Ekonomie

De Begrëff Ekonomie (v. gr.: oïkos - "Haus" an nomos - "verwalten"), oder Wirtschaft (v. dt.: "Wäert schafen") ëmschreift all Ariichtungen an Handlunge vu Mënsche mat dem Zil, déi an der Ëmwelt disponibel Ressourcen an déi vum Mënsch geschaf Ressourcen optimal auszenotzen, fir den Erhalt an d'Sécherheet vum Liewe vun de Mënschen ze garantéieren an ze fërderen, wéi och hir materiell an immateriell Besoinen ze befriddegen.

D'Besoine vum Mënsch kënnen an dräi Beräicher opgedeelt ginn, där hir Reiefolleg eng Privatiséierung bei der Zoudeelung vu Gidder erméiglecht:

  • Existenzbedierfnesser ëmfaassen ënner anerem de Wonsch no genuch Iessen, Flëssegkeet a Wunnraum;
  • Grondbedierfnesser a Luxusbedierfnesser kënnen dogéint net generaliséiert beschriwwe ginn. Si hänke vum Stand vun der jeeweileger Gesellschaft of. Sou kann an enger moderner westlecher Ekonomie d'Sécherheet oder déi international Mobilitéit schonn als Grondbedierfnes ugesi ginn, an anere Gesellschaften dogéint nach als Luxusbedierfnes.

D'Ekonomie huet eng Responsabilitéit als eng vun de gestaltende Forcen an der Gesellschaft. Mat dëser Dimensioun vun der Gestaltung ass d'Wirtschaftsethik befaasst. Vill Beroder vun Entreprisen weisen op d'Geforen hin, an déi sech Entreprise beginn, wa se offensichtlech egoistesch handelen an doduerch hire gudde Ruff bei potentielle Clienten a Geschäftspartner schiedegen.

Wat elo d'Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur ugeet, do ënnerscheede mir méi besonnesch d'Landwirtschaft, de Wäibau, an de Biergbau, d'Industrie, den Handel, d'Finanzservicer an déi aner Servicer. Den Akerbau, de Wäibau an de Biergbau gi vun den Ekonomisten als Primäre Wirtschaftssecteur, d'Industrie als Sekundäre Wirtschaftssecteur an den Handel, d'Finanzservicer souwéi déi aner Servicer als Tertiäre Wirtschaftssecteur bezeechent. An deem Zesummenhang hunn d'Ekonomisten Colin Clark a spéider de Jean Fourastié an W.W. Rostow eng Theorie entwéckelt, wouno d'Wirtschaftsentwécklung duerch eng Verschiebung vun den Aktivitéiten aus dem primären an den sekundären an duerno an den tertiäre Secteur gekennzeechent ass.

Ee Standardwierk iwwer d'Ekonomie, Economics: An Introductory Analysis, gouf vum US-amerikaneschen Ekonomist Paul Anthony Samuelson geschriwwen. Et gëtt och an de Schoule benotzt an ass dat Textbuch iwwer d'Ekonomie, dat an der Welt déi gréisst Oplo huet.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Ekonomie – Biller, Videoen oder Audiodateien
1978

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1978.

D'Joer 1978 huet op engem Sonndeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

1992

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1992.

D'Joer 1992 huet op engem Mëttwoch ugefaangen. Et war e Schaltjoer.

1994

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1994.

D'Joer 1994 huet op engem Samschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

1998

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1998.

D'Joer 1998 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.

2003

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2003.

D'Joer 2003 huet op engem Mëttwoch ugefaangen.

Afrika

Opgepasst: Dësen Artikel geet iwwer de Kontinent Afrika. Fir d'antik réimesch Provënz, kuckt w.e.g. den Artikel Africa.

Afrika ass deen zweetgréisste Kontinent. En ass dräimol méi grouss wéi Europa an huet eng Fläch vu 30,3 Millioune km2.

Algerien

Algerien (arabesch: الجزائر al-Ğazā’ir ) ass e

Staat am Nordweste vun Afrika. Dëst Land, dat zum Maghreb gerechent gëtt, grenzt un d'Mëttelmier, Marokko, Westsahara, Mauretanien, Mali, Niger, Libyen an Tunesien.

Bayern

De Fräistaat Bayern ass e Bundesland am Südoste vun Däitschland.

Belsch

D'Belsch, offiziell d'Kinnekräich Belsch, ass e Land a Westeuropa. Et läit laanscht d'Nordséi a grenzt un Holland, Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich.

Departement Meurthe-et-Moselle

D'Meurthe-et-Moselle (54) ass e franséischt Departement, an der Regioun Grand Est.

Europäesch Unioun

D'Europäesch Unioun (Ofkierzung: EU) ass eng Vereenegung vun 28 europäesche Staate mat enger totaler Awunnerzuel vu 490 Millioune Mënschen an ass um Bruttoinlandsprodukt gemooss, de gréisste Wirtschaftsraum vun der Welt.

Frankräich

Frankräich (amtlech: République française, Franséisch Republik) ass en demokrateschen, zentralisteschen Eenheetsstaat am Weste vun Europa. Frankräich huet Grenze mat der Belsch, Lëtzebuerg, Däitschland, der Schwäiz, Italien, Monaco, Spuenien an Andorra. D'Küste vu Frankräich ginn iwwer den Atlantik mam Äermelkanal an d'Mëttelmier. Nieft dem Territoire an Europa huet Frankräich och eng Partie Iwwerséigebidder an der Karibik (ë. a. d'Martinique, d'Guadeloupe an een Deel vu Saint-Martin), Südamerika (Franséisch Guyane), virun der Küst vun Nordamerika (Saint-Pierre-et-Miquelon), am Indeschen Ozean (d'Réunion, d'Insel Mayotte), am Pazifik (Tahiti, Clipperton, asw.) an an Ozeanien (Nei-Caledonien, asw.). Ausserdeem erhieft Frankräich en Usproch op en Deel vun der Antarktis (Terre Adélie an arktesch Gebidder am déiwe Süde vum Indeschen Ozean (ë. a. d'Kerguelen-Inselen).

Frankräich ass Grënnungsmember vun der UNO, wou et ee permanente Sëtz am Sécherheetsrot huet, vun der EU a vun der Atlantescher Allianz, respektiv NATO.

Griicheland

Griicheland läit am Südoste vun Europa. U Griicheland grenzt Bulgarien, Nordmazedonien, Albanien an d'Tierkei. Donieft läit Griicheland tëscht dräi Mierer, dem Ionesche Mier an dem Mëttelmier am Westen an der Egäis am Osten. Griicheland gëtt vu villen als Wéi vun der westlecher Zivilisatioun ugesinn an huet eng laang a räich Geschicht opweises.

D'Hellenesch Republik (gr.: Elliniki Dimokratia) gëtt vun de Griiche selwer Hellas genannt. Den Numm Griicheland, respektiv Grèce/Greece kënnt vum laténgesche Graecia, wat ursprénglech eng Regioun an Nordgriicheland war.

Irland

Irland (Iresch: Éire), och bekannt als Republik Irland (Poblacht na hÉireann), ass en europäesche Staat. E läit op der Insel Irland, am Atlantik, westlech vu Groussbritannien.

Italien

Italien, offiziell Italienesch Republik (ital.: Repubblica Italiana) ass e Staat a Südeuropa. Et grenzt am Norden un d'Schwäiz an un Éisträich a Slowenien, am Westen un d'Tyrrhenescht an un d'Ligurescht Mier, am Osten un d'Adria an am Nordwesten u Frankräich. Nieft dem italienesche Festland gehéieren och d'Mëttelmierinselen Elba, Sardinien, Sizilien an eng Rëtsch méi kleng Insele wéi d'Toskanesch Inselen, Ischia, Capri an d'Liparesch Inselen zu der Republik. San Marino an d'Vatikanstad si politesch onofhängeg Enklaven um Territoire vum italienesche Festland.

Italien ass e Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun, a vun der NATO a gehéiert zur Grupp vun de G7-Länner.

Kalifornien

Kalifornien ass e Bundesstaat op der Westküst vun den USA. Et ass dee Staat mat der gréisster Populatioun an den USA a mat enger Ekonomie déi déi sechst op der Welt wier, wa Kalifornien onofhängeg wier.

Singapur (Republik)

D'Republik Singapur läit um asiatesche Kontinent. Et ass en Insel- a Stadstaat an ass dat klengst Land a Südostasien.

Den Numm Singapur kënnt aus dem Sanskrit an heescht Stad vun de Léiwen.

Spuenien

Spuenien (sp.: España) ass e Staat an Europa op der iberescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid.

Vereenegt Staate vun Amerika

D'Vereenegt Staate vun Amerika (engl.: United States of America, kuerz: USA) sinn eng Bundesrepublik am nërdlechen Deel vum amerikanesche Kontinent. Am Norde grenze si u Kanada an och iwwer de Bundesstaat Alaska u Russland. Tëscht Alaska a Russland läit nëmmen déi 100 km breet Beringstrooss. Am Süden ass Mexiko den Noper. Am Oste grenze se un den Atlantik an am Westen un de Pazifik.

D'Vereenegt Staate vun Amerika si 1776 entstanen, wéi déi britesch Kolonien an Amerika onofhängeg gi sinn. Duerch déi intensiv Industrialisatioun, déi duerch eng massiv Immigratioun ënnerstëtzt gouf, ass den Afloss vun Amerika staark gewuess. Um Enn vum 20. Joerhonnert, an no der Iwwerwannung vum totalitäre Faschismus (Zweete Weltkrich) an dem Kommunismus (am Kale Krich) si si als eenzeg Weltmuecht, déi sech op alle Plangen (wëssenschaftlech, kommerziell, politesch, militäresch), duerchzesetze weess, iwwereg bliwwen.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.