1536

| 15. Joerhonnert | 16. Joerhonnert | 17. Joerhonnert |
◄◄ | | 1532 | 1533 | 1534 | 1535 | 1536 | 1537 | 1538 | 1539 | 1540 | | ►►

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1536.

Gestuerwen

Um Spaweck

Commons: 1536 – Biller, Videoen oder Audiodateien
12. Juli

Den 12. Juli ass den 193. Dag vum Joer (194. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.

1532

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1532.

1533

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1533.

1534

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1534.

1535

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1535.

1537

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1537.

1538

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1538.

1539

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1539.

1540

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1540.

19. Mee

Den 19. Mee ass den 139. Dag vum Joer (140. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.

Anne Boleyn

D'Anne Boleyn, Marquise vu Pembroke, gebuer 1501 oder 1507 wahrscheinlech zu Blickling/Norfolk, a gestuerwen den 19. Mee 1536 zu London, war déi zweet Fra vum englesche Kinnek Henry VIII. an d'Mamm vun der Kinnigin Elisabeth I. Si gouf den 19. Mee 1536 gekäppt.

Wéinst hirem Bestietnes mam Henry VIII. ass déi sougenannt englesch Reform entstanen, déi politesch a reliéis grouss Changementer mat sech bruecht huet, ë. a. d'Trennung tëscht der Kierch vun England an där vu Roum (Schisma).

Dänemark

Dänemark (da: Danmark) ass e Staat a Skandinavien, am Norde vun Europa.

Nieft dem eigentlechen Staatsgebitt sinn och d'bannepolitesch autonom Territoirë vu Grönland an de Färöer Deel vum Kinnekräich Dänemark.

Dänemark ass zanter 1973 Member an der Europäescher Unioun.

Erasmus vu Rotterdam

Den Erasmus (Desiderius) vu Rotterdam, gebuer de 27. Oktober 1465 [oder 1469] zu Rotterdam a gestuerwen den 12. Juli 1536 zu Basel, war een hollännesche Philolog, Philosoph an Theolog. Hie gëllt als de bedeitendste Vertrieder vum Humanismus a gëtt dofir dacks als "Fürst vun den Humaniste" bezeechent.

Gil Vicente

De Gil Vicente, gebuer ëm 1465 a gestuerwen 1536, war e portugiseschen Dramaturg. Seng Originne sinn net kloer.

Hie gëllt als Grënner vum nationalen Theater an als ee vun de bedeitendsten Auteure vun der portugisescher Sprooch. Säi Wierk besteet aus 46 Theaterstécker. Dovu sinn der 16 op Portugisesch, 11 op Spuenesch (Kastilesch) an déi aner 19 an dëse béide Sproochen.

De Vicente war en déifsënnegen Denker an e bëssege Satiriker. Säi Wierk ass eng gutt Basis fir déi portugisesch Sprooch, d'zäitgenëssesch Braich an d'Gesellschaftsliewe vun der deemoleger Zäit ze studéieren

Et ass net vill bekannt iwwer d'Liewe vum Gil Vicente; sou ass och net gekläert ob den Auteur an de Goldschmadd Gil Vicente eng an déiselwecht Persoun waren oder net. E Meeschterwierk vum Goldschmadd ass déi berühmt Monstranz vum Hieronymos-Klouschter zu Belém (Lissabon).

Dem Auteur seng Duechter Paula huet gehollef d'Wierk vun hirem Papp ze glidderen. Eng komplett Zesummestellung koum eréischt 1562 eraus.

Jacques Cartier

De Jacques Cartier, gebuer 1491 zu Saint-Malo a och do gestuerwen den 1. September 1557, war e franséischen Entdecker a Kolonisator.

Mat sengen Entdeckungsfaarten am spéidere Kanada an éischte Siidlungsversich gëllt de Jacques Cartier als Grënner vum franséische Kolonialräich an Nordamerika.

Op der Sich no engem nordwestleche Séiwee an Asien huet hien 1534 d'Insel Neifundland entdeckt a si zum Besëtz vu Frankräich erkläert. Hien huet d'Küst vu Labrador erfuerscht an ass op senger zweeter Rees de Sankt-Lorenz-Stroum eropgefuer well hie gehofft huet een Aarm vum Mier fonnt ze hunn, deen eng Duerchfaart no Westen an de Pazifik erlabe géif. Ausserdeem hunn d'Erzielunge vu gefaangenen Indianer hie gleewe gedo, datt hien um Wee an e Land wier, wou et vill Gold géif ginn.

De Jacques Cartier ass nëmme bis bei déi gutt verdeedegt Irokesen-Uertschaft Hochelaga komm an hien huet an der Géigend vum haitege Montréal säi Wanterlager opgeschloen. De Skorbut huet seng Mannschaft staark deziméiert a sou ass hien 1536 a Frankräich zréckkomm wou hien d'Noriicht vun der Existenz vun de groussen amerikanesche Séie verbreet huet.

Op senger drëtter a leschter Faart (1541) huet hie franséisch Siidler mat an d'Gebitt vum Sankt-Lorenz-Stroum geholl, deen hie schonn 1536 mat den Nopeschgebidder fir d'franséisch Kroun a Besëtz geholl hat. Déi éischt Kolonialstatioun vun där Géigend huet net laang gedauert.

NGC 1536

Den NGC 1536 ass eng Spiralgalaxis vum Hubble-Typ SB(s)c pec? am Stärebild Reticulum um südleche Stärenhimmel. Si ass ronn 55 Millioune Liichtjoer vum Sonnesystem ewech an huet en Duerchmiesser vun ongeféier 30.000 Liichtjoer.

Den Objet gouf de 4. Dezember 1834 vum Astronom John Herschel entdeckt.

Péiteng

Péiteng ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Esch-Uelzecht an Haaptuert vun der Gemeng Péiteng.

Siwwenzéng Provënzen

Siwwenzéng Provënzen ass e Begrëff, mat deem déi Habsburgesch Nidderlanden tëscht 1543 an 1581 genannt ginn.

Wéi de Keeser Karel V. 1543 d'Herzogtum Geldern a säi Besëtz integréiert hat, bestoung e méi oder manner zesummenhängenden Territoire vu senge Grofschaften an Herzogtümer do an der Géigend. Just d'Prënzbistum Léck, tëscht dem Herzogtum Brabant an dem Herzogtum Lëtzebuerg, war eng gréisser Exklav.

01. Grofschaft Artois

02. Grofschaft Flandern

03. Lille, Douais an Orchies

04. Herrschaft Mechelen

05. Grofschaft Namur

06. Grofschaft Hainaut

07. Grofschaft Zeeland

08. Grofschaft Holland

09. Herzogtum Brabant mat der Markgrofschaft Antwerpen

10. Herzogtum Limburg mam Pays d'Outre-Meuse

11. Herzogtum Lëtzebuerg

12. Herrschaft Friesland (zanter 1515)

13. Tournai an Ëmgéigend (zanter 1521)

14. Herrschaft Utrecht (zanter 1528)

15. Herrschaft Overijssel, mat ë. a.Drenthe, Lingen, Wedde an dem Westwoldingerland (zanter 1528)

16. Herrschaft Groningen (zanter 1536)

17. Herzogtum Geldern an d'Grofschaft Zutphen (zanter 1543)Och wann d'Zuel 17 net ëmmer wuertwiertlech ze huele war, sou hat de Begrëff "Siwwenzéng Provënzen" sech och doduerch gefestegt, datt et zu engem bestëmmte Moment 17 Representante bei de Generalstaate vun den Nidderlanden zu Bréissel gouf.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.