Enzyklopedie

Enzyklopedie (algriichesch ἐγκύκλιος παιδεία = "enkyklios paideia", enkýklios = kreesfërmeg a paideía = Léier, Bildung) beschreift ursprénglech (zirka -5. Joerhonnert) eng universal Bildung am Sënn vun engem "studium generale".

Eréischt am Zäitalter vun de Lumières ass an der Neizäit duerch d'Aarbechte vun de franséischen Enzyklopedisten Denis Diderot a Jean d'Alembert de Begrëff vun enger "scientia generalis" (Allgemengwëssen, Allgemengwëssenschaft) entstanen. Vun elo u bezeechent de Begrëff Enzyklopedie souwuel sou eng Wëssenschaft wéi hiert Resultat, d'Duerstellung vum komplette Wëssen (oder op d'mannst de Versuch vu sou enger kompletter Duerstellung) .

Wéi déi franséisch Enzyklopedisten dunn hiert gesammelt Wëssen a Form vun alphabeteschen Noschlowierker zougänglech gemaach hunn, gouf de Begrëff Enzyklopedie séier zur Bezeechnung vun engem enzyklopedesche Lexikon.

Am Géigesaz zu den Enzyklopedien erhiewe weder Dictionnairen, nach Lexikonen a Fachlexikonen den Usproch, vollstänneg Wierker ze sinn. Enzyklopedië baséieren op engem Wësse vun Autoritéiten an hirem Fachberäich an op valide Quellen a ka mat Beispiller an Illustratioune komplettéiert ginn.

Encyclopedie de D'Alembert et Diderot - Premiere Page - ENC 1-NA5
Encyclopédie vum Diderot an dem Alembert

Literatur

  • Robert Collison: Encyclopaedias. Their history throughout the ages. A bibliographical guide with extensive historical notes to the general encyclopaedias issued throughout the world from 350 B.C. to the present day. New York, London: Hafner 1964
  • Walter Goetz: "Die Enzyklopädien des 13. Jahrhunderts. Ein Beitrag zur Entstehung der Laienbildung". In: Zeitschrift für deutsche Geistesgeschichte. Jg. 2, H.1-3, 1936. S. 227-250
  • Jürgen Henningsen: "Enzyklopädie". Zur Sprach- und Bedeutungsgeschichte eines pädagogischen Begriffs. In: Archiv für Begriffsgeschichte 10 (1966). S. 217?362
  • Carsten Zelle (Hrsg.): Enzyklopädien, Lexika und Wörterbücher im 18. Jahrhundert. Göttingen 1998

Bekannt Enzyklopedien

Numm (Ënner-)Titel Medium Artikelen Wierder Wierder pro
Artikel
Biller Videoen Audiofichieren Websäiten
Encyclopédie vum Diderot a vum d'Alembert Encyclopédie ou Dictionnaire raisonné des sciences, des arts et des métiers, erauskomm vu 1751 bis 1772 28 Bänn
(17 Text- an 11 Tafelbänn)
71.818 20 Mio. 278 2.885 keng keng keng
Britannica Encyclopædia Britannica (EB) 32 Bänn >65.000 44 Mio. 677 >24.000 keng keng ?
Britannica Britannica Ultimate Reference Suite 2005 6 CDen oder 1 DVD >100.000 >54 Mio. 540 >17.650 zesummen 165.000
Brockhaus Die Enzyklopädie, 21., neu bearbeitete Auflage, 2005 bis 2006 30 Bänn >300.000 33 Mio. 110 >40.000 keng keng ?
Brockhaus Die Enzyklopädie digital USB-Stick an 2 DVDen >300.000 33 Mio. 110 >40.000 300 3000/ 70 Stonnen >22.000
Enciclopedia universal ilustrada europeo-americana Enciclopedia Espasa 2004 90 Bänn + 1 DVD >900.000 >200 Mio. 222 >100.000 ? ? ?
Encyclopaedia Universalis Encyclopaedia Universalis - édition 2008 30 Bänn >30.000 ? ? 17.000 zesummen >1.500
Encyclopédie Universelle Larousse L'Encyclopédie Universelle Larousse 2003 4 CDe oder 1 DVD >150.000 >25 Mio. 167 10.500 zesummen 2.300
GEO Themenlexikon Das Werk, das Wissen zum Erlebnis macht 2006 20 Bänn >30.000 ? ? >8.500 keng keng ?
Microsoft Encarta Enzyklopädie Professional 2007 1 DVD >50.000 >20 Mio. 400 >24.000 >300 >2.800 6.000
Meyers Meyers Enzyklopädisches Lexikon in 25 Bänden 9. Auflage 1971 bis 1979 25 Bänn >250.000 ? ? ? keng keng keng
Meyers Meyers Großes Taschenlexikon in 26 Bänden 26 Bänn + CD >150.000 ? ? >5.000 keng keng ?
Pauly-Wissowa Paulys Realencyclopädie der classischen Altertumswissenschaft (1890–2000) 86 Bänn an eng CD ? ? ? ? keng keng keng
Wikipedia Die freie Enzyklopädie (deutsch) online, PDA, Mobiltelefon, CD-ROM, DVD, Täschebicher >935.000 >400 Mio. >550 >420.000 ? >200 >670.000
Wikipedia The free encyclopedia (englisch) online, ? >2.700.000 >1 Mrd. 500 >1.200.000 ? ? >2.600.000
Wikipedia Die freie Enzyklopädie (mehrsprachig) online, ? >10.000.000 >2,5 Mrd. 312 >3.500.000 ? ? >5.000.000

Um Spaweck

Commons: Enzyklopedien – Biller, Videoen oder Audiodateien
Algriichesch

Algriichesch ass déi al Form vun der griichescher Sprooch.

Aluminium

Aluminium (Symbol Al) ass e chemescht Element mat der Uerdnungszuel 13 am Periodesystem vun den Elementer. Seng relativ Atommass ass 26,981538.

Denis Diderot

Den Denis Diderot, gebuer de 5. Oktober 1713 zu Langres (Champagne-Ardenne), a gestuerwen den 31. Juli 1784 zu Paräis, war e franséische Schrëftsteller, Philosoph an Enzyklopedist. Den Diderot gehéiert zesumme mam Montesquieu, mam Voltaire a mam Rousseau zu de wichtegste Perséinlechkeete vum Zäitalter vun der Opklärung.

Am bekanntsten ass den Diderot duerch seng Enzyklopedie, der Encyclopédie, ou Dictionnaire raisonné des sciences, des arts et des métiers, déi en zesumme mam Jean d'Alembert erausbruecht huet.

Englesch Erëffnung

D'Englesch Erëffnung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen A10 bis A39 klassifizéiert.

D'Englesch Erëffnung fänkt mam folgenden Zuch un:

1. c4

Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen

D'Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen, op Englesch Encyclopaedia of Chess Openings (ECO), ass e Klassifikatiounssystem fir d'Erëffnungszich vun enger Schachpartie. Amplaz vun den traditionellen Nimm fir d'Erëffnungen benotzt d'Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen e Codéierungssystem, deen och an anere Schachpublikatiounen ugewennt gëtt. Et gëtt fënnef Haaptkategorien, „A“ bis „E“, déi a jeeweils honnert Ënnerkategorien agedeelt sinn.

Fraunhoferlinn

D'Fraunhoferlinne sinn Absorptiounslinnen am Sonnespektrum. Si entstinn duerch d'Resonanzabsorptioun vun de Gasen an der Sonnephotosphär.

D'Fraunhoferlinnen erlabe Réckschlëss op d'chemesch Zesummesetzung an op d'Temperatur vun der Gasatmosphär vun der Sonn a vun anere Stären.

Jimmy Wales

Den Jimmy Donal "Jimbo" Wales, gebuer de 7. August 1966 zu Huntsville, Alabama, ass en US-amerikanesche Geschäftsmann a Wiki-Pionéier.

No sengem Studium op der Universitéit vun Auburn an der Universitéit vun Alabama gouf de Wales Derivaten-Trader op der Bourse vu Chicago, wou en souvill Sue gescheffelt huet datt e fir de Rescht vu sengem Liewen ausgesuergt huet.

1996 huet e säi Beruff un den Nol gehaangen an e Sichportal mam Numm Bomis gegrënnt, iwwer dat en ë. a. erotesch a pornographesch Biller verkaaft huet. De Wales ass hautdesdaags zwar net méi Direkter vu Bomis, mä ëmmer nach den Haaptaktionär an och en Employé vun där Firma.

Am Mäerz 2000 huet en den oppenen Enzyklopedie-Projet Nupedia gegrënnt an de Larry Sanger als Chefredakter agestallt. D'Nupedia ass awer dee kooperative Modell fir Artikelen ze schreiwen nach vill ze restriktiv ugaangen, soudatt dat Ganzt kee grousse Succès gouf an d'Internetsäit schlussendlech zougemaach gouf.

Sou koum et dann datt de 15. Januar 2001 de Wales, de Sanger an nach e puer anerer zesummen en neien Ulaf geholl hu fir eng fräi wiki-baséiert Enzyklopedie online ze bréngen: d'Wikipedia. Den 20. Juni 2003 huet de Wales dee ganze Projet der frësch gegrënnter Fondatioun Wikimedia ënnerstallt, an där hirem Direktiounskomitee de Wales selwer mat nach zwéin anere Bomis-Mataarbechter d'Majoritéit huet, géint zwéi vun der Wikipedia-Communautéit fräi gewielte Komiteesmemberen.

2004 huet de Wales dunn déi profitorientéiert Firma Wikia an d'Liewe geruff, déi de Webhosting-Déngscht Wikicities bedreift.

Fir d'Wikimedia z'ënnerstëtze reest de Wales dacks duerch d'Welt fir Konferenzen ze halen an op Wiki-Evenementer dobäi ze sinn (z. B. "Wikimeets" a "Wikimania"). Dacks gëtt en och als Gaaschtriedner engagéiert. Sou ass hien den 20. Juni 2013 vun 10:30 bis 11:15 als Riedner op der 'ICT Spring Europe 2013' an der Luxexpo um Kierchbierg.

Leeferspill

D'Leeferspill ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Oppene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen C23 an C24 klassifizéiert.

D'Leeferspill fänkt mat de folgenden Zich un:

1. e4 e5

2. Lc4

Lexikon

Lexikon (λἐξικον vu λἐξις = "lexis", d'Wuert; pl.: Lexika) ass ganz allgemeng d'Bezeechnung vun engem Noschlowierk oder engem Dictionnaire. E Lexikon ass am Ëmfank an der Reegel méi kleng wéi eng Enzyklopedie.

Beispill: Meyers Lexikon

Neiséiland

Neiséiland (eng.: New Zealand / mi.: Aotearoa) ass en Inselstaat am südleche Pazifik. Et besteet aus der Nord-, der Südinsel an nach ville méi klengen Inselen.

Ofgeleent Dammegambit

D'Ofgeleent Dammegambit ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen D30 bis D69 klassifizéiert.

D'Ofgeleent Dammegambit fänkt mat de folgenden Zich un:

1. d4 d5

2. c4 e6

Pirc-Verdeedegung

D'Pirc-Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Hallefoppene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen B07-B09 klassifizéiert.

D'Pirc-Verdeedegung fänkt mat de folgenden Zich un:

1. e4 d6

2. d4 Sf6

3. Sc3 g6

Russesch Verdeedegung

D'Russesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Oppene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner de Schlësselen C42 bis C43 klassifizéiert.

D'Russesch Verdeedegung fänkt mat de folgenden Zich un:

1. e4 e5

2. Sf3 Sf6

Samsa Film

Samsa Film ass eng vun de gréisste Filmproduktiounsfirmen zu Lëtzebuerg.

Samsa Film gouf 1986 gegrënnt. Haut gëtt et dräi Associéen: De Jani Thiltges, de Claude Waringo an de Bernard Michaux.

Den 22. Januar 2015 huet Samsa mat Lucil Film fusionéiert.Samsa Film produzéiert zesumme mat der Association professionnelle des galeries d'art du grand-duché de Luxembourg eng Serie vun 30 Filmer iwwer Konschtschafender, déi mat Lëtzebuerg verbonne sinn, ënner dem Titel Portraits d'artistes.

Swalm

D'Swalm ass e klengen Niewefloss vun der Meuse.

Van-Geet-Erëffnung

D'Van-Geet-Erëffnung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel A00 klassifizéiert.

D'Van-Geet-Erëffnung fänkt mam folgenden Zuch un:

1. Sc3

Wikimedia

D'Wikimedia Foundation Inc. ass d'Organisatioun déi sech ëm Wikipedia, Wiktionary, Wikiquote, Wikibooks, In Memoriam 9/11 an Nupedia këmmert. Wikimedia ass eng Association sans but lucratif déi ënner d'Gesetz vum Bundesstaat Florida, USA fält. D'offiziell Existenz vun der Fondatioun gouf den 20. Juni 2003 vum Jimbo Wales bekannt ginn, de Cofondateur vu Wikipedia.

Wikipedia

Wikipedia ass eng fräi multilingual Enzyklopedie, déi vu Fräiwëllege geschriwwe gëtt an um Wikikonzept baséiert. Enn 2015 gouf et 37.655.345 Artikelen an 289 Sproochen.

Déi lëtzebuergesch Versioun gouf den 21. Juli 2004 gegrënnt an huet momentan 57.204 Artikelen. Et fënnt een s'ënner http://lb.wikipedia.org.

Wikipedia op Lëtzebuergesch

D'Wikipedia op Lëtzebuergesch (oder och: Lëtzebuergesch Wikipedia) ass d'Versioun a Lëtzebuerger Sprooch vun der Online-Enzyklopedie Wikipedia. Si gouf am Juli 2004 kreéiert.

Ablécklech gëtt et genee 57.213 Artikelen op dëser Wikipedia-Versioun.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.