ISBN

ISBN ass d'Ofkierzung fir d'international Standardbuchnummer (englesch: International Standard Book Number), eng Nummer, déi et erlaabt, Bicher eendeiteg zu identifizéieren. D'ISBN baséiert op der internationaler Norm ISO 2108 aus dem Joer 1972.

Zanter dem 1. Januar 2007 huet ISBN 13 Stellen; virdrun waren et nëmmen zéng.

Bicher, déi zu Lëtzebuerg erauskommen, hunn op der 4. Plaz (engl. Language Group) vun der ISBN Nunmmer ëmmer eng 2 fir Franséisch stoen, och wann d'Buch op Däitsch oder Lëtzebuergesch, oder soss eng Sprooch geschriwwen ass.

Fir eng Nummer ze kréie muss een op d'mannst véier Bicher bei der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik hannerleeën (kuckt: Dépôt légal).

Fir Zäitschrëften a Publikatiounsserien besteet d'ISSN-Nummer (engl. International Standard Serial Number).

ISBN Details
Opbau vun enger ISBNummer

Um Spaweck

Commons: ISBN – Biller, Videoen oder Audiodateien
Albedo

D'Albedo (lat. albedo = „Wäissheet“; lat. albus = wäiss) ass eng Mooss fir d'Réckstralverméige vun diffus reflektéierenden (reemittéierenden), also Uewerflächen, déi net selwer liichten.

D'Albedo ass virun allem an der Meteorologie vu Bedeitung, wou si Aussoen doriwwer erméiglecht, wéi staark sech d'Loft iwwer verschiddenen Uewerflächen erwiermt. Si fënnt och an der 3D-Computergraphik Uwendung, wou si als Mooss fir déi diffus Streekraaft vu verschiddene Materialie fir d'Simulatioun vun der Volumenstreeung déngt.

Weider huet d'Albedo och eng grouss Bedeitung fir d'Erhale vum Weltklima, doduerch datt energieräicht kuerzwellegt Liicht vun der Äerduewerfläch reflektéiert an a langwellegt wäermwierksamt Liicht ëmgewandelt gëtt.

Aschlagkrater

En Aschlagkrater, och Impaktkrater genannt, ass e meeschtens bal kreesfërmege Baseng op der Uewerfläch vun engem äerdähnleche Planéit oder op engem ähnlech festen Himmelskierper, deen duerch den Aschlag – den Impakt – vun engem anere Kierper wéi z. B. engem Asteroid oder engem grousse Meteoroid entsteet.

No de Reschter déi fonnt ginn, de Meteoritten, schwätzt een och vun engem Meteorittekrater.Fir Aschlagkrateren op der Äerd hat den US-amerikanesche Geophysiker Robert S. Dietz 1960 d'Bezeechnung Astroblem („Stärewonn“) virgeschloen, déi sech am Däitschen, deelweis awer och am franséischen Astroblème (zum Beispill Astroblème de Rochechouart-Chassenon) agebiergert hat.

Biologie

D'Biologie ass d'Wëssenschaft vun de Liewewiesen.

D'Wuert „Biologie“ kënnt aus dem algriicheschen βιος bíos „Liewen“ a λογος lógos „Léier“ a gouf am Joer 1802 vum franséische Biolog Jean-Baptiste de Lamarck agefouert.

Bréissel

Bréissel (fr: Bruxelles, nl: Brussel) ass d'Haaptstad vun der Belsch. Am metaphoresche Sënn steet Bréissel och fir eng vun den EU-Institutiounen, meeschtens de Ministeschconseil ("Bréissel huet decidéiert...").

D'Gemeng Bréissel huet eng Fläch vun 32,61 km². Mat 157.673 Awunner (1. Januar 2010) ass et déi gréisst vun den 19 Gemenge vun der Haaptstadregioun (déi ronn 1.133.000 Awunner huet).

Bunnelement

Sechs Bunnelementer (kuckt dozou Satellittebunnelement) leeën d'Bunn vun engem Himmelskierper, deen de Gesetzer vum Kepler am Schwéierfeld vun engem Himmelskierper (Zwéikierperproblem) follegt, eendeiteg fest.

Zwee Bunnelementer definéieren d'Form vun der Bunnellips, dräi Elementer bestëmmen d'Lag am Raum an een Element leet den Zäitbezuch fest.

D'Bunnelementer vu Satellitte baséieren och op de 6 Bunnelementer vun enger Keplerbunn. Si enthalen normalerweis weider Parameter, fir Bunnstéierungen anzebezéien.

Departement Vosges

D'Departement Vosges (88) ass e franséischt Departement, an der Regioun Grand Est. Säin Numm huet et vun de Vogesen (fr.: Vosges), engem Biergmassiv, dat sech iwwer wäit Deeler vu sengem Territoire ausbreet.

Diddeleng

Diddeleng ass eng Kadastersektioun an der Gemeng Diddeleng déi, bis Diddeleng de 4. August 1907 eng Stad gouf, nieft Butschebuerg a Bireng eng vun den dräi Uertschaften an der Diddelenger Gemeng war.

Zu Diddeleng stoung déi éischt modern integréiert Schmelz vu Lëtzebuerg.

Hubble-Weltraumteleskop

D'Hubble-Weltraumteleskop, Hubble Space Telescope, HST ass e Weltraumteleskop fir siichtbart Liicht, Ultraviolett- an Infraroutstrahlung, dat d'Äerd a 590 Kilometer Héicht an der Zäit vu 95 Minutten eemol ëmkreest. D'Teleskop gouf an Zesummenaarbecht vun der NASA an der ESA gebaut a gouf nom US-amerikaneschen Astronom Edwin Hubble genannt.

International Astronomesch Unioun

D'International Astronomesch Unioun, ofgekierzt IAU, ass am Joer 1919 gegrënnt ginn. Et ass eng weltwäit Gesellschaft vun Astronome mat Sëtz zu Paräis. Hiert Zil ass d'Ënnerstetzung vun der Astronomie duerch eng international Zesummenaarbecht. Si ass nieft aneren ähnlechen Organisatioune fir aner Wëssenschaftsdeeler e Member vum International Council of Scientific Unions (ICSU), dat säi Sëtz och zu Paräis huet. Mat dem Stand vum August 2006 sinn an der IAU 8858 Eenzelmembere aus weltwäit 85 verschiddene Länner souwéi 62 astronomesch Gesellschaften an national Akademien zesummegeschloss.

Lëscht vun den Asteroiden

Dës Lëscht vun den Asteroiden ass en Deel vun de Referenztabellen.

Déi folgend Säiten enthalen all Kéier een Deel vun der Lëscht vun den Asteroiden:

Aus dem Duerchmiesser an der Albedo kann d'absolut Hellegkeet berechent ginn:

Dat bedeit ëmgedréint:

Lëtzebuerg (Land)

Lëtzebuerg, offiziell d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, ass e Land an Europa, dat tëscht Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet eng Fläch vun 2.586 km² an hat den 1. Januar 2018 dem Statec no 602.005 Awunner. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.

Lëtzebuergesch

D'Lëtzebuergesch gëtt an der däitscher Dialektologie als ee westgermaneschen, mëtteldäitschen Dialekt aklasséiert, deen zum Muselfränkesche gehéiert. An der Linguistik gëtt et och alt zu de sougenannten "Ausbausproochen", bzw. "Kultursproochen", gezielt.

D'Lëtzebuergescht gouf de 24. Februar 1984 per Gesetz als "Nationalsprooch" an nieft dem Franséischen an dem Houdäitschen als eng vun den dräi administrative Sproochen zu Lëtzebuerg deklaréiert. Lëtzebuergesch gouf 1995 per Gesetz als Ëmgangssprooch an de Gemengeréit deklaréiert. Conseillere kënnen och eng aner offiziell Sprooch benotzen, mä et besteet keng Iwwersetzungsflicht.

Spéitstens zanter dem Gesetz vun 1984 gëtt Lëtzebuergesch national wéi eng eegestänneg Sprooch behandelt.

Dofir, fir et als eege Sprooch ze gesinn, schwätzt ënner anerem, datt een, deen Houdäitsch als Mammesprooch huet, Méi huet, fir Lëtzebuergesch ze verstoen. Och gëtt Lëtzebuergesch a méi Situatioune gebraucht, wéi dat bei engem Dialekt de Fall wier - vun der Chamber bis zu de wëssenschaftlechen Emissiounen z. B. um Radio.

Dergéint schwätzt, datt et keng däitlech Sproochegrenz zu deenen ugrenzenden däitschen Dialekter gëtt.Ofgesi vun dësen éischter technesche Critèren ass et virun allem och de symbolesche Charakter, d'Identifikatiounselement dat dra läit, wat et mat sech bréngt, datt d'Lëtzebuerger dat, wat se schwätzen, als hir Sprooch ugesinn.

Russland

Russland (op Russesch: Россия) oder Russesch Federatioun (russ. Российская Федерация) ass eng Federatiounsrepublik an Europa an Asien.

Et ass de flächeméisseg gréisste Staat vun der Äerd. Säin Territoire ëmfaasst grouss Deeler vun Osteuropa a vun Nordasien. Den alen ostslaweschen Numm fir d'Gebitt vun der haiteger Ukrain, Wäissrussland an dee vu Slawe bewunnten Deel vum europäesche Russland war Rus (cf. Kiewer Rus), deen dovun ofgeleete mëttelalterleche laténgeschen Numm war Ruthenia, a latiniséierter slawescher Versioun Russia (zanter dem fréien 18. Joerhonnert Rossija).

Wiertlech iwwersat bedeit Rossijskaja Federazija‚ "Russlännesch Federatioun" (vu Rossija‚ "Russland"). D'Staatsbezeechnung ass ganz bewosst net Russkaja Federazija, fir och déi net-russesch Ethnien anzebezéien. Wa vum russesche Vollek oder der russeschsproocheger Kultur Rieds ass, dat seet een dofir am Russesche russkij (m)/russkaja (f)/russkoje (n) ("russesch"). Mä wann de Staat Russland gemengt ass, gebraucht een d'Adjektiv rossijskij (m)/rossijskaja (f)/rossijskoje (n).

Schwäiz

D'Schwäiz (däitsch: Schweizerische Eidgenossenschaft, fr.: Confédération suisse, it.: Confederazione Svizzera, rätoroman.: Confederaziun svizra, lat. Confoederatio Helvetica) ass e Staat a Mëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden un Däitschland, am Osten u Liechtenstein an Éisträich, am Süden un Italien an am Westen u Frankräich.

D'Schwäiz ass zanter dem Wiener Kongress vun 1815 baussepolitesch neutral a mat der Zäit Sëtz vun enge sëllechen internationalen Organisatioune ginn. D'Alperepublik selwer ass Member vun der EFTA, dem Europarot, der Welthandelsorganisatioun (GATT) an zanter 2002 och vun de Vereenten Natiounen.

Bern ass de Schwäizer Regierungssëtz an de facto d'Haaptstad. Déi gréisst Stad ass Zürich.

Selenographie

D'Selenographie, och Moundkartéierung, ass den Analogon vun der Geographie vum Äerdmound. D'Wuert ass aus de griichesche Begrëffer fir Mound, Selene) an zeechnen (grapheïn‚ zeechnen, schreiwen) zesummegesat.

Dogéint gëtt d'Vermiessung vum Mound a sengem Schwéierfeld – analog zu der Geodesie – als Selenodesie bezeechent.

Stär

Ënner engem Stär versteet een en Himmelskierper dee vu sech aus liicht, aus Plasma besteet, an deem seng Stralungsenergie duerch Kärfusioun bannen am Stär entsteet. Awer och déi kompakt Endstadie vun der Stärenentwécklung, wéi Neutronestären a wäiss Zwergen, ginn zu de Stäre gezielt, och wa se nëmmen duerch hir Reschtwäermt Stralung ofginn.

Fréier gouf de Begrëff Fixstär fir d'Ofgrenzung géintiwwer Wandelstäre gebraucht. Awer och d'Fixstäre bewege sech, wann och nëmme ganz lues, miessbar um Himmel. Sou wäerten an e puer dausend Joer déi haiteg Stärebiller net méi z'erkenne sinn.

Um ganzen Himmel sinn ongeféier 6.000 Stäre mat bloussem A z'erkennen. Den Ubleck vun deenen anscheinend strukturlose Punkten um Himmel ka liicht doriwwer ewech täuschen, datt d'Stären net nëmmen duerch hir Distanz, mä och duerch déi immens Variatiounsbreete vun hiren Temperaturen, Liichtkraaft, Massendicht, Volumen a Prozesszäiten, Wäerter iwwerspanen, déi een duerchaus als astronomesch bezeechne kann. Sou kéint een déi baussenzeg Schichte vu roude Risestären no de Critèrë vun der ierdescher Technik als Vakuum bezeechnen, wougéint dat Bannenzegt vun Neutronestäre sou dicht ass, datt en Téiläffel dovu sou vill wéi e ganze Bierg weie géif. Genee sou ginn déi bedeelegt Temperature vun e puer dausend bis zu e puer Milliarde Kelvin. Nieft deenen extrem ënnerschiddlechen Erschéngungsforme vu Stäre gëtt et awer och dacks en zimlech grousse Räichtum u bannenzege Strukturen. Dësen Artikel kann dowéinst och nëmmen e graffen Iwwerbléck ginn an op Artikele weisen, déi méi wäit féieren.

Stärebild

E Stärebild ass eng Grupp vu Stären, déi en opfällegt Muster weisen. Stärebiller loosse sech bal an alle Kulture bis zréck an déi fréier Héichkulture mat Sécherheet feststellen. Déi haiteg Stärebiller gi vun den zwielef babyloneschen Déierekreeszeechen aus, a goufen am antike Griicheland op 48 vergréissert. Tëscht 1600 an 1800 koumen der nach derbäi. Am Joer 1922 gouf d'Zuel op déi haiteg 88 Stärebiller festgeluecht.

Viischt Äerdmoundsäit

Als Viischt Äerdmoundsäit oder äerdzougedréite Säit vum Mound gëtt dee vun der Äerd aus visuellen Deel vun der Mounduewerfläch bezeechent.

Duerch verschidden Effete vun der Libratioun ass déi zu engem bestëmmten Zäitpunkt siichtbar Hemisphär net ëmmer déiselwecht soudatt een am Ganzen ongeféier 59 % vun der Mounduewerfläch vun der Äerd aus gesi kann. Dee vun der Äerd aus net siichtbaren Deel vun der Mounduewerfläch ass d'Moundrécksäit.

Eréischt d'Raumsonden hunn der Mënschheet d'Récksäit méi no bruecht.

Zweete Weltkrich

An Asien ass den Zweete Weltkrich mam Iwwerfall vun de Japaner op China am Joer 1937 ugaangen. Fir Europa huet en den 1. September 1939 ugefaangen, wéi Däitschland Polen ugegraff huet, an doropshi Frankräich a Groussbritannien den 3. September 1939 Däitschland de Krich erkläert huet. En huet fir Europa, bis den 8. Mee 1945 gedauert. An Asien huet Japan eréischt am August 1945 d'Waffen néiergeluecht, nodeem zwou Atombommen Hiroshima an Nagasaki zerstéiert haten.

Éischte Weltkrich

Den Éischte Weltkrich, am Engleschen a Franséischen och Great War bzw. Grande Guerre genannt, huet vun 1914 bis 1918 gedauert, an iwwer néng Milliounen Affer gefuerdert, a gouf an Europa, dem Noen Osten, Afrika an Ostasie gefouert.

De Krich gouf aus éischt tëscht de Mëttelmuechten Däitscht Räich an Éisträich-Ungarn op der enger Säit an de Muechte vun der Entente Frankräich, Groussbritannien a Russland souwéi Serbien op der anerer Säit ausgedroen.

Ouni ze wëlle koum d'Belsch als Affer dobäi, an dat déi Däitsch, ouni op d'belsch Neutralitéit Rücksiicht ze huelen, nom Schlieffeplang amarschéiert sinn. Am Verlaf vum Krich goufen d'Mëttelmuechten duerch d'Osmanescht Räich a Bulgarien verstäerkt, während op alliéierter Säit d'Staate Japan, Italie, Portugal, Rumänien an d'USA an de Krich agetruede sinn. Am Éischte Weltkrich hu sech d'muechtpolitesch Géigesätz vun den europäesche Groussmuechten entlueden, déi zu enger enormer Oprëschtung gefouert haten.

Um Enn vum Krich ware 25 Staaten an deenen hir Kolonien, an deenen am Ganzen 1,35 Milliarde Mënsche gelieft hunn, also zirka dräi Véirel vun der deemoleger Äerdbevëlkerung, am Krichszoustand. Opgrond vun de Verwerfungen, déi den Éischte Weltkrich weltwäit ausgeléist huet, an de Folgen déi een nach haut spiert, gëllt e bei villen Historiker als Urkatastroph vum 20. Joerhonnert.

De Krich huet den 28. Juli 1914 mat der Krichserklärung vun Éisträich-Ungarn u Serbien ugefaangen. Den 30. Juli huet Russland d'Generalmobilmaachung fir d'Ënnerstëtzung vu Serbien decidéiert. Doropshin huet d'Däitscht Räich als Bündnispartner vun Éisträich-Ungarn Russland den 1. August de Krich erkläert. Nach deselwechten Owend si russesch Kavallerie-Sektiounen iwwer d'ostpreisesch Grenz marschéiert.

Ugefaangen hat alles mat engem Attentat zu Sarajevo den 28. Juni 1914 wou den éisträichesch-ungareschen Trounfolger Franz Ferdinand a seng Fra gestuerwe waren an hanner deem Membere vun der serbescher Log "Schwaarz Hand" vermutt gi sinn. An engem Ultimatum vum 23. Juli 1914 hat d'éisträichesch-ungaresch Regierung zu Wien Schuedenersatz vun der serbescher Regierung gefuerdert, ënner anerem eng geriichtlech Enquête géint d'Membere vum Komplott an där och d'keeserlech a kinneklech Regierung e Wuert matzeschwätzen hätt. D'serbesch Regierung huet dëse leschte Punkt ofgeleent, mat der Begrënnung datt dat en Agrëff an hir Souveränitéit wier, mä huet awer déi aner haart Fuerderunge vum Ultimatum akzeptéiert. Duerch d'Krichserklärung kuerz drop goufen eng Rei vu Bündnisser aktivéiert, déi séier zum Weltkrich gefouert hunn.

Den Éischte Weltkrich war deen éischte Krich, dee mat engem massive Materialasaz (Tanksen, Militärloftschëffer, Fligeren a Massevernichtungswaffe wéi Gëftgas) gefouert gouf. D'Fronten hu sech awer kaum beweegt, zum Deel, well vis-à-vis vun der moderner Technik déi al Militärstrategie stoung. Am endlose Stellungskrich hunn d'Truppe sech géigesäiteg opgeriwwen. Besonnesch op de Schluechtfelder viru Verdun an a Flandern sinn op béide Säiten Honnertdausenden Zaldoten ëmkomm, ouni datt sech eppes un der militärescher Lag geännert hätt. Och an deem Punkt stellt den Éischte Weltkrich e Krich duer, deen an de Grausamkeeten alles iwwertraff huet, wat bis dohi bekannt war. Eng vun de bekanntste Waffen, déi am Éischte Weltkrich zum Asaz komm sinn, war déi Déck Bertha, eng Kanoun mat ongewéinlech groussem Kaliber.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.