Britt

Britt ass Waasser, an deem Schanken, Fleesch, Fësch oder Geméis gekacht goufen an dat doduerch en bestëmmten Aroma kritt huet. Britt déngt als Fong fir Zoppen a Zoossen.

Foodlogo.svg Dësen Artikel zum Thema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bruehe-2
Kallefsbritt
17. Mäerz

De 17. Mäerz ass de 76. Dag (77. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.

Alberto Lattuada

Den Alberto Lattuada gebuer den 13. November 1914 zu Mailand a gestuerwen den 3. Juli 2005 zu Roum war en italienesche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent.

Antarktis

D'Antarktis (oder Antarktik) ass de südlechste Kontinent op der Äerd. E läit ronderëm de Südpol, ronderëm ass den Antarkteschen Ozean. D'Antarktis huet eng Fläch vu 14 Millioune km², wouvun 98% vune enger Couche Äis bedeckt ass, déi an der Moyenne 1,6 km déck ass. Se besteet aus enger Haaptinsel an enger Rëtsch méi klengen.

D'Antarktis ass dee kaalsten an dréchenste Kontinent, an dee mam meeschte Wand. Well et wéineg Nidderschlag (an der Mëtt vum Kontinent an der Moyenne 20 mm am Joer) gëtt ass d'Antarktik, 'technesch' gesinn, déi gréisst Wüst op der Äerd. Et gëtt keng permanent mënschlech Siidlungen, an et gouf do och ni eng indigen mënschlech Bevëlkerung. Eenzeg déi Planzen an Déieren, déi net kriddeleg géint Keelt, Luuchtmanktem an Ariditéit sinn, kënnen do iwwerleiwen, sou wéi d'Pinguinen, d'Séihënn, verschidde Fësch, Crustacéen, Mooser, Flechten an Algen.

Den Numm "Antarktis" kënnt vum ale Griicheschen ἀνταρκτικός (antarktikós), wat souvill heescht wéi "déi aner Säit vun der Arktis". D'Arktis hirersäits ass nom griicheschen Numm vum Stärebild vum Klenge Bier (arktos = Bier) genannt ginn.

D'Antarktis huet e besonnesche Status: Duerch den Antarktis-Traité vun 1959 an de Protokoll vu Madrid vun 1991 sinn do militäresch Aktivitéite verbueden an och d'Sichen no mineralesche Buedemschätz, dees et wier fir wëssenschaftlech Zwecker. Eng 4.000 Fuerscher aus ville Länner sinn do aktiv. Well en eng Naturreserv ass, ass de Kontinent och duerch verschidde Konventiounen an Accorde geschützt, fir d'Biodiversitéit do z'erhalen.

Déi éischt Kéier, wou d'Antarktis gesi gouf, war 1820 duerch d'Equipage vun dräi Schëffer, deenen hir Kapitänen de Fabian Gottlieb von Bellingshausen (vun der Keeserlech-Russescher Marine), den Edward Bransfield (Royal Navy) an den Nathaniel Palmer (en amerikanesche Séifuerer) waren. Dat éischt attestéiert Betriede vum Kontinent war duerch den amerikanesche Séifuerer John Davis, de 7. Februar 1821, wat awer vu verschiddenen Historiker ugezweiwelt gëtt..

Tëscht 1895 an 1922 gouf et eng ganz Rëtsch Expeditiounen, wouvu bei villen e wichtegt Zil war, als Éischt de Südpol z'erreechen. Deen éischten, deen dat fäerdegbruecht huet, war de Roald Amundsen, de 14. Dezember 1911. De Britt Robert Falcon Scott, koum ee Mount méi spéit, an ass um Réckwee gestuerwen. Tëscht dem 24. November 1957 an dem 2. Mäerz 1958 huet d'Fuchs-Hillary-Expeditioun et als éischt fäerdegbruecht, um Landwee queesch duerch de Kontinent ze fueren (mat engem Schnéimobil vun der Tucker Sno-cat Corporation). Dobäi gouf och d'Héicht vum Kontinent an d'Déckt vum Äis gemooss.

Cameron Mitchell

De Cameron Mitchell, gebuer als Cameron McDowell Mitzell de 4. November 1918 zu Dallastown a Pennsylvania a gestuerwen de 6. Juli 1994 zu Pacific Palisades a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.

De Cameron Mitchell war an enger 240 TV- a Kinosfilmer ze gesinn. Hien huet och um Broadway Theater gespillt.

Bekannt ass hien duerch d'Roll vum Buck Cannon an de 97 Episoden vun der TV-Serie The High Chaparral an de Joren 1967 bis 1971.

Edward Dmytryk

Den Edward Dmytryk gebuer de 4. September 1908 zu Grand Forks a Kanada a gestuerwen den 1. Juli 1999 zu Encino a Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.

Bekannt Filmer déi den Dmytryk gedréint huet sinn The Caine Mutiny (1954) mam Humphrey Bogart, de Western Broken Lance (1954) mam Spencer Tracy a Robert Wagner, den dramatesche Film Raintree County (1957) mam Montgomery Clift an Elizabeth Taylor an de Krichsfilm The Young Lions (1957) mam Marlon Brando a Maximilian Schell.

Elke Sommer

D'Elke Sommer, gebuer als Elke Schletz de 5. November 1940 zu Berlin, ass eng däitsch Schauspillerin, Schlagersängerin a Molerin.

Feldgänsen

D'Feldgänsen oder och Echt Gänsen (Anser), sinn eng Gattung vun Echte Gänsen (Anserini), déi zu der Famill vun den Intevullen (Anatidae) gehéieren. Déi Gattung besteet aus 10 (oder 11) Aarten, dorënner déi bekanntst Gänsen-Aarten a Mëtteleuropa.

Zu där Gattung gehéiert d'Hausgäns (Anser anser domesticus) als domestizéiert Form vun der Grogäns.

Gabriele Ferzetti

De Gabriele Ferzetti, gebuer als Pasquale Ferzetti de 17. Mäerz 1925 zu Roum an och do gestuerwen den 2. Dezember 2015 war en italienesche Schauspiller.

De Ferzetti huet an iwwer 160 Kinos- an TV-Filmer matgespillt.

Wichteg Filmer a senger Carrière sinn 2 dramatesch Filmer vum Michelangelo Antonioni Le amiche (1955) a L'avventura (1960) mat der Monica Vitti an der Lea Massari. Aner bedeitend Filmer mat him sinn den Italowestern C'era una volta il West (1968) vum Sergio Leone, den James Bond-Film On Her Majesty's Secret Service (1969) vum Peter Hunt, de Krichsdrama Il portiere di notte (1974) vun der Liliana Cavani mat dem Dirk Bogarde an der Charlotte Rampling an den Haaptrollen an Io sono l'amore (1992) vum Luca Guadagnino mat der Tilda Swinton.

Guy Hamilton

De Guy Hamilton, gebuer de 16. September 1922 zu Paräis, a gestuerwen den 20. Abrëll 2016 zu Palma de Mallorca, war e britesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Hien ass besonnesch bekannt duerch d'James Bond-Filmer Goldfinger, Diamonds Are Forever, Live and Let Die an The Man with the Golden Gun. Aner bekannt Filmer vun him si Funeral in Berlin a Battle of Britain.

Howard Vernon

Den Howard Vernon, gebuer als Mario Walter Lippert de 15. Juli 1914 zu Baden, am Kanton Aargau, a gestuerwen de 25. Juli 1996 zu Issy-les-Moulineaux, am Departement Hauts-de-Seine, war e Schwäizer Schauspiller.

Den Howard Vernon huet an iwwer 190 TV- a Kinosfilmer matgespillt.

Seng Schauspillercarrière huet hie mam Film Boule de suif (1945) vum Christian-Jaque, no engem Roman vum Guy de Maupassant ugefaangen. 1947 hat hien eng Haaptroll am Film Le silence de la mer vum Jean-Pierre Melville, Hie war besonnesch am Kino an Niewerollen ze gesinn an dat a bedeitende Filmer wéi Si Versailles m'était conté... (1954) vum Sacha Guitry, Napoléon (1955) och vum Sacha Guitry, Die 1000 Augen des Dr. Mabuse (1960) vum Fritz Lang, Alphaville, une étrange aventure de Lemmy Caution (1965) vum Jean-Luc Godard mam Eddie Constantine, Love and Death (1975) vum Woody Allen an am Joer 1991 Delicatessen vum Jean-Pierre Jeunet a Marc Caro.

Vun de 1960er Joren un huet hien an iwwer 30 Filmer vum spuenesche Filmregisseur Jesús Franco matgespillt. Des Filmer mat engem klenge Budget waren haaptsächlech Horrorfilmer, Vampirfilmer an erotesch Filmer mat meeschtens deene selwechte Schauspillerinne wéi Soledad Miranda, Anne Libert, Britt Nichols a Lina Romay.

Am Joer 1988 hat hien och eng Roll am Kuerzfilm Somewhere in Europe vum lëtzebuergesche Filmregisseur Pol Cruchten.

Joachim Hansen

De Joachim Hansen, mam richtegen Numm Joachim Spieler, gebuer den 28. Juni 1930 zu Frankfurt un der Oder, a gestuerwen den 13. September 2007 zu Berlin war en däitsche Schauspiller.

Judd mat Gaardebounen

Judd mat Gaardebounen ass en typesch lëtzebuergesche Plat.

Naturschutzgebitt Haff Réimech

Haff Réimech ass en Naturschutzgebitt am Dräilännereck Lëtzebuerg-Däitschland-Frankräich, an der Gemeng Schengen, dat un d'Uertschafte Rëmerschen, Wëntreng a Schwéidsbeng grenzt. Tëscht der Musel am Osten an deene mat Wéngerte bedeckten Häng am Weste läit an deem breeden Deel vum soss enke Museldall e Fiichtgebitt, wouvun zirka 100 ha zanter 1998 ënner Naturschutz stinn. Et zielt zu de schéinsten an ekologesch wäertvollste Fiichtgebidder vu Lëtzebuerg.

Peter Sellers

De Peter Sellers, gebuer als Richard Henry Sellers den 8. September 1925 zu Southsea am Hampshire an England a gestuerwen de 24. Juli 1980 zu London war en englesche Schauspiller.

Bekannt Filmer mam Sellers sinn The Ladykillers (1955) vum Alexander Mackendrick, The Mouse That Roared (1959) vum Jack Arnold, The Pink Panther (1963) vum Blake Edwards an Dr. Strangelove or: How I Learned to Stop Worrying and Love the Bomb (1964) vum Stanley Kubrick, an deem e gläich dräi Rollen hat.

Ralph Thomas

De Ralph Thomas gebuer den 10. August 1915 zu Hull, Yorkshire a gestuerwen de 17. Mäerz 2001 zu London war en englesche Filmregisseur.

Robert Parrish

De Robert Parrish, gebuer de 4. Januar 1916 zu Columbus a gestuerwen de 4. Dezember 1995 zu Southampton op Long Island, war en US-amerikanesche Filmediteur, Filmregisseur a Kannerschauspiller.

Senne (Floss)

D'Senne (op Hollännesch Zenne), ass e belsche Floss, deen an d'Dijle leeft.

Der Senne hir Quell ass zu Naast, bei Soignies a si leeft iwwer 103 km duerch déi dräi belsch Regiounen: Wallounien, d'Haaptstadregioun Bréissel a Flandern fir dann zu Heffen an d'Dijle ze lafen.

Zu Bréissel, dat un hiren Uwänner entstanen ass, ass d'Senne zanter 1871 kanaliséiert an zougedeckt soudatt ee se nach just plazeweis wéi zu Anderlecht bei der Schleis an zu Schaerbek bei der Kläranlag a bei der Van-Praet-Bréck. D'Egoute vun Industrie an honnertdausende vu Leit hate s'an eng sténkeg Britt verwandelt. 2000 gouf am Süde vu Bréissel eng Kläranlag a Betrib geholl (STEP-Sud), déi d'Ofwässer vu Forest, Saint-Gilles, Uccle, engem Deel vun Anderlecht souwéi vun e puer flämesche Gemengen déi dru stoussen, kläert, wat ongeféier engem Drëttel vun den Ofwässer vu Bréissel entsprécht. Dat gekläert Waasser gëtt op der Héicht vum Boulevard International an der Rue de la Bienvenue erëm an d'Senne geleet. Eréischt 2007 gouf eng Kläranlag, d'STEP-Nord, ageweit, déi d'Ofwässer vun deene meeschte Bréisseler Gemenge kläert.

Fir de Floss bei Héichwaasser z'entlaaschte gëtt et dräi Iwwerleef déi all an de Kanal Charleroi-Bréissel lafen, dovun een zu Lembeek, den Déversoir d'Aa nieft der Schleis vun Anderlecht an een zu Molebeek e bësselche flossop vun der Schleis bei der Porte de Ninove.

Trotz deenen Anlage war et am hallwe November 2010 zu enger grousser Iwwerschwemmung am mëttelste Laf vun der Senne komm.

Victor Mature

De Victor Mature gebuer als Victor Joseph Maturi den 29. Januar 1913 zu Louisville (Kentucky) a gestuerwen de 4. August 1999 zu Rancho Santa Fe (Kalifornien) war en US-amerikanesche Schauspiller.

Walter Giller

De Walter Giller, gebuer den 23. August 1927 zu Recklinghausen, a gestuerwen de 15. Dezember 2011 zu Hamburg, war en däitsche Schauspiller. .

Hie war de Jong vum Kannerdokter Walter Giller und a vun deem senger Fra Edwine Röver.

Vun 1948 u war de Walter Giller beim Film. Hien huet a méi wéi 120 Filmer matgespillt.

Vum 5. Februar 1956 bis zu sengem Doud war de Walter Giller mat der Schauspillerin Nadja Tiller bestuet.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.