1916

| 19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert  
◄◄ | | 1912 | 1913 | 1914 | 1915 | 1916 | 1917 | 1918 | 1919 | 1920 | | ►►

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1916.

Evenementer

Europa

Lëtzebuerg

Avenue Adolphe, Grand Bazar Champagne, 18 juin 1916
Zerstéiert Haus nom Loftugrëff vum 18. Juni
  • 02. Januar: An der Stad Lëtzebuerg manifestéieren Dausende vu Leit géint d'Regierung Loutsch, well déi nëmmen aus Membere vun der Rietspartei besteet, obwuel dës an der Chamber minoritär ass. Eng Rëtsch vun Demonstrante fuerderen och de Récktrëtt vun der Grousshezogin Marie Adelheid, déi déi Regierug agesat hat.
  • 11. Januar: D'Regierung Loutsch fällt an der Chamber duerch e Mësstrauensvote.
  • 24. Februar: D'Regierung Thorn, eng grouss Koalitioun, trëtt hiert Amt un. Haaptuleies ass et, d'Inflatioun an d'Liewensmëttelversuergung an de Grëff ze kréien.
  • 18. Juni: Loftugrëff op Lëtzebuerg.
  • 01. September: De Berg- und Hüttenarbeiterverband gëtt gegrënnt.
  • 03. September: De Luxemburger Metallarbeiterverband gëtt gegrënnt.
  • 1. September: Nom Botter am Februar gëtt ewell och d'Fleesch rationnéiert. Jiddereen huet 100 Gramm op de Kapp den Dag zegutt.
  • 16. November: Loftattack op Déifferdeng.
  • 22. Dezember: De Minister Michel Welter, dee fir de Ravitaillement zoustänneg ass, muss zrécktrieden, nodeems bekannt gouf, datt en e geheimen Accord mat Däitschland ausgehandelt hat, fir vun do LIewensmëttel erbäizekréien.

Amerika

USA

Südamerika

Arabesch Welt

Konscht a Kultur

Musek

Gebuer

Gestuerwen

Um Spaweck

Commons: 1916 – Biller, Videoen oder Audiodateien
11. Mee

Den 11. Mee ass den 131. Dag vum Joer (132. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.

1912

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1912.

1913

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1913.

1914

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1914.

1915

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1915.

1917

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1917.

1918

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1918.

1919

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1919.

1920

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1920.

Bernard Blier

De Bernard Blier, gebuer den 11. Januar 1916 zu Buenos Aires (Argentinien) a gestuerwen den 29. Mäerz 1989 zu Saint-Cloud (Hauts-de-Seine) (Frankräich), war e franséische Schauspiller.

De Bernard Blier war ganz bekannt, obschonn hie ganz seelen d'Haaptroll an engem Film gespillt huet.

Hie war sou gutt am Drama (Serie noire) wéi an der Comédie (Le grand blond avec une chaussure noire) doheem. Hien huet mat de gréisste Regisseure wéi Marcel Carné, Henri-Georges Clouzot a Luchino Visconti geschafft. Donieft ass en awer och a Filmer opgetrueden déi sengem Talent onwierdeg waren wéi Du mou dans la gachette a Le fou du labo 4.

De Bernard Blier huet an iwwer 170 Filmer matgespillt.

De Filmregisseur Bertrand Blier ass dem Bernard Blier säi Jong.

Gregory Peck

Den Eldred Gregory Peck, gebuer de 5. Abrëll 1916 zu La Jolla, Kalifornien a gestuerwen den 12. Juni 2003 zu Los Angeles, war in US-amerikanesche Schauspiller.

Hie war vun den 1940er bis zu den 1960er Joren ee vun deene weltwäit populäerste Filmstaren, an huet bis un d'Enn vun den 1970er Joren Haaptrollen a Filmer gespillt. Am bekanntsten däerft hie fir seng Roll vum Atticus Finch am Film To Kill a Mockingbird (1962) sinn, woufir en en Oscar als beschte Schauspiller krut. Fir déiselwecht Auszeechnung gouf hien nominéiert fir The Keys of the Kingdom (1944), The Yearling (1946), Gentleman's Agreement (1947) an Twelve O'Clock High (1949). Aner bekannt Filmer an deenen e matgespillt huet, sinn ë. a. Spellbound (1945), The Paradine Case (1947), Roman Holiday (1953), Moby Dick (1956), On the Beach (1959), The Guns of Navarone (1961), Cape Fear (1962), an de Remake dovun mam selwechten Numm vun 1991, How the West Was Won (1962), The Omen (1976) an The Boys from Brazil (1978).

1969 krut hie vum President Lyndon Johnson d'Presidential Medal of Freedom fir säi lieweslaangen Asaz fir humanitär Zwecker.

Kirk Douglas

De Kirk Douglas, gebuer als Issur Danielowitsch Demsky den 9. Dezember 1916 zu Amsterdam (New York), ass en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent an Auteur.

Hien ass de Papp vum Schauspiller Michael Douglas.

Am Joer 1946 war de Kirk Douglas am Film The Strange Love of Martha Ivers vum Lewis Milestone fir d'éischt am Kino ze gesinn. Groussen Erfolleg hat hien an der Roll vun engem skrupellose Journalist am Film Ace in the Hole (1951), vum Billy Wilder. Eng vun den Haaptrollen nieft dem James Mason a Peter Lorre krut hien 1954 an der spektakulärer Jules Verne-Verfilmung 20,000 Leagues Under the Sea. vum Richard Fleischer. Den Antikrichsfilm Paths of Glory (1957) vum Stanley Kubrick deen am Éischte Weltkrich spillt gouf a Frankräich eréischt am Joer 1975 fir d'éischt gewise well d'Anciens Combattants géint de Film Stuerm gelaf sinn.

Duerno koumen 2 Western vum John Sturges Gunfight at the O.K. Corral (1957) a Last Train from Gun Hill (1958) beim Publikum gutt un. Groussen Erfolleg hat dunn och de geschichtlechen Abenteuerfilm The Vikings (1958) vum Richard Fleischer deen zum Deel an der Bretagne um Fort-La-Latte gedréint gouf.

Säi gréissten Erfolleg hat de Kirk Douglas mat sengem selwer produzéierte Film Spartacus (1960) ënner der Regie vum Stanley Kubrick an deem hien d'Haaptroll nieft dem Laurence Olivier, Jean Simmons, Charles Laughton a Peter Ustinov gespillt huet.

Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden

Dës Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden am Beräich arts plastiques (d.h. Molerei, Grafik, Skulptur, asw.) ass en Deel vun de Referenztabellen. Op dëser Lëscht kënnen och eventuell mol Auslänner stoen, wa gewosst ass datt se de gréissten Deel vun hirem Liewen zu Lëtzebuerg waren an do geschafft hunn.

Massimo Serato

De Massimo Serato gebuer als Giuseppe Segato den 31. Mee 1916 zu Oderzo a gestuerwen den 22. Dezember 1989 zu Roum war en italienesche Schauspiller.

Olympesch Spiller

D'Olympesch Spiller sinn e grousst Sportsevenement dat all véier Joer ausgedroe gëtt.

Déi eenzel Olympesch Summerspiller kréien d'laténgesch Zuel vun der Olympiad (Olympiad = Period vu véier Joer). D'Spiller vun der VI. Olympiad goufen 1916 wéinst dem Éischte Weltkrich net ausgedroen. Bedéngt duerch den Zweete Weltkrich goufen 1940 d'Spiller vun der XII. Olympiad a 1944 d'Spiller vun der XIII. Olympiad och net ausgedroen.

Bei den eenzelen Olympesche Wanterspiller gëtt déi laténgesch Zuel vun der Oplo geholl. Olympesch Wanterspiller déi net ausgedroe ginn - wéi et 1940 an 1944 de Fall war - kréien och keng Zuel. No de IV. Olympesche Wanterspiller am Joer 1936 koumen 1948 déi V. Olympesch Wanterspiller.

Raf Vallone

De Raf Vallone, gebuer als Raffaele Vallone de 17. Februar 1916 zu Tropea a Kalabrien a gestuerwen den 31. Oktober 2002 zu Roum, war en italienesche Foussballspiller, Journalist, Film- an Theaterschauspiller an Theaterregisseur.

De Raf Vallone huet Droit a Philosophie op der Universitéit zu Turin studéiert. Hien huet duerno professionell Foussball beim FC Turin gespillt.

Hien huet, no engem éischte Film am Joer 1942, seng Filmcarrière am Joer 1949 mam Film Riso amaro vum Giuseppe De Santis richteg ugefaangen. Am Kino ass hien a villen italieneschen awer och a villen internationale Filmer opgetrueden.

Bedeitend Filmer a senger Carrière sinn Thérèse Raquin (1953) vum Marcel Carné, Rose Bernd (1957) vum Wolfgang Staudte, La ciociara (1960) vum Vittorio De Sica, El Cid (1961) vum Anthony Mann an The Cardinal (1963) vum Otto Preminger.

Hie war vun 1952 bis zu sengem Doud am Joer 2002 mat der Schauspillerin Elena Varzi bestuet. Zwee vun hiren dräi Kanner d' Eleonora Vallone an de Saverio Vallone sinn och Schauspiller.

Richard Fleischer

De Richard Fleischer gebuer den 8. Dezember 1916 zu Brooklyn a gestuerwen de 25. Mäerz 2006 zu Woodland Hills war en US-amerikanesche Filmregisseur.

Rossano Brazzi

De Rossano Brazzi, gebuer den 18. September 1916 zu Bologna a gestuerwen de 24. Dezember 1994 zu Roum, war en italienesche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur. Hien ass de Brudder vum Filmregisseur Oscar Brazzi.

De Rossano Brazzi hat Droit studéiert. No enger kuerzer Aktivitéit als Affekot krut hien eng Roll am Theater ugebueden. Am Joer 1938 war hien och fir d'éischt an engem Film ze gesinn.

Hien huet an iwwer 150 Kinos- an TV-Filmer mat sou bekannte Filmregisseure wéi Mervyn LeRoy, Jean Negulesco, David Lean, Joseph L. Mankiewicz, Douglas Sirk, Henry Hathaway an Joshua Logan matgespillt .

Hien huet och dräi Filmer als Regisseur gedréint.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.