Galicien

Galicien ass eng autonom Regioun a Spuenien. D'Haaptstad ass Santiago de Compostela.

Galicien

{{{fändel_artikel}}}

{{{wopen_artikel}}}
  Land Flag of Spain.svg Spuenien
  Haaptstad Santiago de Compostela
  Offiziell Sprooch(en)  Spuenesch a Galicesch
  Fläch  29.574 km²
  Awunner  2.772.533  2007)
  Bevëlkerungsdicht  93,78 Aw. / km²
  Autonome Statut  28. Abrëll 1981
  Offizielle Feierdag  25. Juli
  President  Alberto Núñez Feijoo  (PP)
Lag vu Galicien a Spuenien
Lag vu Galicien a Spuenien
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien

Geographie

Galicien läit am Nordweste vu Spuenien a grenzt am Norden a Westen un den Atlantik, am Osten u Kastilien-Léon an Asturien an am Süden u Portugal. Galicien huet eng Fläch vun 29.574 km² an hëlt domat 5,8 % vu Spuenien an.

Andeelungen

Galicien ass a 4 Provënzen agedeelt.

Numm Haaptstad Provënz Haaptstad
Galicien Santiago de Compostela A Coruña A Coruña
Lugo Lugo
Ourense Ourense
Pontevedra Pontevedra

Geschicht

D'Regioun Galicien ass zanter dem 28. Abrëll 1981 eng autonom Gemeinschaft.

Politik

De President ass den Alberto Núñez Feijoo (PP). Parlamentaresch Vertriedung am spuenesche Kongress si 25 Sëtz an am Senat sinn et 19 Sëtz.

Demographie

Am Joer 2007 ass d'Awunnerzuel 2.772.533, dat si 6,28 % vun der spuenescher Populatioun.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Galicia (Spain) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Asturien

Asturien ass eng autonom Regioun a Spuenien, déi aus enger eenzeger Provënz mam selwechten Numm besteet.

D'Haaptstad ass Oviedo.

Autonom Gemeinschafte vu Spuenien

Déi autonom Gemeinschafte vu Spuenien (comunidades autónomas (es)) sinn d'Regioune vu Spuenien déi an der spuenescher Konstitutioun vun 1978 bestëmmte Kompetenzen bei der Gesetzgebung an där hirer Ausféierung hunn. Déi variéieren awer vu Gemeinschaft zu Gemeinschaft.

Spuenien besteet aus 17 autonome Gemeinschaften an zwou autonome Stied:

Andalusien (sp.: Andalucía)

Aragonien (sp.: Aragón, kat.: Aragó)

Asturien (sp.: Asturias, ast.: Asturies )

Balearesch Inselen (sp.: Islas Baleares, kat.: Illes Balears)

Baskeland (sp.:País Vasco, bask.: Euskadi)

Extremadura

Galicien (sp.: Galicia, gal.: Galiza)

Kanaresch Inselen (sp.: Islas Canarias)

Kantabrien (sp.: Cantabria)

Kastilien-La Mancha (sp.:Castilla-La Mancha)

Kastilien-León (sp.: Castilla y León)

Katalounien (sp.: Cataluña, kat.: Catalunya)

La Rioja

Madrid (sp.: Comunidad de Madrid)

Murcia (sp.: Región de Murcia)

Navarra (bask.: Nafarroa)

Valencia (sp.: Comunidad Valenciana, val.: Comunitat Valenciana)Déi zwou autonom Stied sinn:

Ceuta

Melilla

Eugenia Osterberger

D'Eugenia Osterberger, gebuer als Prudencia Eugenia Juana Osterberger Luard den 20. Dezember 1852 zu Santiago de Compostela a gestuerwen den 8. Februar 1932 zu Nice a Frankräich, war eng spuenesch Komponistin a Pianistin aus der Zäit vun der Romantik. No dem Bestietnes gouf si och als Mme Saunier ernimmt.

Si ass gebuer an enger Famill vun elsassescher Ofstamung. Zanter dem Alter vun 9 Joer huet si Piano ëffentlech gespillt.

D'Osterberger war déi eenzeg Belle-Époque-Musekerin aus Galicien. Si war d'Autorin vu Salonkompositioune fir de Piano, ënner anerem : Méditacition (Nocturne), Les Hirondelles, Lucia (Walzen), Pavana Louis XIII (Pavan) asw. Si gouf och als Autorin vun der Musek fir italienesch Lidder (Ma mi dicesti, opus 158, Ove sei?) a fir spuenesch a galicesch Lidder (¡Adiós, Galicia!, Ausencia, Falas de nai, ...) bekannt. D'Musekskompositiounen a Lidder vun der Osterberger hunn dacks vill galicesch Motiver.

D'Eugenia Osterberger war eng vun den éischte Membere vun der Kinneklecher Akademie vu Galicien. Si war mam franséischen Entrepreneur François (Francisco) Saunier bestuet. Zanter 1907 huet d'Osterberger a Frankräich gelieft. A Frankräich huet si nach als Musekerin geschafft, hir Museksaktivitéit an der neier Land war awer manner bekannt. Si ass gestuerwen zu Nice.

D'Figur vun der Osterberger gouf souguer a Galicien ganz wéineg bekannt, allerdéngs haut den Interessi un der Osterberger erhéicht ass. Si gouf als eng vun den notabele Figure vun der galicescher Musek consideréiert.

Francisco Franco

De Francisco Franco Bahamonde gebuer de 4. Dezember 1892 zu Ferrol a Galicien, a gestuerwen den 20. November 1975 zu Madrid war e spuenesche Politiker an Offizéier.

Nom Militärputsch géint déi zweet spuenesch Republik, war hie Staatschef vum Abrëll 1939 bis zu sengem Doud am November 1975.

Geographie vu Spuenien

Spuenien ass e Staat am Südweste vun Europa a läit zesumme mat Portugal, Andorra a Gibraltar op der Iberescher Hallefinsel.

Et läit tëscht 36° an 43,5° nërdlecher Breet an 9° westlecher bis 3° ëstlecher Längt (ouni d'Balearen, d'Kanaren, Ceuta a Melilla) an huet eng Fläch vun 504.782 km², dovun eleng 499.542 km² u Land.

Am Nordoste grenzt Spuenien u Frankräich an Andorra am Westen u Portugal an am Süden u Gibraltar. Zu Spuenien gehéieren ausserdeem nach d'Balearen, d'Kanaresch Inselen an déi autonom Stied an Nordafrika Ceuta a Melilla.

Ausserdeem gehéiere Spuenien nach a Frankräich d'Exklav Llívia an d'Inselen Islas Chafarinas, Peñón de Vélez de la Gomera, Alhucemas, Alborán an d'Islas Columbretes, déi virun der marokkanescher Küst leien. D'Zougehéieregkeet vun der Péiterséileginsel ass tëscht Marokko a Spuenien net gekläert.

De nërdlechste Punkt vu Spuenien ass d'Estaca de Vares, de westlechste de Kap Toriñana, allen zwee a Galicien, de südlechsten ass d'Punta Marroquí bei Tarifa, den ëstlechsten de Cap de Creus. Déi gréisst Ausdehnung vun Norde bis Süden huet 856 km a vun Osten bis Westen 1.020 km.

Deen héchste Punkt ass Teide op 3.718 m an den déifsten ass den Atlantik op 0 m.

De gréisste Floss ass den Tajo an de gréisste Séi ass de Lago de Sanabria.

D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid. Weider gréisser Stied sinn: Barcelona, Valencia, Sevilla, Saragossa a Málaga mat iwwer 500.000 Awunner.

Kastilien-León

Kastilien-León (sp: Castilla y León) ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.

Lugo

Lugo ass d'Haaptstad vun der spuenescher Provënz Lugo a läit an der Autonomer Gemeinschaft Galicien am Nordweste vu Spuenien. Lugo huet ronn 100.000 Awunner. D'UNESCO huet d'réimesch Mauere vu Lugo 2000 op d'Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.

Lëscht vun de Provënzen a Spuenien

Dës Lëscht vun vun de spuenesche Provënzen ass en Deel vun de Referenztabellen.

Spuenien ass a 17 autonom Regiounen agedeelt an an 2 autonom Stied.

Bannent dëse Gemeinschaften ass Spuenien a 50 Provënzen agedeelt.

Lëscht vun de spuenesche Groussstied

Dës Lëscht vun de spuenesche Groussstied ass en Deel vun de Referenztabellen.

Hei opgelëscht sinn all Stied mat méi wéi 200.000 Awunner an hir Awunnerzuel (Stand: 1. Januar 2010; Referenz INE ).

Provënz A Coruña

A Coruña ass eng vu véier Provënzen an der spuenescher autonomer Gemeinschaft Galicien. D'Haaptstad ass A Coruña.

Offiziell an op Galicesch heescht d'Provënz A Coruña, gëtt awer am spuenesche Sproochgebrauch La Coruña genannt.

D'Provënz A Coruña grenzt am Norden un d'Kantabrescht Mier, am Osten un d'Provënz Lugo, am Westen un den Atlantik an am Süden un d'Provënz Pontevedra.

A Coruña huet eng Fläch vu 7.950 km² an eng Bevëlkerungzuel vun 1.132.792 Awunner (INE 2007). D'Provënz ass an 18 Comarcas agedeelt. Gréisser Stied, nieft der Haaptstad, sinn Santiago de Compostela a Ferrol.

D'Comarcas sinn:

Comarca de Arzúa

Comarca del Barbanza

Comarca de La Barcala

Comarca de Bergantiños

Comarca de Betanzos

Comarca de La Coruña

Comarca del Eume

Comarca de Ferrol

Comarca de Finisterre

Comarca de Muros

Comarca de Noya

Comarca de Órdenes

Comarca de Ortegal

Comarca de Santiago

Comarca del Sar

Comarca de Tierra de Mellid

Comarca de Tierra de Soneira

Comarca del Xallas

Provënz León

León ass eng vun néng Provënzen an der spuenescher Regioun Kastilien-León. D'Haaptstad ass León.

León läit am Nordweste vu Spuenien a grenzt am Norden un Asturien a Kantabrien, am Westen u Galicien, am Süden u Zamora a Valladolid an am Osten u Palencia.

D'Provënz ass an 10 Comarcas agedeelt. Gréisser Stied sinn d'Haaptstad León, Ponferrada, San Andrés del Rabanedo, Villaquilambre a Villablino.

Provënz Lugo

Lugo ass eng vu véier Provënzen an der spuenescher autonomer Gemeinschaft Galicien. D'Haaptstad ass Lugo.

D'Provënz Lugo läit am nërdlechen Deel vu Galicien a grenzt am Norden un d'Kantabrescht Mier, am Westen un d'Provënzen A Coruña a Pontevedra, am Süden un d'Provënz Orense an am Osten un d'autonom Gemeinschaft Asturien an un d'Provënz León.

Lugo ass mat enger Fläch vun 9.856 km² déi gréisst Provënz vu Galicien.

Gréisser Uertschaften, nieft der Haaptstad sinn Monforte de Lemos, Vivero, Ribadeo, Villalba, Sarria, Chantada a Mondoñedo.

De gréisste Floss ass de Floss Miño.

Provënz Ourense

Ourense ass eng vu véier Provënzen an der spuenescher autonomer Gemeinschaft Galicien. D'Haaptstad ass Ourense.

D'Provënz läit am südlechen Deel vu Galicien a grenzt am Westen un d'Provënz Pontevedra, am Norden un d'Provënz Lugo, am Osten un d'Provënzen León a Zamora an am Süden u Portugal. Ourense huet eng Fläch vu 7.273 km² an huet als eenzeg galicesch Provënz keen Zougang zum Mier.

Offiziell an op Galicesch heescht d'Provënz Ourense, gëtt awer am spuenesche Sproochgebrauch Orense genannt.

Ourense ass an 92 Gemengen agedeelt. Gréisser Stied, nieft der Haaptstad, si Verín, Barco de Valdeorras a Carballino, mat iwwer 10.000 Awunner am Joer 2005.

Provënz Pontevedra

Pontevedra ass eng vu véier Provënzen an der spuenescher autonomer Gemeinschaft Galicien. D'Haaptstad ass Pontevedra.

D'Provënz Pontevedra läit am Nordweste vu Spuenien a grenzt am Norden un d'Provënz A Coruña, am Osten un d'Provënzen Lugo an Ourense, am Süden u Portugal an am Westen un den Atlantik.

Pontevedra ass an 62 Gemengen an an 10 Comarcas agedeelt. D'Comarcas sinn:

Comarca do Baixo Miño

Comarca de Caldas

Comarca do Condado

Comarca do Deza

Comarca do Morrazo

Comarca da Paradanta

Comarca de Pontevedra

Comarca do Salnés

Comarca de Tabeirós-Terra de Montes

Comarca de VigoGréisser Stied, nieft der Haaptstad, si Vigo, Vilagarcía de Arousa a Redondela. Vigo, ass mat iwwer 294.000 Awunner déi meescht bevëlkerte Stad vun der Provënz an souguer vu ganz Galicien.

Rías Baixas (DO)

Rías Baixas ass eng Wäibauregioun a Galicien a Spuenien. Et ass vun den 51 Wäibaugebidder a Spuenien dat rezents dat eng Denominación de origen huet.

Déi aner Appellatiounen aus Galicien Ribeiro, a Valdeorras, ware praktesch onbekannt bis se am Trend vum Rías Baixas, am internationalen Handel maternimmt goufen.

D'Haaptriefzort ass den Albariño, eng Rief déi e wäisse Wäi gëtt, a sou eng gutt Qualitéit huet datt se an der ganzer Provënz Pontevedra ugebaut gëtt.

D'DO Rías Baixas deelt sech an dräi Zonen op:

Valle del Salnés am Weste laanscht d'Küst an der Géigend vu Cambados.

El Rosal op der Grenz mat Portugal

Contado del Tea.D'Biedem sinn haaptsächlech Granitformatiounen an de Klima ass ënner dem Afloss vum Atlantik. D'Wantere si kal, an den Nidderschlag héich.

Bis op e puer Ausname sinn d'Rías Baixas-Wäiner déi bescht wäiss Wäiner a Spuenien.

Déi bekanntst Produzente sinn:

Granxa Fillaboa

Bodegas Morgadío-Agromiño

Bogedas Salnesur

Bodegas de Vilariño-Cambados

Bodegas Marqués de Vizhoja

Santiago Ruiz

Terras Gauda SA

Santiago de Compostela

Santiago de Compostela ass eng spuenesch Stad an d'Haaptstad vu Galicien am Nordweste vu Spuenien an der Provënz A Coruña. Santiago de Compostela huet ronn 90.000 Awunner an ass an der ganzer Welt als Pilgeruert bekannt, well do, an der Kathedral vum Äerzbistum Santiago de Compostela, d'Graf vum Apostel Jakob ass, wéinst deem all Joer Dausenden an Dausende vu Pilger an Touristen op Santiago de Compostela ginn. D'UNESCO huet Santiago de Compostela 1985 op d'Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.

Spuenien

Spuenien (sp.: España) ass e Staat an Europa op der iberescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid.

Takekazu Asaka

Den Takekazu Asaka (op Japanesch: 浅香武和), gebuer 1952 zu Tokio, ass e japanesche Linguist, Professer fir romanesch Sproochen op der Universitéit Tsuda an Iwwersetzer. Hien gouf als notabele Fuerscher vun der galicescher Sprooch bekannt.Hien huet zu Madrid Sproochwëssenschaft studéiert. Zanter 1978 eruerscht den Asaka déi galicesch Sprooch a hir Grammaire. 1993 huet hien dat éischt Buch op Japanesch, iwwer d'Grammaire vun der moderner galicescher Sprooch geschriwwen. Den Takekazu Asaka nennt sech en "Ambassadeur vun der galicescher Sprooch a Japan"; hien enseignéiert Sprooch a Kultur vu Galicien a sengem Land. Zanter 2017 ass hien akademesche Korrespondent vun der Kinneklecher Akademie vu Galicien.Hien ass och bekannt als Iwwersetzer vun der galicescher Poesie op Japanesch.Den Asaka schafft och als Professer fir d'Grammaire vun der spuenescher Sprooch zu Tokio. Hie schwätzt och Katalanesch, Baskesch, Englesch a Franséisch.

Vigo

Vigo ass eng Stad am Nordweste vu Spuenien. Si läit an der autonomer Regioun Galicien an an der Provënz Pontevedra.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.