Diözes

Eng Diözes, och nach Bistum genannt, ass e Verwaltungsbezierk an der kathoulescher Kierch op engem territorial ofgegrenzte Raum. De Begrëff Diözes kënnt vun Opdeelung vum Réimesche Räich an Diözesen hir a bezitt sech op de geographesche Raum mat de Gleewegen. De Begrëff Bistum bezitt sech éischter op d'Verwaltung vun deem Gebitt fir dat e Bëschof zoustänneg ass[1].

Zanter 1870 ass den Territoire vum Groussherzogtum Lëtzebuerg identesch mat der Diözes Lëtzebuerg. Am Joer 1873 huet Lëtzebuerger Staat d'Diözes och unerkannt[2]. Eréischt zanter 1981 ass d'Bistum Lëtzebuerg och eng personne juridique de droit public[3]. Am Joer 1988 huet de Poopst Jean-Paul II. d'Diözes Lëtzebuerg zu enger Äerzdiözes bzw. Äerzbistum erhuewen an domat de Bëschof zu engem Äerzbëschof.

Kuckt och

Referenzen

  1. Codex Iuris Canonici, Can. 369 "Eine Diözese ist der Teil des Gottesvolkes, der dem Bischof in Zusammenarbeit mit dem Presbyterium zu weiden anvertraut wird, indem sie ihrem Hirten anhängt und von ihm durch das Evangelium und die Eucharistie im Heiligen Geist zusammengeführt wird, bildet sie eine Teilkirche, in der die eine, heilige, katholische und apostolische Kirche Christi wahrhaft gegenwärtig ist und wirkt."
  2. Loi du 30 avril 1873 ayant pour objet la création d'un évêché de Luxembourg.
  3. Loi du 30 avril 1981 conférant la personnalité juridique à l'évêché de Luxembourg
1847

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1847.

Bafatá

Bafatá ass eng Stad am Zentrum vu Guinea-Bissau. Si ass déi zweetgréisst Stad am Land an hat 2010 Estimatiounen no 34.760 Awunner.. Bafatá läit um Ostufer vum Rio Geba, deen am Norde vun der Stad vun enger Bréck iwwerspaant gëtt.

Bafatá ass d'Haaptstad vun der Regioun mam selwechten Numm an de Sëtz vun der kathoulescher Diözes Bafatá. Hir Industrie baséiert op der Produktioun vun Zillen.

Fürstentum Stavelot-Malmedy

D'Fürstentum Stavelot-Malmedy, och Räichsabtei Stavelot-Malmedy, de.: Stablo-Malmedy, war e Fürstentum, dat vun der Mëtt vum 7. Joerhonnert bis 1795 bestanen huet, Deel vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun war an direkt dem Keeser ënnerstoung. U senger Spëtzt stoung de Prënz-Abt vun der Abtei Stavelot an dem Klouschter Malmedy dee souwuel déi weltlech wéi déi reliéis Muecht iwwer säin Territoire hat.

Et hat eng Fläch vu ronn 600 km² a louch gréisstendeels an den Däller vun der Amblève an der Ourthe, an den Ardennen. Et war dat zweetklengst Fürtentum am Hellege Réimesche Räich, just Bouillon war nach méi kleng. Am Norden huet et un d'Fürstentum Léck gegrenzt, am Osten un aner Fürstentümer vum Räich, an am Süden an am Westen un déi Siwwenzéng Provënzen an hirem jeeweilege politesche Kontext. Et gouf eng sëllechen Exklaven, wéi z. B. Sclessin an Ougrée (bis 1768), an och Ocquier-Bende, Hody a Louveigné-Fraipont.

Géint 648 huet den Hausmeier Grimoald d'Benediktinerkléischter Stavelot a Malmedy gegrënnt. De Kinnek Sigibert III. huet hinne Grondbesëtz ginn. Bis zum Enn ënnerstoung Stavelot dem Bistum Léck, Malmedy huet zu der Diözes Köln gehéiert. Ëm 1135 huet Stavelot-Malmedy sech zu engem "Räichsfürstentum" entwéckelt. Vu 1502/1510 u war et Member vum Nidderrhäin-Westfälesche Krees.

De Prënz-Abt war een absoluten Herrscher. Hie konnt zu bestëmmten Themen e konsultatiivt Organ, d'Generalstänn, konsultéieren, dat sech aus Vertrieder vu Klerus, Adel an Drëtte Stand zesummegesat huet. Politesch bestoung d'Fürstentum aus 3 Deeler:

d'Postellerie vu Malmedy (dorënner Waimes a Francorchamps)

d'Postellerie vu Stavelot (14 Uertschaften)

d'Grofschaft Logne (19 Uertschaften, déi no an no bäikoumen)1795, ënner der Franséischer Revolutioun, gouf d'Fürstentum Stavelot-Malmedy opgeléist, a säin Territoire ass an d'Departement Ourthe integréiert ginn. Nom Zesummebroch vum Napoléon sengem Keeserräich (1815) gouf den Territoire laanscht de Floss Eau Rouge gedeelt: de Westen, mat Stavelot, goung un d'Provënz Léck (Kinnekräich vun de Vereenegten Nidderlanden, vun 1831 u Belsch), den Osten, mam wallounesche Malmedy, u Preisen.

1919, nom Traité vu Versailles, gouf den ëstlechen Deel der Belsch zougesprach a gouf Deel vun der Provënz Léck.

Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Cantons de l'Est (Belsch)

James Schwebach

Den James (Jakobus) Schwebach gebuer de 15. August 1847 zu Platen, Lëtzebuerg, a gestuerwen de 6. Juni 1921 zu La Crosse am Wisconsin, war den drëtte réimesch-kathoulesche Bëschof vun der Diözes La Crosse am Wisconsin (Amerika).

Hie war de 16. Juni 1870 geweit ginn, a gouf den 11. Dezember 1891 Bëschof.

Kathedral

Eng Kathedral ass eng kathoulesch Kierch déi de Sëtz vun engem Bëschof ass. Si behält meeschtens den Numm och wann dem Bëschof seng Kierch eng aner gouf oder d'Diözees net méi besteet, sou wéi z:B zu Malmedy.

Et handelt sech also ëm d'Haaptkierch vun engem Bistum (Diözes).

Sou kënnt et, datt an enger Kathedral iergendwou am Chouer de "materielle" Sëtz (cathedra) vum Bëschof ze gesinn ass, meeschtens mam Wope vum Bëschof driwwer.

Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg

D'Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg an der Stad Lëtzebuerg ass eng réimesch-kathoulesch Kierch am goteschen an neigotesche Stil aus dem 17. an 20. Joerhonnert.

Si ass d'Kierch vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg a gehéiert zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg.

D'Kathedral steet an der Uewerstad tëscht der Ënneschtgaass (rue Notre-Dame) an dem boulevard F.D.Roosevelt, der N50, an huet zwéin Agäng, en alen Agank (1621) an der Ënneschtgaass an e méi neien (1938) um Parvis laanscht de Boulevard Roosevelt.

Mat hiren dräi spatzen Tierm markéiert se d'Stadbild.

D'Kierch gouf tëscht 1613 a 1621 vun de Jesuiten nieft hirer Schoul, dem Kolléisch, gebaut. Vu 1935 bis 1938 gouf si op déi haiteg Gréisst ausgebaut.

Den Numm Notre-Dame krut d'Kierch 1844, an deem Joer, wou och d'Maîtrise gegrënnt gouf. Zur Kathedral gouf si 1870, wéi Lëtzebuerg zu enger eegener Diözes gouf.

Zanter 1794, dem Joer wou eng Statu vun der Tréischterin am Leed aus der deemoleger Kapell um Glacis heihi bruecht gouf, ass d'Kierch vum 3. bis de 5. Sonndeg no Ouschteren d'Pilgerplaz vun der Muttergottesoktav.

An der Krypta vun der Kathedral sinn eng Kapell mat de Griewer vun de Bëschofe vu Lëtzebuerg an e Raum mat de Griewer an den Urne vun der groussherzoglecher Famill. An der Entrée vun der Krypta steet de Sarkophage vum Jang dem Blannen.

Zanter 1778 ass d'Gebai am Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg. De Mobilier gehéiert dem Bistum Lëtzebuerg.

Kathoulesch Kierch

D'kathoulesch Kierch ass eng Konfessioun vun der chrëschtlecher Relioun déi sech nom Schisma am Joer 1054 a Westeuropa entwéckelt huet. Haut ass s'iwwer d'ganz Welt verbreet (besonnesch an Westeuropa a Latäinamerika, awer och méi a méi an Asien) a mat ongeféier 1 Milliard Unhänger déi gréisst chrëschtlech Konfessioun.

Zur kathoulescher Kierch gehéieren u sech all d'Chrëschten déi de Poopst vu Roum als "Chef" ugesinn (an déi ennen beschriwwe Glawensinhalter deelen). An eise Géigende mengt ee mat "kathoulesch Kierch" meeschtens déi "réimesch-kathoulesch Kierch", mä nieft dëser gëtt et awer och nach aner (22) kathoulesch sougenannt Deelkierchen, déi de Poopst unerkennen awer en anere Ritus hunn, z. B. déi chaldäesch-kathoulesch Kierch oder déi melkitesch griichesch-kathoulesch Kierch.

Leo Wagener

De Leo Wagener, gebuer den 12. Abrëll 1962 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen.

Hie staamt vun Houschent a gouf den 2. Juli 1988 geweit.

De Leo Wagener war Kaploun zu Dikrech vum 1. September 1988 bis den 1. September 1990. 1988 gouf hie bäigeuerdenten Aumônier vun der Lëtzebuerger Landjugend. Vun 1991 bis 2006 war hie Paschtouer zu Steebrécken an duerno, vun 2006 bis 2014, zu Bouneweg/Hamm. De Leo Wagener war och vun 1991 un Aumônier vun der Landjugend. 1992 gouf en nach Diözes- a Jugendséilsuerger.

Den 18. Februar 2015, nodeems den Erny Gillen als Generalvikar zréckgetrueden ass, huet den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg Jean-Claude Hollerich de Leo Wagener zum neie Generalvikar ernannt.

Am Juli 2019 gouf de Leo Wagener vum Poopst Franziskus zum Weibëschof genannt, eng Funktioun déi et bis dohin zu Lëtzebuerg nach net gouf.

Léiffraekierch (Tréier)

Déi am 13. Joerhonnert direkt nieft dem Péitersdoum gebaut Léiffraekierch zu Tréier gëllt als déi eelst gotesch Kierch an Däitschland.

Den Äerzbëschof Theoderich von Wied huet ëm 1230 mam Bau vun der Kierch ugefaangen, ier him no e puer Joer déi finanziell Mëttel ausgaange sinn. Doropshin ass am Joer 1243 an der Diözes vu Köln eng Kollekt gemaach gi fir déi Tréierer Kierch fäerdeg ze bauen. Dat kräizfërmegt reliéist Gebai steet, wéi Ausgruewunge beweise konnten, op réimesche Sailefëllementer vun enger Kierch aus dem 4. Joerhonnert

Zanter 1986 steet d'Léiffraekierch zesumme mam Doum an de réimesche Kulturmonumenter vun Tréier op der UNESCO-Lëscht vun der Weltierfschaft.

Malmedy

Malmedy, (wa.: Måmdey) ass eng Stad a Gemeng, déi am Oste vun der Belsch, an der Provënz Léck, läit, do wou d'Warche an d'Warchenne zesummefléissen.

Bellevaux-Ligneuville a Bevercé sinn aner Uertschaften, déi zu dëser Gemeng gehéieren.

Michel Fallize

De Philippe Michel Fallize, gebuer de 24. Februar 1855 zu Harel a gestuerwen den 28. Abrëll 1920 zu Chicago (Illinois) am St. Mary of Nazareth Hospital, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen a Missionär.No sengem Secondaire am Stater Atheneum ass hien 1874 an Amerika gaangen, wou hien zu Notre Dame am Indiana an d'Kongregatioun vum hellege Kräiz (Congrégation de Sainte-Croix) agetrueden ass. Den 31. Dezember 1878 ass hien zum Priister geweit ginn. 1889 ass de Pater Fallize Generalvikar vun der Diözes Dacca (Dhaka, haut Bangladesch) ginn, eng Funktioun, déi hien 21 Joer laang assuréiert huet. 1910 ass hien aus Gesondheetsgrënn zréck op Notre Dame gaangen.Hie war de Brudder vum Jean-Baptiste Fallize.

Parverband

E Parverband ass den Zesummeschloss vu Paren an anere chrëschtleche Gemeinschaften, déi op enger Plaz aktiv sinn, mam Zweck fir e gemeinsame pastorale Plang z'erméiglechen. De Parverband gëtt wéi eng eenzel Par betruecht, och wann déi verschidde Paren hiren eegene Statut behalen, virun allem wat d'Finanzen ugeet, déi weiderhi getrennt fir all Par gefouert ginn.

Duerch en Dekret vum 1. Oktober 2002 huet den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, Mgr. Fernand Franck d'Parverbänn an der Lëtzebuerger Diözes an d'Liewe geruff.

Et gouf bis Mee 2017 an der Lëtzebuerger Diözes 40 Parverbänn, déi bannent 5 Pastoralregioune regruppéiert sinn. Bis 2013 goufen et nach 57 Parverbänn, déi stufeweis duerch Zesummeschlëss reduzéiert goufen.

Am Mee 2017 goufen Pastoralregiounen an d'Parverbänn duerch en Dekret vum Bistum ofgeschaaft. Ersat goufen se duerch nei Paren, déi duerch d'Zesummeleeë vun den ale Paren geschaf goufen.

Pastoralregioun

D'Paren aus der Diözes Lëtzebuerg ware bis de Mee 2017 a 40 Parverbänn agedeelt, déi a 5 Pastoralregiounen zesummegefaasst waren. All Pastoralregioun hat un hirer Spëtzt ee Regionaldechen. De 6. Mee 2017 goufen d'Pastoralregiounen zesumme mat de Parverbänn duerch en Dekret vum Bistum ofgeschaaft.

Dës 5 Pastoralregioune waren:

Pastoralregioun Zentrum mat 8 Parverbänn

Pastoralregioun Osten mat 6 Parverbänn

Pastoralregioun Lëtzebuerg mat 9 Parverbänn

Pastoralregioun Norden mat 6 Parverbänn

Pastoralregioun Süden mat 11 Parverbänn

Paul Iby

De Paul Iby gebuer den 23. Januar 1935 zu Raiding am Burgenland ass Bëschof vun der éisträichescher Diözes Eisenstadt.

Regensburg

Regensburg (engl. fréier Ratisbon, frans. fréier Ratisbonne, lat. fréier Castra Regina, lat., spuen. an it. Ratisbona, poln. Ratyzbona, tschech. Řezno) ass eng kreesfräi Stad am Oste vun Bayern. Si ass d'Haaptstad an de Sëtz vun der Regierung vun der Uewerpfalz, vum Bezierk Uewerpfalz a Sëtz vum Landrat vum Landkreis Regensburg. Den 13. Juli 2006 ass d'Regensburger Alstadt vun der UNESCO op hir Lëscht vun der Weltierfschaft gesat ginn.

Am Ablack huet d'Stad 130.000 Awunner mat Haaptwunnsëtz a knapps 152.000 Awunner als Wunnbevölkerung an ass domat no München, Nürnberg an Augsburg déi véiertgréisste Stad vum Fräistaat Bayern.

D'Stad ass Bëschofs-Sëtz vun der réimesch-kathoulescher Diözes Regensburg, huet dräi Héichschoulen an ass ee vun den 23 Oberzentre vum Fräistaat Bayern. D'Groussstied nobäi sinn: Nürnberg ronn 88 km nordwestlich a München zirka 103 km südwestlech vu Regensburg.

D'Industrie (Autoen, Elektrotechnik, Maschinnenbau, Zocker) dréckt der Stad hiren Stempel op. D'Aarbëchtstslosegket läit, wat fir eng Groussstad ongewéinlech ass, zanter etleche Joren ënner dem bayeresche Landesdurchschnëtt (eei 2006: 6,8 %). Mat 720 sozialversëcherungspflichtege Beschäftegte op 1000 Awunner huet Regensburg no Frankfurt am Main déi gréisst Konzentratioun vu Beschäftegten an Däitschland opzeweisen.

Sylvester William Treinen

De Sylvester William Treinen gebuer den 19. November 1917 zu Donelly am Minnesota an den USA, a gestuerwen den 30. September 1996, war e réimesch-kathoulesche Bëschof vun der amerikanescher Diözes vu Boise, déi un de Staat Idaho ustéisst.

Hie war vu lëtzebuergescher Ofstamung, gouf den 11. Juni 1946 geweit an den 19. Mee 1962 zum Bëschof vu Boise beruff. Hien huet um Zweete vatikanesche Konzil deelgeholl. Als Bëschof ass en de 17. August 1988 zréckgetratt, ass awer a senger Diözes bliwwe bis zu sengem Doud am Joer 1996.

Virgilius

De Virgilius vu Salzburg, gebuer ëm 700 an Irland, a gestuerwen de 27. November 784 zu Salzburg war en hellege Bëschof vun der Diözes Salzburg.

Weibëschof

E Weibëschof ënnerstëtzt de Bëschof bei der Leedung vun der Diözes. Hien iwwerhëlt verschidden Aufgabe fir eng Regioun, eng Persounegrupp oder besonnesch Beräicher vun der Séilsuerg wéi z. B. d'Firmungen. Nodeems e geweit gouf, dréit en déi bëscheeflech Insignen: de Rank, den Hiertestaf, d'Pektoral an d'Mitra.

De Weibëschof leet keng eegen Diözes, mä hie kritt traditionell eng historesch, ënnergaangen Diözes zougewisen. Hien ass dann Titularbëschof vun där Diözes.

Zu Lëtzebuerg ass de Leo Wagener am Juli 2019 vum Poopst Franziskus als éischten zum Weibëschof genannt ginn. Titularbëscheef gouf et allerdéngs scho virun him zu Lëtzebuerg, wéi den Nicolas Adames deen Titularbëschof vun Halikarnassos war.

Äerzbistum Lëtzebuerg

D'Bistum Lëtzebuerg ass 1870 als en onofhängege Bistum gegrënnt ginn, deen direkt dem Hellege Stull ënnersteet, nodeem schonn 1840 en eegestännegt Apostolescht Vikariat geschaf gouf, dat de Grenze vum Groussherzogtum Lëtzebuerg vun 1839 entsprach huet.

Am Joer 1873 huet de Lëtzebuerger Staat d'Diözes Lëtzebuerg och unerkannt. Eréischt zanter 1981 ass d'Bistum Lëtzebuerg och eng personne juridique de droit public.

Lëtzebuerg ass vum Poopst Jean-Paul II. 1988 zu enger Äerzdiözes erhuewe ginn; den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ass zanter 2011 de Jean-Claude Hollerich.

D'Äerzbistum Lëtzebuerg ass zanter dem 17. Abrëll 2017 a sechs Dekanater an an 33 Paren opgedeelt.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.