B-17 Flying Fortress

D'Boeing B-17 Flying Fortress (lëtz.: „Festung, déi flitt“) war e schwéiere véiermotoregen amerikanesche Bommefliger am Zweete Weltkrich. Et war dee bekanntste Bommefliger vun der US Loftwaff am Zweete Weltkrich. E war dofir bekannt, datt e meeschtens trotz schwéiere Schied aus den Asätz zréckkoum. D'Bezeechnung Flying Fortress ass op e Comic aus de fréie 40er Joren, „Stratosphere Jim and his Flying Fortress“ vum Oskar Lebeck an Gaylord DuBois zréckzeféieren. D'B-17 huet hire Bäinumm kritt well se robust gebaut a mat bis zu dräizéng schwéiere Maschinnegewierer ausgerëscht war. D'komplett Besatzung vun enger Flying Fortress huet aus zéng Mann bestanen, wouvun der véier ausschliisslech d'Maschinnegewierer bedéngt hunn.

Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Color Photographed B-17E in Flight
Eng B-17
B17-F-45-VE
Boeing B-17F
B-17 on bomb run
B-17 Flying Fortress
B-17 Flying Fortress
B-17 bei engem Ugrëff iwwer Europa

Um Spaweck

Commons: B-17 Flying Fortress – Biller, Videoen oder Audiodateien
Boeing

Boeing (The Boeing Company) ass ee vun de weltwäit gréissten Hiersteller vun zivilen a militäresche Fligeren an Helikopteren, genee wéi vu Militär- a Weltraumtechnik.

Monument 385th Bomb Group

D'Monument 385th Bomb Group zu Pärel ass e Krichsmonument fir un zwou Fligerbesatzungen z'erënneren déi an der Géigend vu Pärel an der Zäit vum Zweete Weltkrich ëm d'Liewe koumen.

Den 12. Juli 1944 waren zwou B-17 Flying Fortress tëscht Pärel a Wolwen zesummegestouss an erofgefall. Et waren d'B-17 G N° 42-102606 vun der 550. Schwadroun an d'B-17 G N° 42-31917 vun der 551. Schwadroun vun der USAAF.

Vun den 20 Mann u Bord vun den zwou Maschinnen hunn der 2 iwwerlieft.

D'Monument zu Pärel gouf den 21. Juni 1998 ageweit.

Pont du Luxembourg

De Pont du Luxembourg ass eng duebel Eisebunnsbréck iwwer d'Meuse an der Sektioun Jambes an der Gemeng Namouer.

Iwwer déi westlech Bréck féiert d'Streck Namur-Dinant-Givet an iwwer d'Ostbréck d'Streck Namouer-Lëtzebuerg.

Et sinn Dunnebrécken aus Fachwierkträgeren. Se hunn dräi Felder déi op zwéi Bëtongspilieren déi an der Meuse stinn opleien.

Am August 2009 gouf bekannt datt d'Brécken déi an engem schlechten Zoustand sinn, géifen ersat ginn. Dobäi géifen déi al Fachwierkträgere veschwannen an eng Bréck fir de RAVeL kéim dobäi. D'Aarbechte sollten am 1 Semester 2010 ofgeschloss sinn.Donneschdes den 2. Juni 2011 war et dunn sou wäit. Mat engem gigantesche Kran goufen déi dräi Felder vun 195 Tonnen, vum A-Gleis op der Streck vun Dinant aus hirem Leeër gehoff an op Penichë verlueden, fir oftransportéiert ze ginn. Déi nei Deeler mat engem Totalgewiicht vun 900 Tonnen, déi prett denieft louchen, goufen am Laf vun der Woch duerno agesat. Bei de ganzen Aarbechten war d'Schëfffaart op der Meuse just een Dag ënnerbonnen. Enn November 2011, goufen d'Bréckendeeler vum B-Geis ersat.Déi ganz Aarbechte ginn a véier Tranchen ausgefouert a solle fir 2013 définitiv ofgeschloss sinn.

Am Juni 2012 goufen den zweeten Deel ersat, an e Feld vun där Bréck gouf versuergt an op Schaarbeek op d'Plaz vun der Schaarbeeker Gare bruecht wou den neien Eisebunnsmusée Train World am Gaang ass gebaut ze ginn.

Robert K. Morgan

De Robert Knight Morgan, gebuer den 31. Juli 1918 zu Asheville an Nord Carolina, an och do gestuerwen, de 15. Mee 2004, war en amerikaneschen Air Force Colonel a Pilot vun der B-17 Flying Fortress Memphis Belle am Zweete Weltkrich.

De Morgan hat e Finanzstudium op der Wharton School vun der University of Pennsylvania gemaach, éier hien 1940 bei U.S. Airforce koum. Nodeem hie säi Piloteschäin hat, gouf hien den 12. Dezember 1941 second Lieutenant genannt, an no engem Spezialtraining zu Walla Walla, koum en als B-17 Flying Fortress- Pilot bei d'91st Bomb Group, wou en am 324th Bomb Squadron geflunn ass. Duerno gouf hie mat senger Crew an Europa verluecht, wou en tëscht dem 7. November 1942 an dem 17. Mee 1943, fënnefanzwanzeg Asätz iwwer Däitschland, Frankräich, der Belsch an Holland geflunn ass.

Dem Morgan seng Flying Fortress d'Memphis Belle, war e vun den éischte Bomberen déi 25 Missiounen erfollegräich ofgeschloss haten, an huet nodeem en an den USA zréck war, e Bäitrag bei enger Publicitéitscampagne fir War bonds, geleescht. Iwwer Europa war se 148 Stonnen am Asaz an hat iwwer 60 Tonne Bommen ofgehäit. Praktesch all wichtegen Deel vum Fliger war an där Zäit wéinsten eemol ersat ginn. De Morgan a seng Crew waren 1944 de Sujet vun engem Dokumentarfilm, Memphis Belle: A Story of a Flying Fortress.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.