Gattung (Biologie)

D'Gattung oder de Genus ass eng Eenheet vum System vun de Liewewiesen, déi verwandschaftlech déiselwecht Aarten zesummefaassen. D'Gattunge gi selwer ënner Famillje klasséiert.

D'Gattungsbezeechnung ass déiselwecht fir all d'Aarten déi dorënner falen. Sou gesäit een z. B. bei den zwou Aarten vun der Wëller Kaz (Felis silvestris) an der Grokaz (Felis bieti), datt s'allebéid aus der Gattung Felis sinn.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.