Konfuzius

De Konfuzius - latiniséiert aus 孔夫子 Kǒng Fūzǐ, war e chinesesche Philosoph aus der Zäit vun de Fréijoers- an Hierschtannalen. Hien huet wahrscheinlech vu 551 v. Chr. bis 479 v. Chr. gelieft a gouf ënner dem Numm Kong Qiu (孔丘) an der Stad Qufu am chinesesche Staat Lu (der haiteger Provënz Shandong) gebuer, wou en och gestuerwen ass.

Dat zentraalt Thema vu senge Léiere war d'mënschlech Uerdnung, déi senger Meenung no duerch Respekt virun anere Mënschen an d'Veréierung vun den Ahnen erreechbar ass. Dem Konfuzius säin Ideal war den „Edlen“ (君子 junzi), ee moralesch einwandfräie Mënsch. Edel kann de Mënsch nëmmen da sinn, wann en an Harmonie mat dem Weltganze ass.

Philosophy template.gif Dëse Philosophiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Confucius Tang Dynasty
De Konfuzius op enger traditioneller Duerstellung aus der Tang-Dynastie

Um Spaweck

Commons: Konfuzius – Biller, Videoen oder Audiodateien
479 v. Chr.

Dës Säit befaasst sech mam Joer 479 v. Chr.

Adel

Den Adel oder d'Nobless ass eng sozial Grupp vu Leit, déi um Ierfschaftsrecht opgebaut ass, an där hir d'Memberen (oder hir Virfahren) hire Wäert bewisen hunn. A premodernen Zäite ware si déi Grupp, déi an der Gesellschaft déi héchst Plaz hat. Am feudale System an Europa an och soss an der Welt waren d'Adeleg déi, déi e Fief als Vasall haten, an als Konterpartie dem Kinnek trei waren, a fir hien zum Beispill an de Krich gezu sinn. Zimlech séier war domat verbonnen, e gewëssen Titel ze droen, deen ee sengen Nokomme veriewe konnt. Am Frankräich vum Ancien Régime haten déi Adeleg och verschidde steierlech an aner Virdeeler a Virrechter. Hautdesdaags huet en Adelstitel gréisstendeels nëmmen nach e representative Wäert, ouni datt si eng speziell Muecht hätten, wéi dat virun e puer Joerhonnerten nach de Fall war.

Adel ass e geschichtlechen, sozialen a rechtleche Begrëff, deen näischt mam sozio-wirtschaftleche Status ze dinn hat. Well ee räich war, war een net automatesch adeleg an et war och net seelen, datt verschidden Händlerfamillje bei wäitem méi Suen am Tresor haten, wéi de Grof aus der Noperschaft.

D'Wuert Adel kënnt aus dem germaneschen odal wat ee mat "onbeweegleche Besëtz" oder "Immobilien" iwwersetze kann.

Konfuzianismus

Konfuzianismus (Chinesesch 儒家思想, D'Iddie vun den Unhänger aus der Schoul vun de Geléierten) bezeechent d'Philosophien an déi politesch Virstellungen, déi sech an der Traditioun vum Konfuzius a senge Schüler stellen.

De Konfuzianismus steet zesumme mam Taoismus an dem Buddhismus fir déi wichtegst chinesesch Glawenssystemer a Philosophien.

Volker Zotz

De Volker Helmut Manfred Zotz, gebuer den 28. Oktober 1956 zu Landau in der Pfalz, ass en éisträichesche Philosoph, deen zanter 1999 zu Lëtzebuerg wunnt a schafft. Hien huet virdrun a Japan gewunnt. Vun 1989 bis 1999 war den Zotz Professer op der Universitéit vu Kyoto.

Den Zotz huet zu Wien Philosophie a Geschicht studéiert, wouran hien 1986 promovéiert huet. (Dissertatiouns-Thema: “Zur Rezeption, Interpretation und Kritik des Buddhismus”, Patron: Prof. Dr. Kurt Rudolf Fischer) an huet sech op der Universitéit Saarbrécken habilitéiert.

Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rei vu wëssenschaftlechen an och populärwëssenschaftleche Publikatiounen an de Beräicher vun der Philosophie (Buddhismus a verschidde Reliounen).

Hien ass och Professeur associé op der Universitéit Lëtzebuerg.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.