Endemismus

Endemismus ass e Fachausdrock aus der Biologie oder Biogeographie, a beschreift den Ëmstand datt et e Liewewiesen nëmmen op enger ganz bestëmmter Plaz gëtt. Dat ass e Phenomen deen ee virun allem op isoléierte Plaze fënnt. Dobäi kann et sech ëm eng Insel handelen, wei d'Galápagos, allerdéngs kann et och de Fall si fir Hielen, oder Biergregiounen, well och déi deemno wéi schwéier z'erreeche sinn. Mä awer och op Kontinenter schwätzt ee vun Endemitten, wéi zum Beispill de Koala an Australien.

Endemismus ass proportionell zur Isolatioun, wat eng Plaz méi ofgeleeën a schwéier erreechbar ass, ëmsou méi Endemismus kann observéiert ginn.

Endemismus zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gëlle folgend Aarten als endemesch:

Autochthon Aart

Eng autochthon, oder och nach heemesch Aart, ass an der Biologie eng Spezies déi an engem bestëmmte Gebitt, z. B. an engem bestëmmte Land, entweder am Laf vun hirer Evolutioun do entstanen ass, oder awer dohin op natierlechem Wee, ouni d'Agräife vum Mënsch, agewandert ass.

Deem géigeniwwer stinn d'allochthon oder net heemesch Aarten, déi duerch de Mënsch, entweder gewollt oder ongewollt, an engem bestëmmte Gebitt agefouert goufen.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.