1739

| 17. Joerhonnert | 18. Joerhonnert | 19. Joerhonnert |
◄◄ | | 1735 | 1736 | 1737 | 1738 | 1739 | 1740 | 1741 | 1742 | 1743 | | ►►

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1739.

Gebuer

Gestuerwen

Um Spaweck

Commons: 1739 – Biller, Videoen oder Audiodateien
1735

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1735.

1736

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1736.

1737

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1737.

1738

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1738.

1740

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1740.

1741

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1741.

1742

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1742.

1743

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1743.

24. September

De 24. September ass den 267. Dag (268. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.

Georges Adolphe d'Olizy

De Colonel (Oberst) Georges Adolphe d'Olizy (†1739) war ënner éisträichescher Herrschaft Gouverneur vu Lëtzebuerg; fir d'éischt als Ramplassang vum Wilhelm Reinhard vun Neipperg tëscht Januar an Abrëll 1737 an duerno - vu Januar 1738 bis Mee 1739 - als deem säi Successeur.

Hien ass 1739 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.

De Fort Olizy vun der Festung Lëtzebuerg ass no him genannt, grad ewéi spéiderhin, nom Fort, eng Strooss am Pafendall (Rue du Fort Olisy).

Grigori Alexandrowitsch Potjomkin

De Grigori Alexandrowitsch Potjomkin [pɐˈtʲɵ.mkʲɪn], Fürst vun Taurien, op Russesch Григорий Александрович Потёмкин, wëss. Transliteratioun Grigorij Aleksandrovič Potëmkin, gebuer den 13. Septemberjul./ 24. September 1739greg. zu Tschijewo bei Smolensk, a gestuerwen de 5. Oktoberjul./ 16. Oktober 1791greg. bei Jassy, begruewen an der Kathedral vun der helleger Kathrine zu Cherson, war e russesche Feldmarschall, Staatsmann a Vertrauenspersoun vun der russescher Zarin Katharina déi Grouss.

An Erënnerung bliwwen ass e virun allem wéinst sengen Efforte fir d'Besiidlung vun der südukrainescher Stepp (Grënnung vu Stied wéi Cherson, Mykolajiw, Sewastopol an Dnepropetrowsk) a wéinst dem Opbau vun der Schwaarzmierflott op der Krim.

Leo-Minoriden

D'Leo-Minoriden sinn e Meteorstroum, dee mat enger ZHR vun nëmmen 2 Meteore pro Stonn eng ganz kleng Aktivitéit huet. Säi Radiant ass am ëstlechen Areal vum Stärebild Leo Minor, ongeféier 3 Grad ëstlech vum Stär β Leonis Minoris. De Mammekierper vum Stroum ass de Koméit C/1739 K1..

Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Hiefenech

An dëser Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Hiefenech sinn all national Monumenter opgezielt, déi an der lëtzebuergescher Gemeng Hiefenech ze fanne sinn (Stand: 10. Oktober 2019).

Maison Brasseur

D'Maison Brasseur war e Geschäftshaus op den Nummere 36 an 38 an der Groussgaass an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Haus hat säin Numm vum Moudebuttek Brasseur deen do dran etabléiert war. D'Urspréng vun den zwee Haiser an deenen de Buttek war gi bis an d'Jore 1739 a 1760 zréck.

1976 gouf d'Maison Brasseur ofgerappt fir duerch eng Geschäftsgalerie, dem Centre Brasseur, ersat ze ginn; d'Galerie gouf vum Architekt Laurent Schmit geplangt.

Nicolas-Louis de Lacaille

De Paschtouer Nicolas-Louis de Lacaille, gebuer de 15. Mäerz 1713 zu Rumigny an der Thiérache, a gestuerwen den 21. Mäerz 1762 zu Paräis, war e franséischen Astronom a Mathematiker. D'Nimm vu 15 vun den 88 Stärebiller si vun him.

Um Ufank huet de Lacaille Theologie studéiert; no an no huet e sech awer méi ëm d'Mathematik an ëm d'Astronomie gekëmmert, an en huet mat der Theologie ganz opgehalen. Dem Jacques Cassini huet en 1739 gehollef de Paräisser Meridian ze vermoossen, a 1741 gouf e Member vun der Paräisser Académie.

De Léierstull fir Mathematik am Collège Mazarin huet e 1746 kritt a seng Fuerschungen hunn haaptsächlech ronderëm d'Verbesserung vun de Stärekatalogen an den astronomeschen Tableaue gedréint.

1750 ass hie fir véier Joer op de Kap vun der gudder Hoffnung gereest, fir d'Parallaxë vum Mound, der Venus an dem Mars ze berechnen. Seng Positiounsberechungen hunn dozou bäigedroen, d'Distanze fir déi Himmelkierpere méi genee ze bestëmmen. En huet d'Stärebiller am A behalen an en huet a sengem Coelum Australe Stelliferum, dat 1763 publizéiert gouf, bal 10.000 Stäre katalogiséiert. Et war de Lacaille, deen d'Galaxis Messier 83 entdeckt huet, déi méi spéit an de Messier-Katalog vum Astronom Charles Messier opgeholl gouf.

Zu där Zäit huet hien ee Breedegrad vun der südlecher Hemisphär ausgemooss a Landkaarte gezeechent vun der Insel Mauritius, déi Zäit Île de France, a vun der Île de La Réunion, deemools Île de Bourbon.

Hien ass 1754 nees op Paräis zréckkomm a bis un d'Enn vu sengem Liewen ass hie mat senge Fuerschunge virugefuer.

Déi Positiounsmiessunge vu Fixstären, déi hien a Südafrika gemaach hat, hunn dem Isaac Newton seng Hypothes beluecht, datt d'Äerd keng Kugel ass, mä duerch d'Zentrifugalkraaft beim Equator méi e groussen Duerchmiesser misst hunn, wéi vu Pol zu Pol gemooss. De Lacaille ass awer zum Resultat komm, datt d'Bombéieren op der Südhemisphär méi flaach wier, wéi op der nërdlecher Hallefkugel. Dat gëtt de Meridian-Problem genannt.

Déi haiteg Nimm vun de Stärebiller (lëtzebuergeschen Numm, op Latäin an d'international Ofkierzong), deenen hiren Numm vum Lacaille "erfonnt" goufe sinn:

Pneumatesch Maschinn, Antlia, Ant

Meessel, Caelum, Cae

Zirkel, Circinus, Cir

Uewen, Fornax, For

Auer, Horologium, Hor

Dësch, Mensa, Men

Mikroskop, Microscopium, Mic

Méck, Musca, Mus

Reegel, Norma, Nor

Oktant, Octans, Oct

Moler, Pictor, Pic

Kompass, Pyxis, Pyx

Netz, Reticulum, Ret

Skulpter, Sculptor, Scl

Teleskop, Telescopium, TelDem de Lacaille zu Éieren ass och den Asteroid 91351 op säin Numm ëmbenannt ginn.

Peter Johannes Brandl

De Peter Johannes Brandl oder och Jan Petr Brandl gebuer de 24. Oktober 1668 zu Prag a gestuerwen de 24. September 1739 zu Kuttenberg ass en däitsch-béimesche Moler aus dem Spéitbarock.

De Brandl war gebierteg aus dem Sudeteland am Kinnekräich Béimen an deem d'Elite vun den Awunner Däitscher waren. Hien huet seng Léier tëscht 1683 a 1688 beim Kristián Schröder (1655–1702) gemaach.

De Brandl benotzt a senge Biller eng staark accentuéiert Helldäischter-Molerei mat décke Farfcouchen an dramatesche Kompositiounen am barocke Stil.

An der Nationalgalerie zu Prag (Národní galerie v Praze) ass him e ganze Sall reservéiert ginn wou ënner anerem eng Apostelbüst vun him 1725 ausgestallt ass.

De Peter Johannes Brandl ass wäitleefeg Famill mat den zwéin zäitgenëssesche Moler, dem Éisträicher Herbert Brandl an dem Schwäizer Mark Staff Brandl.

Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften

Déi Kinneklech Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften (schwedesch: Kungliga Vetenskapsakademien) kuerz KVA – ass déi héchst wëssenschaftlich Ariichtung a Schweden, déi sech zur Aufgab geholl huet, Wëssenschaften, virun allem Naturwëssenschaften a Mathematik, z'ënnerstëtzen.

Déi Kinneklech Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften huet hire Sëtz an der schwedescher Haaptstad Stockholm an ass weltwäit bekannt fir d'Ernennung vun de Nobelpräisdréier a Physik, Chimie, souwéi dee vun der Schwedescher Räichsbank gestëfte Präis vun der schwedescher Räichsbank fir Wirtschaftswëssenschaften an Erënnerung un den Alfred Nobel.

Zesumme mat dem Institute of Physics gëtt déi Kinneklech Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften am Optrag vun de Wëssenschaftsakademien an de Physik-Gesellschaften vun de skandinavesche Länner, d'Zäitschrëft Physica Scripta eraus.

Treatise of Human Nature

A Treatise of Human Nature ass e Buch vum schottesche Philosoph David Hume, wat 1739-40 publizéiert ginn ass.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.