Gemeng

Eng Gemeng ass a ville Länner eng administrativ Ënnerdeelung. Gewéinlech ass eng Gemeng déi klengst administrativ Ënnerdeelung vun enger Land, ënner anerem och zu Lëtzebuerg.

Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gemengen – Biller, Videoen oder Audiodateien
CR110A

Den CR110A ass e kuerze Chemin repris am Kanton Kapellen an der Gemeng Käerjeng.

En huet säin Ufank zu Nidderkäerjeng um CR110 a verleeft da gréisstendeels an nordëstlecher Richtung fir zu Uewerkäerjeng net wäit vum Péiteschhaus op den CR111 ze stoussen.

Den CR110A ass ronn 1,0 km laang.

CR110D

Den CR110D ass e kuerze Chemin repris am Kanton Kapellen an der Gemeng Stengefort.

En huet säin Ufank um CR110 tëscht Grass a Klengbetten a verleeft da laanscht d'A6 fir zu Klengbetten op den CR106 ze stoussen.

Den CR110D ass ronn 600 m laang.

CR122A

Den CR122A ass e Chemin repris am Kanton Gréiwemaacher an der Gemeng Wuermeldeng a geet vun Dräibur op Wuermeldeng.

Den CR122A ass ronn 1,6 km laang.

CR137A

Den CR137A ass e Chemin repris am Kanton Iechternach an der Gemeng Bäerdref. E féiert vum CR137 bis op Kalkesbaach huet, wou en zu Enn geet.

Den CR137A ass ronn 800 m laang.

CR141B

Den CR141B ass e Chemin repris am Kanton Gréiwemaacher an der Gemeng Mäertert. E geet vum Rond-point bei der Aires de Wasserbillig bis op d'N10 am Sauerdall.

Den CR141B ass ronn 1,1 km laang. De Viaduc iwwer d'Sernigerbaach, op deem d'Autobunn A1 verleeft, iwwerbréckt de CR 141B.

CR183

Den CR183 ass e Chemin repris am Kanton Miersch um Gebitt vun der Gemeng Miersch. Et ass eng Verbindungsstrooss tëscht der Nationalstrooss 7 an dem CR123.

Den CR183 ass ronn 950 m laang. E féiert laanscht Mierscher Gare an heescht op der ganzer Längt Rue de la Gare.

CR317B

Den CR317B ass e Chemin repris am Kanton Wolz a geet vun der N27 bis op Dierbech, wou en zu Enn geet.

Den CR317B ass ronn 900 m laang.

CR321A

Den CR321A ass e Chemin repris am Kanton Wolz zu Dol. E geet vum CR321 duerch déi ganz Uertschaft bis op den CR331.

Den CR321A ass ronn 750 m laang.

CR331A

Den CR331A ass e Chemin repris am Kanton Wolz a geet vun der N25 an nërdlecher Richtung duerch Mäerkels bis op den CR331.

Den CR331A ass ronn 4,1 km laang.

Chef-lieu

De Chef-lieu ass eng Uertschaft oder eng Stad déi an enger administrativer oder territorialer Ënnerdeelung eng bestëmmt Funktioun z'erfëllen huet.

Diddeleng

Diddeleng ass eng Kadastersektioun an der Gemeng Diddeleng déi, bis Diddeleng de 4. August 1907 eng Stad gouf, nieft Butschebuerg a Bireng eng vun den dräi Uertschaften an der Diddelenger Gemeng war.

Zu Diddeleng stoung déi éischt modern integréiert Schmelz vu Lëtzebuerg.

Dikrech

Dikrech ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Dikrech.

D'Stad ass den Haaptuert vum Kanton Dikrech, wéi och vu sengem Distrikt. Dikrech bilt, zesumme mat de Gemenge Bettenduerf, Ettelbréck, Ierpeldeng, Schieren a Kolmer-Bierg den Zentrum vun der Nordstad. Déi Regioun gëllt, nom IVL, nieft der Stad an Esch-Uelzecht, als drëtten Entwécklungspol vum Grand-Duché.

D'Symbol vun Dikrech ass den Iesel. Zu sengen Éiere steet den Ieselsbur, entworf vum Bonifatius Stirnberg, an der Groussgaass.

Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dikrecher Iesel

Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg

D'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen huet duerch Gemengefusiounen, awer och duerch Entstoe vun neie Gemengen, am Laf vun de Joerzéngten ëmmer nees geännert. Zanter dem 1. Januar 2018 läit dës Zuel bei 102.

Gemeng (Frankräich)

D'Gemeng a Frankräich ass déi niddregst administrativ Andeelung vum franséischen Territoire. Eng Gemeng betrëfft normalerweis d'Fläch vun enger Stad oder engem Duerf. Seng Fläch a Bevëlkerung kënne grouss Ënnerscheeder hunn. Déi gréisst, Paräis, huet iwwer 2 Milliounen Awunner, an et gëtt der mat kengem Awunner.

Den 1. Januar 2015 gouf et a Frankräich 35.357 Gemengen, dovun 214 an Iwwerséi, mat Ausnam vu Wallis-et-Futuna an e puer Territoiren déi net permanent bewunnt sinn.

Gemeng (Lëtzebuerg)

D'Gemeng zu Lëtzebuerg ass déi klengst administrativ Ënnerdeelung, déi vun engem exakt definéierten Territoire gebilt gëtt an déi normalerweis eng oder méi Uertschafte begräift. D'Gemeng gëtt vun demokratesch gewielte Volleksvertrieder gefouert.

Lëtzebuerg ass an 102 Gemengen opgedeelt.

Iechternach

Iechternach (oder Eechternoach am Dialekt) ass eng lëtzebuergesch Stad am Kanton Iechternach an der Gemeng mam selwechten Numm. Zu Iechternach selwer wunne 4.936 Leit (Stand 2004).

Iechternach ass eng vun deene klengste Stied am Land, an eng vun deenen eelsten. Et huet e Lycée (Lycée classique d'Echternach), eng Grondschoul an e Précoce.

Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg

Dës Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg ass en Deel vun de Referenztabellen.

Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren a Kierchefabrécken

Dës Lëscht vun den neie Lëtzebuerger Paren am Äerzbistum Lëtzebuerg, déi de 7. Mee 2017 ageriicht goufen, mat hire Kierchefabrécken, déi op Grond vum d'Gesetz vum 13. Februar 2018 ënner dem Kierchefong nei organiséiert goufen, ass en Deel vun de Referenztabellen.

Lëtzebuerg (Stad)

Lëtzebuerg, am Volleksmond dacks just d'Stad genannt, ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an d'Haaptstad vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. Si ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen a mat 119.215 Awunner (1 Januar 2019) déi Gemeng mat der héchster Bevëlkerung am Land. Den 23. Oktober 2012 hat si d'100.000 Awunner iwwerschratt a gouf domat zu enger Groussstad.

D'Stad Lëtzebuerg läit um Zesummefloss vun der Uelzecht an der Péitruss. Hir Geschicht geet bis an d'Réimerzäit zréck, a si gouf wéinst hirer Festung, déi zanter dem Ufank vun der Neizäit bis 1867 bestoung an ëmmer méi ausgebaut gi war, "Gibraltar vum Norden" genannt.

Lëtzebuerg ass nieft Bréissel a Stroossbuerg Verwaltungssëtz vun der Europäescher Unioun. Donieft ass d'Stad eng vun de gréisste Finanzplazen an Europa.

Par

Eng Par (och nach Por genannt, wat awer nach eng aner Bedeitung huet) ass a verschiddene Kierchen de pastorale Wierkungsberäich vun engem Geeschtlechen.

D'Wuert kënnt aus dem Mëttelhéichdäitschen pfarre an dem Alhéichdäitschen pfarra, ass etymologesch awer net gekläert.

A verschiddene Länner ass eng Par eng administrativ Andeelung, déi meeschtens direkt vun der kierchlecher Andeelung ofgeleet ass. An deem Fall schwätzt ee vun enger Ziviler Par.

An enger Par gëtt et ëmmer eng Parkierch, déi an där Uertschaft steet, déi der Par den Numm ginn huet. Ausser der Parkierch gëtt et an engem Deel vun de Paren och nach eng oder méi Filialkierchen oder Kapellen.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.