1018

| 10. Joerhonnert | 11. Joerhonnert | 12. Joerhonnert |
◄◄ | | 1014 | 1015 | 1016 | 1017 | 1018 | 1019 | 1020 | 1021 | 1022 | | ►►

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1018.

Um Spaweck

Commons: 1018 – Biller, Videoen oder Audiodateien
1014

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1014.

1015

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1015.

1016

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1016.

1017

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1017.

1019

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1019.

1020

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1020.

1021

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1021.

1022

Dës Säit befaasst sech mam Joer 1022.

Elementarluedung

D'Elementarluedung, meeschtens mat e bezeechent, ass déi klengst elektresch Luedung, déi fräi existéiert. De Wäert vun dëser physikalescher Naturkonstant läit no der aktueller vum NIST publizéierter CODATA 2006-Recommandatioun bei

e = 1,602 176 487 (40) × 10−19 Cwoubäi C fir d'Moosseenheet Coulomb steet; 1 C = 1 A · 1 s oder 6,24 × 1018 Elementarluedungen.

Kosmesch Stralung

D'Kosmesch Stralung (cosmic rays) ass eng héichenergetesch Deelerchesstralung aus dem Weltraum, déi vun der Sonn, der Mëllechstrooss a vu wäite Galaxië kënnt. Si besteet haaptsächlech aus Protonen, donieft aus Elektronen a komplett ioniséierten Atomen. Op déi baussenzeg Äerdatmosphär treffe ronn 1000 Deelercher pro Quadratmeter a Sekonn. Duerch Wiesselwierkung mat de Gasmolekülen entstinn Deelerchesschauere mat ville Sekundärdeelercher, vun deenen awer nëmmen e klengen Deel d'Äerduewerfläch erreecht.

D'Kosmesch Stralung ass net ze verwiessele mat der kosmescher Hannergrondstralung.

D'Sekundärstralung (mat bis zu 10¹¹ Deelercher pro Primärdeelchen) ass um Äerdbuedem oder duerch Ballonsonden nozeweisen. D'Loftschauere sinn e puer km² grouss, vertikal awer nëmmen e puer Meter. Si ginn Hiweiser op d'Aart an d'Energie vun de kosmesche Primärdeelercher an de Verlaf vun der Front op d'Afallsrichtung.

De Victor F. Hess hat 1912 eng sougenannt Héichtestralung virausgesot, fir déi bei enger Ballonfaart gemoossen héichr elektresch Leetfäegkeet vun der Atmosphär an och d'Zouhuele vun der Gammastralung a grousser Héicht z'erklären.

De Begrëff Stralung huet sech bis haut gehalen, obwuel déi elektromagnetesch Gammastralung net zu der kosmescher Stralung gerechent gëtt. Am Ënnerscheed zu der kosmescher Deelerchesstralung heescht si kosmesch Gammastralung.

Lëscht vun de Jupitermounden

Dës Lëscht vun de Jupitermounden ass en Deel vun de Referenztabellen

An der folgender Tabell stinn all bis elo bekannt natierlech Satellitte vum Planéit Jupiter. Si ass opgereit no den offiziellen Nummere vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) an no der grousser Hallefachs. Aktuell Neientdeckungen hunn e virleefege Zuelecode, bis se vun der IAU och en Numm kréien.

Lëscht vun de Saturnmounden

An dëser Lëscht vun de Saturnmounde stinn déi bis ewell (Stand: 01.2015) bekannt natierlech Mounde vum Planéit Saturn.

Si ass no der Gréisst vun der Moyenne vun de Bunnradien zortéiert. Aktuell Neientdeckungen hunn e virleefegen Zuelecode, bis si vun der IAU och en Numm kréien.

Duerch déi verbessert Observatiounsméiglechkeeten, deelweis duerch Raumsonden wéi och vun der Äerd aus, geet d'total Zuel vun de Mounden all Joer erop, woubäi déi neientdeckt awer nëmme Radie vun e puer Kilometer hunn.

Net an der Lëscht ass de Saturnmound Themis, eng Entdeckung vun 1905 vum William H. Pickering. Dee Mound ass ni méi gesi ginn, a gëllt als net existent.

Och net an der Lëscht sinn déi dräi Satellitten S/2004 S3, S/2004 S4 an S/2004 S6, déi méiglecherweis tëscht Prometheus a Pandora no beim Saturn F-Rank gesi goufen.

Kolonnentitelen:

Eng Bunnneigung vu méi wéi 90° bedeit, datt den Trabant de Saturn réckleefeg ëmkreest. An der Reegel bewege sech d'Mounden am selwechten Dréisënn ëm de Planéit, mat deem de Planéit ëm déi eegen Achs rotéiert.

Lëscht vun den Neptunmounden

An dëser Lëscht vun den Neptunmounde stinn all déi bis elo bekannt natierlech Satellitten vum Planéit Neptun. Si ass der Gréisst vun de mëttlere Bunnradien no opgelëscht. Aktuell Neientdeckungen hunn e virleefege Zuelecode, bis si vun der IAU och en Numm kréien.

Lëscht vun den Uranusmounden

An dëser Lëscht vun den Uranusmounde stinn déi bis ewell (Stand: 01.2015) bekannt natierlech Mounde vum Planéit Uranus. Si ass no der Gréisst vun der Moyenne vun de Bunnradien zortéiert. Aktuell Neientdeckungen hunn e virleefegen Zuelecode, bis si vun der Internationaler Astronomescher Unioun och en Numm kréien.

Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Betzder

An dëser Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Betzder sinn all national Monumenter opgezielt, déi an der lëtzebuergescher Gemeng Betzder ze fanne sinn (Stand: 10. Oktober 2019).

Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Duelem

An dëser Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Duelem sinn all national Monumenter opgezielt, déi an der lëtzebuergescher Gemeng Duelem ze fanne sinn (Stand: 10. Oktober 2019).

Saturn (Planéit)

De Saturn ass vun der Sonn aus gesinn de sechste Planéit vum Sonnesystem a mat engem Equatorduerchmiesser vun zirka 120.500 Kilometer (9,5-fachen Äerdduerchmiesser) nom Jupiter den zweetgréissten. Mat 95 Äerdmassen huet hien awer nëmmen 30 % vun der Jupitermass. Wéinst senge Réng, déi ee schonn a klengen Teleskope gesäit gëtt hien dacks och de Rankplanéit genannt.

De Saturn huet eng duerchschnëttlech Distanz zu der Sonn vun zirka 1,43 Milliarde Kilometer, seng Bunn verleeft tëscht där vum Jupiter an dem sonnewäitste Paneit, demUranus. Hien ass dee baussenzege Planéit, deen och mat bloussem A nach ze gesinn ass, a war dofir scho Joerdausende virun der Erfindung vum Teleskop bekannt.

Et ass ee Gasplanéit, deem seng ënnersicht iewescht Schichten zu ronn 96 % aus Waasserstoff bestinn, an dee vun alle Planéiten aus dem Sonnesystem déi mannst mëttel Dicht (ongeféier 0,69 g/cm³) huet. Vun den anere Planéiten hieft sech de Saturn duerch seng besonnesch markéiert a scho laang bekannt Réng of, déi zu groussen Deeler aus Waasseräis a Gestengs bestinn.

Säi visuelle Wénkelduerchmiesser läit jee no Äerddistanz tëscht 15″ an 20″, aner Réng tëscht 37″ an 46″. Déi sougenannt Equatorsträife vun de Wollekeschichten vum Saturn si manner däitlech wéi beim Jupiter, wat wahrscheinlech mat enger héichgelagerter Donstschicht zesummenhänkt.

Bis zum Joresenn 2009 goufen 62 Saturnmonden entdeckt. Dee mat Ofstand gréissten dovun ass den Titan mat 5.150 Kilometer Duerchmiesser.

De Planéit krut säin Numm nom réimesche Gott vum Räichtum an Ertrag, dem Saturn. Säin astronomescht Symbol ♄ representéiert d'stiliséiert d'Séissel vum Gott.

Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Saturnmounden

Spektroskopie

Spektroskopie (oder Spektrometrie) ass eng Grupp vu physikalesche Methoden, an deenen eng Stralung no enger bestëmmter Eegenschaft wéi Energie, Wellelängt, Mass a.s.w. zerluecht gëtt. Déi observéiert Intensitéitsverdeelung gëtt Spektrum genannt. Instrumenter, déi opzeechnen heeschen Spektrometer. Fir d'visuell Observatioun vum Spektrum vu visuellem Liicht, déi dem Isaac Newton fir d'éischt gelonge war, déngen Spektroskope.

Déi ënnersichte Stralunge enthaalen de ganze Beräich vun den elektromagnéitesche Wellen an de mechanesche Welle wéi Schall a Waasserwelle, souwéi Deelchenstralen z. B. aus Elektronen, Ionen, Atomen oder Moleküllen. D'Spektroskopie gëtt agesat, fir d'Eegeschaften vun der Stralung selwer ze studéieren, oder d'Eegeschafte vun der Stralequell (Emissiounsspektroskopie) oder d'Eegeschafte vun engem tëscht der Quell an dem Spektrometer leiendem Transportmedium (Absorptiounsspektroskopie).

Weist e Spektrum schaarf a vunenee getrennt Intensitéitsmaxima, gëtt et allgemeng als Linnespektrum bezeechent, am anere Fall als kontinuéierleche Spektrum. Dacks si Spektren aus dëse béide Grondtype gemëscht.

Beispillsweis ass d'Energie- oder Wellelängespektrum vun der Wäermestralung vum kontinuierlechen Typ mat engem breede Maximum, un deem senger Lag een d'Temperatur vum stralenden Kierper ofliese kann. Dogéint weist dat vun Atomen fortgeschéckte oder absorbéiert Liicht e Linnespektrum, un deem een déi chemesch Elementer, zu deenen d'Atome gehéieren, eendeiteg identifizéiere kann (Spektralanalys nom Kirchhoff an Bunsen, 1859). Analog weisen d'Molekülle vun enger chemescher Verbindung bei Ënnersich mat engem Massespektrometer eng charakteristesch Verdeelung vun de Brochstéckmasse. Déi béid leschtgenannt spektroskopesch Methode weisen héich Empfindlechkeet a ginn dofir bei chemeschen Analyse routineméisseg zum Nowäis vu Zousätz friemer Stoffer a klengster Konzentratioun agesat.

Spektroskopesche Observatioune vun de Linnespektren vun den Atome a Molekülle hunn entscheedend Impulse fir d'Entwécklung vun der Atomphysik an der Quantemechanik ginn. Déi héich Prezisioun, mat där vill hirer Spektrallinne gemooss könne ginn, erlaabt ë. a. déi genee Iwwerpréiwung vu Naturgesetzer, d'Bestëmmung vun Naturkonstanten an d'Definitioun vun den Basiseenheeten Meter a Sekonn.

An anere Sproochen

This page is based on a Wikipedia article written by authors (here).
Text is available under the CC BY-SA 3.0 license; additional terms may apply.
Images, videos and audio are available under their respective licenses.