Kräid (Geologie)

N spéider spéider
Ä
E
R
D
M
Ë
T
T
E
L
A
L
T
E
R
Period
Kräid
Iewescht
Ënnescht
Period
Jura
Malm
Dogger
Lias
Period
Trias
Ieweschten
Mëttelsen
Ënneschten
N éischter éischter

D'Period vun der Kräid ass déi jéngst Period aus dem Äerdmëttelalter. Si huet virun ongeféier 145 Millioune Joer ugefaangen a bis viru 65 Millioune Joer gedauert.

Si steet am Zäitalter nom Jura a virum Paleogen a gëtt an zwou Epochen agedeelt: der Ieweschter Kräidepoch an der Ënneschter.

Si ass den Iwwergang vum Äerdmëttelalter an der Äerdneizäit, bei der dräi Véirels vun all de Liewewiese verschwonne sinn. D'Grenz ass duerch d'Tounschicht definéiert, déi déi kallekräich Sedimenter vun der Kräid-Period vun deene vun der nofolgender Epoch trennt.

Iewescht Kräidepoch

Dës Epoch huet vu virun ongeféier 99,6 bis virun 65,0 Millioune Joer gedauert.

Ënnescht Kräidepoch

Dës Epoch huet vu virun ongeféier 145,0 bis virun 99,6 Millioune Joer gedauert.

  • Alb
  • Apt
  • Barrême
  • Hauterive
  • Valangin
  • Berrias

Fauna a Flora

Déi gréisst Aartevillfalt vun den Dinosaurier ass entstanen. D'Bléieplanzen hunn eng Allianz mat den Insekte gebilt: si hunn hinne Pollen an Nektar ugebueden, am Géigenzug si si vun hinne bestäubt ginn. D'Plazenta- an d'Béideldéieren hu sech vun den Urmamendéieren ofgezweigt. Beim fënnefte Massstierwen vun der Äerdgeschicht gi bis zu dräi véirels vun allen Déieren- a Planzenaarte verluer.

Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit

  • Panzersaurier (Ankylosaurus)
  • Fëschsaurier (Ichthyosaurus)
  • Raubsaurier (Tyrannosaurus)
  • Dräiharsaurier (Triceratops)
  • Fächerpalm
  • Bamfar

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Kräid (Geologie) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Kräid

D'Wuert Kräid bezeechent:

eng méi oder manner polfereg Form vu Kallek: Kräid (Gestein),

en Äerdzäitalter vum Mesozoikum: Kräid (Geologie),

Material fir ze Zeechnen an ze Molen: Kräid (Molerei).

Parasaurolophus

Parasaurolophus ass eng Dinosauriergattung aus der Uerdnung vun de Vullebeckesaurier (Ornithischia).

D'Gattung Parasaurolophus huet am Zäitalter vun der Ieweschter Kräid (Geologie), méi genee am Maastrichtium a Campanium, viru 76 - 65 Millioune Joer, gelieft.

En hat e Gewiicht vu 4 Tonnen a war 4 m héich an 10 m laang. Et war en Inteschniewelsaurier (Hadrosauridae) mat bis zu engem 1,80 m laange Schankekamp um Kapp an engem héich ugesate Schwanz. Et war e Planzefrësser.

Fonntplaze vu Fossilie sinn Alberta (Kanada); New Mexico an Utah (USA).

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.