt. Nom Artikel 50 vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun mussen ewell bannent zwee Joer d'Modalitéite vun deem Austrëtt, souwéi déi vun der zukünfteger Relatioun zoueneen, ausgehandelt ginn.

D'Kinnekräich ass e G8-Staat a Grënnnungsmember vun der NATO an de Vereenten Natiounen. Als Atommuecht huet et e permanente Sëtz am Sécherheetsrot.

Éisträich

D'Republik Éisträich ass e federale Staat a Mëtteleuropa. D'Land ass zanter 1955 Member vun der UNO an zanter 1995 Member vun der Europäescher Unioun an hat do och d'Presidence während dem zweete Semester 1998 am éischte Semester 2006. Nërdlech grenzt Éisträich un Däitschland an Tschechien, am Osten un d'Slowakei an un Ungarn, am Süden u Slowenien an un Italien an am Westen un d'Schwäiz an u Liechtenstein.

Éisträich-Ungarn

Déi Éisträichesch-Ungaresch Monarchie (ungaresch: Osztrák-Magyar Monarchia), och Monarchie Éisträich-Ungarn oder kuerz Éisträich-Ungarn, informell och alt k. u. k. Duebelmonarchie (k. u. k. = "kaiserlich und königlich") oder Donaumonarchie genannt, war den Numm vum Gesamtstaat vum Habsburger Räich a Mëttel- a Südeurpoa tëscht de Joren 1867 an 1918. En ass entstanen, wéi op der Grondlag vum Éisträichesch-ungaresche Kompromëss vum 8. Juni 1867, den 21. Dezember dat Joer d'Keesertum Éisträich verfassungsméisseg an eng Duebelmonarchie ëmgebaut gouf. Den 31. Oktober 1918 ass Ungarn aus där Unioun nees ausgetrueden.

D'éisträichesch-ungaresch Monarchie huet sech aus zwéi Staaten zesummegesat: aus de Kinnekräicher a Länner, déi am Reichsrat vertruede sinn, inoffiziell Cisleithanien an eréischt 1915 offiziell Éisträich genannt; an de "Länner vun der helleger ungarescher Stiefeskroun", inoffiziell Transleithanien (d'Leitha ass e Floss, deen deelweis d'Grenz gemaach huet). Do derbäi koum Bosnien an Herzegowina, dat zanter 1878 vun Éisträich besat gouf (et war Deel vum Osmanesche Räich), an dat 1908 als Kondominium an d'Monarchie averleift gouf.

Wéi am Kompromëss vun 1867 virgesinn, waren déi zwéin (Deel-)Staaten am Verhältnes zuenee gläichberechtegt. De gemeinsame Staatschef war de Keeser vun Éisträich an Apostolesche Kinnek vun Ungarn aus dem Haus Habsburg-Loutrengen. Vun 1867 bis 1916 war dat de Franz Joseph I., duerno bis 1918 säi Groussneveu Karl I./IV.

Éisträich-Ungarn war mat ronn 676.000 km² nom Russesche Keeserräich vun der Fläch hier den zweetgréissten (vun 1905 un) a mat 52,8 Milliounen Awunner (1914) vun der Populatioun hier no Russland an dem Däitsche Räich deen drëttgréisste Staat an Europa. Den Territoire huet sech iwwer déi haiteg Staaten Éisträich, Ungarn, Tschechien (mat enger klenger Ausnam), Slowakei, Slowenien, Kroatien, Bosnien an Herzegowina erstreckt, souwéi iwwer Deeler vum haitege Rumänien (Transsylvanien, Südbukowina), Montenegro, Polen (Westgalizien), der Ukrain (Ostgalizien an Nordbukowina), Italien (Trentino-Alto Adige an Deeler vu Friaul-Julisch Venetien) a Serbien (Vojvodina).

De Fait, datt duerch de Kompromëss zwar d'Ungarn gezësst goufen, andeems se deenen Däitschsproochege gläichgesat goufen, huet sengersäits zu Spannunge gefouert, well déi aner Vëlker, besonnesch d'Slawen am Norden an am Süden, sech sou benodeelegt gefillt hunn, absënns am ungareschen Deel, wou se de facto duerch Schoul- a Walgesetzer diskriminéiert waren.

Dës Spannungen hunn dann och dozou gefouert, datt den Ierfprënz Franz Ferdinand a seng Fra Sophie vun Hohenberg an der bosnescher Haaptstad Sarajevo engem Attentat zum Affer gefall sinn, dat haut als Ausléiser vum Éischte Weltkrich gëllt. Serbesch Nationalisten, déi e grousst Serbien wollten (d. h. mat deenen Deeler, déi zu Éisträich-Ungarn gehéiert hunn, wou Serbe gelieft hunn), hunn et als Provokatioun gesinn, datt den Ierfprënz ausgerechent um Dag vun der Commemoratioun vun der Schluecht vum Märelefeld Sarajewo besicht huet, soudatt ee vun hinnen d'Koppel erschoss huet.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.