Brasilien

Brasilien (República Federativa do Brasil) ass en onofhängege Staat a Südamerika. D'Haaptstad ass Brasilia. Déi gréisst Stad ass São Paulo.

D'Land grenzt am Norden u Kolumbien, Venezuela, Guyana, Suriname an u Franséisch-Guayana, am Süden un Argentinien, Paraguay an Uruguay, am Osten un den Atlantik an am Westen u Bolivien a Peru. Brasilien huet ze soen eng Grenz mat all de Länner vu Südamerika bis op Chile an Ecuador.

D'Republik huet eng Fläch vun 8 514 877 km² an ass flächen- a bevëlkerungsméisseg dat fënneftgréisst Land op der Welt.

Map of Brazil with flag.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Brasilien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
República Federativa do Brasil

Brasilianesche Fändel

Brasilianescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Ordem e Progresso
(Uerdnung a Fortschrëtt)
LocationBrazil
Offiziell Sprooch: Portugisesch
Haaptstad: Brasilia
Staatsform: Federal Republik
 • President: Jair Bolsonaro
Fläch: 8 514 877 km²
 • Dovu Waasser: 0,65 %
Bevëlkerung: 183 888 841 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 21,60/km²
Onofhängegkeet: vu Portugal
1822 erkläert
1825 unerkannt
Nationalfeierdag: 7. September
Nationalhymn: Hino Nacional Brasileiro
(Lauschteren)
Währung: Real
Zäitzon: UTC -2 bis -5
Internet TLD: .br
Internationalen
Telefonsprefix
:
+55
Brasilien topo

Um Spaweck

Commons: Brasilien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Zuel geschat fir 2007. Beim leschten Zensus 2000 goufen 169 799 170 Leit gezielt.
    Quell: IBGE
.br

.br ass den Nationalen Top-Level-Domän vu Brasilien.

Argentinien

D'Republik Argentinien (sp.: República Argentina) ass e Staat am Süde vu Südamerika.

Argentinien grenzt am Norden u Bolivien a Paraguay, am Osten un Uruguay a Brasilien an am Westen un Chile. Am Südoste mécht den Atlanteschen Ozean eng natierlech Grenz. Argentinien ass vun der Fläch hier, no Brasilien, den zweetgréisste Staat um südamerikanesche Kontinent.

D'Haaptstad an anengems gréisst Stad ass Buenos Aires.

Brasília

Brasília ass d'Haaptstad vu Brasilien. Se läit am Distrito Federal do Brasil (Bundesdistrikt), huet eng Fläch vu 472,12 Quadratkilometer a méi wéi 2 Milliounen Awunner.

Brasília läit op 1158 Meter héicht um zentralen Héichplateau vum Land, no bei der Waasserscheed vun de Basenge vum Amazonas a vum Río de la Plata, an der Mëtt vu Brasilien, mä wäit ewech vun anere Stied wéi São Paulo (872 km), Rio de Janeiro (930 km), Recife (1653 km) a Belém (1600 km).

1891 gouf duerch eng Verfassungsännerung decidéiert, eng nei Haaptstad ze bauen. De 7. September 1922 gouf de Grondsteen fir Brasília geluecht. Déi grouss Aarbechten hunn awer eréischt den 22. Oktober 1956 uegfaangen.

De Plang vun der Stad, "Plano piloto" genannt, ass vum Lúcio Costa. E besteet aus engem Kräiz vun enger Längs- an enger Queeschachs, woubäi d'Queeschachs no hiren zwou Extremitéiten hi gebéit ass, soudatt eng Form vun engem Vull entstanen ass. Den Architekt Oscar Niemeyer war responsabel fir d'Entwërf vun den ëffentleche Gebaier, wouvun déi markantst den Nationale Kongress (Parlament a Senat) an d'Kathedral sinn.

Zanter 1987 steet Brasília op der Unesco-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft.

Foussball-Weltmeeschterschaft

D'Foussball-Weltmeeschterschaft (FIFA-Weltpokal) vun de Männer ass e Fousballturnéier tëscht Nationalequippen dat all véier Joer ofgehale gëtt. Organisateur ass de Weltfoussballverband FIFA. D'Veranstaltung ass nieft den Olympesche Spiller eent vun de bedeitendste Sportsevenementer vun der Welt.

Zanter 1991 ass och all véier Joer eng Foussball-Weltmeeschterschaft fir Dammen .

Foussball-Weltmeeschterschaft 2006

Déi 18. FIFA Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 vun de Männer gouf vum 9. Juni bis den 9. Juli 2006 an Däitschland ausgedroen a vun der italienscher Nationalmannschaft gewonnen.

32 Mannschafte si fir d'éischt a Gruppen an duerno an Ausscheedungsspiller géinteneen ugetrueden. Am Ganze goufe 64 Matcher gespillt.

Bei der Kandidatur hat sech Däitschland de 6. Juli 2000 géint Brasilien, Marokko, England an zulescht an der Finall mat zwielef zu eelef Stëmme géint Südafrika duerchgesat. Méiglecherweis entscheedent fir d'Stëmmeverhältnis war dobäi e Bestiechungsbréif vum däitsche Satir-Magazin Titanic, deen no der eegener Ausso zur decisiver Stëmmenenthalung vum neiséilännesche FIFA-Vertrieder Charles Dempsey gefouert huet.

D'Motto vun der Kandidatur an der Ennronn heescht: „Die Welt zu Gast bei Freunden“ (A time to make friends) a soll d'Verbonnenheet vun den Däitsche mam Sport an hir Gaaschtfrëndschaft ausdrécken.

Den 1. Februar 2005 huet de Kaartevirverkaf fir d'WM ugefaangen. D'offiziellt Maskottche fir d'WM, e Léiw, gouf den 13. November 2004 virgestallt an heescht Goleo VI. Weider WM-2006-Symboler, déi den Oranisatiounskomitee ëm de Franz Beckenbauer virgestallt huet, sinn den offizielle Logo, deen aus faarwege Gesiichter besteet, an dat offiziellt WM-Plakat (déifblo, mat winzege Stärecher, déi sech zu engem Foussball verbannen).

Kuckt och:Maskottchen, Logo an Plakat.

De FIFA-Konfederatioune-Pokal 2005, deen och an Däitschland war, huet als Generalprouf fir dës Weltmeeschterschaft gegollt.

D'Matcher vun der WM 2006 wäerten op Wuess-Terrainen (Naturwuess) ofgehale ginn. Fir soss all Turnéier- an Qualifikatiounsmatcher op FIFA-Niveau goufen och Konschtwuesbeläg zougelooss, souwäit wéi se de Qualitéitscritère vun der FIFA entspriechen. Gespillt gëtt mam offizielle WM-Ball vum bekannte Sportartikelproduzent Adidas mam Numm +Teamgeist™.

Guyane

D'Franséisch Guyane (och Franséisch-Guyana, franséisch Guyane française [gɥiˌjanfʀɑ̃ˈsɛːz] oder Guyane) ass en Iwwerséidepartement an eng Regioun vu Frankräich, am Norde vu Südamerika um Atlanteschen Ozean tëscht Brasilien a Suriname bei 4° nërdlecher Breet a 53° westlecher Längt.

D'Guayane ass e vollintegréierten Deel vum franséische Staat a gehéiert och domat zur Europäescher Unioun.

Haaptstad

Eng Haaptstad ass de Sëtz vun der Vertriedung vun der Souveränitéit vun engem Staat (Demokratie: Parlament, Monarchie: Residenz).

Normalerweis sinn Haaptstad a Regierungssëtz identesch, mä et gëtt awer och Ausnamen, wéi z. B.: Holland, wou d'Haaptstad Amsterdam, de Regierungssëtz awer Den Haag ass.

Ganz dacks ass d'Haaptstad och déi gréisst Stad an dee wichtegsten Ekonomies-, Verkéiers-, Industrie-, a Kulturzentrum vun engem Staat.

Natierlech gëtt et och hei Ausnamen, wéi z. B. an der Tierkei: Haaptstad ass Ankara, gréisst Stad ass awer Istanbul; a Marokko: Haaptstad Rabat, gréisst Stad ass awer Casablanca, asw....

Südafrika huet ze soen dräi "Haaptstied", woubäi keng déi gréisst Stad ass: D'Parlament ass zu Kapstad, de Verwaltungs- a Regierungszentrum ass zu Pretoria (Tshwane), Gerichtshäff sinn zu Bloemfontein a gréisst Stad ass Johannesburg.

Verschidde Länner hunn eng Planghaaptstad, wéi z. B. Brasilien: Brasília, Australien: Canberra, Nigeria: Abuja an neierdéngs och Myanmar mat Pyinmana.

Folgend Staaten hu keng Haaptstad: Monaco, Nauru an de Vatikanstad.

International Raumstatioun

D'International Raumstatioun (engl. International Space Station, ISS) ass eng an internationaler Kooperatioun entstanen, nach net komplett fäerdeg, awer scho besat Raumstatioun. Um Projet sinn nieft der amerikanescher NASA an der russescher Raumfaartagentur Roskosmos och europäesch Staate bedeelegt. All ESA-Staaten ausser Groussbritannien, Irland, Portugal, Éisträich, Finnland a Griicheland hunn de Vertrag iwwer de Bau vun der Statioun am Joer 1998 ënnerschriwwen. Weider bedeelegt sinn d'kanadesch CSA an d'japanesch JAXA. Brasilien hat mat den USA e separat Ofkommes iwwer d'Benotze vun der ISS.

D'Pläng fir eng grouss, international Raumstatioun gi bis an déi 1980er Joren zréck. D'Statioun war deemools nach ënner dem Numm (Freedom oder Alpha) geplangt. D'ISS ass zanter 1998 am Bau an ass bis op Weideres dee gréisste vu Mënschenhand geschaaften Objet am Äerdorbit. Si kreest an zirka 350 km Héicht mat enger Bunnschréiegt vun 51,6° all 92 min ëm d'Äerd a soll, wa se bis fäerdeg ass, 2010 maximal Ofmiessunge vun ongeféier 110 × 90 × 30 m erreechen. Duerno soll si op d'mannst bis 2016 weiderbedriwwe ginn.

Wéinst der weltwäiter Kooperatioun an den ëmfangräichen Investitioune kann d'ISS als de gréissten zivillen an internationale Projet vun der Geschicht bezeechent ginn. Dat huet besonnesch zanter dem Enn vum Kale Krich an nom Bäitrëtt vu Russland zum Projet ee bedeitende Symbolwäert.

Japanesch

Japanesch, op Japanesch 日本語 nihongo, ass d'Amtssprooch vu Japan.

Kolumbien

Kolumbien, op Spuenesch República de Colombia, ass e Staat a Südamerika. D'Haaptstad ass Bogotá.

Lëscht vun de Staate vun der Welt

D'Lëscht vun de Staate vun der Welt ass eng Lëscht an där all 193 Staate vun der Welt opgelëscht sinn.

Dës Lëscht vun de Staate vun der Welt ass en Deel vun de Referenztabellen.

E Land, deem säin Numm kursiv geschriwwen ass, gëtt net oder net universell unerkannt.

Peru

D'Republik Peru (República del Perú) ass e Staat am Weste vu Südamerika. D'Haaptstad ass Lima.

D'Land grenzt am Norden un Ecuador an u Kolumbien, am Westen un de Pazifik, am Südosten u Bolivien, am Süden u Chile an am Osten u Brasilien.

Peru huet eng Fläch vun 1.285.216 km².

Rio de Janeiro

Rio de Janeiro ass déi zweetgréisst Stad a Brasilien an d'Haaptstad vum Bundesstaat mam selwechten Numm. Se läit an der Guanabara-Bucht am Südoste vum Land. Den Numm (portugisesch fir "Januar-Floss") ass entstanen, well de Gaspar de Lemos den 1. Januar 1502 d'Bucht entdeckt huet an iertemlech gemengt huet, et wier d'Mëndung vun engem grousse Floss. D'Stad huet ronn 6,4 Milliounen Awunner (2016). An der Agglomeratioun liewen eng 11,9 Milliounen Awunner (2010).

Rio de Janeiro war tëscht 1763 an 1960 d'Haaptstad vu Brasilien, ier Brasília dës Funktioun iwwerholl huet, an ass no São Paulo dee wichtegsten Handels- a Finanzzentrum vum Land. D'Awunner gi Cariocas genannt, dat heescht op Tupinambá "Häip vum wäisse Mann".

Déi bekanntst Attraktioune vu Rio de Janeiro sinn den 394 m héijen Zockerhutt, déi 38 Meter héich Christusfigur op der Spëtzt vum Corcovado (dee 704 m héich ass) an d'Plagë vu Copacabana an Ipanema. D'Stad ass och bekannt wéinst dem Karneval vu Rio, deen do all Joer deeglaang gefeiert gëtt.

D'Olympesch Summerspiller 2016 gouf zu Rio de Janeiro ausgedroen.

Spuenesch

D'Spuenesch (sp.: español, castellano) ass eng iberesch-romanesch Sprooch, mat laténgeschem, germaneschem an arabeschem Afloss.

Fir 500 Millioune Leit an 22 Länner op der Welt ass Spuenesch déi Offiziell Sprooch. Donieft gëtt Spuenesch nach a ville Länner als zweet Sprooch geschwat. D'Zuel vun de Leit, déi Spuenesch schwätze, läit bei zirka 600 Millounen. Domat ass Spuenesch déi véiert heefegst geschwate Sprooch op der Welt, dat no Chinesesch, Hindi an Englesch.

An der ISO 639-1 gëtt d'Ofkierzung es benotzt an an der ISO 639-2 spa.

Suriname

D'Republik Suriname, och Surinam (Hollännesch: Republiek Suriname [repyˈbli:k syɾiˈna:mə]; Sranan Tongo: Sranan [sra:ˈnaŋ]) läit a Südamerika, op der Nordwestküst vum Atlanteschen Ozean bei 4° Nord a 56° West. D'Land grenzt am Osten u Franséisch-Guayana, am Süden u Brasilien an am Westen u Guyana. Den Numm Suriname kënnt wahrscheinlech vum Stamm vun de Surinen, deen duerch d'Arawaken aus dësem Gebitt verdriwwe gouf. De 25. November 1975 gouf Suriname onofhängeg vun Holland. Zanterhier si vill Surinamer an Holland ausgewandert.

São Paulo

São Paulo ['sãu 'paulu] (port. fir hellege Paulus) ass d'Haaptstad vum brasilianesche Bundesstaat mam selwechten Numm. Se läit am Südoste vum Land, 80 km vum Atlanteschen Ozean ewech, po enger Héicht vu bal 800 m. Et ass de wichtegste Wirtschafts-, Finanz- a Kulturzentrum a Verkéiersknuet vum Land mat Universitéiten, Héichschoulen, Theateren a Muséeën.

São Paulo ass dee gréissten industrielle Ballungsraum a Latäinamerika. An der Stad selwer liewen 10,9 Millioune Mënschen (2007). D'Metropolregioun Grande São Paulo huet ronn 19,2 Milliounen Awunner(2007) op bal 8.000 Quadratkilometer an ass domat eng vun deene gréissten op der Welt an déi Stad mat de meeschtne Awunner op der südlecher Hemisphär. São Paolo ass, jee no Statistik, déi fënneft- oder sechstgréisst Stad op der Welt.

São Paulo ass, wéinst enger Immigratioun aus der ganzer Welt, multikulturell Gesellschaft, mat haaptsächlech portugiseschen, italieneschen, däitschen, libaneseschen a japanischen Aflëss.

São Paulo besteet aus 9 administrativen Zonen (zonas): Nordost, Nordwest, West, Zentrum-Süd, Zentrum, Südosten, Süd, Ost 01 und Ost 02, déi fir hiren Deel an 31 Ënnerprefekturen (subprefeituras) a 96 Quartieren (distritos) agedeelt sinn.

São Paulo gouf de 25. Januar 1554, dem Fest vun der Bekéierung vum Apostel Paulus, vun de jesuitesche Missiounspatere Manuel da Nóbrega a José de Anchieta ronderëm e Jesuite-Klouschter gegrënnt. 1711 krut et d'Stadrecht. Bis an d'1870er blouf et relativ onbedeitend. Eréischt mat der rasanter Ausbreedung vum Kaffiubau goufe systematesch Verkéiersweeër am Bundesstaat ugeluecht, mat São Paolo am Zentrum.

Tëscht 1886 an 1905 sinn Honnertdausende vun Leit agewandert (virun allem Italiener, mä och Däitscher, Japaner a Libanesen. Enn vum 19. Joerhonnert koum d'Industrialiséierung dobäi, déi d'Géigend zu der gréisster Industrieregioun vum Land gemaach huet an São Paulo zu Räichtum a Gréisst verhollef hunn.

Zanter der Mëtt vum 20. Joerhonnert kommen d'Leit, déi op São Paulo wunne kommen, virun allem aus dem Nordoste vu Brasilien

Südamerika

Südamerika ass de südlechen Deel vun Amerika.

Uruguay

Uruguay, mat offiziellem Numm República Oriental del Uruguay (spuenesch fir Republik ëstlech vum (Floss) Uruguay, ass e Staat am Südoste vu Südamerika.

D'Land grenzt am Norden u Brasilien, am Osten un den Atlanteschen Ozean, am Süden un de Rio de la Plata an am Westen, duerch de Río Uruguay getrennt, un Argentinien.

D'Haaptstad ass Montevideo.

Venezuela

Venezuela, op Spuenesch República Bolivariana de Venezuela, ass e Staat am Norde vu Südamerika. D'Haaptstad ass Caracas.

Membere vun der Unioun vun de Südamerikaneschen Natiounen (CSN)

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.