Geographesch Koordinaten

Mat de geographesche Koordinaten (geographesch Breet a geographesch Längt) kann een d'Lag vun engem Punkt op der Äerd bestëmmen. D'Äerd gëtt dobäi an 360 Längtegraden an an 180 Breedegraden opgedeelt. Längtegrade verlafen duerch Nord- a Südpol, Breedegrade parallel zum Equator.

Geographesch Koordinate ginn dacks am Sexagesimalsystem uginn, d. h. 1 Grad ass ënnerdeelt a sechzeg Minutten, 1 Minutt nees a 60 Sekonnen.

WorldMapLongLat-eq-circles-tropics-non
Weltkaart mat Linne fir geographesch Breet a Längt an Eckert-VI-Projektioun

Koordinatesystem

Geographic coordinates sphere
Geographesch Koordinaten op der Kugel

D'Gradnetz vun der Äerd ass e geduechtent Koordinatesystem op der Äerduewerfläch mat sech rechtwénkleg schneidende Längen- a Breedekreesser. Et déngt zu der geographescher Uertsbestëmmung, dat heescht, zu der Festleeung vun der eegener Standplaz. D'Breedegrade ginn dobäi vum Equator aus gezielt, d'Pole leien bei 90° Nord resp. Süd, d'Längtegrade gi vun engem willkürleche Nullmeridian no Osten an no Weste gezielt bis 180°. D'Festleeë vun de Wénkelen ass deem an der Mathematik gebräichleche Kugelkoordinatesystem entgéintgesat.

Bis Ufank vum 20. Joerhonnert waren a verschiddene Länner ënnerschiddlech Nullmeridiane gebraichlech (z. B. de Ferro-Meridian vun El Hierro an de Meridian vu Paräis). Haut gëtt weltwäit de Meridian vu Greenwich benotzt.

Och kënne geographesch Koordinate jee no Land ënnerschiddlech Bezuchssystemer hunn, deenen hir Referenzellipsoiden dem regionale Geoid ugepasst sinn. International gëtt haut meeschtens d'World Geodetic System 1984 (WGS84) gebraucht.

Loftfaart an Nautik

Genee Positiounsdonnéeë sinn an der Loftfaart an an der Nautik erfuerdert. Do gi geographesch Breet a Längt a Grad an Minutten uginn, z. B. Zugspitze Lat = 47° 25' N oder Nord, Lon = 010° 59' E oder Ost.

  • Bouminutte ginn dezimal weider ënnerdeelt.
  • No DIN 13312, fir Loft- a Séifaart, gëtt déi geographesch Breet mat Lat oder méi al och φ ofgekierzt, déi geographesch Längt mat Lon oder λ. B an L entspriechen net der Norm.
  • Eng Breedeminutt ass op der Äerduewerfläch eng Streck vu ronn 1,852 km an definéiert d'Längt vun enger Séimeil.
  • D'Streck, déi vergläichbar mat enger Längteminutt ass, huet um Equator 1,852 km, hëlt awer zum Pol hi mat dem Kosinus vun der geographescher Breet bis op Null of. Si ass also breetofhängeg. An Europa läit d'Streck tëscht 1,0 km an 1,5 km.

Vermiessungswiesen

Am Vermiessungswiese sinn cm-Genauegkeete gefrot. Dofir ginn d'Donnéeë vu Bousekonnen net duer, well eng Bousekonn (1″) ongeféier 31 m (Breetangab) resp. 20 m (Längtenangab an Europa) entsprécht. Zanter den 1990er Joren erfollegt an Däitschland eng Ëmstellung op UTM-Koordinaten am ETRS89-System, bezunn op den GRS80-Ellipsoid.

Natierlech, astronomesch, ellipsoidesch, geodetesch Koordinaten

Déi natierlech Koordinaten (astronomesch Breet φ an astronomesch Längt λ) kënnen duerch astronomesch Uertsbestëmmung ermëttelt ginn. Si bezéie sech op déi tatsächlech Loutrichtung um Miesspunkt. Déi ellipsoidesch Koordinaten (B, L – och geodetesch Koordinate genannt) bezéie sech dogéint op d'Normalrichtung vum gebrauchte Referenzellipsoid. D'Differenz vu Loutrichtung an Ellipsoidnormale ass normalerweis méi kleng wéi 10″ a gëtt als Loutofweechung bezeechent. An der Reegel verlafen weder Loutrichtung nach Ellipsoidnormale duerch den Äerdmëttelpunkt.

Bei klenge Genauegkeetsuspréch z. B. bei Kaartenduerstellungen op klenge Moossstief gëtt den Äerdkierper fir Vereinfachung duerch eng Kugel ersat. An dësem Fall entspriechen geographesch Breet a Längt sphäresche Koordinaten. Nëmmen dann ass d'Breet vun de Wénkel am Äerdmëttelpunkt tëscht dem Equator an dem gesichte Punkt.

Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck

Berlin

Berlin ass d'Haaptstad vun Däitschland an déi gréisst Stad vun deem Land, souwuel, wat d'Zuel vun den Awunner ugeet, wéi vun der Fläch hir. Et ass och en eegenstännegt däitscht Bundesland.

Historesch war Berlin méifach Haaptstad: vun der Markgrofschaft/Kurfürstentum Brandenburg, vum Kinnekräich Preisen, vum Däitsche Räich a vun der DDR. Zanter der Erëm-Vereenegung vun Däitschland, den 3. Oktober 1990, ass Berlin Haaptstad vun der Bundesrepublik Däitschland an zanter 1999 och hire Parlaments- a Regierungssëtz.

D'Stad ass e bedeitende Verkéiersknuet an e wichtegt Wirtschafts-, Kultur- a Bildungszentrum mat enger ganzer Rëtsch Universitéiten, Héichschoulen, Fuerschungsetablissementer, Theateren, Muséeen a kulturell oder historesch wichtege Gebaier.

Biereng

Biereng ass eng Uertschaft an der Gemeng Miersch.

Guam

Guam, op Englesch Guam an op Chamorro Guåhån, ass ee vun de Baussegebidder vun den USA, en Unincorporated Territory.

Guam ass déi gréisst an déi südlechst Insel vun der Marianen-Inselgrupp am nord-westleche Pazifeschen Ozean. Si huet ronn 178.000 Awunner (Stand: 2009) déi haaptsächlech Banannen, Mais an Ananas ubauen.

Hautdesdaags ass den Tourismus, haaptsächlech aus Japan, déi wichtegst Industrie. Gläich duerno stinn d'Revenue vun den amerikanesche Militärbasen.

D'Haaptstad heescht Hagåtña.

D'Insel gouf 1898 vu Spuenien un d'USA ofgetrueden.

Koordinaten

Koordinate sinn do fir Positioune vu Punkten am Raum festzehalen oder ze bestëmmen.

D'Positioun am Raum gëtt an de Koordinatesystemer mat Zuelewäerter, de Koordinaten, eendäiteg bestëmmt.

Duerch d'Zesummestelle vun eenzele Punkten, loosse sech da mat ville Punkte bestëmmt Objeten, wéi Linnen, Kurven, Ofstänn, Flächen, a Kierperen uginn.

D'Zuel vun de Wäerter, déi noutwenneg si fir en Objet ze bestëmmen, entsprécht der Dimensioun vum Raum (dacks als n ofgekierzt). Et hëlt een dann d'Koordinate vun engem n-dimensionale Raum dann och als en n-Tupel vu Koordinaten op.

Den Nullpunkt, bei deem all Koordinaten de Wäert 0 unhuelen, nennt een d'Origine.

De Koordinatesystem deen am meeschte gebraucht gëtt – dat gëllt besonnesch fir d'Schoulmathematik - ass de Kartesesche Koordinatesystem.

Malé

Malé ass d'Haaptstad an de wirtschaftlechen Zentrum vun de Maldiven.

Naturschutzgebitt Bettenduerf-Schofsbësch

D' Naturschutzgebitt Bettenduerf-Schofsbësch ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Bettenduerf, dat duerch e Groussherzoglecht Reglement vum 14. Dezember 2016 geschafe gouf.Et handelt esech ëm eng fréier Steekaul, op enger Fläch vun 23,9 Hektar, am Schofsbësch, an engem Hank nërdlech vum Gemengebësch, südwestlech vun der Uertschaft Bettenduerf, déi aner Säit vun der Sauer.

Dat fréier Gebai vum Steebroch gouf an en Naturhaus reamenagéiert.

Naturschutzgebitt Biergerkräiz

D'Naturschutzgebitt Biergerkräiz ass zanter dem de 25. Januar 2008 en Naturschutzgebitt an der Gemeng Walfer.

Naturschutzgebitt Boufferdanger Muer

De Boufferdanger Muer ass e Mouer an Naturschutzgebitt an der Gemeng Käerjeng.

Op der Gewan tëscht den Uertschafte Féngeg an Uewerkäerjeng läit e Fiichtgebitt mat engem Mouer, wouvun 1,13 ha mat enger 20,37 ha grousser Pufferzon zanter dem 19. Mäerz 1988 ënner Naturschutz stinn .

Naturschutzgebitt Bréichen

D' Naturschutzgebitt Bréichen ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Klierf, dat duerch e Groussherzoglecht Reglement vum 1. Dezember 2017 geschafe gouf.Et ass e Fiichtgebitt, op enger Fläch vu 46,68 Hektar (12,02 ha Kärzon, 34,66 ronderëm), am Quellgebitt vun der Ransbaach, nërdlech vun der Uertschaft Wäicherdang. Et besteet aus Bëscher a Wisen.

D'Naturschutzgebitt Bréichen ass Deel vun der Natura 2000-Zon Weicherdange - Bréichen (LU0001004).

Naturschutzgebitt Griechten

D' Naturschutzgebitt Griechten ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Käerjeng a Garnech. D'Bestëmmunge vum Naturschutzgebitt goufen am Règlement grand-ducal vum 20. Juli 2017 festgehalen..

Et handelt sech ëm en Areal vun 204,79 Hektar, ronderëm d'Quellegebitt vu fënnef klenge Baachen, déi zu der Mierbaach zesummelafen, inklusiv hiren zum Deel géien an zougewuessenen Uwänner.

D'Naturschutzgebitt Griechten ass Deel vun der Natura 2000-Zonen Hautcharage / Dahlem – Asselborner et Boufferdanger Muer (LU0001025) an Région du Lias moyen (LU0002017).

Naturschutzgebitt Kalburen

D' Naturschutzgebitt Kalburen (am Gesetzestext Kaleburn genannt) ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Wëntger, dat duerch e Groussherzoglecht Reglement vum 28. Februar 2017 geschafe gouf.Et ass e Fiichtgebitt, op enger Fläch vun 13,82 Hektar, mat ronderëm enger Schutzzon vu 67,61 Hektar, dat vum Quellgebitt vun der Baach Kalburen forméiert gëtt. D'Schutzzon zitt d'Bëschgebitt (Alebësch a Jongebësch) ronderëm d'Quell, bis un d'belsch Grenz, an de weidere Verlaf vun der Baach mat an, zu deem och den Houfelter Kanal gehéiert, en Iwwerescht vun de Bauaarbechte vum Meuse-Musel-Kanal, deen ni fäerdeg gebaut gouf.

D'Naturschutzgebitt Kalburen/"Kaleburn" ass Deel vun den Natura 2000-Zonen Hoffelt – Kaleburn (LU0001042) a Vallée de la Tretterbaach et affluents de la frontière à Asselborn (LU0002002).Et ass en Habitat vun ë. a. enger ganzer Rëtsch Päiperleken.

Naturschutzgebitt Sporbaach

D' Naturschutzgebitt Sporbaach ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Wëntger, dat duerch e Groussherzoglecht Reglement vum 28. Februar 2017 geschafe gouf.Et ass e Fiichtgebitt, op enger Fläch vun am Ganzen 99,25 Hektar, ronderëm den Uewerlaf vun der Sporbech, e lénksen Niewefloss vun der Trëtterbaach. Den CR333 duerchschneit et op enger kuerzer Distanz.

D'Naturschutzgebitt Sporbaach ass Deel vun den Natura 2000-Zonen Troine/Hoffelt – Sporbaach (LU0001043) a Vallée de la Tretterbaach et affluents de la frontière à Asselborn (LU0002002).

Nikloskierfecht

Den Nikloskierfecht, offiziell de Cimetière Notre-Dame (Liebfrauenfriedhof), läit am Lampertsbierger Quartier an der Stad Lëtzebuerg.

Den Numm "Nikloskierfecht" kënnt dohier, well 1779 nom Ofrappe vun der Nikloskierch am Stadzentrum an dem Verleeë vum Sëtz vun der Niklos-Par an déi fréier Jesuitekierch (haut: d'Kathedral) de Kierfecht vun der Par baussent d'Stadmaueren op de Glacis verluecht gouf. Den neie Kierfecht koum op en Terrain bei der Neipuertskapell (Kapelle U.L.F., Chapelle Notre-Dame). Sou erkläert sech den offiziellen Numm vum Kierfecht (cimetière Notre-Dame) an och déi hautdesdaags net méi geleefeg däitsch Bezeechnung "Liebfrauen-Friedhof".

Den neien "Nikloskierfecht" war am Fong nëmmen eng Extensioun vun engem Kierfecht dee schonn zanter 1691 bei der Kapell existéiert huet (Muttergotteskirchhof) a wou déi zum Doud Veruertelt, déi keng Verbriecher waren (z. B. Deserteuren), begruewe goufen. Zwéi Gäert si bei den "ale" Kierfecht dobäikomm, deen een huet zu der Kapell gehéiert, deen anere war eng Proprietéit vum Helleg-Geescht-Klouschter.

Observatoire vu Paräis

De Paräisser Observatoire, gouf 1667 vum Louis XIV. gegrënnt a gehéiert zanter dem 17. Joerhonnert zu de renomméierte franséische Fuerschungsplaze fir Astronomie. De bekannten Architekt Claude Perrault huet e gebaut, et ass deen eelsten Observatoire vun der Welt, deen nach a Betrib ass. Haut huet den Observatoire zwou Bausseplazen, den Observatoire vu Meudon an deen zu Nançay. 800 Mataarbechter si beschäftegt.

Metrosstatioun: Denfert-Rochereau a Saint-Jacques.

RER-Statioun: Port-Royal.

Oxford

Oxford ass d'Haaptstad vun der fréierer Grofschaft an haitegem Distrikt Oxfordshire an England. D'Stadt läit un der Themse, 60 Meilen (96 km) nordwestlech vu London, huet méi wéi 145.000 Awunner (Stand 2004), an ass de Sëtz vun der aler a berühmter Universitéit Oxford.

Palomar-Observatoire

De Palomar-Observatoire ass en Observatoire, dee virun allem duerch säi 5-Meter-Spigelteleskop, dem Hale-Teleskop, bekannt ass. E steet op der Spëtzt vum 1.706 Meter héije Palomar Mountain zirka 80 Kilometer nordëstlech vu San Diego a Kalifornien. Haut gehéiert den Observatoire zum Caltech, dem California Institute of Technology.

Nieft dem Hale-Teleskop an dem Oschin-Schmidt-Teleskop huet d'Palomar-Observatoire och nach e weidere Spigelteleskop mat engem Haaptspigel vun 1,5 Meter Duerchmiesser, souwéi e Schmidt-Teleskop mat enger Ëffnung vu 46 cm.

De Bierg Palomar Mountain gëtt am europäesche Sproochgebrauch dacks als Mount Palomar bezeechent.

Saint Kitts an Nevis

St. Kitts an Nevis (engl. Saint Kitts and Nevis, och: Saint Christopher and Nevis) ass eng federal Inselgrupp vun de Klengen Antillen an der Karibik, mat der Haaptstad Basseterre. Déi Grupp ass en onofhängege Staat am Commonwealth of Nations a Member vun de Vereenten Natiounen.

Service des sites et monuments nationaux

De Service des sites et monuments nationaux, kuerz SSMN, ass de Service fir d'national Landschaften a Monumenter am Lëtzebuerger Land a gehéiert zu de Kulturinstituter vum Staat.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.