Denis Diderot

Den Denis Diderot, gebuer de 5. Oktober 1713 zu Langres (Champagne-Ardenne), a gestuerwen den 31. Juli 1784 zu Paräis, war e franséische Schrëftsteller, Philosoph an Enzyklopedist. Den Diderot gehéiert zesumme mam Montesquieu, mam Voltaire a mam Rousseau zu de wichtegste Perséinlechkeete vum Zäitalter vun der Opklärung.

Am bekanntsten ass den Diderot duerch seng Enzyklopedie, der Encyclopédie, ou Dictionnaire raisonné des sciences, des arts et des métiers, déi en zesumme mam Jean d'Alembert erausbruecht huet.

Nuvola apps bookcase.png Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Louis-Michel van Loo 001
Den Denis Diderot

Um Spaweck

Commons: Denis Diderot – Biller, Videoen oder Audiodateien
Encyclopedie de D'Alembert et Diderot - Premiere Page - ENC 1-NA5
D'Encyclopédie vum Diderot an d'Alembert
1713

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1713.

1784

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1784.

31. Juli

Den 31. Juli ass den 212. Dag vum Joer (213. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.

5. Oktober

De 5. Oktober ass den 278. Dag vum Joer (279. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.

Enzyklopedie

Enzyklopedie (algriichesch ἐγκύκλιος παιδεία = "enkyklios paideia", enkýklios = kreesfërmeg a paideía = Léier, Bildung) beschreift ursprénglech (zirka -5. Joerhonnert) eng universal Bildung am Sënn vun engem "studium generale".

Eréischt am Zäitalter vun de Lumières ass an der Neizäit duerch d'Aarbechte vun de franséischen Enzyklopedisten Denis Diderot a Jean d'Alembert de Begrëff vun enger "scientia generalis" (Allgemengwëssen, Allgemengwëssenschaft) entstanen. Vun elo u bezeechent de Begrëff Enzyklopedie souwuel sou eng Wëssenschaft wéi hiert Resultat, d'Duerstellung vum komplette Wëssen (oder op d'mannst de Versuch vu sou enger kompletter Duerstellung) .

Wéi déi franséisch Enzyklopedisten dunn hiert gesammelt Wëssen a Form vun alphabeteschen Noschlowierker zougänglech gemaach hunn, gouf de Begrëff Enzyklopedie séier zur Bezeechnung vun engem enzyklopedesche Lexikon.

Am Géigesaz zu den Enzyklopedien erhiewe weder Dictionnairen, nach Lexikonen a Fachlexikonen den Usproch, vollstänneg Wierker ze sinn. Enzyklopedië baséieren op engem Wësse vun Autoritéiten an hirem Fachberäich an op valide Quellen a ka mat Beispiller an Illustratioune komplettéiert ginn.

Gotthold Ephraim Lessing

De Gotthold Ephraim Lessing, gebuer den 22. Januar 1729 zu Kamenz, am Markgraftum Oberlausitz, a gestuerwen de 15. Februar 1781 zu Braunschweig, war en däitsche Schrëftsteller.

Hie gëllt als ee vun de bedeitendsten däitschen Dichter vun der Opklärung. Absënns a sengen Dramen an theoreteschen Texter huet hien d'Konzept vun der Toleranz promulgéiert. Den Denis Diderot hat e staarken intellektuellen Afloss op hien. Seng theoretesch a kritesch Schrëften (z. B. Laokoon an Hamburgische Dramaturgie) haten dacks e witzeg-ironesche Stil. Hien hat e groussen Afloss op d'Entwécklung vun engem Selbstbewosstsinn vum Biergertum. D'Konzept vun der Fräiheet zitt sech wéi e roude Fuedem duerch säi Wierk. Hien huet och wesentlech Impulser fir d'Weiderentwécklung vum Theater ginn, a staark beaflosst, wéi Literatur en Impakt an der Ëffentlechkeet kann hunn.

Seng bekanntst Theaterstécker si Miss Sara Sampson, Minna von Barnhelm an Nathan der Weise. De Lessing ass deen éischten däitschen Theaterauteur, deem seng Stécker ouni Ënnerbriechung bis haut doruechter opgefouert ginn.

Haaptsäit/Op engem/Juli

All Dag gëtt op der Haaptsäit eng kleng Lëscht vun deene wichtegsten Evenementer gewisen, déi op deem Dag geschitt sinn. Op dëser Säit sinn d'Schabloune vum Mout Juli.

Haaptsäit/Op engem/Oktober

All Dag gëtt op der Haaptsäit eng kleng Lëscht vun deene wichtegsten Evenementer gewisen, déi op deem Dag geschitt sinn. Op dëser Säit sinn d'Schabloune vum Mout Oktober.

Jean Baptiste le Rond d'Alembert

De Jean-Baptiste le Rond, genannt D'Alembert, gebuer de 16. November 1717 zu Paräis an och do den 29. Oktober 1783 gestuerwen, war e franséische Mathematiker a Physiker, ee vun de bedeitendste vum 18. Joerhonnert, an e Philosoph vum Zäitalter vun de Lumières.

Säi mathematescht Haaptwierk waren seng Opuscules mathématiques an néng Bänn. Den D'Alembert huet sech ë. a. och fir Musek intresséiert. 1752 huet en d'Éléments de la musique théorique et pratique publizéiert, an zwee Joer drop d'Réflexions sur la musique en général et sur la musique française en particulier.

Zesumme mam Denis Diderot war hien Editeur vun der Encyclopédie, déi tëscht 1751 a 1780 erauskoum. Hie selwer huet sech bei deem Projet virun allem ëm de mathemateschen Deel gekëmmert. Och den Discours préliminaire am éischte Band, eng Zort Manifest vun der Opklärung, war vun him, dobäi iwwer 1570 signéiert a ronn 210 onsignéiert Artikelen, meeschtens iwwer Sujete ronderëm d'Naturwëssenschaften.

Hien huet mat „opgekläerten Despote“ korrespondéiert, wéi dem Friedrich II. vu Preisen an der russescher Zarin Katharina der Grousser, stoung awer den Herrschenden ëmmer kritesch géintiwwer. A sengem Essai sur les gens des lettres et sur les grands huet en 1759 d'Vue vun der Welt vum Adel mat där vun de Philosophe verglach. Den D'Alembert war war en exzellenten Tacitus-Iwwersetzer. Hie war (Éiere)member vun der Russescher Akademie vun de Wëssenschaften (Péitersbuerg, 1764), der Preußische Akademie der Wissenschaften, der American Academy of Arts and Sciences (1781), der Académie des sciences an och vun der Académie française, vun där e 1772 Generalsekretär op Liewenszäit gouf.

Lëscht vu franséischsproochege Schrëftsteller (chronologesch)

Des Lëscht vu franséischsproochege Schrëftsteller, chronologesch gesënnert, ass en Deel vun de Referenztabellen.

Montesquieu

De Charles-Louis de Secondat, baron de La Brède et de Montesquieu, gebuer den 18.Januar 1689 um Schlass vu La Brède bei Bordeaux, an deselwechten Dag an der Kierch vu La Brède gedeeft, a gestuerwen den 10. Februar 1755 zu Paräis, war e franséische Wëssenschaftler, Philosoph, Historiker an Auteur. Hien ass eng vun den Haaptfigure vum Zäitalter vun der Opklärung a Vertrieder vum Naturrecht.

Thierry Simonelli

Den Thierry Simonelli ass e Psychoanalytiker.

Nieft senger psychoanalytescher Ausbildung zou Paräis huet den Thierry Simonelli säi Studium mat engem Doktorat an der Philosophie (Université de Paris 4, Sorbonne), engem Master an der Psychologie (Université de Paris 7, Denis Diderot), an engem weideren Doktorat an der klinescher Psychologie, op der Université de Bretagne Occidentale ofgeschloss.

Hien huet zu Paräis, Reims, Metz a Lëtzebuerg Philosophie, Logik, Psychanalyse a Psychologie enseignéiert.Hien ass Grënnungsmember von der Société psychanalytique du Luxembourg, an Administrateur adjoint vum Groupe de recherches et d'études épistémologiques, Paräis.

Des Weideren dirigéiert hien zwou Internet-Revuen: Psychanalyse.lu an Dogma

Zäitalter vun de Lumières

Mat Zäitalter vun de Lumières oder och Zäitalter vun der Opklärung bezeechent een eng Epoch an der geeschteger Entwécklung vun der westlecher Gesellschaft am 17. an 18. Joerhonnert, déi besonnesch duerch d'Bestriewe geprägt ass d'Denkweis duerch d'Vernonft vun ale Virstellungen, Virurteeler an Ideologien ze befreien.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.