Educatioun

Educatioun oder Pedagogik (v. griich. παιδαγογια, vu παιδος (paidos) Kand an αγω féieren, grousszéien) befaasst sech mat der Erzéiung an der Bildung. Si soll virun allem mat systematesche Fuerschungsmethode schaffen, fir Erkenntnesser iwwer d'Erzéiungsprozesser ze kréien an och zur Bildung bäizedroen.

Beim Erzéiungsprozess gi Kanner a Jugendlecher duerch déi pedagogesch Verantwortlech (Elteren, Erzéier, Schoulmeeschteren a Professeren) an d'Welt vun den Erwuessenen agefouert. De Jonktem léiert dobäi Reegelen, Normen a Behuelen, mä och selbststännegt Denken an Handelen.

De modernen a ganzheetleche Bildungsbegrëff dogéint steet fir de liewenslaangen Entwécklungsprozess vum Mënsch, bei deem e seng geeschteg, kulturell a liewenspraktesch Fäegkeeten a seng personal a sozial Kompetenzen erweidert.

Erzéiung kënnt vu baussen - de Bildungsprozess awer ass e selbstännege Prozess, dee vu banne kënnt an op d'Erzéiung opbaut. Wichteg Faktore bei der Educatioun sinn d'Natur, d'Gesellschaft an den Individuum selwer.

Disziplinne wéi d'Soziologie an d'Psychologie spille bei der Educatioun eng grouss Roll.

Literatur

  • Histoire de l'enseignement et de l'éducation ; 4 Bänn; Paräis (Perrin / tempus-Täschebicher), 2003-2004 (Originalausgab: 1981):
  1. Michel Rouche, I. Ve avant J.-C - XVe siècle (ISBN 978-2-262-02099-6);
  2. François Lebrun, Marc Venard & Jean Quéniart: II. 1480-1789 (ISBN 978-2-262-02147-4);
  3. Françoise Mayeur, III. 1789-1930 (ISBN 978-2-262-02094-1);
  4. Antoine Prost, IV. Depuis 1930 (ISBN 978-2-262-02095-8).
  • Françoise Mayeur, L'éducation des filles en France au XIXe siècle ; Paräis (Perrin / tempus-Täschebuch), 2008 (Originalausgab: 1979); ISBN 978-2-262-02775-9
  • Michel Schmit, Regards et propos sur l'enseignement supérieur et moyen au Luxembourg ; Lëtzebuerg, PSH (Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal), Bd. CXVI, 1999; 772 Säiten.
  • (Kollektiv), Enseignement secondaire 1939-1989 ; Ré-Création 5, Diekirch (éditions APESS, a.s.b.l.), 1989; 450 Säiten (ill.).
  • Henri Entringer, Les défis de l'Université du Luxembourg - Essai d'analyse interrogative sept ans après la création de l'UL ; Lëtzebuerg, Publication de l'Institut grand-ducal (Section des Sciences morales et politiques), 2010; 277 Säiten. ISBN 978-2-9599794-3-9

Um Spaweck

Commons: Educatioun – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Educational Measurement and Applied Cognitive Science op uni.lu
  • Bachelor Professionnel en Sciences de l'Education, Nofolger vum Certificat d'Etudes Pédagogiques (CEP) dee vum ISERP ausgestallt gouf, op uni.lu
  • Portal vun der Educatioun zu Lëtzebuerg education.lu
Australien

Australien, offiziell Commonwealth of Australia, ass e Staat um australesche Kontinent tëscht dem Indeschen Ozean an dem Südpazifik, am Südoste vun Asien. Zesumme mat der Nopesch-Insel Tasmanien bilt en de Commonwealth of Australia, en autonomen Deel vum Commonwealth of Nations.

Australien breet sech iwwer ongeféier 4000 km vum Kap Byrne vun Osten no Westen an iwwer 3700 km vum Kap York am Norde bis Tasmanien am Süden aus.

Zu Australien mat enger duerchschnëttlecher Héicht vun 300 m iwwer dem Mieresspigel gehéieren als wichtegst baussenzeg Gebidder Norfolk Island an Australian Arctic Territory.

D'Küst ass 36.735 km. laang.

Iwwer méi wéi 2000 km erstreckt sech de Great Barrier Reef vum südleche Queensland bis zum Golf vu Papua. Et ass eent vun de bedeitendste Mieresökosystemer a geschützte Liewensraum fir 1500 Fësch-, 4000 Weechdéier- a 400 Korallenaarten.

Aus dem Great Western Plateau, deen Deeler vu Queensland, Westaustralien a vum Northern Territory ëmfaasst, erhieft sech den Uluru (Ayers Rock), een 348 m héije Monolith vun 8 km Ëmfank.

Den héchste Bierg, den 2.228 m héije Mount Kosciusko, läit laanscht d'Ostküst am Great Dividing Range.

Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geographie vun Australien

Barcelona

Barcelona ass d'Haaptstad vun der spuenescher Provënz Barcelona a vun der autonomer Regioun Katalounien.

Carl von Linné

De Carl Linnaeus oder Carl Nilsson Linnaeus, an nodeem en am Joer 1762 geadelt gouf, Carl von Linné, gebuer den 23. Mee 1707 zu Råshult a Südschweden, a gestuerwen den 10. Januar 1778 zu Uppsala, war e schwedeschen Naturfuerscher.

Hien huet d'Taxonomie, eng binär Nomenklatur, agefouert an huet domat d'Grondlag geschaf vun der botanescher Fachsprooch. Hien huet de Linné-System vum Planzeräich agefouert.

Estland

Estland, offiziell d'Republik Estland (estesch: Eesti Vabariik) ass e Staat am nordëstlechen Europa. Direkt Nopeschlänner sinn am Oste Russland an am Süde Lettland. Estland läit um Baltesche Mier an d'Bannemier mécht dann och zum Norden a Westen hin d'Grenz. Nieft dem Festland gehéieren nach eng 1500 Inselen zu der Republik. Saaremaa an Hiiumaa, déi zwou gréisst dovun, spären den direkte Wee vum Baltesche Mier an d'Rigaer Bucht.

Haaptstad an anengems och gréisst Stad am Land ass Tallinn (fréier Reval genannt). Tallinn läit, vum Mier getrennt, knappss 85 km südlech vun der finnescher Haaptstad Helsinki ewech. Estland a Finnland si sech net nëmme geographesch no, mä hunn och sproochlech a kulturell vill Enges.

Estland war kuerz Zäit, tëscht den zwéi Weltkricher, vun 1918 bis 1940 onofhängeg, mä gouf dunn 1940, grad wéi Lettland a Litauen - déi zwéin aner baltesch Staaten - vun der Sowjetunioun annektéiert an zu enger Sozialistescher Sowjetrepublik (SSR) Estland gemaach. Zanter dem August 1991 ass d'Land nees en onofhängege Staat

Den 2. Abrëll 2004 ass Estland Member an der NATO ginn, an nëmme kuerz drop den 1. Mee an d'Europäesch Unioun opgeholl ginn. 2010 gouf et Member vun der OECD.

Frankräich

Frankräich (amtlech: République française, Franséisch Republik) ass en demokrateschen, zentralisteschen Eenheetsstaat am Weste vun Europa. Frankräich huet Grenze mat der Belsch, Lëtzebuerg, Däitschland, der Schwäiz, Italien, Monaco, Spuenien an Andorra. D'Küste vu Frankräich ginn iwwer den Atlantik mam Äermelkanal an d'Mëttelmier. Nieft dem Territoire an Europa huet Frankräich och eng Partie Iwwerséigebidder an der Karibik (ë. a. d'Martinique, d'Guadeloupe an een Deel vu Saint-Martin), Südamerika (Franséisch Guyane), virun der Küst vun Nordamerika (Saint-Pierre-et-Miquelon), am Indeschen Ozean (d'Réunion, d'Insel Mayotte), am Pazifik (Tahiti, Clipperton, asw.) an an Ozeanien (Nei-Caledonien, asw.). Ausserdeem erhieft Frankräich en Usproch op en Deel vun der Antarktis (Terre Adélie an arktesch Gebidder am déiwe Süde vum Indeschen Ozean (ë. a. d'Kerguelen-Inselen).

Frankräich ass Grënnungsmember vun der UNO, wou et ee permanente Sëtz am Sécherheetsrot huet, vun der EU a vun der Atlantescher Allianz, respektiv NATO.

Franséisch Communautéit vun der Belsch

Déi Franséisch Communautéit vun der Belsch ass mat ronn 4,3 Milliounen Leit déi zweetgréisst vun den dräi Communautéiten an der Belsch. Neierdéngs nennt si sech selwer Fédération Wallonie-Bruxelles; dësen Term ass awer net dee vun der Verfassung.

Zu hir gehéiere 4,3 Millioune Franséischsproocheger wourënner:

3,4 Milliounen (79.1%) déi an der Wallounescher Regioun wunnen (d. h. praktesch all Awunner vun do, ausser deene ronn 70.000 vun den däitschsproochege Gemengen, déi zu der däitschsproocheger Communautéit zielen) an déi frankophon Awunner vun de Facilitéitegemengen;

geschaten 0,9 Millioun, déi an der Haaptstadregioun Bréissel wunnen (op 1,1 Millioun Awunner).Wéi den Numm et seet, bezeechent dës Communautéit net en Territoire, mä eng Gemeinschaft vu Leit déi an de Regioune Wallounien oder Bréissel oder verschiddene Facilitéitegemenge wunnen. Déi belsch Verfassung huet implizit d'Kompetenze vun de Communautéiten un de Grenze vun de Regioune festgeluecht; d'Franséischsproocheg Communautéit huet deemno keng Kompetenz fir (déi geschaten 100.000-200.000) franséischsproocheg Awunner a Flandern (ofgesinn vun deene puer Facilitéitegemengen) - an ëmgedréint.

Deemno zielen eng 41% vun der belscher Gesamtbevëlkerung zu der Franséischsproocheger Communautéit.

D'Franséischsproocheg Communautéit huet e Parlament an eng Regierung, déi hire Sëtz zu Bréissel hunn. Si ass zoustänneg fir Kultur, Educatioun, Sport, Jugend a Gesondheet fir déi Frankophon an deenen uewe beschriwwenen Territoiren.

Haaptstadregioun Bréissel

D'Haaptstadregioun Bréissel (fr.: Région de Bruxelles-Capitale, nl.: Brussels Hoofdstedelijk Gewest) ass eng vun den dräi Regiounen vun der Belsch. Si gouf 1989 gegrënnt an ëmfaasst 19 selbstänneg Gemengen, déi awer sou unenee gebaut sinn, datt ee kaum um Stadbild mierkt, datt ee vun där enger an déi aner kënnt. D'Stad Bréissel, ass eng, wann och déi gréisst, vun dësen 19 Gemengen.

Well an der Belsch alles, wat mat Kultur, Sprooch oder Educatioun ze dinn huet, net ënner d'Kompetenz vun de Regiounen, mä vun de Communautéitë fält, sinn där zwou fir dës 19 Gemengen zoustänneg: d'Franséisch Communautéit vun der Belsch (Communauté française de Belgique) an d'Flämesch Communautéit (Vlaamse Gemeenschap). Ongeféier 80 % vun den Awunner ziele sech zur franséischsproocheger, 20 % zur flämeschsproocheger Communautéit. D'Haaptstadregioun ass dann och offiziell zweesproocheg, dofir mussen all offiziell Schreiwes, bis hin zu de Stroosseschëlter, an deenen zwou Sprooche sinn, a vun de Schoule bis zu de Kulturariichtungen (Theater, asw.) gëtt et alles duebel an där enger oder aner Sprooch.

Een Awunner op 4 (28,4 %) ass kee Belsch. Vun den ongeféier 280.000 Auslänner, déi an der Regioun Bréissel liewen, sinn der eng 134.000 aus engem vun den dunn 25 EU-Memberstaaten. Déi aner komme virun allem aus dem Maghreb, der Tierkei an Zentralafrika.

John Herschel

De Sir John Frederick William Herschel gebuer de 7. Mäerz 1792 zu Slough bei Windsor a gestuerwen den 11. Mee 1871 zu Hawkhurst, Kent, war e briteschen Astronom.

Lille

Lille (hollännesch Rijsel) ass eng Stad am Norde vu Frankräich. Si ass d'Prefecture vum Departement Nord an der Regioun Hauts-de-France. Buergermeeschtesch ass zënter 2001 d'sozialistesch Politikerin Martine Aubry.

Lyon

Lyon, eng Stad am Oste vu Frankräich, ass d'Prefecture vun der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes an de Chef-lieu vum Departement Rhône an zanter dem 1. Januar 2015 vun der nei gregënnter administrativer Unitéit Metropol Lyon.

Nantes

Nantes [nɑ̃t] (bretonesch: Naoned, latäin: Portus Namnetus) ass eng Groussstad am Weste vu Frankräich, d'Prefecture vum Departement Loire-Atlantique an en Deel vun der Regioun Pays de la Loire.

Regierung Bettel-Schneider

D'Regierung Bettel-Schneider ass eng Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng, déi aus de virgezunnene Chamberwale vum 20. Oktober 2013 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si baséiert um Koalitiounsaccord tëscht dësen dräi Parteien, dee vun allen dräi den 3. Dezember 2013 guttgeheescht gouf. De 4. Dezember 2013 gouf se vereedegt.Et ass zanter der Regierung Thorn-Vouel-Berg, 1974-1979, déi éischt Regierung ouni eng Bedeelegung vun der CSV. Et ass och déi éischt Regierung, un där Déi Gréng bedeelegt sinn.

Wéinst de Faarwe Rout, Blo a Gréng, déi d'Parteie symboliséieren, an aus Analogie zu deenen am Fändel vu Gambia, krut si de Spëtznumm Gambia-Koalitioun.

Si besteet aus 15 Ministeren an 3 Staatssekretären.

Den 28. Mäerz 2014 huet de Marc Hansen de Staatssekretär André Bauler ersat.De 18. Dezember 2015 huet de Premier Xavier Bettel de Ressort Kultur vun der Maggy Nagel iwwerholl, déi hiert Amt opginn hat, woubäi de Guy Arendt neie Staatssekretär dofir gouf. De Marc Hansen sengersäits gouf vum Staatssekretär zum Minister fir de Logement, amplaz vun der Mme Nagel, ernannt, souwéi zousâtzlech zum Delegéierte Minister fir Educatioun a Fuerschung.Den 20. Juni 2018 gouf de Claude Turmes Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt amplaz vum Camille Gira, dee stënterlech gestuerwe war.

Robert Hossein

De Robert Hossein, gebuer als Robert Hosseinhoff den 30. Dezember 1927 zu Paräis, ass e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.

De Robert Hossein ass de Jong vum Komponist André Hossein. Am Joer 1948 dréint de Robert Hossein säin éischte Film als Schauspiller. Richteg fänkt seng Schauspillercarrière awer eréischt am Joer 1954 un. Zwee Joer drop, 1956 dréint hie säin éischte Film als Regisseur Les salauds vont en enfer.

De Robert Hosein ass iwwerall doheem, hien trëtt als Schauspiller oder Regisseur am Theater wéi och am Film op. Am Joer 1970 iwwerhëlt hien d'Direktioun vun der Comédie de Reims zu Reims. Hie féiert och Regie a groussen Opféierungen am Palais des Sports an am Palais des Congrès zu Paräis.

De Robert Hossein war fir d'éischt mat der Schauspillerin Marina Vlady bestuet. Duerno huet e sech mat der Caroline Eliacheff bestuet. 1976 huet hie sech fir drëtt bestuet an dat mat der Schauspillerin Candice Patou

Saint-Étienne

Saint-Étienne ass eng franséisch Stad am Departement Loire an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes

Schoulgesetz vun 1912

D'Schoulgesetz vun 1912 gouf de 25. Juni 1912 an der Chamber gestëmmt.

Shanghai

Shanghai (chin. 上海, Shànghǎi) ass déi bedeitendst Industriestad vun der Volleksrepublik China.

Sparta

Sparta (algr.: Σπάρτη / Spártê oder Spárti, op doresch Σπάρτα / Spárta) oder Lakedaimon ( Λακεδαίμων / Lakedaímôn) ass eng algriichesch Stad vum Peloponnes, op enger Plaz wou haut eng modern Stad mat 18.184 Awunner (2001) steet. Sparta läit um Eurotas, am Dall vu Lakonien, tëscht de Bierger Taygetos a Parnon. Sparta war d'Haaptstad vu Lakonien an nieft Athen an Theben eng vun de mächtegste Poleis am antike Griicheland.

Spuenien

Spuenien (sp.: España) ass e Staat an Europa op der iberescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien ass Madrid.

Toulouse

Toulouse ass eng franséisch Stad am Departement Haute-Garonne an der Regioun Occitanie.

Wikipedia

Wikipedia ass eng fräi multilingual Enzyklopedie, déi vu Fräiwëllege geschriwwe gëtt an um Wikikonzept baséiert. Enn 2015 gouf et 37.655.345 Artikelen an 289 Sproochen.

Déi lëtzebuergesch Versioun gouf den 21. Juli 2004 gegrënnt an huet momentan 57.348 Artikelen. Et fënnt een s'ënner http://lb.wikipedia.org.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.