Hebräesch

Hebräesch (he: עברית חדשה / עברית) gehéiert zum westsemiteschen Aascht vun der semitescher Sproochfamill.

Et gëtt vu ronn 5.2 Milloiune Leit an Israel geschwat, inklusiv 4.4 Milloiune Mammesproochler. Hebräesch ass eng traditionell a sakral Sprooch vu Juddentum an och d'Sprooch vum bibleschen Alen Testament.

D'Hebräesch Sprooch ass offiziell an Israel, an d'Nationalsprooch vun dëser Land. Hebräesch ass gutt Beispill vun enger opgeliefter Sprooch.

Ling template LB.png Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hebräesch
(עברית חדשה)
Gëtt geschwat an: Israel
Regioun: Eretz Israel
Gëtt geschwat vun: 4.4 Millioune
Mammesproochler
Klassement:
Klassifikatioun no Famill: Semitesch Sproochen‎
  • Westsemitesch Sproochen‎
    • Kanaanäesch Sproochen‎
      • Hebräesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Israel
Reglementéiert vun: Hebräesch Sproochakademie
Sproochcoden
ISO 639-1 he
ISO 639-2 heb
ISO 639-3 heb
SIL

Um Spaweck

Commons: Hebräesch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

  • Jiddesch (germanesch Sprooch),
  • Jiddenitalienesch (romanesch Sprooch),
  • Jiddespuenesch (romanesch Sprooch).
Aalt Testament

D'aalt Testament (aus dem lat. testamentum, haiansdo och 1. Testament) bezeechent déi Texter aus der Bibel, déi vum Juddentum iwwerholl gi sinn. D'Ursprongssprooch ass gréisstendeels hebräesch, deelweis awer och araméiesch.

Amos Oz

Den Amos Oz (Hebräesch: עמוס עוז), gebuer als Amos Klausner de 4. Mee 1939 zu Jerusalem, a gestuerwen den 28. Dezember 2018 zu Tel-Aviv, war en israelesche Schrëftsteller, Journalist an Intellektuellen. Hien huet eng ganz Rëtsch Romaner, Erzielungen, Essayen an och 3 Kannerbicher geschriwwen, déi a 34 Sproochen iwwersat gi sinn an hien zu engem vun de renomméiertsten an och zum am meeschten iwwersaten israeleschen Auteur maachen. Hie krut dofir och eng ganz Rëtsch international Distinctiounen, wéi de Friedenspreis des Deutschen Buchhandels, den Israel-Präis, de Goethepräis, de Prënz-von-Asturien-Präis den Officier de l'Ordre des Arts et des Lettres, an enger sëllechen Éierendoktorater.

Hie war laang Jore Professer fir hebräesch Literatur op der Ben-Gurion-Universitéit vun Negev zu Be'er Scheva.

Nieft sengem literaresche Wierk gouf den Oz och fir seng Aarbechten als politesche Journalist an Aktivist bekannt, woubäi de Konflikt am Noen Osten hien am meeschte beschäftegt huet. Hie war an deem Zesummenhank ee vun de prominente Promoteure vun der Iddi vun enger "Zwéi-Staate-Léisung" a war ee vun de Matgrënner vun der Friddensbeweegung Peace Now.

Betlehem

Betlehem (och Bethlehem, Efrata; arabesch: بيت لحم, Beit Lahm; hebräesch: בית לחם, Beit Lechem, "Haus vum Brout") ass eng Stad mat 20.000 Awunner am Westjordanland. D'Stad gehéiert zu den Palestineschen Autonomiegebidder.

Bethlehem huet eng grouss biblesch Bedeitung, well:

nom Alen Testament de Kinnek David vun do war a well

als Nokommen vum David (Sohn Davids) de Messias do op d'Welt komm ass. Der Bibel no stoung zu Betlehem de Stall an deem Jesus Christus gebuer gouf.

Bibel

D'Bibel (gr. τα βιβλια - Bicher) ass d'Helleg Schrëft vun de Chrëschten. Et handelt sech ëm eng Sammlung vu Bicher a Bréiwer, déi tëscht 1000 v. Chr. an 100 n. Chr. am Mëttelmierraum geschriwwe goufen. Den Inhalt vun dëse Bicher ass ganz verschidden, sou fënnt een z. B. Heldenepen, Gesetzsammlungen, Spréchwierder, Berichter, Erzielungen, Gedichter, Gebieder, Bréiwer. Meeschtens ass den Inhalt mat dem jiddesch-chrëschtleche Gott a Relatioun.

Déi chrëschtlech Bibel besteet aus zwéi groussen Deeler, dem sougenannten Alen Testament an dem Neien Testament. Dat Aalt Testament ass gréisstendeels op Hebräesch geschriwwen an entsprécht der jiddescher helleger Schrëft. D'Neit Testament, dat op Griichesch geschriwwen ass, gëtt just vum Chrëschtentum unerkannt an handelt haaptsächlech vum Jesus. Fir den Islam ass d'Bibel och e wichtegt Buch, awer laang net sou wichteg wéi de Koran, dee fir d'Muselmanen dat onverfälscht Wuert vu Gott verkierpert.

Am 4. Joerhonnert gouf d'Bibel integral op Latäin iwwersat (Vulgata). Am 16. Joerhonnert huet de Martin Luther d'Originaltexter op Däitsch iwwersat. Am Protestantismus hat d'Helleg Schrëft zanterhier en héije Stellewäert. An der kathoulescher Kierch gouf déi wichteg Roll vun der Bibel beim Zweete Vatikanesche Konzil ënnerstrach: D'Bibel soll net nëmmen als Zitatereservoir gëlle fir Léieren ze justifiéieren, mä als sollech an als Ganzt eescht geholl ginn.

D'Wëssenschaft, déi sech mat der Ausleeung vun der Bibel befaasst, gëtt Exeges genannt. Hei gëtt et verschidde Richtungen. Am bekanntsten ass déi historesch-kritesch Exeges, déi den historeschen Entstéiungshannergrond vun den Texter studéiert, sou wéi d'Entstoen an d'Wuesse vun den eenzelen Texter, déi a ville Fäll e puermol modifizéiert an ergänzt gi sinn.

Darius I.

Den Dareios I. (Farsi: داریوش, [ dɔːriˈuːʃ ], Alpersesch Dārayavahuš, Babylonesch Dariamuš, Elamesch Dariyamauiš, Aramäesch Dryhwš, Hebräesch Darjaweš, Latäin Darius; gebuer ëm 549 v. Chr. a gestuerwen 486 v. Chr., dacks och Darius de Grousse genannt, war Grousskinnek vum perseschen Achämenideräich, den ningte Kinnek aus der Dynastie vun den Achämeniden. Hie war de Jong vum Hystaspes, engem Satrap vu Parthien.

Nieft dem Kyros (oder Cyrus) dem Groussen gëllt hien als dee bedeitendste Grousskinnek vum alpersesche Räich. Hien huet d'administrativ Strukture vu sengem Räich erneiert, huet e Stroossennetz uleeë gelooss, an eng eeheetlech Währung agefouert. Hien huet d'Konschte gefërdert, besonnesch d'Architektur. Sou huet hie Persepolis gegrënnt, a grouss Bauaarbechten an anere Residenzstied ausféiere gelooss, virun allem zu Susa. Och an Egypten huet hien eng Rëtsch Tempelen (nees) opriichte gelooss an e Kanal tëscht dem Roude Mier an dem Nildelta fäerdeg baue gelooss.

490 v. Chr. hunn ënner dem Darius, mat der Schluecht vu Marathon, d'Perserkricher géint d'Griichen ugefaangen.

Hie war de Papp vum Xerxes I.

Haifa

Haifa, (hebräesch חיפה Ħêphāh, arabësch حيفا Ħayfā) ass eng Hafestad; a mat ronn 270.000 Awunner no Tel Aviv a Jerusalem déi drëttgréisst Stad vun Israel.

Vun Haifa heescht et, datt et d'Stad vun der Aarbecht wier (am Géigesaz zu Tel Aviv, wou virun allem gefeiert, a Jerusalem, wou virun allem gebiet gëtt).

Israel

Israel (hebr.: מדינת ישראל Medinat Jisra′el, arab.: دولة إسرائيل Daulat Isrā′īl) ass e Staat am Noen Osten, deen u Syrien, de Libanon, Egypten, Jordanien an un déi vun Israel besate Gebidder grenzt.

Jerusalem

Jerusalem (Hebräesch: Jeruschalajim, ירושלים, Arabesch: al-Quds (asch-Scharif), القدس;), läit an der Regioun Palestina an ass d'Haaptstad (net unerkannt) vum Staat Israel a Palestina. Jerusalem huet 704.900 Awunner (Stand: 1. Januar 2005). Zu Jerusalem hunn de Staatspresident an d'Parlament, Knesset, an dat iewescht Geriicht hire Sëtz. Um internationale Plang erfëllt allerdéngs Tel Aviv d'Funktioune vun enger Haaptstad. Do an zu Ramat Gan an Hertzlija hunn nämlech, bis op e puer Ausnamen (USA, Costa Rica an El Salvador), d'Ambassaden hire Sëtz.

Ostjerusalem ass am Laf vum sougenannte Krich vu Sechs Deeg vun Israel ageholl an 1980 duerch e Grondgesetz annektéiert ginn. Dës Annexioun ass awer duerch déi aner Länner als ongesetzlech veruerteelt an net unerkannt ginn. Besonnesch wat den ëstlechen Deel vun der Stad ugeet, deen als Bestanddeel vun engem spéidere Staat Palestina reklaméiert gëtt, gëtt et international Reserven.

Jerusalem ass eng vun den eelste Stied vun der Welt an ass, wahrscheinlech zanter 5.000 Joer, ouni Ënnerbriechung bewunnt. D'Géigesätz tëscht fréier an haut sinn an dëser Stad, déi vun enger multikultureller Gesellschaft bewunnt ass, däitlech z'erkennen.

D'Alstad vu Jerusalem ass vun enger Mauer ëmginn a besteet aus véier Deeler, engem jiddeschen, chrëschtlechen, armeeneschen a muslimesche Quartier.

Juddentum

Als Juddentum bezeechent een d'Kultur, d'Geschicht, d'Relioun an d'Traditioune vum Vollek Israel. Dacks versteet een allerdéngs ënner deem Begrëff och nëmmen déi jiddesch Relioun.

D'Juddentum gëtt als éischt an eelst Weltrelioun verstan, och wa just ronn 13,4 Millioune Mënsche Judde sinn. Dës Zuel ass am Verglach zu anere Weltreliounen, wéi dem Chrëschtentum (zirka 2,3 Milliarden) an dem Islam (zirka 1,4 Milliarden) relativ kleng. D'Juddentum ass och déi éischt monotheistesch Relioun op der Welt a gëllt als Inspiratiounsquell vum Chrëschtentum an dem Islam. D'Relioun baséiert op de schrëftlechen Iwwerliwwerunge vun der Tora.

Der Tora no fänkt déi jiddesch Geschicht mam Bond un, dee Gott mam Abraham schléisst. Sou gëtt den Abraham als de Grënner vum Monotheismus verstanen. D'Tora bestëmmt dann och de jiddesche Liewensoflaf: Den 8. Dag no der Gebuert vun engem Jong, gëtt hie beschnidden. D'Meedercher dogéint kréie just hiren Numm an der Synagog. Jonge feieren op hirem 13. Gebuertsdag Bar Mitzwa a gehéiere vun deem Moment un zu dem Minjan, déi zéng Männer, déi fir e Gottesdéngscht erfuerdert sinn. D'Meedercher feiere mat 12 Joer Bat Mitzwa. Vun deem Ament un ginn se zu vollwäertege Membere vun der jiddescher Communautéit a verflichte sech, déi 613 Geboter (Mitzwot) anzehalen. Eng jiddesch Hochzäit besteet haaptsächlech aus der Ketubba, engem schrëftlechen Bestietnesvertrag, an enger Feier duerno. Beim Doud këmmert en Chewra Kadischa sech ëm d'Begriefnis. D'Trauerzäit besteet bei de Judden aus dräi Etappen: déi éischt siwen Deeg (Schiwa genannt) sinn der intensiver Trauer reservéiert, déi éischt drësseg Deeg ginn Schlochim (drësseg op Hebräesch) genannt a schliisslech d'Trauerjoer (11 Méint), no deem eréischt de Grafstee (Mazewa) um Kierfecht geluecht gëtt.

Schonn um Enn vun der Antiquitéit war d'Juddentum wäit iwwer de réimesche Raum eraus verbreet. Et war bis a China, Indien an Afrika bekannt.

Am haitege reliéise Juddentum begéine mer dräi grousse Stréimungen: dat orthodoxt Juddentum, dat konservatiivt an dat liberaalt Juddentum.

Lara Fabian

D'Lara Fabian, gebuer den 9. Januar 1970 zu Etterbeek als Lara Crokaert, ass eng belsch Sängerin. Säit 1996 huet si och déi kanadesch Nationalitéit. Si huet hir Carrière 1986 ugefaange wéi se de Concours Tremplin de la musique vum Festival de Wallonie gewonnen huet.

Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1988 zu Dublin mam Lidd "Croire" vertrueden. Si koum op déi 4. Plaz mat 90 Punkten.

2006 huet sie fir d'éischt an hierer Carrière en Concert zu Lëtzebuerg gin an zwar an der Philharmonie Lëtzebuerg am Kader vun hierer Tournée Un Regard 9

Sie sängt an e puer Sproochen ( franséisch, englesch, daitsch, italienesch, portugiesesch, spuenesch, russesch, hebräesch, turkesch) an huet iwwer 20 Milliounen Disquen verkaaf. Sie ass säit 2018 coach vun der Sendung La Voix am Québec.

Moses

De Moses (Hebräesch: מֹשֶׁה, Mōšæ; Griichesch: Μωυσῆς a Μωσῆς, Mō(y)sēs; Arabesch: مُوسَى, "Mūsā") oder Mose ass d'Zentralfigur vum Pentateuch.

Et ass de wichtegste Prophéit am Juddentum an e wichtege Prophéit am Chrëschtentum, am Islam an an anere Glawensrichtungen.

Natalie Portman

D'Natalie Portman, op Hebräesch נטלי פורטמן, gebuer den 9. Juni 1981 zu Jerusalem als Natalie Hershlag, op Hebräesch נטלי הרשלג, ass eng israelesch-US-amerikanesch Schauspillerin. Am Ufank vun hirer Carrière huet si de Gebuertsnumm vun hirer Groussmamm als Kënschtlernumm ugeholl.

Bekannt gouf déi deemools 13-järeg mam Film Léon. Duerno koume Filmer wéi Heat, Star Wars a V for Vendetta. 2011 krut si fir d'Haaptroll am Film Black Swan de Golden Globe.

Palestina

Dës Säit befaasst sech mat der Regioun Palestina. Kuckt och Palestina (Homonymie), wat déi aner Bedeitungen ugeet.

Palestina (ofgeleet vum Griicheschen: Palaistina, op Latäin: Palaestina, [op Arabesch: فلسطين Filastīn, op Hebräesch: פלשתינה), ass eng Regioun am Noen-Osten. Si läit tëscht dem Mëttelmier an der Wüst am Oste vum Jordan. D'Judden nenne se Eretz Israel (Land vun Israel) an d'Chrëschten Hellegt Land. Si ass haut haaptsächlech vun Araber a Judde bewunnt a begräift de Staat vun Israel, de palestineschen Territoire an d'Kinnekräich vu Jordanien.

Pierre Burggraff

De Pierre (oder Peter) Burggraff, gebuer den 28. Juli 1803 zu Tratten a gestuerwen de 17. Juli 1881 zu Léck, war e lëtzebuergeschen Universitéitsprofesser, deen am 19. Joerhonnert op der Universitéit vu Léck enseignéiert huet. Hien ass doduerch bekannt ginn, well hien den Éischte war, deen do e Léierstull fir hebräesch an arabesch Sproochen hat.

Synagog

Eng Synagog (vum gr. συνάγω synago; [sech] versammelen) ass e reliéist Gebai, an deem sech déi Leit, déi sech zur jiddescher Relioun bekennen, versammele fir ze bieden a reliéis Schrëften ze studéieren. Op Hebräesch heescht eng Synagog „Beth knesset“ (בית כנסת Versammlungshaus), och mol Beth Tefila (Gebietshaus) an op jiddesch och „Schul“.

Tel Aviv

Tel Aviv (hebräesch: תל אביב-יפו fir Hiwwel vum Fréijoer) ass mat 384.400 Awunner (31. Dezember 2006) déi zweetgréisst Stad am Staat Israel. Si gouf 1909 gegrënnt a war bis 1949 och d'Haaptstad vun Israel.

Tigris

Den Tigris (Akkadesch Idiglat, Aramäesch: Deqlath, Didschla, Alpersesch: Tigrā, Arabesch: دجلة, Hebräesch: חידקל, ("Hiddekel" oder "Chidekel"), Tierkesch: Dicle a Kurdesch: Dîcle) ass en 1900 Kilometer laange Floss a Klengasien. En entsteet aus dem Zesummefloss vum Maden Çayı a vum Dibni Çayı, déi hir Quellen an den Taurusbierger, am Oste vun der Tierkei hunn, an déi vum Dicle-Barrage gestaut ginn. Der Tigris leeft fir d'éischt Richtung Süden, da Südosten, duerch d'Provënz Diyarbakır. Méi spéit mécht en op enger kuerze Distanz d'Grenz mat Syrien. Dono leeft den Tigirs da queesch duerch den Irak wou e sech um Enn mam Euphrat zum Schatt al-Arab vereenegt, deen dann an de Persesche Golf leeft. Den Tigris huet a Baseng vunn 375.000 km².

Zesumme mam Euphrat bilt den Tigris Mesopotamien, déi Landschaft, an där sech déi éischt Héichkulturen entwéckelt hunn.

Xerxes I.

De Xerxes I. (persesch ‏خشایارشاه‎, alpersesch Hšayāŗšā, aramäesch Aḫšeweruš, hebräesch אחשורוש Achašweroš, griichesch Ξέρξης, laténgesch Xerses), gebuer ëm 519 v. Chr. a gestuerwen de 4. August 465 v. Chr., war en achemenidesche Grousskinnek an egyptische Pharao. Hie war mat der Amestris bestuet.

De Xerxes koum als Bouf vum Pharao Darius I. a vun der Atossa, Duechter vum Kyros II., op d'Welt. Nofolger ass säi Bouf Artaxerxes I..

Étienne Heuschling

Den Étienne Heuschling, gebuer de 6. Abrëll 1762 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 29. August 1847 zu Bréissel, war e lëtzebuergesch-belsche Philolog.

Hie war dee leschte Professer um Collegium Trilingue zu Léiwen.

Hien huet zu Roum orientalesch Sprooche studéiert a krut do 1783 e Léierstull a syrescher Sprooch op der Sapienza-Universitéit.

Zréck an de Nidderlanden huet hie siwe Joer laang Hebräesch um Collegium Trilingue enseignéiert.

No sengem Bestietnes ass hien op Bréissel wunne gaangen.

1806 huet hien op der École de droit de Bruxelles Course ginn.

1817 gouf hien uerdentleche Professer op der Université d'État de Louvain.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.