Europäesch Unioun

D'Europäesch Unioun (Ofkierzung: EU) ass eng Vereenegung vun 28 europäesche Staate mat enger totaler Awunnerzuel vu 490 Millioune Mënschen an ass um Bruttoinlandsprodukt gemooss, de gréisste Wirtschaftsraum vun der Welt.

EU Member states and Candidate countries map
D'Europäesch Union an d'Kandidatelänner
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Europäescher Unioun (EU). Fir aner Bedeitunge vun EU, Eu an eu, kuckt w.e.g. EU (Homonymie).
Society Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Europäesch Unioun
Flag of Europe
EU location

Europasymboler

Geschicht

Aktuell Entwécklung

Sproochen

D'Europäesch Unioun huet 24 Amtssproochen:

Memberen

kuckt den Artikel: Memberstaate vun der Europäescher Unioun

Bäitrëttskandidaten

Institutiounen

Politik

...

Ekonomie

...

Euro

kuckt den Artikel: Euro

Um Spaweck

Commons: – Biller, Videoen oder Audiodateien
.eu

.eu ass den Nationalen Top-Level-Domän vun der Europäescher Unioun an hire Memberstaaten.

Catherine Ashton

D'Catherine Margaret Ashton, Baroness Ashton of Upholland, gebuer den 20. Mäerz 1956 zu Upholland, Lancashire, ass eng britesch Politikerin (Labour Party).

Si gouf den 3. Oktober 2008 ass si Handelscommissaire vun der Europäescher Kommissioun.

Vun 2009 bis 2014 ass si Héich Representantin vun der EU fir Aussen- a Sécherheetspolitik an domat gläichzäiteg Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun.

Si ass Member vum House of Lords a vum Privy Council, awer an der Zäit vun hirem Mandat an der Kommissioun ass hir Memberschaft an deenen zwou Institutioune suspendéiert.

Dänesch

Dänesch (da: Dansk) gehéiert zum nordgermaneschen Ënneraascht vun den indoeuropäesche Sproochen.

D'dänesch Sprooch gëtt vu ronn 5–6 Milliounen Awunner als Mammesprooch geschwat.

Et ass d'offiziell Sprooch an Dänemark an op Färöer, an et ass och d'Aarbechts- a Korrespondenzsprooch am Nordesche Rot an an der Europäesch Unioun.

Europa (Kontinent)

Europa erstreckt sech vum Nordmier an dem Atlantik am Weste bis zum Ural am Osten a vum Mëttelmier am Süde bis zum Nordpol. Et liewen, bei enger Bevëlkerungsdicht vun 66/km2, 700 Millioune Mënschen um westlechen Deel vun Eurasien. Europa huet eng Fläch vun 10.532.000 km2. Europa huet déi drëttgréisst Bevëlkerungszuel vun de fënnef Kontinenter.

Europafändel

Den Europafändel besteet aus engem Kranz vun zwielef gëllene fënnefzackege Stären, déi sech net beréieren an déi virun engem bloen (azurfaarwegen) Hannergrond duergestallt sinn.

Den Europafändel ass 1955 vum Europarot agefouert ginn. 1986 gouf e vun der Europäescher Unioun iwwerholl. Am Projet vun der Europäescher Verfassung gouf dëse Fändel als offiziellt Symbol vun der Europäescher Unioun festgehalen. Aus der Europäescher Verfassung ass awer näischt ginn, wëll Holland a Frankräich an hiren entspriechende Referenden dogéint gestëmmt hun. Dowéinst huet den Europafändel och net den entspriechende Status kritt, deen an deem Projet virgesi war. Trotzdem ass et esou datt de Fändel zu Lëtzebuerg, esou wéi an enger Retsch anere Länner als offiziellt Symbol benotzt gëtt, an zwar an deem Sënn datt Lëtzebuerg am Traité vu Lissabon déclaréiert huet den Europafändel als e Symbol vun der Zougehöregkeet zur Europäescher Unioun unzegesinn. Dest ass onofhängeg dovunner, datt eben ënnert anerem Frankräich a Groussbrittanien des Déclaratioun verweigert hunn.

Traditionell ass e Bild mat zwielef Stären d'Symbol vun der Vollkommenheet. Reng zoufälleg huet d'Zuel vun de Stären deemools, d.h. vun 1986 bis zur Erweiderung 1995, der Zuel vun den deemolege Memberstaaten vun der Europäescher Unioun entsprach. D'Zuel vun de Stäre gouf zanterhier net méi geännert.

Europahaus

D'Europahaus an der Stad Lëtzebuerg, um Krautmaart op Nummer siwen, regruppéiert d'Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun, den Informatiounsbüro vum Europaparlament an en Europäeschen Informatiounszenter.

Europahymn

D'Europahymn ass d'Nationallidd vun de Länner vum Europarot an de Länner vun der Europäescher Unioun. Lauschtert d'Europahymn.

Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft

D'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) war eng international Organisatioun déi 1957 duerch den Traité vu Roum geschaf gouf, fir tëscht den deemools 6 Memberstaaten (Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, Italien a Lëtzebuerg) eng wirtschaftlech Integratioun (dorënner de Bannemaart) z'erreechen.

Se gouf an den 1970er an 1980er Joren ëm 6 weider Memberstaate vergréissert. Zanter 1967 (Fusiounstraité) waren hir Institutiounen déiselwecht wéi déi fir d'CECA an Euratom, an déi dräi zesumme goufen "Europäesch Gemeinschaften" (oder "Communautéiten") genannt.

Wéi den 1. November 1993 d'Europäesch Unioun (EU) an d'Liewe geruff gouf, gouf aus der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft d'Europäesch Gemeinschaft (EG), eng vun den Dräi Saile vun der Europäescher Unioun. D'Institutioune vun der EWG goufen als Institutioune vun der Europäescher Unioun virugefouert.

Europäeschen Entwécklungsfong

Den Europäeschen Entwécklungsfong (EEF) ass d'Haaptinstrument vu der Europäescher Unioun fir d'Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika, an der Karibik am Pazifik (AKP-Länner) an an ausgesënnerten Territoire vun den EU-Memberlänner, a vun hire Bezéiungen zur Europäescher Unioun.

Federica Mogherini

D'Federica Mogherini, gebuer de 16. Juni 1973 zu Roum, ass eng italienesch Politikerin vum Partito Democratico (PD) an zanter dem 1. November 2014 Vizepresidentin an der Europäescher Kommissioun ënner der Présidence vum Jean-Claude Juncker a gläichzäiteg d'Héich Representantin vun der EU fir Aussen- a Sécherheetspolitik, zu deem se den 30. August 2014 vun Europäesche Conseil designéiert gi war.2008 an 2013 war si an déi italienesch Deputéiertechamber gewielt ginn. Vum 22. Februar 2014 bis den 31. Oktober 2014 war si Ausseministesch an der Regierung vum Premierminister Renzi.

Si ass bestuet an huet zwou Duechteren.

Fernand Herman

De Fernand Herman, gebuer den 23. Januar 1932 zu Boirs, a gestuerwen de 4. Abrëll 2005 zu Bréissel, war tëscht 1975 a 1977 belsche Wirtschaftsminister a vun 1979 bis 1999 aktive Member vum Europaparlament, deen als Ekonomist, duerch seng gutt fundéiert Rapporten, sech am Europaparlament en Numm gemaach huet.

De Fernand Herman war en iwwerzeegte Federalist an huet och aktiv un der Aféierung vum Euro an der Europäeschen Unioun matgewierkt.

Javier Solana

De Javier Solana de Madariaga, gebuer de 14. Juli 1942 zu Madrid, ass e spuenesche Politiker.

Zanter 1999 ass hie Generalsekretär vum Conseil vun der Europäescher Unioun an Héije Vertrieder fir déi Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) vun der Europäescher Unioun. De 25. November 1999 gouf de Solana och nach Generalsekretär vun der Westeuropäescher Unioun (WEU).

Jean-Claude Juncker

De Jean-Claude Juncker, gebuer den 9. Dezember 1954 zu Réiden, ass e lëtzebuergesche Politiker. De 15. Juli 2014 gouf hie vum Europäesche Parlament zum President vun der Europëscher Kommissioun gewielt, wouzou den Europäesche Conseil hien de 27. Juni 2014 designéiert hat.Hie war vun 1982 bis 2013 ouni Ënnerbriechung Member vun der Lëtzebuerger Regierung an zanter 1995 Premierminister (zäitweileg och Finanzminister). Ausserdeem war hie vum 1. Januar 2005 bis den 21. Januar 2013 President vum Eurogrupp. No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 war hien Deputéierten an der Chamber.

Leader

Leader ass eng Initiativ vun der Europäescher Unioun fir d'Fërderung vun der Entwécklung vum ländleche Raum. De Kierzel steet fir "Liaisons entre actions de développement de l'économie rurale".

D'Leader-Approche encouragéiert d'Bevëlkerung an hir Vertrieder a Veräiner a Gemenge fir sech Gedanken iwwer d'Entwécklungspotential vun hirem Gebitt ze maachen, an hir Schlussfolgerungen a Form vun Entwécklungsprojeten ëmzesetzen. Idealerweis geschitt dat am Kader vu Partnerschaften tëscht verschiddenen Acteure vun der ländlecher Entwécklung wéi z. B. Vertrieder vu soziokulturelle Vereenegungen a Representanten aus Tourismus, Wirtschaft, Schoulwiesen an aus der lokaler a regionaler Politik. Haaptziler sinn dobäi d'Verbesserung vun der Liewensqualitéit an d'Diversifizéierung vun der regionaler Ekonomie.

Folgend Elementer spillen an der Leader-Initiativ eng wichteg Roll:

Ausschaffe vun enger multisektorieller Entwécklungsstrategie (business plan) fir e kloer ofgegrenzt Gebitt dat tëscht 10.000 an 100.000 Awunner huet;

Zesummestelle vu lokalen Aktiounsgruppen (ofgekierzt LAG), un deene sech Partner aus dem ëffentlechen a private Secteur bedeelegen. De private Secteur muss op d'mannst mat 50 % vertruede sinn.

Bottom-up-Approche, bei där d'Iddie vun de Leit kommen an hir Ëmsetzung vun enger regionaler Partnerschaft matgedroe gëtt;

D'Projete sollen innovativ sinn.

Duerchféiere vu gemeinsame Projete mat aneren Aktiounsgruppen zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Lëscht vun de lëtzebuergeschen Europadeputéierten

Des Lëscht vun de lëtzebuergeschen Europadeputéierten ass en Deel vun de Referenztabellen.

Memberstaate vun der Europäescher Unioun

D'Europäesch Unioun (EU) huet 28 Memberstaaten:

déi 6 GrënnungsMembere vun den Europäesche Communautéiten, déi och schonn 1951 den CECA-Vertrag ënnerschriwwen haten:

Belsch,

Däitschland,

Frankräich,

Holland,

Italien a

Lëtzebuerg.

1973 koum et zum Bäitrëtt vun 3 weidere Länner:

Dänemark,

d'Vereenegt Kinnekräich an

Irland.Norwegen hat och ënnerschriwwen, datt et wéilt bäitrieden, mä d'Vollek huet dat an engem Referendum refuséiert.

1981 ass et um Tour vu Griicheland.

1986 trieden déi 2 Länner vun der Iberescher Hallefinsel bäi:

Spuenien a

Portugal.

1995 trieden 3 Länner deem bäi, wat zanter 1993 duerch den Traité vu Maastricht an 'Europäesch Unioun' ëmbenannt ginn ass:

Éisträich,

Finnland a

Schweden.Alt nees eng Kéier huet d'norwegescht Vollek seng Regierung iwwerstëmmt a bei engem Referendum 'Neen' zum Bäitrëtt gesot.

Den 1. Mee 2004 sinn 10 Länner op ee Siess der EU bäigetrueden:

Estland,

Lettland,

Litauen,

Malta,

Polen,

d'Slowakei,

Slowenien,

Tschechien,

Ungarn an

Zypern.

Mat Bulgarien a Rumänien, déi den 1. Januar 2007 bäigetruede sinn, huet sech d'Zuel vun de Memberstaate op 27 erhéicht.

Den 1. Juli 2013 koum mat dem 28. Memberstaat Kroatien als bis ewell lescht Land dobäi.Mat der Tierkei, Montenegro a Serbien lafe Bäitrëttsverhandlungen. Island hat 2009 Bäitrëttsverhandlungen ugefaangen, huet dës awer 2015 nees ofgebrach.

Den 29. Mäerz 2017 huet d'Vereenegt Kinnekräich formell seng Decisioun bekannt gemaach, aus der EU austrieden ze wëllen. D'Modalitéite vun deem Austrëtt an déi vun den zukünftege Relatioune mat der EU nom Austrëtt musse bannent zwee Joer ausgehandelt ginn.

Parlament

E Parlament (v. alfr.: parlement - Gespréich; v. fr.: parler - schwätzen) ass d'Versammlung vu Vertrieder vun enger administrativer Gebittseenheet (z. B. Europäesch Unioun, Staat, Bundesrepublik, Bundesland, Kanton), déi Gesetzer mécht (Legislativ). Keng Parlamenter am staatsrechtleche Sënn sinn absënns déi däitsch Gemengevertriedungen.

Zur Zäit vum Ancien Régime a Frankräich war e Parlament allerdéngs e Geriichtshaff, an hat wéineg mam haitege Sënn vu "Parlament" ze dinn. D'Paräisser Parlament war déi iewescht Geriichtsinstanz am Kinnekräich.

An enger Demokratie ginn d'Representante vun engem Parlament mat Wale bestëmmt. An anere Regierungsforme gëtt et och Ernennungen.

An demokratesche Staaten huet d'Parlament nieft dem Recht Gesetzer an de Budget ze maachen och nach d'Missioun, d'Regierung ze kontrolléieren. Deputéiert hu vis-à-vis vun der Regierung an den eenzele Ministeren d'Recht op Renseignementer an ënner Ëmstänn op e Mësstrauensantrag. D'Reegelungen dofir sinn an der Konstitutioun vum jeeweilege Staat an an der parlamentarescher Geschäftsuerdnung festgeluecht.

Déi meescht Parlamenter bestinn aus zwee Haiser (Zweekummersystem); d'Membere vun där méi klenger Kummer ginn dacks net direkt gewielt, mä vun Ënnergebittseenheeten (z. B. Bundeslänner) geschéckt. Wichteg Organer sinn de Parlamentspresident a Stellvertrieder, de Fraktiouns-President vun de Parlamentsparteien an déi fachbezunnen Ausschëss, an deenen d'Gesetzpropositioune virbereet ginn.

Et ënnerscheet een tëscht Aarbechts- a Riedeparlamenter: An engem Riedeparlament (z. B. Britescht Ënnerhaus) ginn all politesch Froen an Diskussiounen diskutéiert, während an engem Aarbechtsparlament (z. B. amerikanesche Kongress) e groussen Deel vun der Aarbecht a Comitéë gemaach gëtt.

Als Parlament am méi breede Sënn ginn och Delegéierteversammlunge vun internationalen Organisatioune bezeechent, z. B. d'Benelux-Parlament, d'Parlamentaresch Versammlung vun der OSZE, vun der NATO ...

Traité vu Lissabon

Den Traité (oder Vertrag) vu Lissabon (am Ufank och EU-Reform-Traité genannt) ass en internationalen Traité tëscht den deemools 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, deen den 13. Dezember 2007 ënner portugisescher EU-Conseilspresidence zu Lissabon ënnerschriwwe gouf.

Den Traité iwwerhëlt wesentlech Inhalter vum Traité iwwer eng europäesch Verfassung vun 2004, deen net a Kraaft getruede war. Am Géigesaz zum Verfassungsprojet ersetzt en awer net déi Traitéen, déi et bis ewell ginn huet, mä ännert a completéiert se, notamment den EG- an EU-Traité).

Mam Lissabon-Traité kritt d'EU eng eenheetlech Struktur a gëtt eng eegestänneg Personne juridique. Aner wichteg Neierunge vum Vertrag vu Lissabon sinn d'Ausbreedung vum Prinzip vun der qualifizéierter Majoritéit fir déi meescht Politikberäicher bei Decisiounen am Ministesch-Conseil, d'Aféierung vum Amt vun engem Héije Vertrieder fir déi Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik, méi Rechter fir d'Europäescht Parlament, d'Méiglechkeet, datt 1 Millioun Bierger eng Gesetzesinitativ kënnen ufuerderen, d'méi staarkt Agebonne-Sinn vun den nationale Parlamenter an den europäesche Gesetzgebungsprozess, d'Méiglechkeet fir national Parlamenter, eng Plainte virum Europäesche Geriichtshaff anzereechen, d'rechtlech Verbindlechkeet vun der EU-Grondrechter-Charta an d'Méiglechkeet fir e Memberstaat, nees auszetrieden.

Den Traité ass den 1. Dezember 2009 a Kraaft getrueden.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.